Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2008 > Décembre 2008 > Jean Asselborn au sujet de la réunion informelle des ministres des Affaires étrangères consacrée à la situation dans la bande de Gaza

Interview
Jean Asselborn au sujet de la réunion informelle des ministres des Affaires étrangères consacrée à la situation dans la bande de Gaza
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 31-12-2008

Vers le niveau supérieur

Pierre Reiland: An um Telefon begréissen ech dann elo de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn. Gudde Moien Här Asselborn.

Jean Asselborn: Gudde Moien Här Reiland.

Pierre Reiland: D’EU-Ausseministere sote gëschter Owend, et gëtt keng militäresch Léisung fir de Konflikt tëscht Israel an de Palästinenser. Kann d’Europäesch Unioun iwwerhaapt een Afloss hunn op dee Konflikt, esou wéi si dat zum Beispill a Georgien hat?

Jean Asselborn: Jo also dat ass eng gutt Fro, ech mengen a Georgien, Russland ware jo zwee Länner implizéiert. Hei ass ee Land, Israel an dann eng islamistesch Organisatioun, déi behaapt jo een Deel vun de Palästinenser ze vertrieden. Dir wësst, datt d’Palästinenser gedeelt sinn: engersäits an déi Organisatioun déi Fatah heescht, déi méi offiziell, an dann Hamas. Et gëtt kee Knäppchen, dat hu mir och gëschter alleguerte ganz kloer gesot, wou ee kann drécken „Stop“ an da wier dee Konflikt do eriwwer. Ech mengen d’Europäesch Unioun huet Afloss, zum Beispill op d’Palästinenser, well d’Palästinenser wëssen, datt ouni eis Hëllef, Gaza net kéint iwwerliewen. An och Israel wëll ganz spezifesch Partnerschafte mat der Europäescher Unioun opbauen. Mir mussen also versichen, dat war och gëschter den Tenor, dee praktesch all Kollege vertrueden hunn, datt mir mam Quartett zesummen – an d’Quartett, fir dat nach eng Kéier ze widderhuelen, dat ass d’UNO, dat ass Amerika, Russland an et ass d’Europäesch Unioun – datt Drock gemaach gëtt, datt déi Wafferou antrëtt. Dir wësst zum Beispill, datt Russland do kann eng ganz wichteg Roll spillen, well si trotzdem duerch all déi Joren och eng Relatioun mat der Hamas oprecht erhalen hunn. Russland kéint sech engagéiere mam Maschal ze schwätzen, dee wéi Dir wësst a Syrien ass an eben de Chef ass vun där Hamas Organsiatioun. An dann dat drëtt Element wat dobäi kënnt, dat ass d’arabesch Ligue. Déi kënnt haut um Niveau vun den Ausseministeren zesummen. Mir hunn do Hand an Hand gespillt, do sinn och Kontakter gelaf tëschent eisen Ausseministeren an den arabeschen Ausseministeren, fir eben dat ze maache wat d’Zil ass, nämlech fir datt elo mol d’Waffen direkt, oder esou séier wéi méiglech, rouen.

Pierre Reiland: Dat schéngt bis elo nach net de Fall ze sinn. Och hënnt huet Israel weider Attacke gemaach an d’Hamas huet weider Rakéite geschoss. Déi 48 Stonne Wafferou déi den Här Sarkozy proposéiert huet, vun där schéngt den Ament, do gëtt et nach net vill Begeeschterung vun israelescher Säit?

Jean Asselborn: Jo mir mussen elo erëm oppaasen, datt mir net den Här Sarkozy an d’Europäesch Unioun an den Här Kouchner an esou weider alles duerchenaner geheien. Dat wat gëschter d’europäesch Ausseministeren décidéiert hunn, dat sinn e puer Saachen: dat ass éischtens mol, datt mir net däerfen de Fësch ersaufen an dann zevill fuerderen, mä datt mir eis solle konzentréieren op wierklech eng direkt a permanent Wafferou. Dat ass dat wat am Text steet an et ass dat wat mir festgehalen hunn.

Mä mir hunn des weideren och als Europäesch Unioun, net elo als eent vun de Länner vun der Europäescher Unioun, mä als Europäesch Unioun ugebueden, datt mir bereet wieren déi EU BAM-Missioun, dat heescht zu Rafah, dat ass de südlechen Deel vu Gaza, d’Grenz zu Ägypten, datt mir déi Missioun erëm géifen iwwerhuelen an och erëm do da präsent sinn, fir datt do d’Leit erëm kënnen zirkuléieren. Och op anere Plaze vu Gaza wiere mir als Europäesch Unioun bereet fir Punkten, fir Entréeën, méi Entréeën a Gaza ze kréien, fir déi kënnen ze besetzen an do kënnen ze kontrolléieren. Mir wëllen och humanitär Hëllef a Gaza wierklech erabréngen an datt déi Leit déi blesséiert sinn, dat si jo Honnerte Leit déi blesséiert sinn, datt déi kéinten erauskommen an da soignéiert ginn. A mir hunn nach eng Kéier widderholl an ech mengen dat ass dat Allerallerwichtegst, datt mir keng, datt ee keng militäresch Solutioun an deem Konflikt do ka fannen, weder op israelescher Säit, nach op palästinensescher Säit, op arabescher Säit, datt mir eben deen Dialog tëschent de Palästinenser erëm mussen opfrëschen an datt och d’Europäesch Unioun wierklech muss hannert dem Abu Masen stoen, hannert dem Mahmud Abbas, dem President vun de Palästinenser. Do gëtt et keng Alternativen dozou. Meng perséinlech Aschätzung gëschter war och, datt ee wierklech muss d’Ministere vun der arabescher Ligue encouragéieren, datt se Drock maachen, fir och ëffentlech sech ze vum Iran distanzéiere an datt den Iran och wierklech do Verantwortung iwwerhëlt an der Ënnerstëtzung vun enger Organisatioun wéi den Hamas, déi awer wirklech alles wëllt maachen and at ass op hirer Agenda, fir datt et net zu engem Fridde kënnt tëscht Israel a Palästina.

Pierre Reiland:Jean Asselborn, villmools Merci fir dës Präzisiounen.

Jean Asselborn : Wann ech glift Här Reiland.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact