|
Marc Linster: 3 Minutten op 12, Invité an der Emissioun „Background am Gespréich“ ass den CSV-Politiker François Biltgen. Här Biltgen, gudde Mëtteg.
François Biltgen: Gudde Mëtteg, Här Linster.
Marc Linster: Wéi gewinnt, um Ufank vun der Emissioun proposéieren ech Iech elo de Wocheréckbléck. Hei sinn d’Iwwerleeunge vum Fränk Kuffer.
[...]
Marc Linster: Ech denken absolut net drun zréckzetrieden, dat war also d’Reaktioun vun der Directrice vum Aarbechtsamt op d’Revendikatioun vum LSAP-Deputéierte John Castegnaro, datt si hiren Hutt misst huelen. No der Visite vun der parlamentarescher Kommissioun an der ADEM war d’Mariette Scholtus an d’Kritik geroden. Et hätt ee keng Äntwerten op d’Froe krut, esou de Reproche vum fréieren OGB-L -President. D’Mariette Scholtus huet de Betrib net am Grëff a géif par rapport zum Minister kee Courage weisen, esou de John Castegnaro.
Fir politesch Froe wier si net zoustänneg, esou hir Reaktioun hei op RTL Radio Lëtzebuerg. Wat d’Moyene vun der ADEM ugeet, wieren 8 Posten accordéiert, mä bis elo wieren déi nei Agenten nach net opgedeelt ginn, dat muss d’Commission d’Économies et de rationalisation maachen. Hei ass awer nach keng Décisioun gefall.
Mariette Scholtus (O-Toun): Et ass allerdéngs esou, datt mir och dem Minister eng Propose gemaach hunn, fir u sech méi Agenten ze kréien, iwwer en anere Wee. Do hu mir e Bréif gemaach, an deem Sënn, un de Minister an do waarde mir op eng Äntwert.
Marc Linster: En plus, seet d’Mariette Scholtus, datt d’ADEM en Avis iwwer de kritesche Rapport vum Ombudsman gemaach huet, datt de Minister awer décidéiert hätt deen Avis net weiderzeginn.
Här Biltgen, et gouf also vill Tapage dës Woch ronderëm d’ADEM. Dir hutt fir haut eng Stellungnam an dësem Kontext annoncéiert. Mécht dann d’Administration de l’emploi eng schlecht Aarbecht? Ass d’ADEM net gutt opgestallt fir an dëse Krisenzäiten optimal ze fonctionéieren? Ass d’Directrice iwwerfuerdert? Oder hutt Dir dës Verwaltung net am Grëff?
François Biltgen: Här Linster, éischtens ass et esou, datt d’ADEM eng Verwaltung ass, an ech kommen nach eng Kéier op dee Punkt zréck, et ass keen Établissement public wéi ech mir et kéint virstellen, wéi lues a lues, hunn ech gesinn, och den Här Castegnaro sech ka virstellen, dat war bis elo net de Fall, an et ass keen Département vum Ministère. Dat heescht, et ass eng Verwaltung. Woufir? Majo well si ebe soll eng gewësse politesch Neutralitéit hunn. Ech mengen, datt an enger Chômagebekämpfung eng Verwaltung eng ganz Partie vu Problemer huet, well si net kann esou otme wéi den Aarbechtsmaart otemt. Das ass emol déi éischt Virbemierkung.
Déi zweet ass déi, et soll ee vun der Illusioun ewech kommen, d’Aarbechtsamt kéint de Chômage ewechhuelen. D’Aarbechtsamt ass do fir ze hëllefen de Chômage ewechzehuelen, mä de Chômage huet eppes ze di mat Aarbechtsplazen déi verschwannen, déi crééiert ginn, an eppes ze di mat Leit déi net all, zwee Drëttel vun de Leit déi ageschriwwe sinn, d’Qualifikatiounen hunn einfach op déi Aarbechtsplazen ze goen déi do sinn. Dat kann d’Aarbechtsamt net alleng maachen. D’Aarbechtsamt muss de Motor sinn dovunner. D’Aarbechtsamt muss mat aneren zesumme schaffen. Dofir hu mir jo Projete wéi mat den Interimsgesellschaften, wéi d’Beschäftegungsinitiativë gemaach, wou d’Aarbechtsamt ëmmer muss d’Décisioun huele wat fir eng Leit wat ugebuede kréien. Mä d’Aarbechtsamt schaaft keng Plazen, hëllt keng ewech.
Déi ganz Diskussioun déi elo kënnt, kënnt effektiv dohier, datt den Ombudsman, de Marc Fischbach, gesot huet, intern géif d’Aarbechtsamt schlecht fonctionéieren.
Marc Linster: Hien huet jo ënner anerem gesot, d’Koordinatioun an d’Zesummenaarbecht tëscht de Servicer, do géifen et Problemer ginn.
François Biltgen: Dat ass ganz richteg. Ech mengen, dat ass och gewosst. Elo muss ee kucken, wat mécht een do? Ech wollt emol fir d’éischt soen, wat ass eng Ursaach dovun? Eng Ursaach ass dovunner, datt d’Aarbechtsamt an deene leschten 10 Joeren, wou dësen Aarbechtsminister do war, ganz vill Leit bäikritt huet. 1998 hat d’Aarbechtsamt 74 Fonctionairen an Employés publics, haut 153. Dobäi kommen dann nach eng ganz Partie Leit, déi vun anere Weeër dohinner kommen, esou datt d’Aarbechtsamt haut scho méi wéi 230 Leit huet. Do muss een effektiv zouginn, datt et méi einfach ass eng Verwaltung mat 74 Leit ze geréieren, wéi eng Verwaltung mat iwwer 230. Déi gëtt elo nach opgestockt. Déi gëtt nach opgestockt, de Premier huet mir 8 Leit versprach, wat jo de Premierminister selwer annoncéiert huet fir de Placement, déi kréie mir, esoubal den Dossier Numerus clausus an d’Regierung kënnt, an hunn ech keng Ursaach drun ze zweiwelen, well hie weess jo vu wat hie schwätzt, wann hie vu Verwaltung ADEM schwätzt.
D’Madame Scholtus huet do an Ärem Interview gesot, si hätt dem Minister e Bréif geschéckt fir aner Leit ze kréien. Dat ass richteg. Et ass esou, den Aarbechtsminister huet jo och mat der Arcelor e Beschäftegungsplang ausgeschafft an do kann hien, wéi dat fréier och schonn de Fall war, haut si schonn Arcelor-Leit déi verschidden Déngschter bei der ADEM iwwerhuelen, kann den Aarbechtsminister iwwer dee Wee ganz einfach d’Aarbechtsamt opstocken. Net am Placement, mä am Back-Office, fir de Chômage auszebezuelen an esou weider an esou fort.
Den Aarbechtsminister huet der Madame Scholtus mëndlech gesot, datt hien dat géif maachen. Si huet nach kee schrëftleche Bréif kritt vum Minister, do gesäit een erëm, e Verwaltungschef wier gär ofgeséchert, en hätt gär eppes Schrëftleches. De Minister geet dovunner aus, wann hie seet, dat maache mir, da maacht dat, an d’Leit am Ministère si schonn amgaang mat der Arcelor ze kucke fir dat ze maachen.
Marc Linster: Et ass vläicht well d’Leit de Politiker net ëmmer gleewen.
François Biltgen: Dann ass dat esou, mä wësst Dir, mir geet et manner drëm fir vill Bréiwer ze schreiwen, mä bei der Chômagebekämpfung géif ech gär onbürokratesch schaffen, dat si mir hei amgaang ze maachen.
Elo komme mir dann op d’Problemer vun der Gestioun, wéi kann een déi behiewen. De John Castegnaro an anerer soten, wiesselt d’Directrice aus. Dozou folgendes: an enger Verwaltung kann ee keen auswiesselen. Déi sinn op Liewzäit genannt, mat engem klengen Ënnerscheed: et ass en neit Gesetz a Kraaft wat seet, no 7 Joer kann een een auswiesselen. Dat Gesetz ass dëst Jor, d’lescht Jor ugelaf, dat heescht, virun 2015 steet de Posten vun der Madame Scholtus iwwerhaapt net zur Dispositioun. Wa si wëll demissionéiere ka si demissionéieren, mä et ka kee Minister, keng Chamber, keen Deputéierte soen, elo muss d’Madame Scholtus ausgewiesselt ginn. Dobäi wëll ech dann och soen, datt ee sech awer muss d’Fro stellen, ob eng Gestioun vun iwwer 230, deemnächst bal 250 Leit, ob déi alleng doduerch besser gëtt, datt een ee Fonctionnaire auswiesselt. An dofir ass et wichteg, datt mir eis déi Gedanke maachen ëm eng besser Gestioun.
Do sinn zwou Iddien, déi ech wëll wieder verfollegen, wou ech bei där enger muss d’gesetzlech Basis kréien, dat si mir amgaang ze maachen. Dat ass dat wat och de John Castegnaro a senger Interventioun gesot huet, eng Direction collégiale. Virschlag iwwregens vum Ombudsman selwer, an d’Madame Scholtus huet jo an Ärem Interview och gesot, datt de Minister si gebieden hätt, dat doten an de Projet ze schreiwen, un deem si an nach aner Leit amgaange sinn ze schaffen.
Dobäi wëll ech awer soen, datt fir mech eng Direction collégiale méi ass wéi eng Additioun vun Direkter a Sous-Direkteren. Dat ass eng aner Form vu Gestioun. Problem ass, datt bis elo de Staatsrot sech ëmmer schwéier gedoen huet, beim Staat Directions collégiales, wéi se awer am Privaten üblech sinn, anzeféieren. Ech hoffen, datt ech hei genuch politesche Secours, datt mir do genuch politesche Secours kréie fir eng Direction collégiale ze maachen.
An dann ass en zweet Element op deem mir schaffen, mat deem mir gutt Erfahrunge gemaach hunn am Fuerschungsministère. Mir hu jo sämtlech Centres de recherche publics nei opgestallt, an dat hu mir ënner anerem gemaach an deem mir e Consultant vu bausse geholl hunn, deen déi ganz Reform begleet huet. Ech mengen, dat ass bei dem Aarbechtsamt nach méi wichteg.
Elo hunn déi Leit am Aarbechtsamt selwer, e puer Beamten, déi hunn den Haaptkritikpunkt deen de Médiateur hat, nämlech datt déi Servicer zevill cloisonnéiert wären, déi hunn do d’Äntwert fonnt, déi Servicer sinn elo décloisonnéiert ginn, esou datt elo vill méi Leit fir de Placement schaffen, wéi dat virdrun de Fall war. Dat war fir déi Beamten am Aarbechtsamt net einfach. Et muss een och deenen hir Aarbecht würdegen. Dofir wëlle mir déi nächst Etapp begleeden, wa lo déi Direction collégiale soll komme wëlle mir déi och begleede mat engem vu baussen, deen einfach déi Hëllefstellung gëtt, fir datt dat Aarbechtsamt sech kann esou séier wéi méiglech deenen neien Ufuerderungen déi d’Politik u si geriicht huet, deenen och ka gerecht ginn.
Marc Linster: De Médiateur huet nach vun engem anere Problem geschwat, an zwar vun engem Problem beim Ausféiere vum Gesetz iwwer de Maintien dans l’emploi.
François Biltgen: Dat huet effektiv mat deem ganze Cloisonnement ze dinn. De Médiateur sot, do si verschidde Servicen, déi bekëmmere sech ëm déi selwecht Persounen an dat geet net richteg vun deem engen un deen anere weider. Dat ass de Problem Décloisonnement.
Et gëtt ëmmer gesot, majo mir hunn nëmmen, ech weess net wéivill, 26 Placeuren, an da kommen op de Placeur esouvill 100 Dossieren. Fait ass, datt am Placement, insgesamt, ronn 100 Leit schaffen, déi allerdéngs bis elo ëmmer esou séparéiert, ee vun deem aneren, waren, datt do déi Problemer opgetaucht sinn. Dofir brauch een d’Gesetz net ze ännere fir dat opzehiewen, dat ass eng Saach vun interner Gestioun vun der Verwaltung an do ass d’Directioun vun der Verwaltung selwer zoustänneg. Ech widderhuelen, datt an deene leschte Woche virum Dezember, op Grond vum Bericht vum Médiateur, op Grond vun der Stellungnam vum Aarbechtsminister, massiv do an der Verwaltung geschafft gouf fir deen dote Problem ze behiewen.
Marc Linster: Gëschter gouf da bekannt, datt d’Zuel vun de Chômeure vum November op den Dezember z’jort ëm 700 Unitéite geklommen ass. Mir hunn elo 11.500 Leit, déi offiziell op der ADEM ageschriwwe sinn. Schold heirunner ass natierlech d’Kris, mä, Här Minister, hu mir domatter schonn dat Schlëmmst erreecht oder rechent Dir domatter, datt d’Zuel vun de Chômeuren nach drastesch an d’Lut geet?
François Biltgen: Si geet sécher nach an d’Lut. D’Fro ass, geet se drastesch an d’Lut oder geet se an d’Lut? Et ass esou, datt ee jo ëmmer am Dezember méi Leit huet wéi an anere Méint, am Januar och. Ouni elo iergendeppes hei ze verroden oder ouni hei Madame Soleil ze spille kann ech Iech soen, datt d’Ziffere vum Januar nach méi héich wäerte leien. Wat ee muss kucken ass, geschitt duerno eng Acalmie oder net? Et muss een awer gläichzäiteg feststellen, datt manner Offres d’emploi op dem Aarbechtsamt sinn.
Dat heescht, wa mir kucke wat de Chômage ass, musse mir op verschiddene Punkte schaffen. Dat éischt ass deen ze verhënneren, datt Leit massiv an d’Aarbechtslosegkeet geroden. Wësst Dir, am Dezember ass jo hei vill, och op Ärer Antenn, iwwer Euthanasie a Grand-Duc a Verfassung geschwat ginn, hanner de Kulissë waren de Wirtschafts- an den Aarbechtsminister Stonnen a Stonnen amgaange mat enger Partie Betriber, notamment aus der Automobilbranche awer och Arcelor, ze diskutéiere fir ze kucken, wéi kënne mir sec Entloossungen hei verhënneren? An dat hu mir mat ville Stonne ganz séier geschafft, déi kleng Equipen aus dem Wirtschafts- an dem Aarbechtsministère.
Mir hu jo elo e Gesetz iwwer d’Kuerzaarbecht gemaach, mir hu jo och den 19. Dezember mat der Arcelor e Beschäftegungsplang gemaach, fir déi 400 Leit déi sollen zousätzlech ofgebaut ginn, fir eben ze verhënneren, datt déi Leit an de Chômage kommen. Wa massiv entlooss gëtt, kréie mir e risege Problem. Net, ech kommen op eng Fro zréck vum Här Castegnaro, ob d’Aarbechtsamt senge Fonctiounen nokomme kann. D’Aarbechtsamt ass gutt opgestallt, mat deene Leit déi mir hinnen elo bäiginn iwwer den Arcelor-Wee, fir Chômage auszebezuelen, mä dat ass awer net d’Suerg vum Aarbechtsminister.
D’Suerg vum Aarbechtsminister ass, datt mir mussen deene Leit esou séier wéi méiglech op eng nei Schaff verhëllefen an dofir brauche mir Aarbechtsplazen. Wann also Aarbechtsplazen ofgeschaf ginn, ass et erëm méi schwiereg, Leit déi ageschriwwe sinn op eng Aarbechtsplaz ze bréngen. Dat léist och déi beschte Reform vun der ADEM net, dat bréngt nëmmen e Pakt mat der Wirtschaft.
Dofir huet den Aarbechtsminister an der Réunioun vun der Tripartite zu deene Secteure gesot, zum Beispill de Commerce. An déi sinn och bereet dat ze maachen, well déi sichen zum Beispill ganz oft Leit déi Lëtzebuergesch schwätzen, déi si net fannen. Komm mir sëtzen eis zesummen a komm mir kucken, wéi kënne mir Leit esou forméieren, datt si Ären Ufuerderungen entspriechen, well beim Commerce ass nach net ofgebaut ginn, beim Commerce sinn nach Plaze bäikomm. Dat ass also eng zweet Linn déi mir musse maachen.
An eng drëtt ass déi, datt mir musse wëssen, datt eng ganz Partie Leit einfach keng Chance hunn um éischten Aarbechtsmaart, scho guer net an enger Kriseperiod. Dofir déi Reform, déi mir och dës Woch ugeholl hunn, vun de Beschäftegungsinitiativen. Déi kënne Leit ophuelen, déi gäre schaffen, déi einfach awer net déi Produktivitéit hunn, déi um Aarbechtsmaart verlaangt gëtt. An et muss ee wëssen datt, wann et méi schlecht geet elo, natierlech déi produktiv Leit net entlooss ginn, mä déi, déi manner produktiv sinn, aus wat fir engem Grond och ëmmer. Alter, virun allem Net-Qualifizéierung, Sproochenonkenntnis an esou weider, déi riskéieren dann an de Chômage ze falen an net méi erauszekommen.
Dofir och déi Beschäftegungsinitiativen. Och mat deene wëlle mir zesumme komme fir ze soen, wou kënnt Dir Iech dann elo ëm Leit bekëmmeren, déi hir Plaz verléieren an déi net onbedéngt elo eng Plaz fir d’Liewe sichen, an och net nëmmen einfach beschäftegen, mä déi och esou forméieren, datt wann d’Wirtschaft erëm unzitt, datt déi Leit dann och erëm eng Chance hunn op den Aarbechtsmaart zréck ze kommen.
Marc Linster: Thema Kuerzaarbecht, Dir hutt et schonn ugeschwat, an de leschte Méint ass d’Zuel vun de Betriber déi kuerz schaffen drastesch an d’Lut gaangen. Kuerz geschafft gëtt ënner anerem awer och an esou grousse Betriber wéi bei der Goodyear a bei der Dupont. Här Minister, laangfristeg ka jo awer d’Kuerzaarbecht och net d’Léisung sinn. Besteet net de Risque, datt fréier oder spéider bei dësen Entreprisen awer Leit entlooss ginn?
François Biltgen: Net, wa mir e laangen Otem hunn. Déi Fro déi sech jo gestallt huet, relativ dramatesch, am Dezember, dat ass, datt d’Betriber gesot hunn, lauschtert, mir schaffen hei gutt mat der Regierung zesummen, nach ëmmer, mir hunn eng sozial Verantwortung.
Et muss een och wëssen, datt an der Industrie ganz vill sozial Verantwortung besteet an och e gudden, heiansdo heftegen, mä gudde Sozialdialog. D’Betriber hu gesot, d’ganzt Jor 2009 zitt et net richteg an der Automobilbranche un. Et muss ee wëssen, datt bei der Goodyear zum Beispill, obwuel kuerz geschafft gouf, d’Stocken nach an d’Lut gaange sinn, well eben de Marché net ugezunn huet. Si soten, wa mir et fäerdeg brénge laangen Otem iwwer d’ganz Jor 2009 ze hunn dann, mat der Kuerzaarbecht, brauche mir keen z’entloossen an da si mir erëm opgestallt wann et 2010 lues a lues erëm besser geet.
Dofir hu mir och dat Gesetz gemaach, fir mat der Kuerzaarbecht weiderzefueren. Well Kuerzaarbecht huet jo e Corollaire, et kritt ee Kuerzaarbecht nëmmen, d’staatlech Subventiounen, accordéiert, wann ee keen entléisst. A mir hu jo zwee Mouvementer elo gemaach: mir hu gesot, Dir kritt méi Hëllefe wéi virdrun, wann Dir entweder Chômage conjoncturel frot, dat heescht, Iech engagéiert keen z’entloossen, dat ass fir eis wesentlech an och fir d’Leit ass dat wesentlech, well d’Leit verléiere jo an der Pai. Mä fir d’Leit ass wesentlech, datt si wëssen, meng Plaz ass garantéiert.
Zweete Mouvement dee mir gemaach hunn, deen ass am Sënn vun eiser Reform 5611, vu virun 2 Joer, datt mir gesot hunn, déi Betriber déi sech awer musse restrukturéieren, déi mussen Personal ofbauen, déi kréien och méi Hëllefen, mä ënner der Viraussetzung si maache kee Sozialplang, mä e Beschäftegungsplang, wou mir jo och hëllefen d’Leit [gëtt ënnerbrach]
Marc Linster: Wat heescht dat?
François Biltgen: Beschäftegungsplang heescht Folgendes: mir hëllefen als Staat, wann dat gewënscht ass, d’Profiler vun de Leit déi riskéieren hir Aarbechtsplaz ze verléieren ze kucken, an zum Beispill deene Formatiounen unzebidden, wou de Betrib och muss natierlech hëllefen, fir datt déi Leit vläicht kënnen am Betrib, mä och an anere Betriber, notamment am Secteur, ënner Daach kommen.
Dee Mouvement hu mir jo och ugefaange mat der ABBL. Esoubal d’Finanzkris ugaangen ass hu mir do eng kleng Concertéierungsronn gemaach tëscht der ABBL, der ALFI, de Gewerkschaften an der Regierung. Do gëtt et elo esou eng Plattform bei der ABBL, wou et nach ëmmer Betriber ginn, déi siche Leit. Déi setzen hir Profiler op déi Plattform an do wou d’Leit entlooss ginn, oder riskéieren entlooss ze ginn, schwätze mir mat de Betriber, datt déi Profiler och kommen, datt een do e Matching mécht.
Mir wäerten och deemnächst, Ufanks Februar, de Wirtschafts-, den Transport- an den Aarbechtsminister zesummekomme mat de Gewerkschaften a mat de Leit aus dem Transportsecteur fir och do ze kucken, wat kann een elo maache fir iwwer d’Ronnen ze kommen, fir ebe massiv Entloossungen ze verhënneren.
Dat si Saachen déi oft net direkt, dat soll och net esou sinn, an d’Presse kommen, mä wou vill hanner de Kulisse geschafft gëtt, fir hei Meiglechkeeten ze fannen. An da soen ech, mir mussen iwwer dat Jor 2009 eraus kommen, bis an dat Jor 2010 eran an och do soe jo all Prognostiken datt, wann et dann erëm unzitt, nëmme lues unzitt. Mä ech mengen, wa mir emol en Accord hu mat der Wirtschaft, datt net entlooss gëtt, mä datt mir versichen hei e laangen Otem ze hunn, dann hu mir, mengen ech, Wesentleches gemaach. Besonnesch fir d’Industrie ass et wichteg. Well, ee Wuert nach Här Linster, wa bis eng Industrie fort ass, déi kënnt net méi erëm.
Marc Linster: Wéi laang huet dann de Staat nach d’Moyene fir do géigen ze steieren? Wéi laang gëtt et iwwerhaapt nach Sue fir déi staatlech Hëllefen z’accordéieren? Well, wa jo elo ëmmer méi Kuerzaarbecht kënnt a méi Plazen a Gefor sinn, da gëtt jo och ëmmer méi staatlech Hëllef gebraucht fir do géigen ze steieren.
François Biltgen: Dozou zwou Äntwerten: déi éischt ass déi, datt een ëmmer muss rechnen, wat kascht de Staat dat Eent an dat Anert. Mécht de Staat keng Kuerzaarbecht, an de Staat kritt vun haut op muer zum Beispill 3.000, 4.000, 5.000 Leit aus der Industrie an de Chômage, kascht dat de Staat vill méi deier. Well de Chômage gëtt méi déier wéi d’Kuerzaarbecht ze finanzéieren a Leit déi am Chômage sinn, déi bezuele manner Cotisations sociales, manner Steieren, wéi wa si eng Plaz hunn, esou datt dat emol schonn ëmmer fir de Staat insgesamt e gutt Geschäft ass.
Dat Zweet ass, kloer, datt natierlech mir elo an dësem Jor mat Defizite schaffen. Wann ech dann awer liesen, dat hunn ech déi lescht Zäit elo gemaach, wat vum amerikaneschen Defizit gesot gëtt, vum däitschen Defizit, muss ech soen, datt mir zu Lëtzebuerg gutt ugestallt sinn, well mir zum Beispill eng ganz niddereg Verschëldung hunn.
Dat heescht, de lëtzebuerger Staat huet einfach eng grouss Latitude nach, fir kënnen elo Suen dran ze stiechen. Natierlech muss et duerno erëm eng Kéier unzéien, mä mir si vill besser opgestallt wéi aner Länner. D’Iren, déi ëmmer grouss gefeiert goufen, datt dat de groussen Tiger wär, déi hate jo ëmmer méi Wuesstëm wéi mir an esou wieder, a manner Chômage, do ass amgaang alles z’explodéieren an déi riskéieren an e strukturellen Defizit ze kommen, wou si net méi erauskommen.
Dat ass et zu Lëtzebuerg net ginn, woufir? Majo ënner anerem och, well mir eng Finanzpolitik hunn déi dat gemaach huet, wat mir ëmmer de séchere Wee nennen, nämlech antizyklesch Politik net nëmmen ze maache wann et schlecht geet an da méi Suen eran ze stiechen, mä och antizyklesch Politik ze maachen an deene fette Joeren an net all d’Suen auszeginn. Do sinn awer de Finanzminister an de Budgetsminister, de Jean-Claude Juncker an de Luc Frieden, dauernd attackéiert ginn, si géifen op de Sue sëtzen. Haut si mir frou, datt si do soutze wou si soutzen.
Marc Linster: Här Minister, wéini gesitt Dir dann datt et Lut um Enn vum Tunnel gëtt? Dir hutt 2010 ugesprach, wou et kéint e klenge Revirement ginn. Mä wéini rechent Dir domatter, datt den Trend sech nees wierklech dréint?
François Biltgen: Dat ass schwiereg ze soen. Mir si jo als Politiker un d’Virausschauung ugewisen, déi déi Leit maachen déi dofir bezuelt ginn. Mir wëssen aus der Vergaangenheet, datt déi ni richteg waren. Dat heescht, viru kuerzem ware si nach ganz positiv, elo si si ganz negativ. Wichteg ass ze wësse wéi d’Welt reagéiert. Ech mengen, mir kënnen zu Lëtzebuerg eis Hausaufgabe maachen, mä domatter hu mir nëmmen e klengen Deel gemaach. Déi maache mir an déi hu mir och ganz séier gemaach a ganz flexibel gemaach, a mir ginn och dofir am Ausland beneid. Mä et ass nëmme wann d’Weltwirtschaft erëm richteg do steet, wou et klappt. Wat heescht dat? Dat heescht, datt emol zum Beispill Amerika, Europa a China, all déi grouss Länner musse méi zesumme schaffen. Dat heescht allerdéngs och, datt mir an Europa méi koordinéiert Politik maachen.
Ech kommen op den Automobilssecteur zréck. Dat ass ee vun de Schwéierpunkten. Wa jiddwereen awer nëmme bastelt a just nëmmen am Kapp huet, wéi retten ech bei mir meng puer Aarbechtsplazen an der Automobilindustrie an et huet ee keng europäesch Strategie vun der Automobilindustrie, eppes wat de Premier jo ëmmer och als Eurogruppechef gefuerdert huet, dann dauert et méi laang. Dat ass e bësselchen de Punkt, dee wichteg ass.
Do musse mir eben elo kucken. Ech mengen, datt 2009 keng Besserung z’erwaarden ass, au contraire, 2010 ass no alle Prognostiken e ganz schwieregt Jor. Mir wiere ganz frou, wa mir bis 2011 da wierklech erëm géife gesinn, datt et unzitt. Bis dohinner musse mir also elo e puer Saache maachen: engersäits kucken, datt mir net massiv Entloossunge kréien, anersäits awer och déi Strukturreformë maachen, déi et eis erlaben, wann eng Reprise kënnt, bei deenen ze si wou et am séiersten an am beschten unzitt.
Och dat bedeit natierlech, datt mir, dat hu mir jo an der Tripartite nach eng Kéier bestätegt, Fuerschung, Innovatioun, Bildungspolitik maachen. Déi meescht Leit déi hir Aarbecht verléiere si Leit déi net méi déi richteg Qualifikatiounen hunn. Mir mussen also kucken deene méi Qualifikatiounen ze ginn. Well, wann et unzitt, sinn erëm eng Kéier déi mat deene beschte Qualifikatiounen déi fir d’éischt en Job fannen an déi, déi méi schwaach Qualifikatiounen hu manner. Dofir ass déi Bildungspolitikreform, déi jo och dës Woch gestëmmt ginn ass, esou wichteg. Also, et war schonn eng wichteg Chamberwoch, dës Woch, well wichteg Reformen esouwuel am Aarbechtsmaartberäich wéi och am Schoulberäich gestëmmt goufen.
Marc Linster: Mä besteet net grad d’Gefor, datt an ekonomesch méi schwieregen Zäiten am Beräich Fuerschung déi finanziell Mëttelen als éischt gestrach ginn?
François Biltgen: Zu Lëtzebuerg net. Am Ausland si verschidde vu menge Kollegen, déi soe mir hir Bedenken. Et war evident, schonn 2006 wéi mir d’Tripartite gemaach hunn, wou mir gesot hunn, mir musse beim Staat aspueren. Dat huet awer net geheescht, mir spuere queesch durch den Gemüsegarten, wéi dat op Däitsch heescht. Mä do ass gesot ginn, et si verschidde Beräicher, déi musse méi Sue kréien an dat war Fuerschung an Innovatioun a Bildung, insgesamt, stoungen do ganz kloer dobäi.
Mir hunn en Engagement bis 2010 wéi mir de Budget an der Fuerschung opstocken. D’Uni weess wou et higeet, d’Centres de recherche publics wësse wou et higeet, de Fonds national de la recherche weess wou et higeet. Dat ass wichteg, well do brénge mir et nämlech fäerdeg da Viraussetzungen ze schafen, datt déi Betriber déi an d’Fuerschung investéieren a mat eisen ëffentlechen Instituter zesumme schaffen, datt déi och effektiv gutt opgestallt si wann et erëm unzitt.
Marc Linster: An Ärer Kompetenz hutt Dir och d’Universitéit. Stéchwuert Uni, ass d’Uni-Lëtzebuerg antëscht esou opgestallt, datt si a punkto Léier a Fuerschung konkurrenzfäeg mat aneren Unien an der Groussregioun ass?
François Biltgen:Op alle Fall. Wann ech zum Beispill a Frankräich kommen, ech kommen oft mat menger Homologin Valérie Pécresse zesummen, da seet déi mir ëmmer, datt verschidde franséisch Unien ëmmer fäerten, déi géife vun der lëtzebuerger Uni iwwerdubbert ginn. Ech sot, dat wär guer net eise Wëllen, eise Wëllen ass éischter, datt mir all zesummen an där Groussregioun méi zesumme schaffen.
Ech ginn Iech ee Beispill, wou elo schonn d’Uni unerkannt ass, dat ass e Fuerschungsprojet vun der Europäescher Unioun, deen heescht u2010, do geet et drëm fir a Katastrofenszenarien, zum Beispill bei engem Tunnelbrand, ze kucke wéi een iwwer den neien Internetmodell IVP6, wéi een do ka sämtlech Kommunikatiounsmëttelen esou konzentréieren, datt d’Asaztruppe séier do sinn. Dee Projet, dee 6 Milliounen Euro wäert ass, dee gëtt vun der Uni Lëtzebuerg geleed. Do si 16 Firmen dobäi, an Universitéiten, also 16 Acteuren, an d’Uni Lëtzebuerg huet do de Lead. Do sinn nach Lëtzebuerger dobäi, do si grouss international Nimm dobäi an d’lëtzebuerger Uni huet do de Lead. Dat ass ee Beispill, datt d’Fuerschung op der Uni Lëtzebuerg schonn elo am Ausland unerkannt gëtt.
Marc Linster: Lescht Fro an dësem éischten Deel, François Biltgen, hutt Dir d’Impressioun, datt an der Kris, duerch d’Kris oder wéinst der Kris d’Politik nees méi staark ginn ass, méi eng bedeitend Roll kritt huet par rapport zur Wirtschaft?
François Biltgen:Jo an nee. D’Roll vun der Politik gëtt erëm méi unerkannt, notamment vun der Wirtschaft. Dat ass nei, well d’Wirtschaft huet ëmmer gemengt et géif nëmme gutt goe wann d’Politik eng manner grouss Roll hätt. Da wëll ech soen, datt et Gott sei Dank esou ass, datt mir versicht hunn, zu Lëtzebuerg an Europa der Politik nach ëmmer eng gewësse Roll ze loossen, mat Saachen déi aus dem Rudder gelaf sinn.
Och an Europa sinn iwwerdriwwe Liberaliséierungsdréck geschitt, duerch den Drock vun der Wirtschaft. Mä am Allgemengen, mengen ech, war et och hei zu Lëtzebuerg nach ëmmer gutt, datt d’Politik versicht huet eng staark Roll ze spillen.
Wichteg ass, datt mir och déi Roll elo iwwerdenken, wéi et an Zukunft wieder geet. Ech mengen, datt et wichteg ass, datt de Staat ëmmer méi zentral Fonctioune vun Décisioun iwwerhëllt an d’Exekutioun vläicht aneren iwwerléisst. Well an der Vergaangenheet war et heiansdo esou, an dat Gefill hat ech op ville Beräicher, datt eigentlech an der Privatwirtschaft décidéiert gouf wat soll geschéien an de Staat huet exécutéiert. Mir mussen och elo de Staat esou reforméieren, dat gëtt eng grouss Erausfuerderung fir déi nächst Regierung, datt en effektiv et fäerdeg bréngt seng Führungsroll nach besser z’iwwerhuelen.
Marc Linster: Elo maache mir gläich eng Paus, dann héiere mir de Journal an duerno geet et weider an eisem Gespréich mam Minister François Biltgen iwwer d’Situatioun vun der CSV an de Wahlkampf, mä och iwwer méi privat Säite vum Minister.
[Noriichteniwwerbléck vum Henri Eippers]
Marc Linster: Här Biltgen, Dir sidd haut awer net nëmmen an Ärer Qualitéit als Minister bei eis am Studio, mä och als President vun der CSV. Är Partei huet an de leschte Méint um Observateur am Kontext vun den Diskussioune ronderëm d'Euthanasie net dat allerbescht Bild ofginn. Am Géigesaz zu fréier hutt Dir Är Divergenzen op der Place publique ausgedroen. Ass dat en Zeeche vu Stäerkt oder vu Schwächt?
François Biltgen: Wann een dann elo emol zréck kuckt wat geschitt ass muss ee wëssen, datt an der Euthanasie-Debatt 24 Deputéierte vun der CSV präsent waren. An engem Vote hunn 22 zesumme gestëmmt an an deem leschte Vote 23 vu 24. Mir hu vun Ufank u gesot, datt mir bei eis géifen do, mat der Hoffnung och anerer géifen et maachen, a wéi et iwweregens an der Vergaangenheet och schonn de Fall war, Gewëssensfräiheet accordéieren. Wann ech feststellen, datt 22 bis 23 vu 24 vun Deputéierten enger Meenung sinn an enger grousser Partei, fannen ech dat beachtlech.
Dann huelen ech eng aner Partei wéi den ADR zum Beispill, déi just an där doter Debatt opgetruede sinn dobausse mat grousse Pressecommuniquéeën, sech méi kathoulesch wéi de Poopst ginn hunn a gesot hu si wieren déi eenzeg Partei déi wierklech géint d'Euthanasie wier, a wou herno 2 esou an 2 aneschters gestëmmt hunn, da mengen ech, datt d'Partei hei iwwerhaapt kee Schued dovunner gedroen huet.
Marc Linster: Dir schwätzt vu Gewëssensfräiheet. Intern gouf et awer massiven Drock op d'Madame Franck an d'Madame Arendt. Et gouf alles anescht wéi mat kathoulesche Mëttele geschafft. Ass et dat wat een ënner Parteifrëndschaft versteet?
François Biltgen: Do wësst Dir Saachen déi ech net weess. Dir mellt jo och heiansdo Saachen déi net stëmmen. Dir hutt zum Beispill gemellt, de Michel Wolter hätt hei Sanctioune verlaangt, dat ass net de Fall. Mir haten en Nationalcomité, wou ech Iech jo versprach hat, an dat hunn ech jo och gemaach, datt ech duerno géif Ärem Mataarbechter dem Roby Sinner en Exklusiv-Interview ginn. Ech hunn an deem Interview gesot, et komme keng Sanctiounen. Den Dag drop ass e Kommentar bei Iech komm wou gesot ginn ass, den Dossier ass net vum Dësch. Mëttlerweil sinn erëm bal 3 Wochen an d'Land gaangen an et sinn nach ëmmer keng Sanctioune komm an et kommen och keng. Heiansdo muss een dem Parteipresident méi gleewe wéi dem RTL-Redakter.
Marc Linster: Dir dementéiert also formell, datt et Drock op déi 2 Frae gouf.
François Biltgen: Ech dementéiere formell dat wat Dir hei gemellt hutt, nämlech, datt de Michel Wolter, an ëm dee geet et hei, dee soll hei demontéiert ginn, datt de Michel Wolter hei Sanctioune verlaangt, dat ass falsch.
Marc Linster: Awer Drock op déi 2.
François Biltgen: Mir si jo an enger Partei. Dat hängt ëmmer dovun of wat ee wat nennt. An enger Partei wéi der CSV ass et wichteg, datt een intern zesumme kënnt. An dat hu mir gemaach, an der éischter Nationalcomité-Sitzung no der Vakanz, datt een zréck kuckt op dat wat geschitt ass. Dat hu mir gemaach während 3 Stonnen. Do war net nëmmen deen Dossier, do ware ganz vill Dossieren iwwer déi mir do diskutéiert hunn an dat hu mir gemaach wéi dat bei eis üblech ass.
A mir sinn zu enger Décisioun komm. Déi Décisioun huet de Parteipresident ugekënnegt a bei där Décisioun bleift et. A mir wäerten eis net geckeg maache loossen an den nächste 6 Méint mat Combats d'arrière-garde. Vu wat fir enger Säit et och géif kommen.
Marc Linster: Ass dat keen Drock gemaach wann ee seet, a Saachen Euthanasie dierften nëmme méi mandatéiert Leit schwätzen am Wahlkampf?
François Biltgen: Et ass esou, datt, wann een an der Chamber ass, datt ee mandatéiert Spriecher huet, an datt, wann ee seet, et ass eng Parteilinn, datt de mandatéierte Spriecher d'Parteilinn huet. Dat wëll jo net soen – déi 2 Dammen hu jo allen zwee an der Chamber geschwat – datt déi an hirem perséinlechen Numm do geschwat hunn, mä am Numm vun der Fraktioun. Dat ass eppes wat an all anere Parteien d'selwecht esou gehandhabt gëtt.
Marc Linster: Mä huet Är Partei sech a Saachen Euthanasie net ganz einfach verspekuléiert. Well, wéi ass soss dee ganzen Hick-Hack an dëser Fro ze verstoen?
François Biltgen: Ech fannen et jo ganz erstaunlech, datt d'Welt ëmmer ze kleng ass fir ze soen d'CSV dominéiert alles an iwwerall ass d'CSV staark. An da seet d'CSV vum selwen, aus fräie Stécker, hei maache mir keng Koalitiounsdisziplin, mir maachen och keng Fraktiounsdisziplin. Hei soll en âme et conscience gestëmmt ginn. An dann ass d'Welt erëm ze kleng fir ze soen, hei huet awer d'CSV sech net parteipolitesch géint déi aner duerchgesat. Stelle mir fest, mä esou ass dat eben, egal wéi mir et als CSV maachen, et ass falsch.
Mir hunn hei versicht, notamment de Michel Wolter a senger leschter Interventioun an der Chamber, hei Brécken ze bauen. Well mir nämlech ganz gutt festgestallt hunn, iwwer Sondagen, datt wuel déi meeschte Leit fir Euthanasie sinn. Awer net fir dat wat an dem definitiv gestëmmte Gesetz ass, nämlech fir Euthanasie an deene Fäll wou et net méi aneschters geet, wou d’Palliativmedezin, déi d'Zukunft viru sech huet, wou d’kurativ Medezin net méi kënnen hëllefen.
Mir hu versicht mat Amendementen do Brécken ze bauen. Dat ass eis net gelongen. Ech mengen, mir hunn hei just versicht dat ze maache wat eng grouss Partei muss maachen: sech net an deen een oder anere Camp drécken ze loossen, mä versiche mat Argumenter ze diskutéieren. Déi Debatt ass natierlech esou ausgaange wéi dat leider och de Fall war, och an der Ëffentlechkeet, datt eben do méi e Lagerdenke war wéi en anert. D'CSV huet versicht kee Lagerdenken ze maachen. Elo kann ee soen, d'CSV huet dee Match verluer. Ech soen, dat ass och gutt fir d'CSV, datt se ebe sech net nëmmen a Lagerdenke verstrécke léisst, mä datt d'CSV och versicht iwwer dat Lagerdenken eraus ze goen.
Dat hu mir och an der Vergaangenheet gemaach. Wa mir just wéilten elo, an ech denken un de 7. Juni, just dat maache wat d'Sondagë menge wat mir misste maache fir Stëmmen ze kréien, da wiere mir net déi CSV déi mir zanter jehier waren an da wiere mir net déi CSV déi géif déi nächste Kéier d'Wahle gewannen.
Marc Linster: D'Josée Hansen huet gëschter am Lëtzebuerger Land geschriwwen, d'CSV wier no der Euthanasie Debatt tétaniséiert. Wat sot Dir zu där Feststellung?
François Biltgen: Majo, d'Madame Hansen dierf dat schreiwe wat Dir dierft soen. An ech dierf dat soe wat ech soen. An d'Madame Hansen schreift net dat wéi et ass. Mä dat ass jo och hirt gutt Recht. Si ass jo schliesslech eng Journalistin.
Marc Linster: Huet d'CSV-LSAP Koalitioun wéinst dem Thema Euthanasie e Knacks kritt?
François Biltgen: Ech mengen net. Mir hu jo vun Ufank u gesot, datt mir dat géifen esou maache wéi mir et maachen. Mir hunn dat och gemaach. Ech stellen éischter fest, datt d'LSAP e Problem domatter hunn. Ech war relativ iwwerrascht, datt den LSAP-Spëtzekandidat mengt, d'Madame Err an den Här Huss dat wiere méi wichteg Personagë wéi esouguer hie selwer. Mä dat si seng Aussoen, net meng.
Marc Linster: A wéi sidd Dir allgemeng mat der Zesummenaarbecht mam Koalitiounspartner zefridden?
François Biltgen: Ech hu schonn an eisem éischten Deel eng Partie Beispiller ginn. Wann ech kucke wéi blann, a wierklech blann, de Wirtschaftsminister an den Aarbechtsminister sech verstinn an enger Krisesituatioun; wéi mir och hei eng Bildungspolitik gemaach hunn, zesumme mat der Madame Delvaux, déi net einfach war, wéi mir déi duerchkritt hunn. Wann ech dann op den Eenheetsstatut zréck kommen, wou de Mars Di Bartolomeo an den Aarbechtsminister hei géint vill Widderstänn awer eppes gemaach hunn, wat wierklech eng gutt Reform ass a wou keen dru gegleeft huet, datt se géif eraus kommen, da mengen ech, datt dës Regierung eng exzellent Aarbecht gemaach huet. An da mengen ech, datt eben an dëser Regierung d'Leit elo net fir d'éischt emol kucke wat fir eng Parteikaart se hunn, mä si kucke wat d'Land vun hinne verlaangt.
Marc Linster: Wann een Iech esou héiert, dann huet een d'Impressioun, datt ee vun enger weiderer grousser Koalitioun no de Wahlen dreemt.
François Biltgen: Ech mengen, datt do schonn de Wieler eppes mat ze schwätzen huet. Ech héieren dauernd Leit aus anere Parteien déi soen, notamment d'DP, elo gëtt et awer wierklech Zäit, datt d'CSV net méi dobäi ass. Komm, mir ginn emol bei de Wieler de 7. Juni an da kucke mir wat de Wieler seet. Wat ech Iech ka soen dat ass, datt mir vill op den Instanzewee bruecht hunn, vill Reformen duerchgezunn hunn. Et stinn der nach vill op. Dës Regierung huet eng gutt Aarbecht gemaach an dës Regierung huet eng Aarbecht och an engem gudde Klima gemaach.
Marc Linster: Mä Dir maacht keng Koalitiounsausso?
François Biltgen: Zu Lëtzebuerg mécht ee keng Koalitiounsaussoen. An ech fannen dat och gutt. Ech mengen, an anere Länner ass dat aneschters. Mir hunn d'Traditioun, datt mir de Wieler schwätze loossen. Da mécht all Partei hir eegen Analyse an da gëtt gekuckt wat doraus geschitt. Ech wëll zum Beispill déi leschte Kéier drun erënneren, datt et d'DP war déi gesot huet, lauschtert, op Grond vun deem Wahlresultat gi mir elo éischter an d'Oppositioun. Ech wëll drun erënneren, datt et d'CSV war, 1974, déi gesot huet, mir ginn elo an d'Oppositioun. Ech fannen, datt mir zu Lëtzebuerg an deem doten Domaine eng relativ gutt politesch Kultur hunn. Datt ee fir d'éischt d'Wahlresultat ofwaard, dat analyséiert an da seet all Partei wéi si sech dat virstellt.
Marc Linster: Dir sidd amgaangen d'Wahlen ze preparéieren. Haut hutt Dir och schonn e Kongress, muer en zweeten. War et einfach fir genuch Kandidate fir op Är Lëschten ze fannen?
François Biltgen: Do brauch ech Iech jo net vill ze verroden, wann ech soen, datt et guer net schwéier war fir [gëtt ënnerbrach]
Marc Linster: D’Muecht zitt un.
François Biltgen: Leit op d'Lëscht ze kréien. Well et ware méi gutt Kandidaten do, wéi een hätt kënne lëschten. Ech hat a verschiddene Bezierker, menge mir, hätte mir och kënne mat enger Deellëscht untrieden, déi och nach vill méi Stëmme kritt hätt wéi déi aner Parteien hir Lëschten. Dat maache mir net. Mir versichen dann en Equiliber ze maachen, mir hunn eis Parteigremien déi dat maachen.
Mir hunn do aner Traditioune wéi aner Parteien. D'Europalëscht hu mir elo de Moien am Nationalcomité ofgestëmmt. Do ware 26 vu 27 Membere vum Nationalcomité fir déi Lëscht. Dat ass also schonn e gutt Zeechen. Et gëtt eng Extralëscht, aneschters wéi fréier, wou mir ëmmer nëmme Lokomotiven drop gesat hunn, déi dann awer an der nationaler Politik bliwwe sinn.
Marc Linster: Mat der Madame Reding hutt Dir awer och eng Lokomotive drop déi awer och nach aner Ambitiounen huet.
François Biltgen: Mat der Madame Reding hu mir eng Lëscht, wou och ganz vill nei Kandidate kommen déi fir d'éischte Kéier mat a Chamberwahle ginn. Mir hunn do versicht, e Kompetenzteam zesummen ze setzen. Leit, déi haaptsächlech deen een oder anere wichtege Beräich fir Europa a Lëtzebuerg ofdecken, dat wäerte mir och muer eise Memberen esou zu Moutfort virstellen.
Wat d'Bezierkslëschten ubelaangt ass et esou, datt do ëmmer en Deel vum Bezierkscomité gemaach gëtt. De Weiserot mécht dann de leschten Deel. Do ass et dann esou, datt mir ëmmer deen Dag virum Kongress, do kënnt de Weiserot zesumme mam Bezierkscomité a mam Nationalcomité, fir dann déi Lëscht definitiv virzestellen. An da gëtt se um Kongress gestëmmt, mat der Hoffnung, datt all Lëscht vill Ënnerstëtzung fënnt. Mir schaffen dru fir gutt Lëschten ze hunn.
Marc Linster: Ronderëm wéi eng Haaptachsë wëllt Dir dann den nationale Wahlkampf baséieren?
François Biltgen: Wa mir de Slogan "Zesumme wuessen" huelen, do sinn 3 Elementer dran. Zesummen, dat ass d'Solidaritéit déi mir am Land brauchen. Wuessen dat ass de Wuesstëm, dat sinn déi Strukturreformen déi mir brauchen, fir datt mir net nëmme quantitativ, mä och qualitativ gutt wuessen. An dann, zesumme wuessen: cohésion sociale.
Mir musse wëssen, datt mir zu Lëtzebuerg eng Schicksalsgemeinschaft sinn. Dat heescht, mir wäerten am Wahlkampf och thematiséieren d’Zesummeliewe mat den Net-Lëtzebuerger. Mir wäerten d'Gouvernance thematiséieren. Mir wäerten d'Groussregioun thematiséieren, d'Landesplanung thematiséieren. All dat si Sujeten, déi net 2009 hirt Enn fannen an och net 2014 en Enn fannen, mä doriwwer eraus ginn.
Dat sinn déi 3 Haaptachsen déi mir an eisem Slogan hunn, an déi mir och wäerten an deem Wahlprogramm dee mir elo bis den 29. Mäerz zesumme schreiwen, an der Partei, och erëm fannen.
Marc Linster: Mat wéi engen Argumenter géift Dir da probéiere mech z’iwwerzeegen Är Partei ze wielen?
François Biltgen: Majo, Här Linster, da géif ech Iech emol bieden d'Parteigeschicht ze liese fir ze kucke wat dës Partei geleescht huet.
Marc Linster: Dir hutt jo eng déck Geschicht eraus ginn.
François Biltgen: Mir hu se net eraus ginn. Dat war e Wonsch scho vu menger Virgängerin, der Madame Erna Hennicot, fir ze soen, mir sollen net iwwer eis schreiwen. Mir sollen anerer iwwer eis schreiwe loossen. Et ass jo net alles wat dra steet wat eis gefält. Mä dat ass fir Iech jo flott, well wa mir et selwer geschriwwen hätten, wier dat wat Iech am meeschten interesséiert iwwerhaapt net dra komm. Dofir hu mir jo [gëtt ënnerbrach]
Marc Linster: Dir maacht ëmmer esou ënnerschwelleg Bemierkungen. Dir mengt, mir wéilten ëmmer d'CSV demontéieren.
François Biltgen: Ah, Dir sot et, Här Linster, net ech hunn et gesot. An ech hunn dat och net gemengt. Selbstverständlech hunn ech dat net gemengt. Dir sollt awer kucke wat dës Partei geleescht huet. Ech mengen, Dir musst och kucke wat dës Partei seet.
Mir si vläicht, an dat ginn ech och gären zou, och wa Kritike kommen, méi eng schwéierfälleg Partei wéi eng aner. Ech hunn am Virwuert vun deem Buch geschriwwen, mir sinn eng Partei net wéi déi aner. Mat den Nodeeler déi dat huet, a mat de Virdeeler déi et huet. Mir sinn eng grouss Vollekspartei. Mir komme vläicht ëmmer e bësse méi schwéier an de Jumm. Mä wa mir do sinn, kucke mir och iwwer déi nächste Wahlen eraus.
Mir wäerten och dëse Wahlprogramm, zum Beispill, Här Linster, ënner dem Gedanke schreiwen, datt mir nëmmen dat versprieche solle wat mir och kënnen halen. A mir hunn och an der Vergaangenheet, vläicht manner versprach wéi déi aner, mir hunn awer dofir versicht méi ze halen.
Marc Linster: Är lescht Wahlcampagne war jo ganz Juncker-zentréiert. Geet et dës Kéier duer fir nees alleng op d'Popularitéit vum Premier ze setzen?
François Biltgen: Déi lescht Wahlcampagne war net nëmmen op de Jean-Claude Juncker achséiert.
Marc Linster: "Juncker on tour"
François Biltgen: "Juncker on tour" war een Element vun der Wahlcampagne, deen natierlech eng gewësse Visibilitéit hat. Deen iwweregens eréischt am Laf vun der Wahlcampagne dobäi koum. Dee war am Ufank net an deem Sënn geplangt. Mir haten awer d'Wahlcampagne mat engem Dräieck gemaach.
Nämlech engersäits de Jean-Claude Juncker, deen awer symbolesch war fir déi aner 2 Punkte vum Dräieck, nämlech déi erneiert, verjéngert a moderniséiert CSV an eise Wahlprogramm "De séchere Wee". Déi 3 hunn zesumme gestan, well soss wier et jo net normal gewiescht, datt och an deene Bezierker wou de Jean-Claude Juncker net ugetrueden ass, datt do d'CSV déi meeschte Stëmme kritt, datt an all Bezierk ëmmer en CSV-Politiker dee populärste war. Dat huet net nëmmen alleng eppes mam Effet Jean-Claude Juncker ze dinn. Dat huet och eppes ze dinn mam Markennumm CSV a mat dem deemoolege Wahlprogramm "De séchere Wee", dee mir jo net opginn, dee mir als Signatur vun der Partei bäibehalen. Zesumme wuesse geet nëmmen doduerch, datt mir de séchere Wee hunn.
Marc Linster: Dir hutt elo geschwat vu Verjéngung vun der Partei. Wou sinn dann Alternativen zum Jean-Claude Juncker, wann hien eng Kéier net méi do wier oder géif an Europa goen?
François Biltgen: Och do kënnt Dir an der Parteigeschicht noliesen, et ass ëmmer erëm gesot ginn, wann ee fort ass, oh Mamm, duerch wie solle mir en ersetzen. Ech hu meng Parteicarrière am Januar 1983 ugefaang als jonke Fraktiounssekretär, sinn also méi wéi d'Halschent vu mengem Liewe well parteipolitesch aktiv. An am Dezember 1983 huet de Pierre Werner iwwerraschend fir bal jiddwereen um Parteikongress gesot, hie géif net méi mat an d'Wahle goen. Hie géif säi Mandat fäerdeg maachen, mä net méi mat an d’Wahle goen.
Mir sinn also 1984, wou mir e ganz gutt Resultat errrecht hunn, si mir ouni Premier sortant an d'Wahle gaangen. An do huet d'ganz Partei gesot, wéi kënne mir dat dote packen. Elo gi mir ënner. Mir hunn dunn de Jacques Santer zum Spëtzekandidat gemaach. Wéi gesot, hie war net Premier a mir hunn déi Wahlen 1984 haut la main gewonnen. D'CSV huet e ganz grousse Politikerreservoir. An ech mengen elo net, datt de Jean-Claude Juncker eis direkt géif abhande kommen.
Marc Linster: Wéi ech Iech am Virfeld vun dëser Emissioun gefrot hunn, wéi ee Musekstitel Dir Iech wënsche géift. Hutt Dir tëscht 3 lëtzebuerger Artiste gezéckt. Sascha Ley, Thierry Van Werveke a Julien Arpetti. Wat faszinéiert Iech da grad un dësen 3 Kënschtler?
François Biltgen: D'Sascha Ley, fir mat deem unzefänken, dat ass einfach esou eng villsäiteg Kënschtlerin, wat net nëmme Musek mécht. Säi leschten CD ass elo e bëssen zréck, säin Jazz-CD, dofir hunn ech dat och elo net geholl. Et ass zur Zäit zu Esch amgaangen, wou ech nach leider keng Zäit hat fir et kucken ze goen, Bombsong als One-Woman Stéck opzeféieren, wat och keen einfacht Stéck ass. Esou datt ech do immens Bewonnerung hu fir d'Sascha Ley.
Thierry Van Werveke ass een, deen eis verlooss huet, deen oft zu Liefzäiten e bësse verkannt gouf och zu Lëtzebuerg. Och well et net nëmmen de Mënsch Thierry Van Werveke war, mä och e ganz groussen Acteur. Ech hätt do e Stéck geholl, nämlech Twist à Luxembourg, wat vill iwwer den Thierry ausseet, awer och vill iwwer een ausseet, ouni deen den Thierry net dat gi wier wat e ginn ass, nämlech och een deen oft verkannt ass zu Lëtzebuerg, nämlech den Andy Bausch. Dat ass e Stéck aus engem Film vum Andy Bausch, dat dote Lidd.
Ech hu mech elo fir de Julien Arpetti décidéiert. De Julien Arpetti ass een, mat deem hunn ech an der kuerzer Box zu Déifferdeng bei der AS, ech sinn als Escher op Déifferdeng spille gaangen, hu mir eis um Terrain gekräizt. De Julien Arpetti ass een, deen eigentlech, wat interessant ass, e Chansonnier français ass, dee wierklech d'Traditioun vun der Chanson française oplieft. An ech hunn do e Lidd gewielt, Les feux de l'usine, e Lidd wat mir immens nogeet, wou ech villes erëm fanne woufir ech iwwerhaapt Sozialpolitik bedreiwen.
Marc Linster: Mam Julien Arpetti geet dës Emissioun, dës Editioun vu Background – am Gespréich esou lues op en Enn. Nach eng allerlescht Fro mat dem Wonsch op eng kuerz Äntwert. François Biltgen, bleift engem vill beschäftegte Minister nach Zäit fir Hobbien?
François Biltgen: Net méi vill, mä e mécht der. Ech maache kee Judo méi, wann Dir doropper uspillt. Nee, ech maachen Nordic Walking an ech ginn och heiansdo gäre mat menger Fra iergendwou e klenge Weekend verbrénge wou et schéin ass, well si soll och heiansdo mech erëm gesinn, an owes liesen ech schrecklech gären am Bett historesch Romaner oder Geschichten, awer näischt wat mat Politik ze dinn huet. Owes schlofen ech gär gutt an denken net un d'Politik. Moies fänkt s’erëm un.
Marc Linster: Voilà, dat war et fir dës Editioun vu Background – am Gespréich. François Biltgen, merci fir Äre Besuch am Studio.
|