|
Jean Asselborn: Ech sinn iwwerzeegt, datt all arabescht Land de Fridde wollt huet mat Israel. Datt och d'Israelien, op jidde Fall d'Regierung Olmert/Livni dee Fridde wollten. An, datt och a Palästina selwer ni méi eng Regierung dohinner kënnt wéi elo de President Abbas a Fayyad, déi esou hëllefsbereet waren. Et gëtt "Spoiler", deen Haaptspoiler ass den Iran, dat soen net ech oder en Europäer oder en Amerikaner, mä dat seet d'PLO selwer an dat soen och déi allermeescht arabesch Staaten.
(...)
Jean Asselborn: Méi wéi 600 Milliounen Euro am Joer gi vun Europa fir d'Palästinenser virun allem am Gaza zur Verfügung gestallt. A wann ee kuckt wéi duerch 24 Bommen duerch Bommen dat alles an d'Luucht flitt, dat deet engem scho wéi, mol ofgesi vun deem humanitäre, wat jo dat wichtegst ass. De Risiko ass grouss, datt mir hei an eng Katastroph era steieren wou wirklech mir wéi Dir sot Joerzéngten hannendra gehäit ginn.
(...)
Jean Asselborn: Do sinn 140.000 Leit Israelien déi permanent a Liewensgefor liewen. Handwierklech ginn déi Kassam-Rakéiten ofgeschoss. Ech fir mäin Deel hunn ni verstanen firwat et net méiglech war fir wirklech mat där héiger Technik a mat där Technik déi awer trotzdem besteet fir do kënnen entgéint ze wierken.
(...)
Jean Asselborn: Et muss ee wëssen, a Gaza ze liewen dat ass net einfach. Do sinn 1,5 Millioune Leit op engem Véierel vum Lëtzebuerger Territoire, déi ouni Perspektiven, ouni Würde och, ouni Dignitéit do ze liewen hunn ënnert ganz fierchterleche Konditiounen. 80 % hänke vun der UNO of, vun der UNWA of, vun deenen Organisatiounen of déi fir si do antrieden. An an der Westbank ass et méi einfach, mä och do duerch d'Siedlungspolitik vun den Israelien, awer och duerch déi Spären, ass d'Liewe praktesch net méiglech.
|