|
Corinne Folscheid: D’EU fuerdert endlech en Enn am Konflikt tëscht de Palästinenser an Israel.
Dat wier batter néideg, fir de Leit an der Gaza-Sträif ze hëllefen, an den No-Ost Friddensprozess ze relancéieren. Dat sote gëschter Owend direkt e puer EU-Ausseministeren zu Bréissel, um Bord vun enger Renconter mat den Ausseministere vun Egypten, Jordanien, der Türkei a Vertrieder vun de Palästinenser Autoritéiten. En Dialog tëscht der radikal-islamescher Hamas an der Fatah wier essentiel.
De lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn huet an deem Kontext eng nei Konsensregierung tëscht deenen zwou Parteië gefuerdert. An um Telefon begréissen ech dann och elo de Moien den Ausseminister. Gudde Moien Här Asselborn.
Jean Asselborn: Gudde Moien.
Corinne Folscheid: Dir hutt Iech wéi gesot fir esou eng Konsensregierung ausgeschwat. Wéi soll dann esou eng Regierung am Endeffekt ausgesinn? Wat soll hir Missioun sinn?
Jean Asselborn: Jo, also fir et ganz kloer ze maachen, a mengen Aen ass et eng Evidenz, an dat ass och gëschter vun den Egyter, vun den Araber, vun de Palästinenser kloer gemaach ginn, ouni Regierung vun alle Palästinenser gëtt et keng effizient humanitär Hëllef, gëtt et keen Opbau. Rafah kann net opgemaach ginn, also d’Grenz tëscht Egypten a Gaza. Mir kënnen och net drun denken, Gaza erëm opzemaachen, an och, wéi Dir richteg sot, de Prozess, de Friddensprozess kann net relancéiert ginn.
Egypten ass hei den Dréipunkt vun deem Ganzen, an d’Egypter hunn elo schonn, mat de Palästinenser, eng grouss, grouss Bitte, wann ech esou dierf soen, un eis gestallt als Europäer, mä awer och un d’USA, an och un Israel, das wann esou eng Regierung zustane kënnt, da musse mir se akzeptéieren, dann dierfe mir net méi erëm a Kategorien denken, wéi de Fatah an Hamas, mä da musse mir d’Substanz vun där Regierung kucken. An ech mengen, dat ass vu grousser Wichtegkeet.
Et gëtt dee grousse psychologesche Problem, deen huet een dës Woch gesinn, wann een zu Bréissel hei dobäi war mat den Israelien a mat den Palästinenser an den Araber. D’Israeli soen, wann ee sech elo beweegt, da legitiméiert een den Hamas, an d’Araber soen, an d’Palästinenser och, an daat fir mech mat Recht, soe wa se sech net beweegt, dann ass den Hamas effektiv de Vainqueur.
An dofir dierf een net deenen eng Chance ginn, den Extremisten, och vläicht Länner, déi als Haaptzil hu fir datt de Friddensprozess tëschent den Israelien an de Palästinenser net ukënnt. Also wann eng Regierung zustane kënnt mat Hëllef vun den Egypter, musse mir als Europäesch Unioun dës Kéier se kloer akzeptéieren.
Corinne Folscheid: Wéini mengt Dir dann, datt et endlech zu enger Léisung géif kommen?
Jean Asselborn: D’Egypter hunn ee ganz kloere Plang. Si wëlle schonn an där nächster Woch bis Ufanks Februar mat alle Säite schwätzen, mat Hamas souwuel wéi mat anere Parteien, duerno géife se d’Israelien alueden an Egypten ze kommen. A si rechnen, datt wann alles riicht leeft, datt si kéinten eng Propositioun fir Enn Februar scho maachen.
Corinne Folscheid: En anere Sujet elo haut um EU-Ausseministerconseil zu Bréissel ass d’US-Gefaangenelager op Guantànamo. Den neien amerikanesche President Barack Obama huet jo annoncéiert, datt de Prisong soll an engem Jor zou sinn.
Elo hutt Dir Iech dofir ausgeschwat ënnert aneren, datt déi fréier Prisonéier vu Guantànamo misste vun den EU-Länner opgeholl ginn. Wéi soll dat an der Praxis ausgesinn? Wat mengt Dir domat?
Jean Asselborn: Jo, mir mussen do d’Nuancë gesinn. Ech mengen, Guantànamo ass e Problem vun den Amerikaner. Et ass d’Verantwortung vun den Amerikaner. D’Europäer sinn ni gefrot gi fir Guantànamo opzemaachen, also hu mir selbstverständlech och keng Verantwortung. Mir kënnen och net responsabel gemaach gi fir et elo zou ze maachen. Dat ass e Schwéierpunkt vum President Obama gewiescht, fir Guantànamo zou ze maachen, an dat musse mir begréissen.
Hëllef gin vun Europa ass dat falscht Wuert, well politesch a juristesch kann dat implizéieren, datt mir mat Verantwortung huelen.
Guantànamo ass, wësse mir alleguer, och zu Lëtzebuerg, ee Begrëff. Mä Guantànamo steet awer och fir Mënschen, an et sinn ongeféier eng 50 Leit do, déi zum Deel scho 6, 7 Joer do sëtzen, ouni datt hinnen iergend eppes kann nogesot ginn, iergend eng Strofdot ka bewisen ginn. Déi wëllen net an den USA bleiwen, wat ech och verstinn, si kënnen och net an hir Heemecht goen, well se do erëm riskéieren och erëm an de Prisong ze kommen, eventuell souguer d’Doudesstrof riskéieren.
Also si mir als Europäesch Unioun, wann dee Wonsch vun deene Leit un eis erugedroe gëtt, bereet ze hëllefen. Wann ech gesot hunn, Guantànamo ass e Begrëff, da sinn et och Mënscheliewen déi domat verbonnen sinn. Wa mir kënnen hëllefen um humanitäre Plang, um Plang vun deene Mënschen déi do wëllen erauskommen, dann misst dat autoriséiert ginn. Déi Mënsche wëllen och en neit Liewen ufänken. Et misst eng Clearence geschaf ginn, e Portal geschaf ginn, wou déi Leit géifen duerchliicht ginn, wann ech dat emol esou dierf soen, wat bestëmmt e falscht Wuert ass, mä wou géif gekuckt ginn, wat d’Biographie vun deene Leit ass, wou komme se hier.
Mir hunn Änhnleches gemaach an der Europäescher Unioun 2002, wéi mir déi Palästinenser, déi zu Bethlehem souzen, Dir kënnt Iech vläicht erënneren, wéi verschiddener vun deenen opgeholl gi sinn. An dann ass et, wann dat gemaach ass, esouwäit si mir net, dann ass et un all Land fir ze décidéieren ob et wëll där Leit ophuelen.
Ech mengen awer och, dass Guantànamo e Begrëff ass, wéi ech schon erklärt hunn. Mä leider, an ech schwätzen elo net juristesch, ass Guantànamo virun allem mat deem Begrëff double standards verbonnen, nämlech datt d’Mënscherechter net respektéiert gi sinn. Daat ass eng Identifikatioun déi gëtt mam ganze Weste gemaach, also muss Guantànamo ewech. A mir als Europäer wäerten haut ufänken ze diskutéieren, ob mir um mënschleche Plang net den Amerikaner hëllefen, mä deene Leit hëllefen, déi do sëtze fir datt se kënnen en neit Liewen opbauen.
Corinne Folscheid: Mä do si verschidde Länner wéi Portugal, a Frankräich, déi hu ganz kloer hir Bereetschaft signaliséiert, aner Länner wéi Schweden an Holland déi soe kategoresch Neen. Wéi steet Lëtzebuerg dann do, géinge mir och dann där Leit ophuelen?
Jean Asselborn: Also Lëtzebuerg ass doutsécher bei deene Länner, dat hunn ech jo gesot, well mir eng Politik hunn, déi dorop baséiert, Mënscherechter héich ze halen, an déi de Leit eng Chance gëtt, wa se kënnen en neit Liewen, oder wëllen en neit Liewen ufänken.
Mä mir sinn net do, mir sinn elo um Punkt wou mir musse kucken, ob mir et fäerdeg bréngen e Kader ze schafen an der Europäescher Unioun fir ze analyséieren ob mir där Mënsche kënnen ophuelen. Wéi, ënner wat fir enge Konditiounen datt mir se kënnen ophuelen, dat ass un all Land fir ze décidéieren, an ech sinn och iwwerzeegt, datt wa Lëtzebuerg vun engem géif gefrot ginn, datt mir d’Aen net komplett zou maachen, doutsécher net. Dat wiere jo Leit, ech soen dat nach eng Kéier, deenen ee keng Strofdot kann noweisen.
Ob mir iwwerhaapt an d’Spill do kommen, ass eng aner Saach, mä elo de Moment handele mir jo als Europäesch Unioun fir ze gesinn, wéi ech Iech dat explizéiert hunn, wat mir kënne gemeinsam maachen. An dann ee Land wat keng Leit ophëlt, ass jo elo net an den Eck ze drécken, mä e Land wat géif Leit ophuelen, ech mengen dat wier en Zeechen och vu Mënschlechkeet, dat een net dierf négligéieren.
Corinne Folscheid: Här Asselborn, Merci fir d’Explikatiounen.
|