|
Fränk Kuffer: D’Baugeneemegung vum Shopping-Zenter Wickreng ass an dréchenen Dicher. Den Inneminister Jean-Marie Halsdorf hat jo géint déi Autorisatioun um Verwaltungsgeriicht geklot. An éischter Instanz um Tribunal administratif hat de Minister gesot kritt, datt hien iwwerhaapt net d’Recht hätt géint déi Baugeneemegung ze kloen. Déi Décisioun war de 17. Dezember gefall. Bannent 40 Deeg, deemno bis gëschter, hätt kënnen Appel gemaach ginn, dat huet den Inneminister awer net gemaach an deemno ass d’Uerteel aus éischter Instanz elo rechtskräfteg.
Den Affekot vun der Gemeng Recken un der Mess, de Claude Pauly, hat direkt nom éischte Verdikt drop opmierksam gemaach, datt de Minister iwwerhaapt keen anere Choix hätt, wéi sech der Décisioun vun de Verwaltungsriichter ze fügen. Am Prinzip feelt elo just nach d’Commodo-Incommodo Autorisatioun vum Ëmweltminister Lucien Lux, fir datt zu Wickreng d’Baggere kënne rullen.
An den Inneminister Jean-Marie Halsdorf ass elo live bei eis am Studio. Am Prinzip ass hie jo komm fir vu véierel bis Eng un op Är Froen a punkto Rettungswiesen ze reagéieren, mä dann awer elo schonn d’Fro an dëser Saach, Här Halsdorf, gudde Mëtteg emol, firwat sidd Dir dann net en Appel gaangen?
Jean-Marie Halsdorf: Gudde Mëtteg. Et ass esou, datt ech wollt déi Bautegeneemegung esou ufechte wéi dat am Fong geholl sech an de leschte Joeren ëmmer hei zu Lëtzebuerg esou mécht.
Ech kréien d’Jor 60 bis 70 Fäll wou Bierger soen, hei, mäin Noper huet dat do falsch gebaut oder hei oder do. Dunn hunn ech geduecht, de Staat muss dee selwechte Moyen kréien, och fir um Tribunal administratif ze kloen. Bis elo hat nach ni e Minister dat gemaach. Ech hunn dat gemaach an dunn huet d’Geriicht mir gesot, am Fong geholl soll de Staat dat net maachen, de Staat soll d’Gesetz, d’Gemengegesetz, applizéieren.
Do gëtt et den Artikel 103 dee seet, wann eng Décisioun geholl gëtt vun enger Gemeng, da kann een déi, wa se éischtens dann net de Gesetzer entsprécht, respektiv géint den Intérêt général ass, da kann een déi ufechten. An dat wëll ech och nach kucken.
Ech sinn am Regierungsrot, do ginn ech dovun aus, deen nächste Regierungsrot wäerte mir doriwwer diskutéieren, ob den Artikel 103, ob een dee kann applizéieren an dësem Fall, ob dann déi Décisioun déi do geholl gëtt, ob déi dem Intérêt général entsprécht oder net. Déi Diskussioun ass nach net am Regierungsrot gefouert ginn, mä déi wäert gefouert ginn a wann ech do de Feu vert kréie vum Regierungsrot, da wäert ech och nach an deem Dossier dat soe wat ech ze soen hunn. Anescht ausgedréckt, déi Décisioun vum 103, déi kann nëmmen d’Regierung huelen, in globo, net den Inneminister alleng. An dofir musse mir déi Diskussioun nach féieren.
Fränk Kuffer: Mä ass déi Affaire Wickreng dann, déi hei Affaire, fir Iech awer elo ofgeschloss? Dir hutt jo elo awer keng Recoursméiglechkeet méi, oder dach?
Jean-Marie Halsdorf: Dach justement. D’Geriicht huet jo gesot, Dir als Minister, Dir kënnt net virun den Tribunal administratif goen. Den Tribunal administratif ass do fir d’Bierger bei Bautegeneemegungen. Wann Dir als Minister gären eppes wëllt géint esou eng Décisioun vun enger Gemeng ënnerhuelen, dann hutt Dir den Artikel 103 vum Gemengegesetz.
Den Artikel 103 vum Gemengegesetz seet, datt ee kann Décisioune vu Gemengen ëmstoussen oder ongëlteg maachen, iwwer en Arrêté grand-ducal, wann eben déi Décisioun déi geholl ginn ass, wann déi net dem Gesetz entsprécht oder dem Intérêt général. An dat wëll ech dem nächste Regierungsrot virleeën, datt mir dann do kucken ob dat esou ass oder net esou ass. An da kënnt eng Décisioun, da ginn ech beoptragt vum Regierungsrot, entweder nee ze soen oder jo ze soen. Déi Décisioun déi ech elo gesot hunn, déi muss nach geholl ginn an déi gëtt wahrscheinlech dëse Freideg geholl am Regierungsrot.
Fränk Kuffer: Gutt, villmools Merci fir elo.
|