Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Février 2009 > Jean-Louis Schiltz au sujet de la conférence de Munich sur la politique de sécurité

Interview
Jean-Louis Schiltz au sujet de la conférence de Munich sur la politique de sécurité
"RTL Radio" du 08-02-2009

Vers le niveau supérieur

Henri Eippers: Op der Konferenz zu München war den éischten aussepoliteschen Optrëtt vum neien amerikanesche Vizepresident, dem Joe Biden. Op den Agencë gëtt déi Präsenz als ganz positivt Element gesinn. Ass dat och Är Vue?

Jean-Louis Schiltz: Et ass jo déi éischte Kéier wou en héije Vertrieder vun der Obama Administratioun, an deem Fall hei de Vizepresident Biden, ausserhalb vun Amerika déi nei Orientatioune vun der amerikanescher Aussepolitik duergeluecht huet. Et ass an deem Sënn e wichtege Moment gewiescht. Dat ass op eng agreabel frëndschaftlech Manéier an Toun geschitt. Dat ass an deem Sënn eppes Neies.

An ech versprieche mir dovunner en Ufank vun zilführenden Diskussiounen an Dossiere wéi Iran, wéi Israel-Palästina, mä och am Dossier Afghanistan. Et ass also e kloere Changement an der Method do. Et gëtt méi nogelauschtert, et gëtt méi matenee geschwat, mä wann een da vun neier, oder erneierter Partnerschaft schwätzt, dann heescht dat och méi Responsabilitéit, an do wäerten och d’Europäer gefuerdert sinn.

Henri Eippers: Wat huet den Joe Biden vläicht konkret ugeschwat, wat erwaart hie sech vun Europa notamment?

Jean-Louis Schiltz: Wann ech d’Beispill Afghanistan kucken, dann huet de Vizepresident Biden, wéi anerer och, hei ganz kloer zum Ausdrock bruecht, datt et mat militäresche Moyenen alleng net duer geet, datt mir och diplomatesch Moyenë brauchen, datt Pakistan muss an d’Léisung agebonne sinn, an net weider en Deel vum Problem duerstellen dierf. A virun allem, datt, wann hie seet militäresch Moyenen alleng ginn net duer, da muss och méi investéiert ginn, wat d’Entwécklung ubelaangt, et mussen erëm Perspektiven entstoe fir d’Mënschen am Afghanistan, d’Land muss erëm opgebaut ginn.

Dat ass natierlech eppes wat där Positioun, déi mir säit Joere vertrieden, ganz no kënnt, oder wat identesch mat där ass, well d’lëtzebuerger Regierung ëmmer d’Positioun vertrueden huet, datt am Afghanistan an op anere Krisenherden déi Approche „3D“ muss zur Uwendung kommen: nämlech Diplomatie, dat heescht politesch Léisungen, Défense, dat heescht militäresch Präsenz, mä awer och Développement, dat heescht Entwécklung an Erëmopbau. Et ass deen drëtten D, deen elo méi kloer zum Ausdrock kënnt. Ech wëll net soen, datt en net bestanen huet virdrun, mä e kënnt elo méi kloer zum Ausdrock, an e kritt méi eng grouss Wichtegkeet, an dat begréissen ech.

Henri Eippers: Et soll awer och an Zukunft emol nach bei där 55.000 Mann staarker ISAF-Trupp bleiwen?

Jean-Louis Schiltz: D’Amerikaner hu jo och annoncéiert, dat hu se net hei zu München gemaach mä virdrun, si géifen zousätzlech Truppen dohinner schécken.

Dir wësst, datt am August Wahle sinn. Och virun deem Hannergrond sinn déi zousätzlech Truppen néideg. Et ass elo esou, datt dat net kontradiktoresch ass mat deem wat ech virdru gesot hunn. Et ass nämlech esou, datt elo méi gebraucht gëtt fir herno kënne manner ze maachen.

D’Zil ass nämlech, datt d’afghanesch Sécherheetskräften, dat heescht d’Arméi, wou mir Progrèsë gemaach hunn a weider maachen, an d’Police wou net vill Progrèsë gemaach gi sinn, wou der méi musse gemaach ginn, selwer kënne sech ëm d’Sécherheet am Land bekëmmeren. An dofir musse mir op dat Zil hischaffen.

D’afghanesch Arméi ass massiv opgestockt ginn, si gëtt weider opgestockt. Dat nämmlecht muss mat der Police geschéien, an och bei der Police ass d’Fro vun der Korruptioun, déi sech mat enger Violenz stellt, déi hiresgläiche sicht. Et ass nämlech do wou de Kär vun där Korruptioun läit, a wou se am verbreetsten ass.

Henri Eippers: Dir hutt et scho kuerz ugeschwat, et ass och iwwer den Iran diskutéiert ginn, och hei geet Amerika nei Weeër. Wéi wäit huet dat och elo scho seng Friichten op der Konferenz gedroen?

Jean-Louis Schiltz: D’Diskussioun mam Iran war an deem Sënn enttäuschend, well nämlech vun enger ganzer Rei Säiten do, den Amerikaner mä och den Europäer, e Gespréichsugebot komm ass, dat ass ofgeschloe ginn. D’Aussoe vum Här Larijani iwwer den Holocaust si bedenklech, an ech wollt déi hei ausdrécklech condamnéieren. Wann een net kloer sech do kann ausschwätzen an ee seet, et wier een net Historiker mä Politiker, da mécht een do Aussoen déi einfach net akzeptabel sinn. Et schéngt och esou ze sinn, wéi wann déi Hand déi mir dem Iran gereecht hunn, net géif geholl ginn. Dat ass also en Dossier deen eis weider wäert Suerge maachen an deenen nächste Méint.

Henri Eippers: Vläicht manner Suergen ginn et iwwer d’Reform vun der NATO, do ass och vill driwwer diskutéiert ginn. A wéi wäit leien déi transatlantesch Partner elo op enger Linn wat déi zukünfteg Strategie ugeet, an déi kruzial Fro, wou a wéini gëtt d’NATO dann elo aktiv?

Jean-Louis Schiltz: Et geet jo drëm fir e neit strategescht Konzept vun der NATO auszeschaffen. Dat ass e Konzept wat muss iwwerschafft ginn, well dat lescht strategescht Konzept aus dem Jor 1999 ass. Do si ganz vill Aspekter déi mat erakommen.

Notamment déi 3D-Approche kënnt do mat eran. Dat heescht, dat ass dat wat déi Däitsch nennen, „die vernetzte Sicherheit“, datt d’militäresch Moyenen an d’zivil Moyenen mussen aneneen iwwergräifen, musse koordinéiert ginn, d’Fäegkeeten, d’Capacitéite musse verbessert ginn.

An ech mengen och, datt et wichteg ass, datt mir an deem NATO-Kader déi strategesch Partnerschaft mat Russland erëm opbauen, respektiv ausbauen. Et ass mäi Wonsch, datt esou schnell wéi méiglech den NATO-Russland Rot op Minsterebene erëm zesumme kënnt.

Henri Eippers: An et ass awer och iwwer déi franséisch Reintegratioun geschwat ginn?

Jean-Louis Schiltz: D’franséisch Reintegratioun konkretiséiert sech an deem Sënn, datt de President Sarkozy dozou ganz kloer Aussoe gemaach huet. Et ass och, vun haut aus gekuckt, dovun auszegoen, datt déi Reintegratioun sech bis zum Sommet vu Stroossbuerg-Kehl Ufank Abrëll wäert vollzéien.

De symbolesche Moment ass deen, datt d’Brigade franco-allemande och elo mat däitschen Truppen wäert a Frankräich stationéiert ginn. Dat ass symbolesch, mä dat ass net nëmme symbolesch, dat ass och historesch, an dat huet och praktesch Implikatiounen.

Ech erënneren drun, datt Lëtzebuerg am leschte Semester vum leschte Jor am Groupement tactique vun der Europäescher Unioun war. Dat sinn déi Truppen, déi auf Abruf bereet sti wann eng Kris iergendwou entsteet. Mir hunn dat zesumme mat der Brigade franco-allemande gemaach. Mir wëlle weider mat der Brigade franco-allemande zesumme schaffen, sinn also vun engem praktesche Standpunkt och do direkt betraff.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact