Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Janvier 2009 > Jean Asselborn au sujet du dîner des ministres des Affaires étrangères de l'UE consacré à la situation à Gaza

Interview
Jean Asselborn au sujet du dîner des ministres des Affaires étrangères de l'UE consacré à la situation à Gaza
"RTL Radio" du 22-01-2009

Vers le niveau supérieur

Corinne Folscheid: Den Ausseminister Jean Asselborn war gëschter Owend zu Bréissel, wou d’EU-Diplomatiechefë beienee soutzen, fir iwwer déi aktuell Situatioun an der Gaza-Sträif ze diskutéieren. Israel ass bereet d’Grenze fir an de Gaza fir humanitär Hëllef opzemaachen, dat huet déi israelesch Ausseministesch Zipi Livni am Kontext vun där Réunioun annoncéiert. Eng generell Ouverture wier awer eréischt da méiglech, wa keng Waffe méi fir déi radikal islamesch Hamas iwwer d’Grenze geschmuggelt ginn.

Um Telefon begréissen ech elo de Moien den Ausseminister Jean Asselborn. Gudde Moien.

Jean Asselborn: Gudde Moien.

Corinne Folscheid: Israel mécht deemno e Schrëtt Direktioun Ouverture. Wéi ass déi Décisioun dann elo vun israelescher Säit ze bewäerten?

Jean Asselborn: Jo, dat ass besser wéi näischt, dat ass effektiv, de politesche Wëllen ass do fir um humanitären Niveau, fir opzemaachen, fir Liewensmëttel eranzekréien, fir Fuel eranzekréien, Waasserversuergung an esou weider.

De Problem ass, datt an der Praxis, dat hu verschidde Länner gesot, déi do sur Place sinn, dat net esou fonctionéiert. Mä ëmmerhin de politesche Wëllen ass do.

Wat feelt, dat ass, d’Israelien de Moment hunn eigentlech kee Milimeter Bewegung gewise fir Gaza opzemaachen. Gëschter war awer eng grouss Unanimitéit vun den europäesche Länner alleguer, alleguer, ech betounen dat, datt ouni dëse Schrëtt Gaza dee Prisong bleift, deen et ass, an datt mat all deene Geforen déi och an deem Prisong sinn, och eraus ginn och fir Israel.

An duefir Israel argumentéiert Gaza opmaachen elo, dat wier eigentlech en Zeeche ginn, datt Hamas gewonnen hätt. Wann een op där do Schinn bleift, da mécht Israel an eisen Aen net dat, wat et seet, nämlech Israel wëll déi moderat Palästinenser, an och déi moderat Araber ënnerstëtzen.

Dat geet net alleng duer mat Wierder, mä da muss een och weisen, datt am déigleche Liewe vun de Leit sech eppes ännert. Da muss een de Leit a Gaza Hoffnung maachen, Perspektiven opmaachen, soss ass Hamas a mengen Aen, och an den Ae vu praktesch all menge Kollege wierklech de Gewënner, well da kënne se weider d’Leit a Gaza als Hamas als Geisele benotzen, an Israel, dat ass eben och déi grouss Schwieregkeet, vläicht ännert dat sech an deenen nächste Wochen, mä Israel huet den 10. Februar Wahlen, an de Moment, leider ass do keng Bewegung ze gesinn.

Corinne Folscheid: Dat heescht, déi israelesch Ausseministesch huet och guer keng Aussoen an déi Direktioun gemaach, datt eventuell eng Kéier géif eng Chance bestoen?

Jean Asselborn: Dat huet se net gemaach, si huet just gesot, zu dësem Zäitpunkt wier dat net méiglech fir si.

Bon, ech mengen den Auswee fir dovunner e wéineg ewech ze kommen, ass, datt mir de President Abbas wierklech ënnerstëtze mussen an der Europäescher Unioun, fir datt hien dee Gouvernement, wéi hie sech ausdréckt, vun dem nationale Konsens fäerdeg bréngt, a versicht tëscht deenen Divisiounen, déi et jo gëtt, groussen Divisiounen déi et gëtt am palästinensesche Vollek, fir déi Regierung zu stanen ze bréngen. Dat ass net einfach, mä dann dierf een net méi schwätze vu Fatah a vun Hamas, mä et muss eng Regierung ginn, déi effektiv capabel ass kënnen ze schaffen.

Wann dat méiglech wier, an dat musse mir ënnerstëtzen, da kéint ee sech och virstellen, datt dann esou eng Regierung hir Sécherheetsposte kéint op de Grenzen zu Gaza asetzen, d’Grenze mat kontrolléieren zu Gaza. Da wiere mir an enger anerer Situatioun. Déi Gespréicher op jiddwerfalls, also déi Initiative vum President Abbas, déi musse mir ënnerstëtzen.

A mir kënnen natierlech och op engem anere Punkt déi Reconstructioun vu Gaza, als Europäesch Unioun kënne mir net ewech kucken, mir kënnen d’Leit net an där do Situatioun do sëtze loossen.

Allerdéngs och gëschter si Stëmmen ganz kloer komm vu Länner, och zum Beispill wéi Däitschland, déi soen, an hire Parlamenter, och, a selbstverständlech an hiren Opinions publiques, déi wat wierklech Frënn sinn, och Frënn si vun Israel, datt een net ka verlaange vum europäesche Contribuable datt dee fir d’drëtt oder fir d’véiert finanzéiert, an datt dann de Risiko besteet, datt zwee, dräi, véier Joer duerno erëm alles géif futti geschloe ginn. Dat ass ee Punkt, mengen ech, dee mir och ganz kloer den Israelië mat op de Wee ginn hunn, an datt si och do musse mat versiche Responsabilitéit ze iwwerhuelen.

Corinne Folscheid: Här Asselborn, Merci fir d’Explikatiounen.

Jean Asselborn: Merci.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact