Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Janvier 2009 > La ministre de la Famille et de l'Intégration, Marie-Josée Jacobs, invitée de l'émission Riicht eraus

Interview
La ministre de la Famille et de l'Intégration, Marie-Josée Jacobs, invitée de l'émission Riicht eraus
"Radio 100,7, Riicht eraus" du 10-01-2009

Vers le niveau supérieur

Françoise Medernach: Madame Jacobs, de Countdown leeft also. Den 1. Mäerz ass net méi laang, an iergendwéi schéngt jo awer nach net alles prett ze sinn. Et gouf scho gesot, d’Kanner missten a Sportshalen ënnerbruecht ginn. Fäert Dir net eng kleng Katastrof?

Marie-Josée Jacobs: Neen, ech fäerten déi net. Et muss ee jo emol dorop agoe wéi mir op déi Chèques service komm sinn. De Staatsminister hat den 22. Mee d’lescht Jor a senger Declaratioun gesot, datt mir wéilten déi Chèques service aféieren, an datt dat en éischte Schrëtt wier, wou hie gären hätt, datt mir eng Kéier géingen zu enger Gratisbetreiung vun de Kanner kommen.

Wa mir wéilten, datt et eng Katastrof gi wier, dann hätte mir gesot, mir féieren elo direkt d’Gratisbetreiung vun alle Kanner vun 0-12 Joer, a fir déi ganz Woch an. Dofir hu mir gesot, mir fänken elo emol u mat dräi Stonnen an der Woch an da kucke mir, wéi dat sech kann an deenen nächste Joere virun entwéckelen.

Mir gesinn, datt mir bis zum Enn vun dëser Legislaturperiod, an dat ass jo elo net méi ganz laang, ongeféier Plazen hu fir 40% vun de Kanner vun 0-12 Joer hei zu Lëtzebuerg opzehuelen, 42% esouguer.

Elo sinn déi natierlech iwwer d’Land ënnerschiddlech verdeelt. Dir hutt Gemengen, déi ganz gutt équipéiert sinn an Dir hutt der déi manner gutt équipéiert sinn. Dofir hu mir gesot, mir hätte gären, datt et ëmmer, an dat kënnt och an de Règlement grand-ducal stoen, op d’Disponibilitéite vun de Gemengen ukënnt, vun de Méiglechkeeten déi do sinn.

Mir hunn awer en zweet Element wou mir gesot hunn, mir gesinn, datt virun allem an de Mëttesstonnen eng ganz grouss Demande do ass. An all Maison relais, déi mir bis elo opgemaach hu mierkt Dir ëmmer, datt, wann am Ufank och emol den éischte Mount dat alles e bësse méi lues fonctionnéiert, ee virun allem gesäit, datt et eng ganz grouss Demande fir iwwer Mëtteg gëtt. Wat jo relativ liicht z’erklären ass, wann Elteren, déi entweder hallef oder ganz schaffen, zu zwee schaffe ginn, oder en Alleinerzieher deen do ass, datt et ganz schwéier ass fir awer erëm um 12 Auer doheem ze sinn, wann een net just grad am selwechten Duerf niewent der Schoul wunnt. A vun do gesäit een, datt virun allem do eng grouss Demande ass.

Dofir hu mir en zweet Element, dat ass och elo well am Reglement dra gewiescht – mir bräichten dat eigentlech net ze änneren – fir ze soen, mir kënnen och en Iwwergangsagrément maache wou d’Kanner och kënnen op aner Plazen hikommen, wéi déi Strukturen déi extra dofir nei geschaf ginn.

An ech ka mir och virstelle fir mengentwegen och ze soen, wann an där Mëttesstonn do méi e groussen Andrang kënnt, datt een dann och an aner Infrastrukture kann zu Mëtteg iessen. Respektiv et kann ee soen, dann iessen déi eng Kanner um 12 Auer zu Mëtteg, an déi aner Kanner um 1 Auer zu Mëtteg, an da kann een ebe kucken, wéi dann déi Säll déi do sinn ze gebrauche sinn. D’Gemengen hunn, esou wéi mir jo alleguer, ganz vill Fantasie.

Ech gleewen net drun, datt dat eng Katastrof gëtt, well ee jo awer och weess, datt d’Leit hir Gewunnechten, déi se hunn, net vun engem Dag zum aneren änneren, weder d’Kanner nach d’Elteren. Ech gesi virun allem, datt eng ganz Partie vu Kanner sech selbstverständlech ganz dacks drop freeën. Wann ech soen, datt virun allem an der Mëttesstonn eng grouss Nofro ass, da gesitt Dir, datt, wann et an der Maison relais oder am Schoulrestaurant Spaghettien oder Hamburger mat Fritte gëtt, datt dann d’Demande nach vill méi grouss ass. Dat ass also näischt wat eppes mat den Elteren ze dinn huet, mä dat huet eppes mat de Kanner ze dinn. D’Kanner freeë sech da fir dohinner ze goen, fir dat z’iessen, wat se vläicht doheem, och aus Gesondheetsgrënn, net ëmmer kréien, mä awer och fir bei hire Kollegen ze sinn.

Déi Chèques service si jo eppes wat mir net maache well mir soss näischt ze dinn haten. Mir hunn an deene leschte Joere gesinn, an ëmmer gesot kritt, mir hunn e Risiko vun Aarmutt, a mir hu besonnesch e Risiko vu Kanneraarmutt. Dir wësst och, datt dat an den europäesche Statistiken, wat d’Aarmutt ubelaangt, ëmmer gesot gëtt.

Dann ass gesot ginn, de Kannerbonus bezuele mir net méi an enger Kéier aus, mä mir bezuelen en op déi 12 Méint verdeelt aus, wat fir meng aarm Kannergeldkees natierlech erëm nei Aarbecht bréngt. Net datt d’Geld eng Kéier net fir eng Aktioun ausgi gëtt, vläicht och emol nach net onbedéngt am Interesse vun de Kanner, mä fir datt dat méi échelonnéiert ass. An dofir hu mir och gesot, mir wëllen am Plaz nëmmen Sueleeschtungen éischter Saachleeschtungen. An dofir sinn déi Chèques service.

Chèques service déi ech eppes fuerchtbar Interessantes fannen. Mir schwätzen zanter 10 Joer zu Lëtzebuerg dovun. Eis belsch Noperen hunn et an engem anere Kader. Bei hinnen ass et éischter eng Arbeitsbeschaffungsmoossnam. Dat heescht also, datt domat eng ganz Partie vun Aarbechten, déi soss doheem an de Famillje selwer gemaach goufen, kënne mat Chèques service akaaf ginn.

Mir goungen éischter op de Wee fir ze soen, mir géingen elo emol gäre wëllen ufänken, an da beschränke mir eis op d’Garde vun de Kanner, fir domat den Elteren ze erméiglechen, hirt Beruffsliewe mat hirem Familljeliewen ze verbannen. Op där anerer Säit gëtt awer och gekuckt, datt d’Kanner déi an der Schoul dra sinn, mä awer vläicht och nach besonnesch Besoinen hunn, datt déi dann awer och en Encadrement hunn, deen hinne gerecht gëtt. Kanner déi alleng si kënnen do opgeholl ginn. Et ass jo och net terribel, wa se net ënner anere Kanner sinn, just an der Schoulzäit; Kanner déi eng Behënnerung hunn, déi kënnen do opgeholl ginn, déi kënne mat deenen aneren do zesumme wuessen. Dat ass wichteg fir déi behënnert Kanner, mä wéinstens grad esou wichteg fir déi aner Kanner.

An net ze vergiessen, déi ganz vill net lëtzebuergesch Kanner, déi do d’Méiglechkeet kréie fir sech besser z’integréieren, wéi wa se vläicht bei eng aner Persoun ginn, déi och hir Heemechtssprooch schwätzt. Hei an de Maisons relais léiere se besser Lëtzebuergesch schwätzen, wat hinnen eng zousätzlech Chance gëtt, fir herno an der Schoul besser mat virun ze kommen.

A wann d’Kanner déi an der Schoul sinn alleguer déi selwecht Sprooch schwätzen, dann ass et selbstverständlech och méi liicht fir de Programm, och fir déi lëtzebuerger Kanner, a senger Zäit gemaach ze kréien, wéi wann ëmmer muss Récksiicht geholl ginn op Kanner déi net esou wäit sinn.

Françoise Medernach: Wéi leeft dat dann elo um Terrain of, elo ganz konkret? Wann ech elo zum Beispill mäi Kand wëll vum 1. Mäerz un dräi Stonnen gratis versuerge loossen, an enger Crèche zum Beispill, mussen déi mech dann unhuele fir déi dräi Stonnen?

Marie-Josée Jacobs: Elo gitt Dir op Är Gemeng, oder wann d’Gemeng seet, et ass bei eis d’Maison relais déi déi Aarbecht fir eis mécht, da mellt Dir Iech do. Mat Ausnam vu vläicht enger Gemeng, déi haut nach déi Méiglechkeeten net huet, geet dat.

Mir hunn net nëmmen déi konventionéiert Crèchen, dat heescht déi vun de Gemengen oder vun engem Träger organiséiert sinn, mä och déi kommerziell Crèchen déi mat do drënner falen, Betribscrèchen déi mat do drënner falen. An an eenzelne Fäll kënnen et och Vakanzenaktivitéite sinn, déi mat doranner bezu ginn, respektiv och Dageselteren. Mir gesi jo awer, datt et ëmmer méi Eltere ginn, déi zu onregelméissegen Zäite schaffen. Vläicht hu mir herno d’Geleeënheet fir e Wuert ze soe wéi dat zum Beispill an der Fiels ausgesäit, och am Konkretem, wéi déi Haiser haut fonctionnéieren.

Da gitt Dir iech als mellen a sot, ech hu mäi Kand, dat ass elo tëscht 0 an 3 Joer al, an da kritt Dir vun Ärer Gemeng eng schéi Kaart mat enger Zeechnung drop, mat 4 Kanner, déi vum Roger Leiner gemoolt ginn ass, an déi da ganz flott ausgesäit.

Dir gitt Är Donnéen do of vun ärem Kand, wat Dir verdéngt, Äre leschte Paiziedel, respektiv de leschte Steierziedel, an da gëtt dann décidéiert wat dat kascht. À moins, wann Dir wierklech nëmmen déi dräi Stonnen huelt, da braucht Dir dat net ze maachen, well dat ass jo dann eppes, wat esou ka fonctionnéieren.

Domat gitt Dir an Är Crèche, an Dir gitt deen Dag Är Kaart do of.

Mir hunn ofgesinn dovun fir, dat kënnt Dir Iech liicht virstellen, op deene Kaarten ze weisen, dat eent Kand, deem seng Eltere verdéngen esouvill, da gëtt dat eng rout Kaart. Déi aner verdéngen esou vill, da gëtt et eng blo Kaart, an déi aner kréien eng giel Kaart. All Kand kritt déi selwecht Kaart, wou net drop steet wéivill datt et eigentlech zergutt huet, mä dat kritt Dir op engem separaten Ziedel, wou all déi Donnéen do drop stinn, déi néideg sinn.

Mir hunn zwee wichteg Partner déi eis gehollef hunn dat hei ausféieren. Dat eent ass de Syvicol, de Syndikat vun de Gemengen, well ouni d’Gemenge kënne mir jo hei iwwerhaapt näischt maachen. Mir haten och dräi Versammlungen iwwer d’Land mat deene verschiddene Gemengen, wou d’Leit selbstverständlech Froe gestallt hunn, dat ass jo kloer, wéi fonctionéiert dat, gëtt dat net eppes, wou mir awer vläicht net domat eens ginn?

Op där anerer Säit hu mir dann den Operateur, deen eis déi ganz informatesch Aarbecht do mécht, dat ass de Gemengesyndikat vun der Gestioun vun der Informatik, de Sigi, wou Dir also och gesitt, datt dat alles a professionellen, mä awer ëffentleche Strukturen, wann Dir wëllt, bleift. Mir hu gesot, et ass méi einfach wéi wa mir bei e kommerziellen Operateur ginn, wat dann ëmmer erëm Froen och iwwer Datenschutz an Ähnlechem ginn.

Françoise Medernach: Wann een awer esou mat den Elteren dobausse schwätzt, oder och mat Professionellen aus dem Secteur, da weess am Fong keen esou richteg, wéi dat elo geet, nom 1. Mäerz. Do sinn esouguer Crèchen déi mengen, Chèques service géinge fir si net gëllen. Maacht Dir do nach iergendwéi eng Informatiounscampagne?

Marie-Josée Jacobs: Mir sinn de Moment amgaangen, esougutt Informatioun wéi och Formatioun ze maachen, mat de Gemengebeamten, fir datt d’Gemenge richteg wësse wéi datt dat fonctionnéiert, mä awer och selbstverständlech mat dem Secteur. Mir haten elo verschidde Réuniounen, esougutt mat de kommerzielle Crèchë wéi och mat de konventionéierte Crèchen.

An dës Woch war elo déi lescht, wou nach eng Kéier jiddwereen, all Interessent deen iergendwou eppes domat ze dinn huet, nach eng Kéier konnt dohinner komme fir op déi verschidde praktesch Froen eng Äntwert ze kréien, esou datt ech hoffen, datt elo jiddweree weess ëm wat datt et geet.

Mir sinn och amgaangen en Dépliant auszeschaffe fir d’Elteren, fir datt déi och wësse wéi datt dat fonctionéiert.

Ech denken, datt déi lëtzebuergesch Elteren dat jo nach ëmmer besser matkréien, well wann déi Iech nolauschteren, wann déi déi aner Radioë lauschtere respektiv d’Zeitung liesen, kréie se dat besser mat. Mä wann dat Eltere sinn, déi Auslänner sinn a kee Lëtzebuergesch schwätzen, fir déi ass et selbstverständlech nach méi schwéier.

Dofir kucke mir och, datt mir esou Dépliantë maachen op däitsch, franséisch, portugisesch, wann et herno néideg ass, och an anere Sproochen, fir wierklech d’Leit doriwwer z’informéieren. Mir hätte wierklech gären, datt méi laangfristeg gesinn och all Kanner dovunner géife profitéieren, well et fir mech eng onmoosseg wichteg Fro vun der Integratioun ass.

Mir hunn et heiansdo schwéier, Elteren ze fannen an da mat de Leit a Kontakt ze kommen. Mä Leit déi Kanner hu kucken ëmmer wat mat hire Kanner geschitt. Vun dohir ass dat och fir mech eng flott Méiglechkeet, fir esou e Stéck vun der Integratioun vun deenen iwwer 40% Leit déi hei zu Lëtzebuerg liewen awer och fäerdeg ze kréien.

Françoise Medernach: Dir hutt elo gesot, mat den Tariffer, et gëtt just eng Kaart. Et gesäit een am Fong un der Kaart elo net wat d’Eltere verdéngen, mä d’Eltere mussen awer hire Peiziedel weisen, si mussen och noweise wa se finanziell Problemer hunn, fir ebe vun deene reduzéierten Tariffer ze profitéieren.

Do sinn awer elo vill Leit, déi fäerten, datt se sech virun der Gemeng musse plakeg ausdoen. Wat sot Dir deene Leit?

Marie-Josée Jacobs: Do ännert eigentlech näischt doru wéi et virdru fonctionéiert huet.

Bis elo hate mir verschidden Tariffer, besonnesch och an de Crèchen. Jiddwereen deen e Kand an enger konventionéierter Crèche hat wosst, datt dat gestaffelt nom Akommes vun den Eltere wier. Dir musst jo dann also dat iergendwou festhalen. Déi Leit, besonnesch op de Gemengen, déi hu jo alleguer hirt Beruffsgeheimnis, et ass jo net, datt déi kënne bei de Comptoir erziele goen, d’Madame Medernach verdéngt esou vill um 100,7, an dofir kritt elo hirt Kand esou vill Reduktioun, oder esou virun. Dofir fanne mir et och wichteg, datt dat awer mat där néideger Diskretioun, a wéi gesot mam Beruffsgeheimnis, verbonnen ass. Mir waren, meng Mataarbechter, d’lescht Woch bei d’Kommissioun vum Dateschutz fir ze kucken, datt dat domat an der Rei ass. A mir wäerten do en extraen Artikel nach an de Règlement grand-ducal setzen, fir datt dat dann awer och garantéiert ass.

Elo hu mir am Fong, wann Dir wëllt, zwou oder dräi Kategorien. Elo huet generell all Kand, dräi Stonne pro Woch zergutt. Ab deenen dräi Stonne bis zu 24 Stonnen ginn et zu engem Tarif vun dräi Euro. Plus dann d’Mëttegiesse wat extra bezuelt gëtt, wou mir fir d’éischt gesot hate mir géingen dat net wëllen anescht rechnen, och fir et net méi komplizéiert ze maachen.

D’Chamberkommissioun huet awer fonnt, dat wier keng gutt Iddi, esou datt mir also iewer elo soen, fir d’Mëttegiesse muss een eppes bezuelen. Dat ass dann tëscht engem halwen Euro an zwee Euro, fir och domat net déi Leit, déi hir Kanner doheem hunn, ze vill ze strofen, fir datt déi dovunner net kéinte profitéieren. Selbstverständlech kënnen och déi Kanner, an ech ka mir am Fong net virstellen, datt net jiddwereen emol eng Kéier dovunner kënnt profitéieren, well een eben och emol Contrainten huet, datt een an der Woch muss bei den Dokter goen, oder datt een och soss wéilt eng Kéier eppes anescht maachen, datt also jiddwereen dat ka maachen.

An dann hu mir awer och déi Kanner, wou d’Elteren entweder den RMG hunn, oder soss am Risiko sinn, déi kréien da bis zu 25 Stonnen d’Woch gratis, wou se kënnen an déi Infrastrukture kommen.

An ech wëll direkt soen, well elo heiansdo gesot gëtt, jo déi kréien elo eng Prioritéit, an déi aner Kanner, déi doranner sinn, déi ginn erausgedrängt. Et gëtt kee Kand wat muss aus enger Maison relais, wat aus enger Crèche seng Plaz verléiert. Ech fannen dat net flott, wann elo esou eng Politik gemaach gëtt, fir deen ee géint deen aneren auszespillen, a besonnesch net fir mat Kanner, wou d’Elteren den RMG hunn. D’Kanner kënne ganz sécher net dofir wann hir Elteren net finanziell gutt dru sinn.

Mä datt mir gären hätten, wéi gesot, datt déi awer kënnen dovunner profitéieren. Mir gesinn heiansdo, datt et fir si méi schwiereg ass, esougutt fir eng Betreiung bei der Hausaufgab ze hunn, wéi datt s’eppes Uerdentleches z’iessen hunn. Dir wësst, datt mir esou e Projet haten, „Gesond iessen, sech méi bewegen“. Och dat sinn alles Elementer, déi mir mat wëllen an de Maisons relais, an de Crèchë méi wäit a méi fest verankeren, datt dat net nëmmen eppes ass wou d’Kanner zesumme versuergt ginn, mä wou wierklech och pädagogeschAktivitéite geschéien, wou se wierklech betreit ginn a wou se méi dovunner ewech droe wéi nëmme just da fir bëllegt Geld zu Mëtteg z’iessen ze kréien, respektiv do beienee geparkt ze sinn, a wou näischt géing mat hinne geschéien.

Françoise Medernach: Mä da musse jo awer nach ëmmer genuch Plazen do sinn, wann d’Gemengen elo effektiv Sportshalen oder aner Säll mat bäihuelen. Wéi ass et dann do mat de Sécherheetsnormen? Leid do net vläicht och d’Qualitéit dann drënner?

Marie-Josée Jacobs: Mir kënnen eis duerchaus virstellen, a mir hu jo d’Chance hei zu Lëtzebuerg a ville Gemengen, ganz vill, ob dat Centres culturels sinn, ob dat Sportsinfrastrukture sinn déi zur Verfügung stinn, déi awer ganz dacks während dem Dag net vill gebraucht ginn, respektiv während der Woch. Mä et ass kloer, datt et net kann op d’Käschte vun der Sécherheet goen.

Also och do soe mir, dir kënnt zwar aner Raimlechkeete gebrauchen, déi net nëmmen exklusiv dofir sinn, a mir hëllefe selbstverständlech och do finanziell de Gemengen, fir datt se kënnen dat maachen: Dëscher a Still dohinner ze setzen, déi kannergerecht sinn, an déi de Sécherheetsnormen entspriechen. Also et ass net, datt mir elo egal wat maache vun Dommheeten, fir dat do elo realiséiert ze kréien.

Françoise Medernach: Mä e weidere Kritikpunkt ass och, datt an de Maisons relais elo keng qualifizéiert Éducateure mussen agestallt ginn, déi sougenannten Assistants parentaux. Souwisou wäert et och vläicht net genuch qualifizéiert Personal fonnt ginn, esou séier. Ass do net och d’Gefor, datt d’Kanner just do versuergt ginn, ouni pädagogescht Konzept?

Marie-Josée Jacobs: Mir änneren näischt un de Personalnormen. Och elo an de Maisons relais mussen Éducateurs gradués do sinn op Grond vun der Zuel vun de Kanner, déi do sinn.

Mä wann ech nach eng Kéier dierf d’Beispill huele vun der Mëttesstonn, wou awer déi meeschte Kanner do sinn, fir mat de Kanner zu Mëtteg z’iessen, wou selbstverständlech dat qualifizéiert Personal do ass, kënnen awer duerchaus aner Leit och do dobäi si fir ze hëllefen dee Service ze maachen, fir ze hëllefen déi Aarbechten ze maachen. Et ass jo net néideg, datt et en Éducateur gradué ass, deen d’Gromperen op den Dësch setzt, respektiv fir den Teller ofzeraumen. Mä et ass net geduecht, datt do elo manner Personal, oder manner qualifizéiert Personal zur Verfügung steet.

Mir hunn an deene leschte Joere ganz dacks gesot kritt, et wier just an deem do Beräich, wou vill Jugendlecher do wieren, déi et schwiereg hätte fir eng Aarbecht ze fannen, esou datt ech net mengen, datt mir do net dat ausgebildend Personal géinge fanne wat mir géinge brauchen.

Also nach eng Kéier, mir wëllen net hei zu engem bëllegen Tarif ufänken, d’Qualitéit op d’Spill setzen. Mir mussen elo kucken, wéi dat op eenzelne Plazen an dem Konkreten ausgesäit. Ech ka vläicht soen, an där éischter Versammlung déi mir zesumme mam Syvicol haten, hat de Jempy Klein als President vum Syvicol gesot, et ass am Fong egal, ob mir den 1. Mäerz ufänken, oder ob mir den 1. Oktober ufänken, mir mussen eng Kéier d’Erfahrung maachen, an da musse mir gesi wat op eis do duerkënnt, wou een dann also muss Changementer maachen, wou vläicht och onerwaarter Weis méi Demandë kommen, wou vläicht och onerwaarter Weis der manner kommen.

Wéi gesot, et ass eppes Neies wat mir maachen, an dofir solle mir deem eng Chance ginn. Ech ka mir virstellen, datt dat op eenzelne Plazen net grad esou reibungslos erof geet, an datt mir nach vläicht déi eng oder déi aner Reprochen duerno gemaach kréien.

Wann een eppes Neies mécht, dann ass dat esou, mä wann een et net eng Kéier ufänkt, da kann et ni fonctionéieren. An ech sinn dovun iwwerzeegt, datt wann dat hei e puer Joer fonctionéiert, jiddweree seet, ma dat do war dee richtege Wee, och wa mir et haut vläicht net direkt esou agesinn, respektiv méi Schwieregkeeten dobäi gesi wéi déi gutt Resultater, déi mir eis da ferner hoffen.

Françoise Medernach: Mä an de Crèchen, zum Beispill, sinn d’Virschrëften, mengen ech, awer méi streng, a punkto Sécherheet, och a punkto Personal. Fäert Dir net, datt d’Elteren elo mengen, si hätten am Fong méi Intérêt d’Kanner an eng Crèche ze ginn, wéi an eng Maison relais?

Marie-Josée Jacobs: Den Ënnerscheed ass an de konventionéierte Crèchen, wou eigentlech 100% vun diploméiertem Personal schafft, an och déi Normen änneren net am Beräich vun de Maisons relais, Crèchen.

Do wou et anescht ass, dat ass an deene kommerzielle Crèchen, an dat ass natierlech eng Décisioun vun Elteren. Mä d’Crèche dauert ëmmer nëmme bis maximal dräi Joer, no dräi Joer ass keen Ugebued méi vun der Crèche do, da geet et automatesch an d’Maison relais.

A wou Dir jo dann och musst gesinn, déi Kanner sinn entweder moies fréi do, an och do wëlle mir kucke wat iwwerhaapt gebraucht gëtt, well ganz dacks d’Léierpersonal seet, d’Kanner komme moies an d’Schoul, si hunn näischt z’iessen, si hunn emol näischt ze drénke kritt, ob een net och do misst Saachen ubidden, fir datt d’Kanner wéinstens net mat engem erniichtere Mo de ganze Moien do sëtzen.

Fir Iech ze weisen, datt eis Iwwerleeungen net drëm gi fir nëmme méiglechst séier méiglechst vill do ze maachen, mä datt mir awer wëllen nohalteg kucken, wat sinn d’Besoinë vun de Kanner, well ëm déi geet et jo. Haaptsächlech hätte mir gären, datt et de Kanner besser géif goen.

Mir wëllen och d’Normen, weder an de Crèchen nach an de Maisons relais änneren, well et eis awer wichteg ass, datt do eng Qualitéit ugebuede gëtt.

A fir Iech och op déi Fro ze äntwerten, mir sinn elo zum Beispill mat der Uni Lëtzebuerg, amgaangen ze kucken, datt mir do eng Begleedung kréien, vu Professeren, déi doranner geschafft hunn, déi och doranner vill Erfahrung hunn, och aus dem Ausland, déi esi soen, ma dat do ass de richtege Wee, mä fir déi do Zort vu Kanner vun 0-3 bräicht dir éischter dat do, vun 3-5 vläicht éischter dat do, fir datt mir awer och net eis do an eng Situatioun era manoeuvréieren, wou mir nëmmen de Bléck vu bannen hunn, mä net dee vu baussen. A mir hu jo keen Inspektorat wéi dat beispillsweis bei der Schoul fonctionéiert, fir datt mir awer och eng pädagogesch a psychologesch Begleedung do hunn, fir datt mir eis Aufgaben uerdentlech maachen.

Françoise Medernach: Mat deenen dräi Gratisstonnen wëll Dir jo och am Fong jiddwereen e bëssen ulackelen – Leit aus alle soziale Schichten, Dir hat dat virdrun och gesot – Dir wëllt do eng sozial Mixitéit an de Maisons relais.

Mengt Dir dann, dat géift Dir elo domat erreechen? Mengt Dir, elo géife vill Leit déi bis elo keng Maison relais gebraucht hunn komme fir déi dräi Stonnen do ze notzen,?

Marie-Josée Jacobs: Ech gesinn, datt dat wéi gesot net all Kand, net all Famill all Woch mécht. Vun dohier ass elo meng Angscht net esou grouss wéi déi vun enger Partie vu Buergermeeschtere fir ze soen, vu muer u stinn elo all d’Kanner do, an déi wëllen elo onbedéngt déi Stonnen. Ech menge jo net, datt d’Familljen esou fonctionéieren. Ech mengen och net, datt Elteren esou fonctionéieren.

Ech ka mir virstellen, wann ech meng eegen Neveuen an Niesse kucken, a gesi wéi si mat hire Kanner ëmginn, respektiv aner Frënn a Leit déi een a sengem Bekanntekrees huet, datt dat eppes ass wou ganz dacks d’Kanner drop halen.

Mir hunn heiansdo gesot kritt – wéi mir viraus de System haten, datt et och nom Akommes gaangen ass, a wou d’Leit bis zu 7 Euro, 7,5 Euro d’Stonn bezuelt hunn – domat verhënnert dir, datt dir Mixitéit hutt. Da kommen déi Kanner aus besser situéierte Familljen net, dann huelen d’Elteren doheem sech eng Persoun an de Stod fir d’Kannerbetreiung ze maachen, déi kann dann niewelaanscht och nach botzen.

Wa mir op där enger Säit gesot kréien, dir hutt net genuch qualifizéiert Personal, an dann awer vun deene selwechte Leit gesot kréien, dann huele mir een dee bei eis heem kënnt an deen dann an engems botzt, do froen ech mech dann heiansdo, wéi et mat der Qualitéit bei Iech ass? Ob deem seng Qualificatioun da besser ass, dat ass erëm eng Fro fir sech.

Fir mech geet et wierklech drëm, datt mir eng Mixitéit kréien, datt mir wierklech Kanner aus alle soziale Schichten dohinner kréien, datt mir Kanner dohinner kréie vun deene Nationalitéiten, esou wéi eist Land eben zesummegesat ass. Fir mech ass dat hei eng Fro vun der Integratioun a vun der sozialer Kohäsioun. A méi wéi dat, dat ass ee vun deene wichtegste Pilieren, dee mir am lëtzebuerger Land hunn. Eis Gesellschaft muss méi zesummen halen, an dat geet jo domat un, datt een deen anere kennt. Wann Dir nëmme just an der Schoulbänk niewentenee sëtzt, an esoubal d’Klass oder d’Schoul aus ass, jiddwereen a seng Directioun rennt, dann ass dat heiansdo méi schwiereg.

Fir nach eng Kéier d’Beispill ze huele vun engem behënnerte Kand. Dat gëtt jo mat erop gezunn duerch déi aner Kanner, déi do dobäi sinn. Wann Dir gesitt, déi Kanner déi net behënnert sinn, wéi déi sech dacks ëm e behënnert Kand këmmeren, déi mierken, datt d’Liewen net ëmmer esou einfach ass. Dat ass mat der kierperlecher a geeschteger Behënnerung esou, mä dat ass och mat der sozialer Behënnerung esou.

Wa ganz vill vun eise Kanner emol mierken, datt aner Kanner do sinn deenen hiren Elteren et méi schlecht geet, déi net all Suen zur Verfügung hu fir dräi Mol am Jor an d’Vakanz ze fueren, déi net d’Suen zur Verfügung hu fir nëmme Markekleeder ze kafen, da mengen ech, hëlleft dat ewell en anert Verständnis ze kréien.

A wa mir dat géife fäerdeg kréien, dann hätte mir natierlech fir d’Zukunft vun eiser Gesellschaft eppes gemaach, wat net mat Geld ze bezuele wier.

Françoise Medernach: Mä elo gëtt et nach eng aner Grupp vu Leit, déi net immens zefridde sinn: d’Dagesmammen. Fir wat gëllen d’Chèques service net fir d’Dagesmammen, et sief jo da si wieren ugegliddert un eng Maison relais? Fir wat gëlle se do net?

Marie-Josée Jacobs: Mir haten eng ganz Rei vu Gespréicher. A besonnesch vun enger ganzer Partie vu Gemengen mä och politesche Responsabelen ass gesot ginn, mir hätten net gäre wa systematesch Dageseltere mat do géingen erageholl ginn. Mir hunn och gemengt, et wier wichteg fir den Dageselteren eng Méiglechkeet ze ginn, fir och déi Kompetenzen ze hu wéi dat éducativt Personal.

Wann Dir zum Beispill mat enger Maison relais eng Relatioun hutt, da kënnt Dir jo och vum Knowhow vun den Éducateurs gradués profitéieren. Wann Dir zum Beispill Kanner hutt déi eng Schwieregkeet hunn, wann an enger Famill Problemer sinn, dann ass et fir Iech als Dagesmamm, Dagespapp och besser wa Leit do sinn déi eng Qualifikatioun hunn, déi Iech kënne beroden. Esou hu mir gesot, wann dat am Kader vun enger Maison relais geschitt, da maache mir dat.

Mä mir haten awer och d’lescht Woch nach eng Kéier Kontakt mat der Agence vun den Dageseltere. Mir gesinn ëmmer erëm, datt et Eltere gëtt wou entweder nëmmen een Elterendeel alleng do ass, respektiv wou d’Elteren anescht musse schaffen. Do wëlle mir soen, déi Leit, déi dovunner kënne profitéieren, oder wou d’Dageselteren do sinn, oder Elteren, aner Leit do sinn, déi dat à charge huelen, datt een dat awer och kann iwwer Chèques service regléieren.

Françoise Medernach: Et ass jo och esou, datt d’Chèques service just fir Leit gëllen, déi hei am Land wunnen, also d’Frontalierë si jo ausgeschloss. Soll dat vläicht nach an enger anerer Phas änneren, oder soll dat esou bleiwen?

Marie-Josée Jacobs: Dat ass haut definitiv ze fréi fir dat ze soen.

Wa mir elo de Reproche gemaach kréien, dir maacht hei eppes wat iwwer de Knéi gebrach ass, a wou d’Infrastrukturen net duer gi fir d’Kanner alleguer opzehuelen, dann ass et ganz kloer, datt mir et net och fir d’Leit déi iwwer d’Grenz eriwwer schaffe komme maache kënnen.

Et ass dann awer net nëmmen d’Fro vun den Infrastrukturen an de Betreiungsstrukturen, mä déi selwecht Fro géing sech jo och fir d’Schoule stellen, ob mir dann déi néideg Kapazitéiten hätten, och personalméisseg, wéi och schoulraumsméisseg, fir da vill Kanner vu Frontaliere mat opzehuelen. Mir geheie Kanner vu Leit déi iwwer d’Grenzen eriwwer schaffe kommen elo net eraus, fir datt dann anerer kënnen dohinner kommen.

Mä mir soen, op d’laang Siicht kënnen déi zu deene Conditioune wéi se elo do waren, si kënnen net vun de Chèques service profitéieren, well dat wier jo ongerecht vis-à-vis vun deenen aneren déi net kënne kommen. D’Leit an d’Famillje maache jo eng Planung, si soe sech jo, wa mir elo mat eisem Kand dohinner an déi Crèche ginn, da kann et do bleiwe bis et doheem an d’Primärschoul geet, ob dat an Däitschland, a Frankräich oder an der Belsch de Fall ass. Da kënne mir elo net vun engem Dag zum anere soen, elo kuckt datt dir do eraus kommt, elo huele mir Kanner déi hei zu Lëtzebuerg wunnen.

Dat hu mir ewell och iwwerluegt, an dat wëlle mir selbstverständlech net.

Wat an deenen nächste Joeren, eng Kéier wa mir genuch Méiglechkeeten dofir hunn, Changementer kommen – dat muss ee jo gesi wéi et sech entwéckelt, ob een eventuell och de Leit dofir kéint Chèques service ginn, wat dann an hirem Land wier.

Wéi gesot, dat wëll ech haut alles net soen, well dat jo wäit iwwer de Kader vun där Aufgab erausgeet, déi mir eis elo emol gestallt hunn.

Françoise Medernach: Mir sinn elo an der Halschent vun der Émissioun ukomm, et ass scho bal zwou Minutten op halwer eng. Mir maachen eng kleng Paus, an da gëtt et direkt en Noriichteniwwerbléck.

[Noriichteniwwerbléck mam Jean-Claude Franck]

Interview vum Françoise Medernach:

An Dir sidd weider ageschalt beim 100,7 an der Emissioun „Riicht eraus“. Bei eis am Studio ass d’Familljeministerin Marie-Josée Jacobs. An der zweeter Halschent schwätze mir elo iwwer weider grouss a wichteg familljepolitesch Dossieren aus de leschte Joeren, ugefaange mat der Individualiséierung vun de soziale Rechter. Déi Fuerderung ass jo schonn ural, do gëtt jo schonn op d’mannst ee Jorzéngt driwwer diskutéiert an et ass awer näischt geschitt. Firwat schleeft dat esou?

Marie-Josée Jacobs: Dat ass eng ganz schwiereg Matière. Dir wësst, datt mir zanter iwwer 30 Joer iwwer de Splitting schwätzen. Splitting, dat heescht, datt am Fall vun enger Scheedung Mann a Fra kënne vun deene Renterechter déi et an der Koppel gi profitéieren. Virun 30 Joer hu besonnesch d’Fraen, mir mussen eis jo hei elo näischt virmaachen, opgehale mat schaffen. A wann dann d’Koppel ausernee gaangen ass a se gouf gescheed, dann haten d’Frae keng Rentenofsécherung. Ech kennen nach eng ganz Partie vu Fraen déi haut den RMG kréien, well eben dat net geregelt gouf.

Françoise Medernach: Mä de Splitting ass jo am Fong eng Virstuf vun der Individualiséierung an deen ass emol nach net do.

Marie-Josée Jacobs: De Splitting war ëmmer eppes wou mir gesot hunn, dat ass eng Iwwergangsléisung. Mir hunn awer de Splitting net fäerdeg kritt an ech hoffen, datt mir an deenen nächste Wahlprogrammer an och an deenen nächste Koalitiounsprogrammer net méi iwwer Splitting schwätzen, well et eppes ass wat mir aus ville Grënn net fäerdeg kritt hunn. An an der Zäit hu mir et net fäerdeg kritt, well et zwee verschidde Regimer goufen an de Pensiounen, den ëffentleche Secteur an de private Secteur. Haut bleift déi Problematik nach bestoen, mat deenen Iwwergangsbestëmmungen déi et fir eng Partie Leit goufen, déi nach an der Fonction publique waren ier d’Rentereform do komm ass.

E ganz grousse Problem dee sech stellt, dat ass fir déi Leit déi hei zu Lëtzebuerg schaffen, awer net onbedéngt hei wunnen. Ech ginn Iech ee Beispill: wann Dir Leit hutt wou de Mann hei zu Lëtzebuerg schafft a seng Fra a Frankräich schafft, déi gi gescheed. Wa mir hei géingen de Splitting aféieren, da misst hie seng Pensioun mat senger Fra deelen. Frankräich huet awer de Splitting net, si kéint hir ganz Pensioun halen.

Verstitt Dir, fir einfach emol de Leit a frappante Beispiller ze weisen, datt dat net eppes ass wat mir net wëllen, mä mir gesinn einfach, datt et vun der Technik hier net einfach ass, éischter terribel komplizéiert ass, an datt mir am Fong léiwer hätten, an dat hu mir och an deene leschte Joeren ugefaangen ze maachen, déi Individualiséierung.

Mir fannen haut kaum nach Männer a Fraen déi ni an hirem Liewe berufflech aktiv waren. An der Zäit gouf et eng ganz Partie vu Fraen déi hunn doheem am Baurebetrib an am Geschäft geschafft, déi sinn déi Zäit net ugemellt ginn. Dat alles gesi mir haut am Fong net méi. An da gesi mir, datt mir duerch déi Méiglechkeeten déi mir gemaach hunn, datt mir eng Kéier d’Babyjoeren ausbezuelen, Leit déi Rechter kréie wa si doheem bleiwe fir hir Kanner ze versuergen, respektiv 2 Joer oder 3 Joer, deemno wéivill Kanner datt een huet, datt een déi pro Kand dann ugerechent kritt. Da gëtt et nach d’Méiglechkeet vun de Kannerzäiten, déi zwar keng Cotisatioune mat sech bréngen, mä déi awer Joere mat sech bruecht hunn an domatter de Leit awer eng Individualiséierung geschaaf hunn.

Fir mech ass et wichteg – an do ass elo jo déi Kommissioun an der Chamber amgaange fir ze kucke wat d’Scheedungsgesetz ubelaangt – fir déi Reformen ze maachen. D’Kommissioun seet, do ginn dann awer déi Sue mat considéréiert, déi abezuelt goufen an da muss deen ee Partner deem anere Partner déi Sue ginn. Déi mussen och geholl gi fir Renterechter. Et geet dann net, datt ee sech mat deene Suen en Auto keeft oder ech weess net wat keeft, mä da mussen déi Suen dann och erëm fir an d’Pensiounskeesen abezuelt ginn.

An do ass et och wichteg, datt mir dofir d’Méiglechkeete geschafen hunn an deene leschte Joeren, well zu all Moment ka jo jiddweree sech umellen, ka jiddweree cotiséieren. Soss waren do Fristen dra festgesat wou Dir gesot hutt, wann Dir zwee Joer opgehalen hutt mat schaffe musst Dir erëm schaffe goen, well soss kënnt Dir net méi cotiséieren. Dir kënnt Iech nokafen, dat ass natierlech ëmmer erëm eng Fro ob ee Suen huet, fir datt een dat ka maachen. Mä ech mengen, datt mir do éischter op dee gudde Wee géinge komme fir dat realiséiert ze kréien.

Do wou ech ëmmer virdru warnen, a mat mir eng ganz Partie vu Fraen a Fraenassociatiounen, dat ass och fir ze soen, et kann net sinn, datt elo zum Beispill gesot gëtt, an enger Famill muss jiddweree cotiséieren, muss fir jiddweree cotiséiert ginn an datt da mengetwegen deen ee Partner eng Pensioun huet herno vu 4 mol de Mindestloun an deen anere Partner eng Pensioun huet vun 1 mol de Mindestloun. Dat ass, mengen ech, eng nei Ongerechtegkeet déi géinge mir schafen, wann Dir géingt soen, dat ass d’Individualiséierung. Also muss een och kucken, wat geschitt mat deenen Droits dérivés?

Et kann een net vun haut op muer soen, elo maache mir d’Individualiséierung, well da si vill Frae vill méi aarm wéi si et bis elo waren. D’Droits dérivés, dat si Rechter, wann Dir zum Beispill bestuet waart an Äre Mann huet geschafft an Dir gitt Witfra, da kritt Dir jo eng Pensioun vun Ärem Mann, dat sinn dann d’Droits dérivés. Déi allermeescht Pensioune vun den Droits dérivés, si vill méi héich wéi d’Pensioune vu Fraen déi vläicht 40 Joer schaffe gaange sinn, aus engem einfache Grond.

Mir hunn nach ëmmer e grousse Lounënnerscheed tëscht Männer a Fraen. Dat wierkt sech jo selbstverständlech herno op Är Pensioun aus. Déi eng soen elo, mir maachen nëmmen nach Individualiséierung, da géife mir riskéieren dozou ze kommen, datt vill Frae vill manner Pensioun kréiche wéi se der virdrun haten. Ech géing och wëllen op dëser Plaz nach eng Kéier drun erënneren, well d’Leit dat och heiansdo vergiessen: et ass jo och méiglech, wa Fraen a Männer geschafft hunn, datt herno net nëmmen d’Fraen d’Pensioune kréie vun hire Männer, mä och d’Männer Pensiounsrechter kréie vun hire Fraen. Do komme mir jo an déi Kumulbestëmmungen. Mä meeschtens ass awer ëmmer e Stéck wat een nach ka vun där anerer Pensioun do kréien an dat ass, mengen ech, awer eppes wat wichteg ass fir ze soen, well heiansdo d’Leit dat doten och net méi wëssen.

Mir hunn esouvill Changementer an deene leschte Joeren dora gemaach, esouvill Verbesserungen, datt heiansdo net méi gewosst ass wat alles do gewuess ass a wat deenen engen an deenen aneren hir Rechter sinn. Mir hu virdrun iwwer d’Kannerbetreiung geschwat. Wann esouvill Kannerbetreiung néideg ass, dann ass dat jo en Zeechen, datt an der Gesellschaft villes changéiert huet, vill Familljen zu zwee musse schaffe goen, vill Familljen zu zwee wëlle schaffe goen. D’Meedercher maache grad esou gutt Beruffsausbildungen a wëllen hire Beruff bäibehalen. Ech denken, datt an deenen nächste Joere vläicht Changementer an deem Sënn sinn, wou een och muss kucken, datt wann een deelweis ophält, datt engem seng Rechter net nëmme behale bleiwen, mä datt een och kuckt, och wann een Deelzäit schafft, datt een net zevill grouss Lächer herno dann a senge Cotisatiounen huet an domatter erëm kleng Pensioune géif schafen.

Françoise Medernach: Mä Dir sot selwer, et sinn net méi vill där Fraen do déi nach an deem Fall sinn. De Conseil national des femmes sot schonn e puer Mol, d’Politik géif waarde bis de Problem sech biologesch léist, bis et keng Fraen am Fong méi ginn, déi ënner dee System falen. Do kann ee soen, dat ass e bëssen iwwerspëtzt formuléiert, mä et gesäit awer effektiv e bëssen esou aus.

Marie-Josée Jacobs: An deene leschten 30 Joere waren ënnerschiddlech Parteie mat an der Regierung, ob dat d’CSV mat der DP, d’CSV mat de Sozialiste waren. Et ass net eng politesch Fro, mä et ass einfach eng technesch Fro, wou mir et net fäerdeg kritt hunn dee Splitting hinzekréien a vun do sinn ech wierklech voller Hoffnung.

D’Madame Doerner, déi ass jo Presidentin vun deem Grupp, déi huet gesot, si wieren elo virum Ofschloss vun deenen Aarbechten, esou datt si domat rechent, datt si et nach iwwer d’Scheedungsgesetz fäerdeg géinge kréien, ier d’Chamber ophält mat schaffen, fir datt mir dee Problem dann net an der Sécurité sociale hunn. Mir hunn eis vläicht zevill laang eise Bléck op d’Sécurité sociale gehäit, wou mir d’Äntwerten net dra konnte fannen, well s’eben zevill komplizéiert an zevill onméiglech waren, fir et emol richteg ze soen, mä datt et éischter am Scheedungsrecht misst sinn, wou et géing geschéien. Wa mir déi Äntwerten do dra kréien, da wier dee Problem definitiv geléist, ier déi hei Legislaturperiod op en Enn geet.

Françoise Medernach: Mä am Scheedungsrecht, an der Reform elo, do huet sech jo och an de leschte Joeren esouvill accumuléiert, datt elo do och eng speziell Sous-Kommisisoun gegrënnt gouf. Mä heescht dat net och, datt mir do och e gewëssene Stëllstand hunn?

Marie-Josée Jacobs: Dat ass justement déi Kommissioun vun där ech elo geschwat hunn, wou d’Madame Doerner mengt, datt si et fäerdeg géing kréien, well si och elo eng ganz kleng Sous-Kommissioun huet, wou nëmme vun all Partei ee Member do ass an déi sech elo iwwer déi verschidde Froen do awer geeenegt hunn. Ech ka mir net virstellen, datt, wann aus där doter Kommissioun e kohärente Projet erauskënnt, wou déi 4, 5 Leit do dra waren, datt dann elo an deenen eenzelne Parteien et géing lassgoen a géing gesot ginn, nee domat si mir elo net d’accord.

Et ginn eng Partie vu Froen, déi muss een eng Kéier a Gesetzform kleeden, quitte datt ëmmer erëm neier kommen. Et gëtt eng ganz Partie vu Gesetzer, zum Beispill d’RMG-Gesetz wou ee bal an all Legislaturperiod eng Kéier Changementer gemaach huet. Mat der Evolutioun vun der Gesellschaft stelle sech jo och ëmmer d’Froen nei, nei Froen an aner Froen an dofir wier ech frou, wa mir dat wierklech elo nach géifen iwwer de Wee kréien an domatter da géinge gesi wéi dat an der Praxis géing fonctionéieren. Wa mir da feststellen, datt nach iergendwou Schwaachpunkten do sinn, da kann een dat jo nach ëmmer erëm verbesseren. Mä esou laang wéi een näischt changéiert huet kann een och näischt verbesseren.

Françoise Medernach: Déi Leit liewe jo an enger ganz prekärer Situatioun, well si och all Moment riskéieren an d’Aarmut ze rëtschen. Mir hate schonn e bëssen doriwwer geschwat: Aarmut hei zu Lëtzebuerg gëtt et jo elo net eréischt zanter der Finanzkris. Eng vun de Riskogruppe sinn do déi allengerzéiend Mammen. Ginn all déi Mesuren wéi Chèques service an RMG net duer fir awer ze vehënneren, fir grad déi Familljen déi méi schlecht Kaarten hunn? Geet dat nach net duer?

Marie-Josée Jacobs: Mir gesinn éischtens, datt et een Ënnerscheed gëtt tëscht dem Aarmuttsrisiko an der Aarmutt selwer. Den Aarmuttsrisiko gëtt jo definéiert op 60% vum medialen Akommes, dat heescht vun der Moyenne vum Akommes deen an engem Land erschafft gëtt.

Dee läit zu Lëtzebuerg fir eng Famill mat 2 Leit bei 3.300 Euro, dee läit a Frankräich bei 1.500 Euro, dee läit an der Belsch ongeféier och bei 1.500 Euro. Dir kënnt also net soen, datt jidwereen, ob eng allengerzéiend Mamm oder en allengerzéiende Papp – ech maache keen Ënnerscheed tëscht deenen engen an deenen aneren – wann do een 2.000 Euro de Mount Akommes huet, datt déi onbedéngt elo selwer spieren oder fannen, datt si an der Aarmutt sinn. Mä vis-à-vis vun deem mëttleren Akommes, wat eben do definéiert ass, si si am Risiko vun der Aarmutt.

An et gëtt ouni Zweiwel, hu mir och gesinn, mir hu jo esou Analysen och gemaach iwwer d’Transferts sociaux, wou dobäi erauskomm ass, datt ouni déi gewalteg Transferten, dat heescht vu staatlechen Hëllefen, ob dat Kannergeld ass oder ob dat den RMG ass oder ob dat eventuell d’Pensioune sinn, déi déi Leit do zur Verfügung kréien, wier natierlech de Risiko vun der Aarmutt an och d’Aarmutt selwer vill méi grouss, an datt am Fong geholl gesot gëtt, bei deenen Transfert sociaux, et ass just bei deene Famillje mat méi Kanner a bei deene Famillje mat klengem Akommes wou déi Transferts sociaux am meeschte wierken.

Dat ass also eigentlech eppes wat ee ka soen, dat ass jo gutt, datt dat esou ass, mä ob dat an der Realitéit duergeet? Ech denken, datt do eng wichteg Fro selbstverständlech déi vum Logement zu Lëtzebuerg ass. Dat wësse mir, datt dat natierlech an deene leschte Joeren awer zum groussen Deel eng Partie vu Budget vun deene Familljen, vun alle Familljen, mä och besonnesch vun deene Famillje kascht huet.

Dofir sinn ech och frou, datt mir elo an dësem Jor eng nei Initiative zesumme mat der EAPN-Lëtzebuerg gemaach hunn, mat der Wunnengshëllef, wat dann d’Agence immobilière sociale heescht, wou kënne Logementer zur Verfügung gestallt ginn.

Wann Dir zum Beispill e Logement hutt wou Dir sot, ech wëll dat zur Verfügung stellen, mä ech wëll mech net drëm këmmeren, mat Locatairë mech do erëmzebalgen an ob ech da Sue kréien oder net kréien, kënnt Dir där Agence dat Haus oder dee Quartier zur Verfügung stellen. Déi siche Locatairë fir do eran, si maache mat deenen de Präis aus, Dir kritt net deen héchste Loyer deen Dir vläicht um anere Maart géingt kréien mä Dir sidd sécher, datt Dir Äre Loyer kritt, Dir sidd sécher, datt Ärt Haus an deem Zoustand verlooss gëtt wéi do wou d’Leit drakomm sinn.

Alles dat sinn awer Elementer fir ebe just och besonnesch där doter Kategorie vu Leit méi ze hëllefen. An et kënnt natierlech dobäi, wa mir gesinn, datt mir zu Lëtzebuerg iwwer 50%, 55% Scheedungen hunn, dat bewierkt natierlech, datt Dir op eemol nach eng Kéier esouvill Logementer braucht, well déi Familljen déi ausernee ginn, do ass jo net jidwereen deen direkt déi Woch duerno erëm bei een anere plënnert, mä deen dann erëm e Logement fir sech brauch, wat och en Deel dovunner ass, datt mir méi eng grouss Demande um Logementsniveau hunn. Niewent dann deem ganze Pacte logement deen de Minister Boden op den Instanzewee bruecht huet a wou mir jo dovun iwwerzeegt sinn, datt deen deenen dote Leit zu engem gudden Deel zu Notze kënnt, datt domatter also déi Charge vun de Familljen erof geet an dann op där anerer Säit méi Geld disponibel bleift.

Wéi gesot, op där anerer Säit den RMG, deen och elo den 1. Januar jo an d’Lut gaangen ass, ugepasst un d’Renten, un de Rentenajustement an un de Mindestloun an dann esou Chèques service déi da méi Sachleeschtunge sinn a vun deenen ech awer iwwerzeegt sinn, datt se besonnesch och deene Kanner awer zergutt kommen.

Françoise Medernach: Mir ginn esou lues op de Schluss vun der Emissioun duer. Schwätze mir nach e bëssen iwwer Iech, Madame Jacobs. Dir sidd mat den déngschteelste Member an der Regierung, zanter 1992 sidd Dir onënnerbrach Ministerin, zanter 95 sidd Dir Fraen- a Familljeministerin, déi éischt iwwerhaapt hei am Land, also gläich 14 Joer, wat ass wann Dir elo esou zréckkuckt Äre gréisste Succès?

Marie-Josée Jacobs: Mir konnten an deene leschte Joeren enorm villes maachen an ech géing och wëllen all deene Kolleginnen a Kollegen, ugefaange vun deenen zwee Staatsministeren, dem Här Santer an duerno dem Här Juncker Merci soen, déi gehollef hunn. Mir hate jo och an deene leschte Joere Suen zur Verfügung. An déi Sue sinn zu engem groussen Deel a sozial Méiglechkeeten, a sozial Pläng gefloss.

Ob dat am Beräich vun de Behënnerten ass, wou mir wierklech Paradigmechangementer gemaach hunn doduerch, datt mir fortkomm si vun deem karitative Gedanken deen Dir nach vill an Nopeschlänner fannt, wou mir deen aarme Behënnerte fir näischt an de Kino goe loossen, wou mir gesot hunn, mir hätte gäre méiglechst vill Normalitéit fir déi Leit, mir hätte gären, datt si eng Pai kréien, déi de Staat bezuelt zu engem groussen Deel oder bal ëmmer oder datt si e Revenu de remplacement hunn, amplaz datt mir soen, do kriss du eppes fir näischt, do kriss du eppes fir näischt.

Ech schwätzen iwwer d’Accessibilitéit do, ech schwätzen iwwer déi ganz vill Changementer déi mir och gemaach hunn am Aleberäich. Mir hunn hei zu Lëtzebuerg esouvill Servicer déi mir deenen eelere Leit ubidden, déi, déi doheem sinn, op där anerer Säit hu mir awer och enorm gebaut, also souvill Better an Zëmmere wéi bei eis an den Altersheemer an an de Centres intégrés an an der Fleegehaiser zur Verfügung sti gëtt et a kengem Land.

Dat ass, well eng Fleegeversécherung do ass déi gutt fonctionéiert. Op där anerer Säit hu mir och Leit déi de Präis net kënne bezuelen, dee bezuelt kréien iwwer den Accueil gérontologique vun dem Fonds de solidarité, wou Dir an anere Länner déi zweet Generatioun, déi drëtt Generatioun verschëlt, well si hir Eltere mussen oder hir Grousseltere mussen an esou en Haus eraginn. Mir hätten awer och gären, datt och déi Eeler, déi Behënnert, déi Jugendlech, datt se vill méi kënne mat participéieren an eiser Gesellschaft.

Selbstverständlech och am Beeäich vun der Egalitéit tësche Fraen a Männer, muss ech soen, datt mir jo awer villes fäerdeg kritt hunn. An heiansdo, da vergësst een dat. Wann ech Iech zum Beispill erënneren un d’Gesetzer iwwer d’Gewalt an der Famill. Wéi mir ugefaangen hunn domat, si mir bal mat den Hënn zum Land erausgejot gi well gesot ginn ass, Dir sidd jo geckeg, wat geet Iech un an Dir gitt Iech do a privat Situatiounen amëschen. Wa mir haut gesinn, datt an der Moyenne 15, 16 Leit am Mount doheem aus der Famill erausgeholl gi vun der Police, mam Accord vun de Procureuren, dann ass dat awer de Beweis dofir, datt e reelle Problem do ass.

Mir hunn iwwer déi ganz Froe geschwat vun der Kannerbetreiung. Wéi ech ugefaangen hunn, ass all Buergermeeschter komm an en huet gesot, en hätt gären en Altersheim. Wann ech zu engem gesot hunn, mir kënnen awer keng 118, deemools hate mir nach 118 Gemengen, Altersheimer bauen an ech hu gefrot, mengt Dir net et wier wichteg, datt mir eppes géinge maache fir jonk Elteren, oh nee bei eis ass dat keng Demande.

Fir mech als Politikerin ass et wichteg, datt mir de Leit net soe wat se ze dinn hunn. Fir mech ass et net d’Fro ob e Mann an eng Fra schaffe ginn, mä fir mech ass et d’Fro, wa Besoinen do sinn, datt mir do si fir och d’Besoine vun de Familljen, vun de Kanner, vun deene Groussen, vun deene Klengen an ech denken, datt mir och am Beräich vun de Kannerrechter vill Progrèse gemaach hunn an deene leschte Joeren.

Et bleift nach ëmmer vill ze maachen, well et kommen ëmmer erëm, wéi gesot, nei Erausfuerderungen, nei Situatiounen déi an eiser Gesellschaft sinn, d’Integratioun vun den Auslänner. Dat ass nach net un der Aarbecht un där et an deenen nächste Joere wäert feelen.

Françoise Medernach: Mä Gläichberechtegung, elo zum Beispill: och wa Verschiddenes sech verbessert huet, et ass jo awer trotzdem nach ëmmer keng Realitéit. Frae verdéngen nach ëmmer manner wéi Männer, et ginn nach ëmmer vill manner Fraen um Aarbechtsmaart. Fraen an héige Positioune sinn och nach ëmmer Ausnam, an der Politik och. Firwat geet dat dann net weider?

Marie-Josée Jacobs: Éischtens gesi mir, datt mir Gläichberechtegung hunn, wann Dir wëllt, an der Fonction publique an an de Gemengen. Do ginn d’Frae jo d’selwecht bezuelt wéi d’Männer, quitte datt Dir kënnt soen, do huet sech awer och villes changéiert an deene leschte Joeren, wann Dir gesitt wéivill Fraen haut Direktesche sinn an deene verschiddene Staatsverwaltungen oder och an de Ministèren, ob dat an den Travaux publics ass, ob dat an der Nationalbibliothéik ass, dat sinn elo just zwou déi mir elo direkt afalen. Dir gesitt och an der Diplomatie, datt méi Fraen Ambassadeur si wéi der virdru waren.

Mä do wou mir e reelle Problem hunn, do ass guer keen Zweiwel drun, dat ass deen an der Privatwirtschaft. An do kënnt awer eppes, wou een och net ka soen, dat ass well d’Leit dat wëllen esou maachen, mä Dir hutt einfach nach ëmmer déi Stereotyp-Biller, datt awer ganz vill Meedercher wëllen Éducatrice ginn, Léierin ginn, an deem Beräich schaffen, wougéint dann d’Jongen éischter an déi technesch Beruffer ginn, wéi zum Beispill Ingénieuren, där Milliounen op der Welt feelen.

Vun deene Beruffer wou der Millioune feelen, déi sinn natierlech besser bezuelt wéi vun deene wou der vläicht méi do si wéi der kënnen agestallt ginn. Vun do ass fir mech eigentlech emol de Grondgedanken dee fir ze soen, mir musse kucken, datt mir méi Meedercher a méi technesch Beruffer kréien, a méi männertypesch Beruffer kréien. Op där anerer Säit, wa mir méi Zäit hätten, wier et och selbstverständlech wichteg méi Männer an déi fraentypesch Beruffer ze kréien, well dat wier och wichteg fir d’Educatioun vun de Kanner.

Mä vun dohier soe mir elo erëm als Egalitéitsministère, mir ginn de Parteien zousätzlech Sue fir Formatiounen ze maachen, fir Fraen déi mat op d’Lëschte ginn domat méi fit ze maachen, fir och domatter eng besser Chance ze kréie fir gewielt ze ginn. Mir hu grouss Widderstänn bis haut nach ëmmer fir Quoten anzeféieren. Ech si frou, datt mir a menger Partei, an der CSV dat fäerdeg kritt hunn, datt wéinstens een Drëttel Frae mussen do sinn. A wann dat an engem senge Statuten drasteet, da kritt een dat och fäerdeg. An domatter hoffen ech wierklech, datt mir och an deenen nächste Joeren och en anert Bewosstsäin, bei de jonke Leit fäerdeg kréien, fir och domatter z’erreechen, datt dee Changement dann awer eng Kéier méi séier geet wéi dat wat mir an deene leschte Joeren erlieft hunn.

Françoise Medernach: Wann Dir elo esou zréckkuckt, wéi ass et dann an enger konservativer Partei esou feministesch Iddie mussen duerchzesetzen?

Marie-Josée Jacobs: Ech muss soen, datt ech net mengen, datt dat méi schwéier a menger Partei wier wéi an enger anerer Partei. Ech mierke jo an den Diskussiounen iwwer déi verschidde Sujeten, iwwer Egalitéit tësche Männer a Fraen, mir kéinten och nach iwwer d’Prostitutioun schwätzen, datt Dir am Fong an alle Parteien, och déi déi soen, si wieren déi méi fortschrëttlech, Leit fannt déi soen, ma dat do ass alles net néideg, dat do ass alles längstens realiséiert.

Et ass ganz dacks eng Fro vun net verstoen, datt een de Leit dat da muss erklären. Mir haten de Moien eng intern Reunioun wou e Mann komm ass dee pensionnéiert ass an dee mir gesot huet, hei huet mäi Kolleg mir elo een Ziedel bruecht. De Mann huet zwee Meedercher, si hunn allen zwee e Puppelche kritt. Dat eent ass an der Fonction publique, deem seng Carrière geet virun, dat kritt seng Promotioune virun an dat anert schafft am Privatsecteur, dat huet eng Promotioun déi et hätt sollte kréien elo net kritt, well et eben dat Kand kritt huet. Do gesitt Dir eben den Ënnerscheed. Vun do, mengen ech, musse mir nach vill Iwwerzeegungsaarbecht maache fir dat fäerdeg ze kréien.

Françoise Medernach: Et ass net méi laang bis bei d’Wahlen, et gëtt Iech nogesot Dir hätt keng Loscht méi wieder ze maachen als Ministerin. Aner Rumeure soen, Dir wéilt op d’Europalëscht. Wou gesitt Dir Iech a 6 Méint?

Marie-Josée Jacobs: Ech gi ganz kloer nach eng Kéier hei mat an d’Wahlen. Ech weess elo net wien doru kënnt fir ze soen ech géif ophalen, an ech weess net ob Dir de Mëtteg hei eraushéieren hätt, datt ech keng Loscht méi hätt. Ech maachen déi Aarbecht immens gären, ech fannen dat ganz flott, an de Wieler an d’Wielerinne bestëmme wat mat eis geschitt an duerno kucke mir wat dann nom 7. Juni geschitt.

Françoise Medernach: Dat heescht, Dir sidd ganz sécher op der nationaler Lëscht?

Marie-Josée Jacobs: Selbstverständlech. Ech hoffen, à moins datt meng Partei a mäi Bezirk dat aneschters géinge gesinn, mä bis elo ass dat awer esou.

Françoise Medernach: Wat haalt Dir eigentlech dovun, datt d’Lëschte getrennt sinn? Fannt Dir dat eng gutt Iddi, d’Europalëschten an d’Legislativlëschten?

Marie-Josée Jacobs: Absolut, well ech hunn ëmmer fonnt an et war eigentlech eppes wat ëmmer dégradant war, wann een de Leit gesot huet, et wousst ee ganz genau, datt een eigentlech léiwer zu Lëtzebuerg géing bleiwen, wéi datt een an Europa géing goen. Da war een awer ganz dacks op deenen zwou Lëschten an dann huet een awer gesot, dat do ass schrecklech wichteg. Vun do war ech wierklech ganz frou, och wéi mir als Partei déi éischt waren déi gesot hunn, mir ginn op getrennte Lëschten a mir ginn och nëmme mat 6 Kandidaten, fir dann awer och sécher ze stellen, datt déi déi gewielt sinn dann awer och dohinner ginn an net anerer eigentlech dohinner ginn wéi déi déi gewielt goufen.

Françoise Medernach: Ok, da soen ech Iech villmools Merci. Et ass elo bal eng Auer hei um Radio 100,7. Dat war et fir de „Riicht eraus“ vun haut. Madame Jacobs, merci datt Dir bei eis waart.

Marie-Josée Jacobs:Merci Iech och.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact