Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Janvier 2009 > Lucien Lux au sujet de la protection de l'environnement et de la relance de l'économie

Interview
Lucien Lux au sujet de la protection de l'environnement et de la relance de l'économie
"RTL Radio" du 26-01-2009

Vers le niveau supérieur

Diane Klein: Kann d'Wirtschafts- a Finanzkris en Ëmschwong zu engem méi ëmweltbewosste Verhale bréngen? D'Chance si fir en Ëmdenken ze forcéieren? Stéchwierder Vernetze vun Ëmwelt- a Wirtschaftspolitik, wat déi Gréng an Däitschland Green New Deal nennen, Här Lux.

Lucien Lux: Ech mengen, datt déi lescht Woche weisen, datt mir vläicht fir d'éischte Kéier iwwerhaapt an der Geschicht net de Feeler maachen, an Zäite vu Wirtschaftskris erëm Grief opzerappen déi et kee Sënn huet am 21. Jorhonnert opzerappen.

An dofir, dat wat an Amerika de Moment geschitt, mä och an Europa, weist mir, datt mir um richtege Wee sinn, och zu Lëtzebuerg. Déi Efforte vun de leschten 2, 3 Joer si Gott sei Dank amgaange Resultater ze weisen. Dat ass um Niveau vun eisen Emissioune wouer.

Trotzdem datt mir an där Wirtschaftskris sinn, mengen ech, geet et drëm déi Politik weider ze féiere fir déi Trendwend um Niveau vun der Reduktioun vun eisen Emissiounen ze stabiliséieren. Mä endlech, no laange Joeren Augmentatioun, heiansdo am zweestellege Beräich, gi mir elo zréck. Wann ech um Niveau vun den Autoe gesinn, da weist dat ebe just, datt déi Autoen wierklech Autoe sinn déi manner Schadstoffer produzéieren. 95% méi där Autoen an Zäit vun 3 Joer weist, datt mir zu Lëtzebuerg endlech dee Wee do fonnt hunn.

An et ass jo eng Tatsaach déi kee kann ëmstoussen: de Klimawandel geet weider, deen hält net viru Wirtschafts- oder Finanzkrisen op, an dofir musse mir déi Chancen notzen an déi Crédoen ze investéieren an op där anerer Säit domat Aarbechtsplazen ze schafen an natierlech och Aarbechtsplazen z’erhalen, mä virun allem och dozou bäizedroen, datt mir Energie spueren, Energieeffizienz kréien. Do si mir, mengen ech, um richtege Wee an domat kritt déi Politik vun de leschte Joeren endlech och de Sënn, deen d'Leit dobaussen och gesinn.

Diane Klein: Et gëtt jo gemengerhand gesot, datt Näischtmaachen an der Klimapolitik méi deier gëtt wéi wann een elo géif soe, mir kucken, datt mir just reng Wirtschaftspolitik maachen, datt dat Bewosstsäin an Tëschenzäit an alle Couchen, bei allen Acteuren ukomm ass.

Lucien Lux: Ech begéinen där ganz vill. Ech war e Samschdeg nach bei den Ingenieuren op hirem 50. Dag gewiescht, wou e Lëtzebuerger, den Här Freimann dee bei BMW Innovatiounschef ass, virun engem illustren Auditoire geschwat huet, an dee mengen ech och begeeschtert huet. Et huet ee gesinn, datt do Leit sëtzen déi aus der Ekonomie kommen, déi grouss Responsabilitéiten hunn an déi endlech verstinn, datt een déi 2 Saachen do matenee ka verknäppen.

A wa mir dobaussen an d'Welt kucken, wat sinn déi Länner déi an der Kompetitivitéit déi sinn déi ëmmer bei alle Rankingen, ob dat beim Fonds monétaire ass, bei der OECD, wie steet uewen? Zum Beispill Norwegen. Ass dat e Land mat klenge, mat déiwen Ëmweltstandarden? Just de Géigendeel. Déi Länner déi uewe stinn, déi déi sech muer wäerte behapten, déi Entreprisen, mä och déi Produiten déi sech wäerte behapte sinn déi Produiten, déi op energiespueren, op Energieeffizienz ausgeriicht sinn, an déi d'Ëmwelt net nëmmen am Beräich vun den CO2 Emissiounen schounen, mä virun allem och bei der Loftqualitéit: manner Partikelen, manner Stéckoxyden.

Dat ass dat wat mir musse maache wa mir vun Nohaltegkeet schwätzen. Dat ass e schéinen theoreteschen Discours, mä e kritt nëmme Sënn wa mir et effektiv fäerdeg bréngen déi 3 Pilieren – wirtschaftlech Croissance mat ekologeschen Equilibren erhalen a sozial Kohäsioun, dat heescht Aarbechtsplazen, gutt Paië kënne bezuelen, eng gutt Cogestioun um Niveau vun den Entreprisen hunn – zesumme ze bréngen. Dat ass de Wee deen ee muss goen.

An den Här Stern huet jo net fir näischt säin Dokument virun 2 Joer dohinner geluecht, fir kloer ze maachen, datt déi Entreprisen effektiv manner Schied a manner Käschte wäerten hunn, manner Reparaturkäschten, wa se proaktiv sinn, wa se präventiv sinn. Natierlech, fir dat nach ze soen, um Niveau vum Klimaschutz ass et enorm wichteg, datt mir Enn des Jors, am Dezember zu Kopenhagen, e multilateralen Accord kréien, wou all déi grouss Länner dobäi sinn, virun allem d'Amerikaner, mä do ass d'Hoffnung risegrouss an ech mengen, datt den Här Obama se och net wäert enttäuschen, wann ech déi Décisiounen kucken déi en haut wäert ukënnegen, fir endlech deen Dekret opzehiewe vum Här Bush, dee gesot hat, déi eenzel Bundesstaaten däerfe keng Grenzwäerter maachen. Mä och a China geschitt ganz villes, an Australien geschitt ganz villes, a Brasilien geschitt villes. An deen Accord brauche mir, fir datt effektiv d'Distortion de concurrence an d'Gefor vun Delokaliséierung, virun allem am Stol- an am Zementberäich, datt déi net stattfënnt.

Diane Klein: Komme mir erëm zréck op Lëtzebuerg, wat mir hei kënne maachen. Déi lescht Woch huet de Mouvement écologique a 25 Punkten opgelëscht wou kéint ugesat ginn. Fir d'éischt emol eng Green Jobs Initiative ze lancéieren. Dir plangt och Aarbechtsgruppen zu deem Thema. Wat kéinten dann zukunftsweisend Green Jobs sinn?

Lucien Lux: Ech mengen, datt jo munches schonn amgaangen ass, ech mengen dem Mouvement écologique säi Pabeier deen ech zum gréissten Deel ënnerstëtze kann. Vill Dieren, déi duergestallt gi wéi wa se nach zou wieren, si jo op. De Bausecteur zum Beispill. D'Sanéierung déi stattfënnt. Dee Programm dee mir als Regierung hunn, deen 300 an eppes méi Milliounen huet fir bestehend ëffentlech Gebaier ze sanéieren. Déi Subsidien déi mir ginn, fir datt d'Leit hir Haiser sanéieren. Dat sinn déi bescht Subsidieregimer déi et iwwerhaapt an Europa ginn.

Diane Klein: Kann ech Iech just kuerz ënnerbriechen? Wéi déi nei Subventiounsstaffelung eraus koum, do war d'Wirtschaftskris nach net esou wéi se elo ass. Do huet se sech eréischt ganz douce ugekënnegt. Envisagéiert Dir da vläicht fir do eventuell nozebesseren, fir ze soen, mir mussen elo de Pak dorop setzen, net alleng wéinst dem Klima, mä besonnesch och fir de lokalen Handwierksbetriber, och vläicht de regionalen, ze hëllefen.

Lucien Lux: Ech mengen, mir hu jo Gott sei Dank an der Regierung déi Fongen. An ech huelen dee Fong deen ech als Transportminister ze geréieren hunn, de Fonds du rail.

De Mouvement écologique seet, dir musst vill an deem Beräich maachen. Dëst Jor 2009 ginn am Fonds du rail déi 440 Milliounen investéiert. Dat ass deen héchsten Investitiounsvolumen deen et je an deem Fong gouf. Dat hu mir décidéiert gehat, scho virun der Wirtschaftskris. Mä mir denken net drun, ganz am Géigendeel, fir do elo iergend wellech Mëttelen ze kappen.

An dat selwecht ass wouer am Beräich vun den Haiser, wou mir ugefaangen hunn. Ech denken, datt dat e Freiden an der Regierung scho wäert diskutéiert ginn, datt mir eng Rei vu Verbesserungen nach maachen, eng Rei vun Tauxen, zum Beispill bei partielle Sanéierunge vu Fassaden, vu Fënsteren an esou virun, datt mir déi nach wäerten opbesseren. Datt och eng Rei vu bürokrateschen Hürden, wou ee gesot kritt huet, wann s de dat méchs, muss de dat do nach dobäi maachen, datt mir dat och auserneen huele fir et nach méi einfach ze maachen.

Mir hunn dat mam Secteur an och mat den ONGen diskutéiert. An déi Ännerungen och era bruecht. Mä dat ass wouer a villen anere Beräicher, zum Beispill bei de Kläranlagen. Dee Programm vun de Kläranlage muss weider goen. Ech wäert an 2 Wochen déi Aktiounspläng virleeën, an Zesummenhang mam Kaméidischutz. Och do ass virgesi fir un den Autobunnen, un de Schinnennetzer nach méi Lärmschutzwänn ze maachen an esou virun. Dat si Saache wou sech Ëmweltschutz, am breede Sënn vum Wuert – an dat ass esouguer wouer am Naturschutzberäich wou een och eng ganz Rei vu Programmer ka maachen – datt deen elo muss de Mot d'ordre sinn, fir vun där Krisesituatioun ze profitéiere fir Aarbechtsplaze kënnen ze schafen, Aarbechtsplaze kënnen z’erhalten, an ech mengen hei kann den Ëmweltministère mat senge Programmer eng ganz utile Roll spillen.

Diane Klein: Wéinst Ärer Subventioun vu Frigoen déi manner verbrauchen, der Coolprime, hutt Dir vum Mouvement eng gutt Zensur kritt, dat dierft Iech freeën. Mä wéi steet et mat eventuellen Aidë fir Spull- a Wäschmaschinnen?

Lucien Lux: Ech mengen, mir hunn emol an deem Programm do ugefaangen. Et ass dee Programm wou mir mengen, datt mir ganz schnell kënne Resultater bréngen. Dat weist, datt déi Politik richteg war an deene leschten 2, 3 Joer, heiansdo mat villen Diskussiounen a mat deem Courage deen néideg war, fir ze soen, mir mussen engersäits d'Bierger dobausse fuerderen, mir mussen awer och förderen.

Mat deene Suen déi mir an de leschte Joeren och konnten duerch eng Rei vu Moossnamen eran huelen, kënne mir elo erëm ginn. A mir gi vill méi erëm wéi mir der je kënnen eran huele fir, um Niveau vun den Haiser, bei deene Subventiounsregimer, um Niveau vun den Autoen, um Niveau vun de Frigoen, a bei de Frigoen do ass effektiv en immenst Potential wat mir kënnen erreechen. Mir hunn zesumme mam Mouvement écologique déi Initiative "Öko Top 10" wou d'Leit um Internet kënne kucken, wat sinn déi Produiten, och bei den Autoen, déi effektiv Sënn erginn. Dee Subside vun 150€, respektiv 100€, dat gëtt dat och erëm wat de Surcoûte ass vun engem Frigo deen A++ ass.

Ech mengen, dat ass jo och eng Fro vu sozialer Kohäsioun. Oft gëtt gesot, dat kascht jo och méi. An deem entspriechend si mir och als Staat dofir do fir déi Leit, déi den Euro 1 an 2 an 3mol mussen ëmdréinen, fir deenen ze soen, majo Klimaschutz kann zwar méi deier ginn an enger éischter Phase. Mä herno, duerch dat wat een un Energie spuert, kritt een déi Sue largement erëm. Mä fir déi éischt Investitioun si mir och do fir eng Hand mat unzepaken.

Diane Klein: An enger knapper Woch fängt den Autofestival un. En huet souwisou erëm eng Fonctioun als Barometer. Dës Kéier gëtt vläicht nach méi wéi soss déi Joeren op de Festival gekuckt. Wéi steet et mat der Verschrottungsprime? Wat sinn éischt Echoen? De Mouvement seet, dat do dat ass Verbëtze vu Steiersuen, d'Leit wiessele souwisou spéitsdens no 10 Joer den Auto. Mä wat seet d'Branche dozou? Dir hutt bestëmmt schonn e puer Ëmfroe gemaach.

Lucien Lux: Et kënnt mir jo och vir, datt ech eng Divergenz mam Mouvement écologique hunn. An hei ass där eng. Ech hunn de Moie mat Garagistë geschwat, déi hu mir gesot, de Weekend war een Thema an ee Renner, dat ass déi nei Prime déi d'Leit erwaarden an op déi d'Leit sech astellen. An ech mengen, dat wäert déi Zuelen déi mir elo schonn hunn, déi Trendwend déi mir elo schonn an eisem Fuhrpark hu bestätegen. Dat ass déi éischt national Reduktioun déi mir wierklech fäerdeg bréngen. Ech hu virdru gesot, 95% méi Autoen ënner 120 Gramm par rapport zum Ufank [gëtt ënnerbrach]

Diane Klein: Do wollt ech Iech och nach souwisou eng Fro stellen, ech muss Iech elo kuerz ënnerbriechen, wéinst der Zäit. Vun deenen Autoen ënner 120 Gramm, wéivill sinn der do wierklech privat ugemellt, a wéivill vu Firmen?

Lucien Lux: Déi haut schonn ugemellt sinn?

Diane Klein: Jo.

Lucien Lux: E largen Deel si Privatautoen. Ech mengen, d’Firmeween sinn éischter a Segmenter déi méi héich leien. Ech mengen, dat kenne mir jo. Den Direkteschwon ass normalerweis kee Won ënner 120 Gramm. Mä och déi Zuel hëllt zou.

Mä ech wëll soen, datt um Niveau vun der Verschrottungsprime, dat ass jo wierklech awer déi Kräizung wou mir wirtschaftlech Konjunkturpolitik an Ëmweltpolitik kënne matenee verbannen.

A wann ech gesinn, datt um Niveau vun de Feinpartikelen en neien Auto ënner 120 Gramm en 18x bessert Resultat huet wéi en alen Auto. Datt en neien Auto, datt deen um Niveau vun den Emissiounen ëm 100 Gramm ka besser sinn. A wann ech da gesi wat dat fir d'Leit heescht, et si jo net nëmmen déi 2.500€. Wann ech dat gesinn um Niveau vum Sprit, esou en Auto, an den nächste 5 Joer, wäert ëm déi 1.500€ manner Sprit verbrauchen. Esou en Auto wäert um Niveau vun der Autosteier 500€ op déi 5 Joer manner kaschten, well mir hei an engem Krees si vun 30€, 40€ Autosteier d'Jor. Esou datt dat ëm déi 4.000 – 5.000€ a 5 Joer Erspuernes ka sinn. Dat ass also gutt fir d'Ëmwelt, dat ass gutt fir d'Ekonomie, dat ass gutt fir de Portmonni, an ech mengen et ass dat wat de Mouvement nennt, eng win win-win Situatioun. An déi hu mir hei erreecht.

Diane Klein: Den Autosfestival fängt den 31. Januar un, dauert bis den 9. Februar. Mir si gespant wéi e verleeft. Merci, Här Lux, fir Är Explikatiounen.

Lucien Lux: Merci Iech och.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact