Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2008 > Décembre 2008 > Jean Asselborn au sujet de la situation dans la bande de Gaza

Interview
Jean Asselborn au sujet de la situation dans la bande de Gaza
"RTL Radio" du 28-12-2008

Vers le niveau supérieur
Carine Lemmer: De lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn fuedert, genee wéi déi franséisch EU-Présidence, en direkten Waffenstëllstand; d’Biller aus der Gaza-Sträif wären horribel, sot hien eis de Moien an engem Interview.

Jean Asselborn: Et ass wirklech schwéier eppes ze kommentéiere wou ee just Zerstéierung gesäit. Mä als ee vun den Ausseministere vun der Europäescher Unioun, wou mir jo zanter 2004 - op jidde Fall déi Zäit wou ech elo dobäi sinn - wou ech wees datt mir immens Efforte gemaach hunn um finanzielle Plang, um politesche Plang. Ass et elo eng Tatsaach, datt zanter gëschter eigentlech d'Zuel vun den Doudegen a vun de Verletzten elo a Gaza praktesch esou héich ass wéi déi am ganze Georgie-Konflikt an dat ass eppes wat trotzdem, ech soen elo net d'Flemm andreift, mä trotzdem eppes wat terribel op een dréckt.

Carine Lemmer: Wat sinn dann d'Ursaachen duefir, datt et elo souwäit huet misse kommen?

Jean Asselborn: Also bei den Ursaache gëtt et ménger Meenung no 2 Niveauen. Et gëtt déi offensichtlech Ursaachen, dat ass Hamas huet de Waffestëllstand gebrach. Dat ass jo evident. Déi Kassam-Rakéiten déi vu Gaza op Israel geschoss gi sinn wou 140.000 Leit permanent a Gefor sinn ass eng Ursaach firwat datt d'Israelie reagéieren. An Israel muss een och wësse si Wahlen an déi Operatioun do déi gëtt vun der israelescher Populatioun ganz positiv gekuckt. Mä ech mengen awer et gëtt eng ganz, ganz déif Ursaach déi op engem ganz aneren Niveau ass. A Gaza liewen 1,5 Millioune Leit ouni Hoffnung. Déi meescht vun hinnen a Lagere vun der UNO, vun der UNRWA. D'Dignitéit vun deene Leit alleguer, deenen Eeleren, deene Jongen ass ënnert deem wat tolerabel ass. An elo kënnt dobäi, dat ass déi kollektiv Bestrofung déi jo elo schonn do war, déi hu praktesch an engem grousse Prisong gelieft déi Leit. Dir wësst wat fir Schwieregkeeten, datt et ware fir iwwerhaapt humanitär Hëllef eran ze kréien. Déi elementarst Saach wéi Fuel oder Waasserversuergung ze garantéieren. An elo kënnt eng kollektiv Bestrofung dobäi. Dat heescht déi net nëmmen disproportionéiert ass, mä awer och d'ganz Populatioun a Gaza betrëfft déi jo eigentlech iwwerhaapt kee Choix do hunn. An dat ass schonn eng Dynamik déi elo do entsteet déi a mengen Aen terribel negativ Auswierkunge wäert hunn.

Carine Lemmer: Wat mengt Dir dann Här Asselborn, wéi kënnt et elo weider goen?

Jean Asselborn: Also, d'Israelien do ass et net ausgeschloss, datt se eng Buedemoffensiv drun hänken. A Palestinä wäert de President Abbas, sinn ech iwwerzeegt, opgefuerdert ginn d'Lienen mat Israel ze briechen. Jordanien, Ägypten kënnt dat nämmlecht geschéien. An der Europäescher Unioun hu mir e richtegt Signal ginn fir datt direkt d'Hostilitéite sollen ophéieren, mä Dir wësst och do, datt et Länner gëtt déi villäicht dat méi als Selbstdéfense gesi vun Israel. An den USA wäert keng Reaktioun komme bis den 20. Mä an Israel selwer ass déi Gefor grouss, dat eng rechtsextrem Regierung dohinner kënnt. A wann een dat alles addéiert, ech soen dat nach eng Kéier, da si vill, vill Joren Aarbecht ëmsoss an d'Islamisten, Al-Kaida, Ahmadinedschad, an alleguerte wéi se heeschen déi laachen, well dat ass Waasser op hir Millen an dat ass Nährbuedem fir den Terrorismus ze propagéieren.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact