|
Jean Asselborn: Ech soen dat nach eng Kéier ganz kloer, datt mir den Amerikaner hëllefen, Guantànamo zou ze maachen. Guantànamo ass e Begrëff, dee steet fir d’Violatioun vun de Mënscherechter. Guantànamo steet awer och elo fir vläicht 50, 60 Leit déi scho 6, 7 Joer laang do sëtzen ouni datt deenen iergendwéi eppes kann nogesot ginn. Déi keen Délit, kee Crime begaangen hunn, a wou näischt ka bewisen ginn. An do muss ee jo och wëssen, datt mir an Europa och fir daat humant Behandelen vun Prisonnéier priedegen.
An ech mengen, et brauch ee jo awer nëmmen en normale Mënsch ze si fir dann anzegesinn, datt déi Leit net wëllen an Amerika bleiwen. Et versteet ee jo aanerersäits och, datt déi Leit net kënnen an hirt Land zréck goen. An dat ass eben esou, well se do erëm riskéieren an de Prisong gehäit ze ginn oder esouguer d’Doudesstrof ze kréien. Et geet elo drëms dass, wa se eng Demande stellen, datt mir als Europäesch Unioun, déi Memberlänner déi dat kënnen maachen, déi dat wëlle maachen, datt déi sou Demanden dann och kucken.
Roy Grotz: Lëtzebuerg kéint sech, dem Jean Asselborn no, deemno awer net sengen EU-Responsabilitéiten entzéien.
Jean Asselborn: Wa mir als Lëtzebuerg, vu vir eran soen, daat do ass eppes wat eis guer näischt ugeet, mir packen daat do net, da maache mir e politesche Feeler. A mir maachen och e Feeler, well mir net deem gerecht ginn, wat mir als Lëtzebuerger och ëmmer soen.
Ech hunn net gesot, mir huelen där Leit. Elo sin et d’Ausseministeren, déi do de Kader schaafen, soudass den humanen Aspekt mat englobéiert ass, mä awer och de securitären Aspekt, dee jo och muss englobéiert ginn. Dann ass et bei eis de Justizminister, mat sengen Déngschter, dee muss ganz kloer dann definéieren ob mir kapabel sinn esou Leit kënnen z’akzeptéieren, an ob déi Leit sech géife bei eis integréieren. An och, eben op Grond vun deem wat vun der europäescher Clearance dann erauskënnt, ob déi Leit eng Chance solle kréien, fir erëm eng Kéier an der Gesellschaft, eventuell an eisem Land, nei Fouss de faassen.
Roy Grotz: Ma esou wäit wier een nach net. De Problem wier elo vun den Amerikaner gestallt, dofir misst een de Ball net aus schéissen, ma misst eng europäesch Léisung fannen, esou den Ausseminister. D’Situatioun am Gaza ass ëmsou méi kriddeleg. Fir de Jean Asselborn schéngt et kloer, datt ee muss Kairo nolauschteren.
Jean Asselborn: Mir mussen dovun ewech kommen, datt d’Amerikaner alles akzeptéieren, wat op Säite vun den Israelië geschitt, an datt och d’Araber alles akzeptéieren, wat op Säite vun de Palästinenser geschitt. Den Terror vun der Hamas muss agedämmt ginn, selbstverständlech, a mir mussen Israel kloer maachen, "mir" daat heescht Amerika plus Europa, datt et ebe mat militäreschen Operatioune seng Sécherheet fir d’Zukunft net kann oofsécheren.
Roy Grotz: Grouss Stécker hält d’EU awer och op den US-Médiateur Mitchell. Och wa seng Chancë limitéiert sinn, esou bleiwt awer ëmmer de Fakteur Hoffnung.
|