|
Carole Schimmer: Den Haaptsujet op der NATO-Reunioun a Polen war awer d'Suite vum ISAF Asaz am Afghanistan. Lëtzebuerg ass den Ament mat 9 Zaldoten am Afghanistan vertrueden. Gëtt awer dru geduecht, de personellen Engagement am Kader vun der ISAF Missioun ze verstäerken? D'Äntwert vum Verdeedegungsminister Jean-Louis Schiltz am Radio 100,7 Interview.
Jean-Louis Schiltz: Dat ass net de Fall. Mir sinn de Moment mat 9 Leit am Afghanistan präsent, mat 23 Leit am Kosovo. Donieft hu mir nach eng Rei Leit am Libanon, am Kongo an a Bosnien. Dat heescht, mir hu permanent 35 bis 40 Leit dobaussen an de Missiounen deployéiert. Dat ass de Maximum vun deem wat mir kënne maachen, aus praktesche Grënn. Mir wäerten also keng zousätzlech Leit an den Afghanistan schécken.
Serge Kesseler: Personell stéisst Lëtzebuerg also hei u seng Grenzen. Wéi gesäit et mat der finanzieller Ënnerstëtzung aus fir d'Stabiliséierung vun Afghanistan?
Jean-Louis Schiltz: Et sinn eng Rei Alliéiert déi jo annoncéiert hunn, datt se zousätzlech Truppen an den Afghanistan schécken, zum Beispill d'Amerikaner, déi Däitsch, mä awer och d'Italiener an anerer.
Et muss ee wëssen, datt den Objektiv deen ass vun allen NATO-Memberstaate fir d'Stabilitéit am Afghanistan esou hierzestellen, datt afghanesch Sécherheetskräften, dat heescht d'Police an d’Arméi, selwer kënne fir Sécherheet a Stabilitéit suergen. Wa mir deen Objektiv deelen, an deen deele mir alleguerten, dann ass et esou, datt déi déi keng Truppe kënne stellen, wéi Lëtzebuerg aus praktesche Grënn, och mussen, nodeems se A gesot hunn an den Objektiv deelen, B soen an da soen, mir si bereet fir eis um Formatiounseffort, deen néideg ass fir d’afghanesch Sécherheetskräften à niveau ze bréngen, ze bedeelegen. Dat hu mir an der Vergaangenheet gemaach an dat wäerte mir och an Zukunft maachen.
Serge Kesseler: Mir kënnen eis keng Néierlag an Afghanistan leeschten, huet den NATO-Generalsekretär zu Krakau betount. Wéi schwiereg ass dann de Moment d'Situatioun op der Plaz an Afghanistan?
Jean-Louis Schiltz: D'Sécherheetssituatioun ass natierlech problematesch. Ech mengen, dat ass jiddweree sech bewosst. Si huet sech och verschlechtert. Et ass och dovun auszegoen, datt se an den nächste Méint net besser gëtt. Et besteet de Risiko, datt se sech weider verschlechtert.
Dofir ass et ëm sou méi wichteg, datt d'Strategien nei definéiert ginn, nei gewiicht ginn. Et ass sécher, datt et mat militäresche Moyenen alleng net duer geet. Dat erkennt och all Mënsch un. Et muss méi gemaach ginn am Beräich Reconstructioun an Développement. Dat ass eppes wat mir als Lëtzebuerger scho méi laang soen, mir net alleng, eng Rei anerer och.
Dat heescht, bei deenen "3D" vun Diplomatie, Défense an Développement ass et esou, datt den drëtten Deel - Développement - méi staark muss zum Ausdrock kommen. Dat ass eppes wat mir ausdrécklech begréissen.
|