Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Février 2009 > Jean-Claude Juncker au sujet de la réhabilitation de l’évêque britannique intégriste Richard Williamson

Interview
Jean-Claude Juncker au sujet de la réhabilitation de l’évêque britannique intégriste Richard Williamson
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 04-02-2009

Vers le niveau supérieur

Jean-Claude Juncker: Majo, et ass net akzeptabel, datt e reintegréierte Würdenträger vun der Kierch sech an d’Rei begëtt vun deenen, déi Evidenzen aus der Geschicht lignen. Den Holocaust ass onbestreidbar a senger Realitéit, a senger fuerchtbarer Realitéit, a fir mech ass et net novollzéibar, datt een e Bëschof erëm an d’Reihe vun der Kierch ophëllt, deen den Holocaust ligent.

Ech sinn der Meenung, datt Leit, déi déi Theorië vertrieden an domat eigentlech Milliounen Doudeger beleidegen, an och vill iwwerliewend Judden an och vill aner Iwwerliewend vum Nazi-Terror quasi als Ligner dohinner stellen, statt se als Affer ze éieren, dat si Virgäng déi ech absolut muss condamnéieren. Ech sinn total op der Linn vun der däitscher Bundeskanzlerin, datt dat net geet, an datt hei, obscho jo däitlech Wierder aus dem Vatikan komm sinn a Richtung Judden, a Respekt virun de Judden, weider klärend Wierder noutwenneg sinn.

Ech soen, mat deem fréiere Bëschof vun Tréier an heitegen Erzbëschof vu München, dem Reinhard Marx, datt deen deen den Holocaust ofstreid, net kann eng Roll an der kathoulescher Kierch spillen.

Francine Closener: Sidd Dir dann der Meenung, datt de Poopst schlecht berode war?

Jean-Claude Juncker: Ech weess net wéi de Vatikan fonctionéiert, ech ka mir éierlech gesot net richteg virstellen, datt de Poopst am volle Wësse vun deem, war wat deen englesche Bëschof Williamson do a Saachen Holocaust gesot huet. Mä, onofhängeg vu méiglechen Dysfonctionementer an der Gestioun vun där Affaire, ass et noutwenneg, fannen ech – wéint der Harmoniestëmmung an der Welt a wéint deem atmosphäreschen Element, wat d’Reintegratioun vun deene Leit an d’kathoulesch Kierch ëmgëtt – datt et grad esou kloer gemaach gëtt, datt d’kathoulesch Kierch déi Theorië vun deem Här do net deelt.

Francine Closener: An Dir sidd awer net der Meenung, datt de Poopst seng Décisioun soll réckgängeg maachen?

Jean-Claude Juncker: Ech hu mech net an déi inner-kierchlech Affairen anzemëschen, och wann de Vatikan et net ëmmer fäerdeg bréngt, sech aus eisen eraus ze halen.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact