Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Janvier 2009 > Le ministre des Travaux publics, Claude Wiseler, au sujet de la construction d'un établissement pénitentiaire

Interview
Le ministre des Travaux publics, Claude Wiseler, au sujet de la construction d'un établissement pénitentiaire
"RTL Radio" du 14-01-2009

Vers le niveau supérieur

Henri Eippers: Enn 2005 ass d’Iddi vun engem zweete Prisong, exklusiv fir Untersuchungshäftlingen, ëmmer méi konkret ginn. De Justizminister krut am Regierungsrot den Optrag, no engem gëeegnete Site ze sichen. D’Gemeng Suessem huet sech op eemol zu Wuert gemellt, an de Site Ueschterhaff proposéiert.

No der Oppositioun vum Suessemer Aktiounscomité an der Propose vu weidere Sitë vun der Suessemer Gemeng am Mäerz, Abrëll z’jort, ass et roueg ëm d’Maison d’arrêt ginn. Dat wëll awer net heeschen, datt net méi geschafft gëtt, seet de Bauteminister Claude Wiseler.

Claude Wiseler: D’Aarbechte sinn awer gutt weider gelaf, mir waren eng ganz Rei Prisonge kucken, fir ze kucke wat fir ee Konzept mir hei géinge wëllen op dës Plaz setzen. Dat op där enger Säit.

Op där anerer Säit ass dann och elo e sougenannte Programmeur agestallt ginn, deen als Aufgab huet dann och dat Konzept vum Prisong a senge verschiddensten Aspekten esou ze beschreiwen, ze proposéieren, datt mir e kohärenten Ensembel kréien. Dat ass an esou engem Bau wéi de Prisong oder wéi d’Maison d’arrêt, wat en exzeptionelle Bau ass, enorm wichteg, datt een dat an enger gewëssener Kohärenz do elo huet.

Henri Eippers: An op dee Programmeur, ee schwäizer Expertebüro, deen elo am Dezember chargéiert gouf, waarden esou munech Aufgaben. De Claude Wiseler schwätzt vun enger klenger Stad, déi muss organiséiert ginn.

Claude Wiseler: Et ass eng Maison d’arrêt fir 400 Persounen. Mä eng Maison d’arrêt, dat ass am Fong esou eppes wéi eng kleng Stad, wou all déi normal Liewensfonctioune musse geléist sinn. Do stelle sech d’Froe vu Sécherheet, interner Sécherheet, Feiersécherheet, oder externer Sécherheet, wou déi sech jo wiesentlech anescht stellen am Prisong wéi an aneren Installatiounen. Do stelle sech Froe vu Kichen, Froe vum Transport, Froe vu medezinescher Versuergung, Froe vu Sécherheetstechniken. Haut fiert een net onbedéngt méi mat Schlësselen, mä et ginn eng ganz Rei aner Technologien, wou ee muss Choixen huelen, wat fir eng een hëllt, wat fir eng ee gebraucht. Och dat Ganzt muss eng Kohärenz hunn, an déi Froe si mir elo amgaangen ze léisen, eng no där anerer.

Henri Eippers: Et gouf scho vill iwwer d’Sitë vum neie Prisong diskutéiert. D’suessemer Gemeng hat Enn Mäerz 2008 de Crassier Déifferdeng-Suessem mat an d’Debattë bruecht. Et bleift awer bei der Gemeng hirer éischter Propose.

Claude Wiseler: Jo, mir sinn a sech zréck bei där éischter Propositioun, den Ueschterhaff. Aus enger ganzer Rei Grënn huet deen am opportunste geschéngt.

Et muss een och soen, datt mir och op dem Site selwer elo amgaange sinn ze kucke wéi d’Implantatioun ka gemaach ginn. Dat leeft parallel zu der ganzer Programmatioun, also d’Implantatioun op där enger Säit, dann och d’ganz Stroosseféierung op där anerer Säit, wat zum Aménagement extérieur gehéiert, respektiv dann och d’Implantatioun vum Prisong an d’Landschaft, respektiv déi Visibilitéitsproblemer. Alles dat si Froen déi an dëser Etapp musse geléist ginn.

An dann déi nächst Etapp, esou bal mir déi do Froen am Grëff hunn, dat ass dann d’Eraussiche vun engem Architekt, deen déi ganz Programmatioun mat all deene Froen dann an déi noutwenneg Strécher um Plang ëmsetzt, déi eis erlaben do ze bauen.

Henri Eippers: De Bauteminister ënnersträicht an deem Kontext awer och, datt d’Gemeng iwwer all Étappen informéiert gëtt.

Claude Wiseler: Dat ass e grousse Souci vun eis, datt mir selbstverständlech déi Kontakter mat der Gemeng oprecht erhalen, an de Buergermeeschter war och mat eng Visite maache vun där enger an där anerer Installatioun. Mir denken, datt mir elo an Zukunft och eng Zort Comité zesummesetzen, deen a regelméissegen Ofstänn dann all déi do Froen, déi sech stellen, wäert gemeinsam mat der Gemeng klären.

Henri Eippers: De Minister hält sech awer nach bedeckt, wat d’Engagéiere vun engem Architekt ugeet. Hie wëll sech net op eng fix Zäit festleeën.

Claude Wiseler: Et ass ëmmer ganz schwéier en zäitleche Kader bei dësem Projet ze soen, esou wéi bei anere Projeten. Ech ginn dovunner aus, datt déi Programmatioun elo an deenen nächste Méint ka geschéien, datt mir déi virun der Vakanz ofgeschloss hunn, an am Laf vun dësem Jor d’Designatioun vum Architekt nach ka geschéien, fir weider ze kommen.

Henri Eippers: Nieft dem Neibau vun engem Prisong fir Untersuchungshäftlingen deet sech awer och elo nach esou Munches op anere Siten, déi fir d’Justiz vu Bedeitung sinn. Zu Schraasseg ass et drop an drun, datt e ganze Pak vu weidere Sécherheetsmesuren agebaut gëtt.

Claude Wiseler: Zu Schraasseg ass et esou, datt virun e puer Méint e Gesetz gestëmmt ginn ass, fir dem Prisong do en Upgrading an der Sécherheet ze ginn. D’Ausschreiwunge sinn amgaangen ze lafen, deelweis sinn d’Aarbechten amgaangen. Dat wäert och an deenen nächste Méint geschéien. Ech mengen, dat ass net onwichteg fir a regelméissegen Ofstänn de Prisong op dee Sécherheetsstandard ze kréien, wou mir e gären hätten.

Henri Eippers: Beim Centre de rétention ass et zu eppes Verspéidung komm, d’Pläng hu missen ugepasst ginn. De Claude Wiseler geet dovun aus, datt elo Ufank 2010 mam Bau vum Zenter kann ugefaange ginn.

Claude Wiseler: Beim Centre de rétention sinn effektiv eng Rei Pläng iwwerschafft ginn, well och d’Konzept vum Centre de rétention eng Kéier iwwerkuckt ginn ass. Do sinn d’Pläng an deem Sënn iwwerschafft ginn, datt manner Better dohinner gemaach ginn, mä dee Raum anescht genotzt gëtt fir méi Openthaltsraum, respektiv och méi Raum fir d’Personal, well d’Personalausstattung méi héich gëtt wéi dat initialement virgesi war. Do sinn d’Ausschreiwungen amgaangen, an ech denken, datt mir Ufanks d’nächst Jor kënnen de Bau vun deem do Projet ufänken.

Henri Eippers: Beim anere Suergekand, dem Jongenheem vun Dräibur, wier een elo endlech virukomm, esou de Claude Wiseler. Éischt Aarbechten hunn ugefaangen.

Claude Wiseler: Jo, do sinn ech wierklech frou, datt mir ukomm sinn. Do sinn d’Aarbechten och amgaangen gemaach ze ginn. Notamment sinn eng Rei Saache schonn ofgerappt, respektiv Terrassementer sinn amgaange gemaach ze ginn. An déi Ausschreiwung fir dann den zweeten Deel vum Projet sinn och amgaangen, esou datt ech do wierklech frou sinn, datt mir endlech e Stéck virukommen.

Henri Eippers: Dat heescht, esouwuel d’Atelieren, an an enger zweeter Etapp dann och déi Unité de sécurité.

Claude Wiseler: Esouwuel d’Atelieren, wou mir elo amgaange sinn drun ze schaffen, nécessairement, well dat déi éischt Etapp ass muss dat virgesi ginn, wéi d’Soumissioune vun der Unité de sécurité selwer, déi amgaange sinn ze lafen.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact