Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Janvier 2009 > Jean Asselborn au sujet de la fermeture de Guantanamo et de la situation humanitaire à Gaza

Interview
Jean Asselborn au sujet de la fermeture de Guantanamo et de la situation humanitaire à Gaza
"Radio 100,7" du 26-01-2009

Vers le niveau supérieur

Jean Asselborn: Ech si mat engem Problem konfrontéiert wou mir wëllen eng europäesch Léisung sichen. Déi europäesch Léisung huet kee Land hei refuséiert. All Land hei ass matgaange fir eng europäesch Léisung ze kréien a mir sinn nach net um nationalen Niveau. A wa sech bei eis elo Froe gestallt ginn, dat fannen ech total normal, mä loosse mir awer elo net zevill wäit goen, mir si jo net nëmmen ee Land wat grandes fortunes akzeptéiert, huelen ech mol un, datt mir jo awer och een Häerz hu fir Leit déi vläicht 6, 7 Joer am Prisong soutzen, deenen näischt kann nogewise ginn a wann déi géife froen, elo eng Chance bei eis ze kréien, datt mir net einfach soe mir hunn näischt domatter ze dinn.

André Dübbers: Uganks der Sëtzung wollt ee fir d’éischt mol ofwaarde wat d’Amerikaner denken a wat si gären hätten, sot den teschecheschen Ausseminister an aktuellen EU-Rotspresident Karel Schwarzenberg. Ass een dann hei zu engem Resultat komm?

Jean Asselborn: Mir wëllen eng europäesch Approche, dat ass op dräi Niveauen: dat éischt dat ass, dass mir wëllen net daat bilateral verhandelt wëllen tëscht Memberstaaten an Amerika. Zweetens, wëlle mir och kucken, datt mir eng Clearance kréien, dat heescht ee Portal wou ënnersicht ka ginn, vun europäeschen Instanzen, wat de Liewenslaf ass vun deene Leit, wat hir Biografie ass, wat si eventuell gemaach hunn oder net gemaach hunn, fir ze kucken, ob déi Leit wierklech eng Chance hunn fir kënnen erëm ré-integréiert ze ginn. An dann dat Drëtt dat ass, datt mir och soen, an Europa, selbstverständlech, datt mir do kee Land kënne forcéiere fir Leit ze huelen, mä datt dat all Land selwer décidéiert.

André Dübbers: Een aneren humanitäiren Thema haut ass d’Hëllef fir d’Palästinenser an der Gazasträif an de Relancement vum Friddensprozess am Noen Osten.

Jean Asselborn: Mir musse wëssen an Europa datt d’Europäesch Unioun net capabel ass de Problem vum Moyen-Orient ze léisen. Dat eenzegt wat mir awer musse agesinn ass datt mir awer, och wa mir net capabel sinn de Problem ze léisen, déi Bescheidenheet musse mir hunn, musse mir awer capabel sinn nozelauschteren.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact