Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Février 2009 > Le ministre de la Santé et de la Sécurité sociale, Mars Di Bartolomeo, invité de l'émission Background

Interview
Le ministre de la Santé et de la Sécurité sociale, Mars Di Bartolomeo, invité de l'émission Background
"RTL Radio" du 21-02-2009

Vers le niveau supérieur

Marc Linster: Invité am Background haut also de Minister Mars Di Bartolomeo. Här Minister, gudde Mëtteg.

Mars Di Bartolomeo: Gudde Mëtteg.

Marc Linster: Wéi gewinnt presentéiere mir Iech am Ufank vun der Emissioun e Réckbléck op déi vergaange Woch. Haut léisst de Pierre Reiland déi lescht 8 Deeg Revue passéieren.

[...]

Marc Linster: Merci Pierre. Här Minister, dës Woch koumen also nees ganz schlecht Noriichte vum Aarbechtsmaart. De Chômage klëmmt a klëmmt. Tickt do net ganz einfach eng Zäitbomm?

Mars Di Bartolomeo: Et muss een haut soen, datt déi Kris déi eis erwëscht huet, oder jiddwereen erwëscht huet, déi schlëmmst ass déi mir zanter dem Zweete Weltkrich erlieft hunn. Wat och richteg ass dat ass, datt mir net um Enn vun där Kris sinn. Déi éischt Ronn vun der Kris war d'Finanzkris an do muss ee soen, datt hei zu Lëtzebuerg extrem gutt reagéiert ginn ass, datt mir dat gemaach hu wat ze maache war.

Mä wien awer op Grond vum éischte Volet vun der Kris gemengt huet, datt elo alles iwwerstanen ass, dee war e bëssen ze vill optimistesch. Dat wat mir erlieft hunn an enger éischter Phas war den Ausléiser, an duerno ass den Effet "boule de neige" komm. Een nom aneren ass getraff ginn, esou datt et ganz richteg ass, datt d'Kris net um Enn ass, datt nach munches op eis zoukënnt. Ech deelen och déi Analyse vum Premierminister, dee gesot huet, et kënnt nach Schlëmmes op eis zou. Ech hätt allerdéngs en zweete Saz hannendru gesot, an deen zweete Saz ass, datt mir hei zu Lëtzebuerg gutt opgestallt si fir esou enger Kris Paroli ze bidden. A mengen Ae vill besser wéi bei där Kris déi mir an de 70er Joeren erlieft hunn.

Marc Linster: Ech wollt nach eng Kéier zréck kommen op de Chômage. Dir sot, mir si gutt opgestallt. Si mir dann och gutt opgestallt, si mir preparéiert drop, wa mir op eemol eng Explosioun vum Chômage kréien, wéi mir se jo awer nach ni kannt hunn?

Mars Di Bartolomeo: Et muss ee soen, datt mir haut jo déi Krisebekämpfungsinstrumenter ausgebaut hunn, wéi se an de 70er Joeren ënner Leit wéi de Benny Berg, Maurice Thoss - et muss ee mol heiansdo drun erënneren, datt et Sozialiste waren, déi déi doten Instrumenter an enger LSAP-DP-Regierung opgbaut hunn.

Mir hunn déi Krisebekämpfungsinstrumenter mat Tripartite, mat Fonds de chômage, mat Kuerzaarbecht, déi déi Zäit agefouert ginn ass, mat den Noutstandsaarbechten, mam Finanzéierungsinstrument iwwer den Impôt de solidarité. Dat wat ech mengen, dat ass, datt dee Solidaritéitsmodell, dee mir sengerzäit opgebaut hunn, datt et dozou keng Alternativ gëtt, datt mir Solidaritéit mussen halen tëscht deenen déi eng Aarbecht hunn, eng Aarbecht behalen, an deenen déi eng Aarbecht verléieren. Mir mussen als Zuch zesumme bleiwen a mir däerfe keng Waggonen ofhänken, esou datt et keng Alternativ gëtt fir déi Solidaritéit spillen ze loosse vis-à-vis vun deenen, déi elo vun der Kris am Häertste getraff ginn.

Ech wollt just ee Saz soen: et gëtt jo ëmmer esou gesot wéi wann elo jiddweree gläichméisseg vun där Kris getraff gëtt. Hei zu Lëtzebuerg ass dat net de Fall. Mir hu vill Leit déi am Moment guer net vun der Kris getraff sinn. Dat sinn [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Nach net.

Mars Di Bartolomeo: Nach net. Dat sinn alleguer déi déi sécher Aarbechtsplazen hunn am ëffentleche Secteur. Dat sinn alleguer déi déi eng Pensioun hunn. D'Pensiounen déi an deene Krisenzäiten direkt iwwerhaapt net hypothekéiert sinn. Dat heescht also, mir hu Leit déi am Moment kee Risiko lafen, a mir mussen [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Dat heescht Lëtzebuerger, am Fong.

Mars Di Bartolomeo: Lëtzebuerger. A mir mussen déi Solidaritéit vun deenen, déi sech elo net direkt vun der Kris betraff fille mat deenen halen déi haart getraff sinn, déi musse mir ausbauen. Ech mengen, mir kënnen dat esou laang wéi eben dee Solidaritéitsgedanken intakt bleift. An deen ass intakt zu Lëtzebuerg.

Marc Linster: Mä, wéi solle mir solidaresch si mat Frontalieren déi entlooss ginn, déi hir Schaff verléiere wa s’emol net an eise Statistike gefouert ginn?

Mars Di Bartolomeo: Dat ass eng gutt Fro. Ech mengen, datt een net einfach esou d'Leit déi zu eisem Wuelstand bäigedroen hunn, Leit déi mir brauchen an Héichkonjunkturzäiten, fir datt déi Ekonomie leeft an déi Plus-valuen ofwäerft, datt mir déi net einfach esou kënnen ofschubsen.

An haut gëtt dann heiansdo d'Fro gestallt, jo, melle se sech net dann zu Lëtzebuerg u fir kënne vun deem gudde lëtzebuerger System ze profitéieren. Si gehéieren zu där lëtzebuerger Aarbechtsgemeinschaft an ech mengen, et kann ee se net mat engem Fouss hannebäi Heem schécken. Ech ka mech gutt erënneren, well ech mech mat där italienescher Immigratioun ausenaner gesat hunn, datt am Ufank vun der Industrialiséierung déi Leit komm si wann et gutt gaangen ass an e gudde Fouss hannebäi kritt hunn an Heem geschéckt gi si mat engem Balluchon iwwer de Bockel an dann an hirer Heemecht erëm vu vir ugefaangen hunn. Déi Zäite si Gott sei Dank dout. Mir wannen dru wa mir déi Kris an enger grenziwwerschreidender Approche uginn, mat eisen Nopeschlänner, mä och um europäesche Plang, well et gëtt keng Alternativ dozou. Et ass eng global Kris an déi global Kris kritt een nëmmen duerch eng global Solidaritéit an de Grëff.

Marc Linster: Dir hutt et ugedeit, d'Regierung probéiert dat schlëmmst um Aarbechtsmaart ze verhënneren. Kuerzaarbecht a Sozialpläng sinn do, Dir hutt et och scho gesot, d'Zauberwierder am Moment. Mä wéi laang gräifen déi Mecanismen iwwerhaapt nach, wann de Chômage oder de Stellenofbau ëmmer méi grouss gëtt?

Mars Di Bartolomeo: Ma, dat muss esou laang gräife wéi mir et brauchen. Hei kann et net sinn, datt mir soen, bis dohi spillt d'Solidaritéit an da kënnt d'Dschungelgesetz. Et gëtt iwwerhaapt keng Alternativ dozou, datt wann de Chômage zouhëllt, datt mir och mat méi enger grousser Zuel vu Chômeuren de System spille loossen. Sief dat iwwer Kuerzaarbecht, sief dat iwwer Sozialpläng, sief dat iwwer de Maintien dans l'emploi, sief dat, wann et méi schlëmm kënnt, iwwer déi Instrumenter déi mir hunn. Wéi Noustandsaarbechten an aneres. Ech mengen, wann ee Leit sech iwwerléisst an an d'Aarbechtsloosegkeet schéckt, da komme Problemer op eis zou déi bleiwen, och wann de Moteur erëm uspréngt. A mir dierfen einfach hei keng Leit ofhänken. Wann eben e Plus vu Solidaritéit gefrot ass vun deenen deenen et nach gutt geet, oder och weider nach gutt geet, da musse mir déi Solidaritéit bréngen.

Marc Linster: Wéi laang kann de Staat, dat heescht d'Allgemengheet, mat de Steiersuen déi Mesuren iwwerhaapt nach finanzéieren? Well och d'Entreprisen hätte jo gär Hëllef vum Staat an d'Banke musse gerett ginn. Huet de Staat iwwerhaapt esou e finanziellt Potential?

Mars Di Bartolomeo: Wann ech emol dat dierf soe wéi ech dat ëmfannen. Mir sinn eigentlech an enger Welt, déi an deene leschte Méint total op d'Kopp gestallt ginn ass. Dir kënnt Iech drun erënneren, datt - virun engem halwe Jor nach, et ass nach net laang hier - gesot ginn ass, de Staat brauche mir eigentlech net. Sozial Systemer brauche mir net, oder net an deem Mooss. Do solle mir wannechgelift op d'Eegeversuergung iwwergoen. Ech erënnere mech un en Zitat vum fréiere President Reagan, dee gesot huet, de Staat ass net d'Léisung vun de Problemer, mä de Staat ass de Problem.

Abee, déi Welt ass total op der Kopp. Déi déi de Staat wollten op de Mëschtekoup vun der Geschicht geheien, déi hunn, wéi se an d'Mauer gerannt sinn, wéi d'Seefeblose geplatzt sinn, op eemol nom Staat gejaut, no der Solidaritéit gejaut, wou se gemengt hunn déi hätt keng Plaz méi an eiser Gesellschaft. Dat léisst mech zur Conclusioun kommen, et ass e wichtege Message deen aus dëser Kris eraus geet. Deen ass, datt eigentlech jiddweree Solidaritéit braucht. Och deen dee mengt e wier onschlobar, seng Beem géifen an den Himmel wuessen, och deen ass eng Kéier op d'Solidaritéit vun deem Klengen ugewisen, grad esou wéi deen op d'Allgemengheet ugewisen ass. Also, e klore Plädoyer fir e staarke Staat. Mir waren iwweregens déi eenzeg, déi ëmmer fir dee staarke Staat agetrueden [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Dir mengt domat d'sozialistesch Aarbechterpartei?

Mars Di Bartolomeo: Ech mengen domat d'Sozialisten. Ech wëll net soen, datt dat beim Koalitiounspartner net de Fall ass, mä bei ganz villen anere politesche Parteien. Ech erënnere mech un de schlanke Staat, deen déi gréisst Oppositiounspartei ëmmer gepriedegt huet. Mir sinn der Meenung, datt mir e staarke Staat brauchen, datt mir e staarken Engagement vum Staat an der Sozialpolitik brauchen, an datt mir intakt Staatsfinanze brauchen, fir datt de Staat seng Trëmp kann ausspille wa se gebraucht ginn, a mir sinn elo an esou enger Situatioun. A wann Dir mech frot, wéi laang kann de Staat dat duerchhalen? De lëtzebuerger Staat kann et méi laang duerchhale wéi anerer. [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Mä, si mir dann eng Insel?

Mars Di Bartolomeo: Nee, mir si keng Insel, mä mir hunn intakt Staatsfinanzen. Iwweregens ass jo gelästert ginn, wéi mir 2005 déi Staatsfinanzen erëm wollten an Uerdnung bréngen. Mir wollten déi Staatsfinanzen an Uerdnung bréngen an hunn Affer ofverlaangt fir d'Manövréierfäegkeet vum Staat ze halen, datt d'Staatsfinanzen net d'Baach erof ginn. Well hanner schlechte Staatsfinanze steet méi e klengen Engagement op deene Plaze wou de Staat wierklech gebraucht gëtt.

Dofir meng Conclusioun: d'Staatsfinanzen hei zu Lëtzebuerg si besser, méi zolitt wéi an anere Länner. Eis Investitiounsfonge si méi zolitt, gutt gefëllt zum Deel, wéi an anere Länner. Eis Verscholdung ass kleng am Vergläich zum Ausland. Déi Trëmp musse mir elo ausspillen. Mir hunn e Verscholdungspotential, a fir mech ass et keen Drama wa mir 1 oder 2 oder 3 Budgeten am Defizit si fir d'Ekonomie ze stäipen, fir de Sozialmodell ze stäipen, fir ze verhënneren, datt Leit an Aarmutt ofrëtschen - mir hunn der scho genuch, déi an Aarmutt ofgerutscht sinn - fir dann déi Kohesioun an der Gesellschaft während der Kris ze halen déi mir erëm brauche wann et eng Kéier besser geet.

Dofir, et gëtt keng Alternativ fir am Moment dat Potential, dat de Staat huet och voll auszespillen, och wann dat Defiziter bedéngt, och wann dat eng zousätzlech Verschëldung bedéngt, och wann dat massiv Speisung vun de Sozialfongen, dem Fonds de chômage an anere bedéngt. Mäi Kolleg den Aarbechtsminister huet dat gëschter richteg gesot, mir hunn en intakt Aarbechtsrecht, dat eis am Moment hëlleft fir net einfach Leit esou ze degagéieren, fir se an de Betriber ze halen an déi Period déi schwiereg ass, déi schwiereg bleift an déi méi schwiereg nach gëtt, fir déi z'iwwerbrécken.

Marc Linster: Leit déi kuerz schaffen oder am Chômage sinn, déi musse spueren. De Message vun der Politik an der Kris ass awer, an och den Här Juncker huet et emol schonn am Ufank vum Jor gesot: léif Leit, consomméiert. Wéi laang geet dat dann nach?

Mars Di Bartolomeo: Ech hunn Iech virdru gesot, datt et eigentlech e Widdersproch an der Situatioun gëtt. Et gëtt hei zu Lëtzebuerg vill Leit deenen et zanter dem éischte Januar eigentlech besser geet. Doduerch, datt den éischte Januar eng ganz Rei vu Moossname komm sinn, déi awer e sensiblen Impakt hunn. D'Mindestlounerhéijung, RMG's-Erhéijung, Pensiounserhéijung, massiv Steiersenkungen, d'Chèques service, an, an, an. Et sinn eng ganz Rei vu Moossname wou vill Leit dovu profitéieren, wou d'Kafkraaft éischter verbessert gëtt. Wann een dobäi kuckt, datt och d’Inflatioun zu Null tendéiert, datt d'Uelechpräisser massiv erof gaange sinn, dat ass déi eng Säit vun der Medail.

An déi aner Säit vun der Medail ass, datt eng ganz Rei vu Leit voll vun där Kris getraff ginn, an dat wat d'Politik muss fäerdeg bréngen dat ass, datt se d'Bréck hält tëscht deenen déi d'Kris am Moment net spieren, vläicht och iwwerhaapt net wäerte spieren zum Beispill bei deene Pensionéierten, deenen hir Revenuë sinn haut a muer geséchert. Datt déi Bréck bestoe bleift tëscht deenen, deenen et gutt geet, deenen hire Pouvoir d'achat intakt ass, an deenen déi riskéieren awer wierklech voll getraff ze ginn.

Dat ass de Message deen d'Politik haut muss gebrauchen, en éierleche Message vu Solidaritéit, vun Zesummenhalt, amplaz een dee fréier emol gebraucht ginn ass vun ee géint deen aneren ausspillen. An dofir kënne mir eis och politesch Messagen déi ausschléissen, déi ofgrenzen, déi ee géint deen aneren ausspillen, iwwerhaapt net erlaben. Well déi Trëmp déi mir hunn, dat ass déi sozial Kohäsioun déi mir hei zu Lëtzebuerg hunn, deen Zesummenhalt dee mir hei zu Lëtzebuerg hunn. An deen, deen domat spillt, dat ass de Problem. Net deen, deen d'Solidaritéit wëll héich halen.

Marc Linster: Stéchwierder Sozialpolitik a Solidaritéit. Huet de Staat dann an dësen ekonomeschen dach schwieregen Zäiten iwwerhaapt nach Gestaltungsméiglechkeete fir efficace Sozialpolitik ze maachen.

Mars Di Bartolomeo: Majo selbstverständlech huet e Gestaltungsméiglechkeeten. Kuckt wat fir e fantastesche Sozialsystem, datt mir iwwer Joerzéngten opgebaut hunn. Kuckt de Rentesystem, deen ee vun deene generéisten ass - mir kommen herno nach wahrscheinlech dorop zréck. Kuckt d'Fleegeversécherung, wat e Modell ass deen et an enger halwer dose Länner nëmmen op der Welt gëtt. Kuckt déi solidaresch Krankeversécherung déi mir hunn, déi jiddwerengem gläich gutt Servicer bitt.

Domat si mir eent vun deene wéinege Länner déi nach en intakte Gesondheetssystem hunn, dee fräien Zougang zu qualitativ héichwäertege Leeschtunge gëtt an de Finanzement tëscht deenen déi méi hunn an deenen déi manner hunn opdeelt. Mir hunn e ganze Koup Gestaltungsméiglechkeeten. Mir mussen natierlech dat Sozialt an de Vierdergrond stellen. De System deen et hei zu Lëtzebuerg gëtt, dat ass eigentlech e fantastesche System. Dat ass d'Solidaritéit tëscht deene Räichen an deenen déi manner hunn. Dat ass d'Solidaritéit tëscht deenen déi gesond sinn an deenen déi krank sinn. Et ass den Zesummenhalt tëscht jonk an al. An dat ass eppes fantastesches wat een sech net dierf futti schloe loossen.

Mir hu gesinn zu wat datt dat féiert, am Ausland, wann op eemol gesot gëtt, de Staat, d'Allgemengheet kënnt nach fir e gewëssenen Deel op a fir de Rescht muss jiddweree fir sech selwer suergen. Jo, dat ass e gudde Modell fir deen, deen extrem vill huet. Wa mir op eemol ufänken nom Risiko ze selectionnéieren, da si mir fort. Well dann déi déi e klenge Risiko hunn an déi en zolitte Portmonni hunn, deene passéiert näischt, deene geet et vläicht besser. Mä déi, déi en zolitte Risiko hunn an déi e klenge Portmonni hunn, déi stierwen éischter, fir dat emol esou auszedrécken.

Dat heescht, mir hu Gestaltungsméiglechkeeten. Wann d'ëffentlech Mëttele méi rar ginn, da soen ech mir, da musse mir eis un d'Communautéit wende fir d'Communautéit och virun d'Choixen ze stellen. Wëllt dir de generéise System, wëllt dir äert dozou bäidroen? Oder hutt dir léiwer, datt mir an d'Dschungelgesetz era ginn? An ech hunn nach keen hei zu Lëtzebuerg héieren, deen, wann e gefrot gouf fir eppes bäizeleeën, fir datt d'Solidaritéit oprecht erhale bleift, gesot huet, nee ech hu léiwer d'Dschungelgesetz.

Bescht Beispill, dat wat mir gemaach hu bei der Fleegeversécherung, wou mir de Finanzéierungsmodell geännert hunn a wou d'Leit op ee Coup, an dat muss ee sech virstellen, op ee Coup 40% Beiträg-Erhéijunge matgemaach hunn. Firwat hu s'et matgemaach? Ma, well se der Meenung waren, datt dat wat se amplaz kréien, d'Fleegeversécherung, d'Versuergung vun deene Leit déi Fleeg brauchen, datt dat méi wäert ass wéi déi 40% déi d'Leit méi drop geluecht hunn. Esou datt Gestaltungsfräiheet och heescht, datt wann een eppes braucht, datt een de Leit dat offe seet. An ech mengen, da maachen d'Leit mat.

Marc Linster: Dat do huet fonctionéiert, wat Dir elo beschriwwen hutt, an der Vergaangenheet wou et eis gutt gaangen ass. Mä wann et méi enk gëtt, denkt dann net jiddweree fir d'éischt u sech? Kuckt net jiddwereen dann emol fir d'éischt no sengen eegene Problemer?

Mars Di Bartolomeo: Et gëtt heiansdo esou gemaach wéi wa mir déi éischte Kéier zanter Mënschegedenken an eng Kris era kommen.

Marc Linster: Dir hutt gesot, et wier déi schlëmmst Kris vum Ufank [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Jo, ech ka mech awer och un eng erënneren déi grujeleg war, wou mir net déi Mëttelen haten, wou mir och net déi finanziell Situatioun haten, déi ech hautno matkritt hunn. Ech kommen aus enger Famill wou de Bop Mineur war a wou de Papp Schmelzaarbechter war. Do ass et ëm d'Zukunft vu bal 40.000 Famillje gaangen.

Dat war eng ähnlech Situatioun wéi haut. Do si mir, ech weess net, ob Dir Iech kënnt dorun erënneren, 1976 vun enger absoluter Héichkonjunkturzäit - dee beschte Kollektivvertrag vun allen Zäiten an der Stolindustrie ass ofgeschloss ginn - quasi vun engem Dag op deen aneren an eng total Stolkris era komm, wou d'Existenz vun deem Haaptwirtschaftssecteur hei zu Lëtzebuerg a Fro gestallt war a wou 10.000e vu Familljen, mat deenen déi hannerun der Stolindustrie nach houngen, a Gefor waren.

Mir sinn duerch déi do Kris komm. Mir haten d'Instrumenter net, mir hunn eis se ginn. Haut hu mir d'Instrumenter. Mir hate vill méi bescheide Mëttele wéi mir haut hunn. Mir sinn awer duerch komm. Haut, wann ech kucken, d'Kris ass zwar méi generaliséiert, mä dofir hu mir, als Avantage zu deem wat mir virdrun haten, e gutt performant Krisebekämpfungsinstrument, e wahnsinneg ausgebautene Sozialsystem. Erënnert Iech emol drun, wat an de leschten 30 Joer opgebaut ginn ass. Den RMG: wann ech mech ganz gutt erënnere war et e Sozialist deen d'Verantwortung mat hat fir dat opzebauen, et war de Benny Berg. D'Fleegeversécherung: eng sozialistesch Ministerin huet s’agefouert, d'Mady Delvaux. Mir hunn also e Sozialsystem dee vill méi performant ass, vill méi ausgebaut ass, dee vill méi integrativ ass wéi dat fréier de Fall war. An dofir soen ech: Jo, et gëtt net einfach, mir kréien nach haart Zäiten, mä, wann ech dat da mat engem Slogan vu menger Partei dierf ugoen, mir sollen et zesummen upaken. Da packe mir et och.

Marc Linster: Mä kucke mir emol d'Systemer vun der sozialer Sécherheet. A fänke mir do mat de Pensiounen un. Joerelaang huet et bei deene meeschte Sozialpolitiker geheescht, hei zu Lëtzebuerg wier kee Problem. Dat hutt Dir och ëmmer gesot. Elo op eemol warnen déi selwecht virun engem Gespenst vun der Rentemauer. Wat proposéiert Dir da konkret fir de Schock z'évitéieren, wann en dann nach z'évitéieren ass?

Mars Di Bartolomeo: Déi doten Duerstellung ass jo total falsch.

Marc Linster: Ou?

Mars Di Bartolomeo: Mir hunn ëmmer gesot, a mir soen dat och haut nach, datt mir e Pensiounssystem hunn, deen an enger exzellenter Gesondheet ass. Haut a muer an och iwwermuer, wou awer mëttelfristeg a laangfristeg ganz seriö Erausfuerderungen op en zoukommen.

Domat sti mir aneschters do wéi eis Nopeschlänner, well déi hunn haut déi Problemer voll, déi mir a 15 oder 20 Joer och voll kréien. Et ass eng falsch Duerstellung, datt mir net op Problemer hiweisen. Et ass och eng falsch Duerstellung, datt mir an eisem Pensiounssystem deem net Rechnung droen. Dir musst wëssen, datt mir eis Pensiounssystemer am 5-Joeresrhythmus oder am 7-Joeresrhythmus bilanzéieren, wou mir da soen, wou sti mir haut, wat kënnt muer, iwwermuer, iwwer-iwwermuer un Challengen op eis zou? Dem entspriechend reagéiere mir.

Ech wonnere mech, ech wonnere mech wierklech ëmmer dodriwwer, datt behaapt gëtt, mir géifen an déi Rentemauer era rennen. Well, an ech soen dat emol eng Kéier esou wéi ech dat denken, wann een elo 30 Joer oder 20 Joer näischt mécht fir déi Rentemauer, déi iergendwou steet, z'ëmfueren, Jo, da géife mir dra rennen. Mä eise Rentesystem, ech soen dat nach eng Kéier, huet net nëmmen e Gaspedal, mä huet och eng Renkel an huet och eng Brems. A wa mir intelligent déi Renkel an déi Brems gebrauche fi, datt et net explodéiert, da komme mir ouni Weideres laanscht déi Rentemauer.

Marc Linster: Wat heescht dat?

Mars Di Bartolomeo: Majo, dat heescht, datt mir dee Rentesystem am Ëmlageverfahren, datt mir un deene ville Schrauwen deen de Rentesystem huet mussen dréinen. Dat heescht, wa mir eng Liewenserwaardung hunn, déi all 10 Joer ëm mindestens 1 Jor steigt, da musse mir deem Rechnung droen. Mir mussen erëm zum Prinzip maachen, datt mir 40 Joer schaffe ginn, fir kënnen déi Joeren déi duerno komme gutt ze finanzéieren.

Just ee Wuert awer nach. Déi, déi gemengt hunn eise Rentesystem géif näischt daachen a mir missten en ersetzen duerch e Kapitaliséierungsverfahren, wou jiddweree Kapital fir sech op d'Säit leet fir seng Rent unzespueren an dat dann a Fonge placéiert, déi hunn an deene leschte Méint total Faillite erlieft. Ech wëll Iech just soen, datt an Amerika déi Leit déi deen dote Modell ugewend hunn, elo ufänke mat 65 Joer erëm schaffen ze goen. Well all hir Récklage fir zukünfteg Pensiounen, déi si wéi Seefeblose geplatzt. Rentefongen an Holland, an England sinn d'Baach erof gaangen. Dofir nach eng Kéier de Message: mir hunn am Moment e ganz zolitte Rentesystem, deen eis immens vill bréngt, elo grad an der Krisenzäit, well all deene Pensionéierten hir Revenuë grad a Krisenzäite op engem ganz gudden Niveau ofgeséchert sinn.

Mir hunn d'Méiglechkeet mat roueger Hand, mat killem Kapp déi Schrauwen ze dréinen, fir datt och fir eis Kanner de System krisefest bleift. An ech muss soen, jiddwereen, wann et da sollt eng Rentemauer ginn, jiddwereen huet Steng dodrop geluecht och déi déi haut soe si wieren déi eenzeg gewiescht déi virun der Rentemauer gewarnt hätten.

Marc Linster: Dir mengt domatter de Premier.

Mars Di Bartolomeo: Ech mengen domat déi virescht Regierung an déi virescht Majoritéit an dat virescht Parlament, well mir dat jo bal unanime mat enger eenzeger Stëmm gemaach hunn. An da soll och jiddweree seng Responsabilitéiten iwwerhuelen, fir déi Steng déi drop geluecht gi sinn, awer och fir d'Gas, fir d'Brems an d'Renkel ze benotzen, fir datt mir do dolaanscht kommen.

Ech si fest dovun iwwerzeegt, datt de lëtzebuerger Rentesystem, an och déi Leit déi en opgebaut hunn an déi haut dovu profitéieren oder muer dovu profitéieren, et wäert fäerdeg brénge fir dolaanscht ze kommen. An ech hunn es saat, datt ech Gesënnungsprozesser gemaach kréien, datt mir net op déi Risiken aginn. Mir ginn op déi Risiken an a mir wäerten eise Rentesystem, deen haut eng wichteg, wichteg Tromp ass, och als Tromp hale fir d'Zukunft.

Marc Linster: Merci fir dësen engagéierte Plädoyer. Mir kommen dann no enger kuerzer Paus an dem Journal nach op en anere vun Ären Dadaen zréck, d’Gesondheetskees.

[Noriichteniwwerbléck vum Carine Lemmer]

Marc Linster: Invité de Mëtteg am Background am Gespréich ass, wéi gesot, de Minister Mars Di Bartolomeo. Mir haten elo grad iwwer d’Rente geschwat.

En anere Lieblingsthema vun eisem Gaascht ass d’Gesondheetskees. Här Di Bartolomeo, wéi gesäit et dann dëst Jor mat dem finanziellen Équiliber aus? Kënnt Dir en Defizit ausschléissen?

Mars Di Bartolomeo: Neen, dee kann een ni ausschléissen.

Mir hunn an deene leschte 4 Joer den Equiliber gehalen, ënner gënschtege Viraussetzungen. Mir haten en Emploi deen zolitt an d’Lut gaangen ass, mä mir hunn awer och eng Démarche ageleet, mat de Partner alleguer zesummen, fir déi Moyenen déi mir hunn optimal ze notzen.

Wann Dir mech frot, wéi d’Situatioun vun der Gesondheetskees haut ass, da soen ech Iech ganz gären, datt se wesentlech besser ass, wéi dee Moment wou ech se iwwerholl hu vun der virëschter Regierung. Well do ware mir mat strukturellen Defiziter vun ëm 80 Milliounen d’Jor konfrontéiert. Mir hunn dee strukturellen Defizit mat den Acteuren, och mat den Assuréen zesummen, an de Grëff kritt, a mir hunn 2008 ëm en Equiliber ofgeschloss.

2009 riskéiere mir op méi dënnt Äis ze kommen, wann ech dat esou dierf soen, an dofir hunn ech vun Ufank un, vun der Quadripartite vum leschte Jor un, e ganz seriöen Appell un all Acteuren geriicht, déi déi verschreiwen an déi déi vun de Leeschtunge profitéieren, fir datt se suergfälteg mat deene Moyenen sollen ëmgoen.

Mä esouguer, à supposer datt mir a méi onroueg Gewässer erakommen, gëtt et fir mech keng Alternativ zu deem System, dee mir hei zu Lëtzebuerg hunn, dat heescht, fräien Zougank zu deene bescht méigleche Leeschtungen iwwer e solidaresche Finanzement, an datt mir, ier mir déi Leeschtungen a Fro stellen, un d’Leit eruginn, a se éischtens motivéiere fir de bon usage ze maachen, an zweetens, wa mir et brauchen, fir ebe mat ze hëllefe fir de Finanzement am Equiliber ze halen. Do sinn och zousätzlech Bäiträg net ausgeschloss, well dee System dee mir hunn, deen dierfe mir net uschneiden.

Wann Dir mech frot, wéi mir déi Krisenzäiten an deem do Beräich iwwerbrécken, dann ähnlech wéi an deenen anere Beräicher doduerch, datt mir de Leit mat Zäiten d’Wourecht soen, an datt mir zesummen déi Problemer upaken déi op eis zoukommen, ouni de System a Fro ze stellen.

Marc Linster: Wéi ass et da mat de Krankeschäinsautomaten? Ass do de Stecker definitiv erausgezu ginn, oder ass deen Dokter, dee suspendéiert gouf, en Eenzelfall?

Mars Di Bartolomeo: Mir sinn deenen déi Mëssbrauch maachen op der Spuer, net nëmme bei de sou genannte Krankeschäinsautomaten, mä insgesamt. Dofir war mir déi nei Gesondheetskees och esou wichteg, déi, wa se hir Kannerkrankheeten iwwerstanen huet, sech vill, vill besser opstellt, fir e richtegen Usage vun deene Mëttelen ze garantéieren an deenen op d’Fangeren ze klappen déi mengen, d’Gesondheetskees wier e Selbstbedienungsladen. Well dat sinn déi déi dee System futti maachen. Klammer op, Klammer zou: Mir haten deegweis bis zu 5.500 Uriff déi an der Zentral ukomm sinn, wou d’Zentral dann d’Rad geschloen huet.

Den Dokter dee mir aus dem Verkéier gezunn hunn, deen ass och nach wéinst aneren Ursaachen aus dem Verkéier gezu ginn. Mir si jiddwerfalls deenen op der Spuer, déi de System mëssbrauchen, Gefälegkeete wëlle maachen, an eigentlech doduerch de System a Fro stellen. A mir wäerten och net zécken, wa Leit sech zu Onrecht bedéngen, déi ordinair Tribunaler domat ze befaassen. Ob een e Vëlo klaut oder ob een d’CNS beklaut, ech weess net, wat do méi schlëmm ass.

Marc Linster: A wéi ass et da mat der Fleegeversécherung, musse mir do net mat enger Augmentatioun vun de Cotisatiounë rechnen?

Mars Di Bartolomeo: D’Fleegeversécherung ass ee vun deene Risiken, déi am Moment och krisesécher sinn.

An der Opbauzäit vun der Fleegeversécherung konnte mir Reserven uleeën. Vum Jor 2000 u sinn déi Reserven ugeknabbert ginn, an duerch déi Finanzéierungsreform, déi 2006 a Kraaft getrueden ass, konnte mir 2006, 2007, 2008 a wäerte mir 2009 zousätzlech Reserven uleeën, esou datt mir an deene quaglechen Zäite wou mir elo dra sinn, eis jiddwerfalls keng Suergen ëm d’Fleegeversécherung ze maache brauchen. Och wa mir och do mëttelfristeg musse fir Transparenz suergen, wéi déi Mëttele genotzt ginn. Do si mir amgaangen eng Démarche mat den Haiser ze maachen, fir datt dat geholl gëtt wat gebraucht gëtt, an net méi. An déi Qualitéitsapproche déi mir ageleet hunn, gëtt weider verstäerkt, iwweregens och am Gesondheetssystem wou de Contrôle qualité vill méi an de Virdergrond gesat gëtt.

Ech wëll just soen, an engem Wuert, d’Fleegeversécherung ass eng Success story, d’Zuel vun den Notznéisser huet sech an deene leschte Joere verduebelt. An, fir ze illustréieren, datt Sozialpolitik net nëmme kascht, mä och vill bréngt a Saache Liewensqualitéit, a Saache wirtschaftlech Entwécklung an a Saachen Emploi, ass an deem do Secteur, e wichtege Secteur, den Emploi innerhalb vun enger halwer Dose Joere verduebelt ginn. Dat sinn hausgemaachten Emploien déi sécher sinn, krisefest sinn. Dat muss een och eng Kéier ervirsträichen, wann een ëmmer jéimert, wat eise Sozialsystem kascht.

De Sozialsystem kascht vill mä e bréngt och enorm vill. Liewensqualitéit, sécher Emploien a wirtschaftlech Entwécklung kann een net op dee leschten Euro genee ausrechnen. Mä ech mengen awer, datt d’Wo sech hält, vun deem wat mir bezuelen an deem wat mir erauszéien.

Marc Linster: En anert Thema wat dës Woch an der Aktualitéit stoung: d’Reform vum Avortementsgesetz. Dir sot op eiser Antenne, ee vun de leschten Deeg, dës Legislaturperiod wier dat keen Thema méi, mä wéi ass d’Positioun vun der LSAP hei am Hibléck op déi nächste Wahlen?

Mars Di Bartolomeo: Ech hunn do eigentlech eng Binsenwahrheit gesot, well dës Legislaturperiod dauert nach just zwee Méint, an et ass net z’erwaarden, datt an deenen zwee Méint e Gesetz ausgeschafft, deponéiert a gestëmmt kéint ginn.

Wat net genuch erauskomm ass, dat ass, datt mir awer an dëser Period extrem vill an deem Beräich gemaach hunn. Éischtens hu mir d’Pillule du lendemain, déi verschreiwungsflichteg war, fräi ginn. Zweetens hu mir a Saache Préventioun all Secondaire-Schoule mat quasi gratis Präservativë konnten equipéieren. Drëttens hu mir dem Planning familial den Agrément gi fir kënne medikamentös Avortementen ze praktizéieren, an enker Zesummenaarbecht mat engem grousse Spidolszentrum. An dat ass vun der gesamter Regierung gedroen. A leschtens si mir amgaangen de Remboursement vu Contraceptifs fir jonk Leit ze garantéieren.

Wann Dir mech frot, wéi d’Meenung vun der LSAP ass, déi huet sech ni geännert, déi huet sech ni geännert. Mir waren och an de 70er Joere fir eng Fristëléisung, déi war deemools net duerchsetzbar, si ass zënterhier net duerchsetzbar gewiescht, mä d’Fristëléisung wäert och dës Kéier erëm an eisem Koalitiounsprogramm, an eisem Wahlprogramm drastoen, a mir wäerten déi Diskussioun och bei Koalitiounsverhandlunge féieren.

Wann aner Parteien elo den Avortement erëm an de Virdergrond stellen, wëll ech soen, datt och ënner där leschter Regierung ee vun de Partner an deem do Beräich kee Millimeter virukomm ass.

Ech mengen awer, datt d’Zäit komm ass, no 30 Joer, fir déi do Diskussioun erëm eng Kéier seriö ze féieren, jiddwerfalls awer dofir ze suergen, datt an allen Hisiichten d’Gesetz exekutéiert gëtt. Well och dat hei Gesetz huet eng ganz Rei vu Méiglechkeete fir deenen, déi an Détresse sinn, entgéint ze kommen. Mir hunn dofir gesuergt, datt dat Gesetz besser applizéiert gëtt, wéi dat an der Vergaangenheet de Fall war.

Marc Linster: Och e Fëmmverbued an Discoen an a Bistroë gëtt et net méi virun de Wahlen. Här Di Bartolomeo, wann Dir nom 7. Juni nach Gesondheetsminister sidd, ass et dann eriwwer an deene Lokaler mam Dämpen?

Mars Di Bartolomeo: Meng Meenung ass ganz kloer. Ech triede fir dampfräi Aarbechtsplazen an, ech trieden dofir an, datt och an den Discothéiken an och op aneren ëffentleche Plazen, dorënner Caféen, net soll gefëmmt ginn, well de Schutz vum Net-Fëmmert gewahrt muss sinn.

Ech hätt dat och schonn an dëser Period gemaach, mä dofir brauch een 31 Stëmmen. Mir hunn an der Tëschenzäit e "Plan tabac" mat de Leit vum Terrain ausgeschafft, an ech erwaarde mir, datt an de Wahlprogrammer d’Parteien alleguer Faarf bekennen, an datt déi do Fro bei Koalitiounsverhandlungen definitiv ka geregelt ginn.

Marc Linster: Stéchwuert Shoppingzenter Wickreng, wou jo och an de leschten Deeg nees vill geschwat gouf. Mir haten och an den Neiegkeeten nach rieds dovunner, wou mir gesot hunn, de Guy Rollinger, deen de Shoppingzenter Wickreng plangt, deen hätt gesot, et hätt vun der Regierung aus ni ee mat him geschwat an där ganzer Saach.

De Jeannot Krecké léisst eis elo matdeelen, hie selwer hätt mam Guy Rollinger geschwat, an déi Nouvelle, datt kee sech mam Här Rollinger ënnerhalen hätt, déi wier also falsch. Wat ass dann do mat deem Hick-Hack?

Mars Di Bartolomeo: Mäi leschten Informatiounsstand ass, datt all déi betraffe Parteië bereet sinn, eng Solutioun ze fannen déi der Landesplanung gerecht gëtt, awer och der Ekonomie an den Aarbechtsplaze. Ech war och e bëssen iwwerrascht iwwer déi Aussoen déi gemaach gi sinn, well ech d’Impressioun hat, datt déi betraffe Parteië ganz konstruktiv zesumme schaffen, fir eng Regelung ze fannen. Ech war selwer net bei deene Gespréicher dobäi, mä ech hu mäi Kolleg a Frënd Jeannot Krecké, nach ni bei enger Onwourecht ertappt.

Marc Linster: Komme mir dann nach bei d’Koalitioun. Sidd Dir zefridde mat der Zesummenaarbecht mat der CSV déi lescht 5 Joer?

Mars Di Bartolomeo: Wann ee kuckt wat de Bilan vun dëser Koalitioun ass, da muss ee soen, datt an där Koalitioun ganz gutt zesumme geschafft ginn ass, mat deenen Nuancen, déi et an zwou politesche Familljen ebe gëtt, wann ech dat un zwee oder dräi Beispiller dierf illustréieren.

Ech mengen net, datt et an enger Koalitioun en Eenheetsstatut ginn hätt. Dee Courage an dat Duerchhaleverméige verlaangt huet, Solidaritéit an der ganzer Regierungséquipe a virun allem eng ganz grouss Solidaritéit tëscht deenen zwee déi un der, wann ech dat Wuert dierf gebrauchen, un der Front stoungen, mäi Kolleg de Biltgen s Fränz, an ech.

Dann, als zweet grousst Beispill, d’Schoulreform. Ech mengen, do ass e ganz grousse Worf gegléckt, deen och an enger Krisesituatioun enorm wichteg ass. Well no der Kris kënnt eng nei Zäit, an do musse mir, wat d’Ausbildung ugeet, optimal opgestallt sinn. Dat hei ass eng fundamental Reform, déi net nëmmen de Primär-Unterrecht wäert betreffen, déi net nëmmen den Enseignement professionnel betrëfft, mä wou Reformen ofgeleet wäerte ginn an de Secondaire, an de Secondaire Technique, déi och extrem noutwenneg sinn.

Wéi wichteg a wéi erwaart déi Reform war, dat beweist d’Mady Delvaux bei deenen Informatiounsversammlungen, déi et am Moment mécht. Ech ka mech net erënneren, datt e Politiker systematesch Säll vu 400 bis 500 Leit gefëllt hat bei enger Reform wéi déi do. Et ass ëmmer vu "Juncker on Tour" geschwat ginn, hei ass d’ "Mady on Tour", an d’Mady, ech soen dat esou well ech ganz vill Respekt hu virun der Aarbecht vum Mady Delvaux, d’Mady huet hei eng formidabel Aarbecht gemaach, an hat ganz vill Iwwerzeegungsaarbecht ze maachen. Déi Reform ass zustane komm, am Endeffekt, well och déi Koalitioun zesumme gehalen huet.

Dat soll net doriwwer ewech täuschen, datt mir an enger Rei vun Dossieren och divergéierend Positiounen haten, mä ëmmer d’Kraaft hate fir dann eng gemeinsam Solutioun ze fannen. Ech mengen, déi Koalitioun hei huet eng gutt Aarbecht gemaach. Mä ech erwaarde mir [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Also deemno: "Weiter so"!

Mars Di Bartolomeo: Neen, ech mengen, et ass kee vun eis, dee Koalitiounsaussoe wäert maachen. Ech wëll just soen, datt d’LSAP, d’sozialistesch Ministeren, an déi Équipe hannendrun, an dëser Regierung op Aenhéicht mam Koalitiounspartner geschafft hunn. Ech hunn déi politesch Landschaft zënter de 70er Joere verfollegt. Ech hu vill Regierunge konnte mat beobachten. An dëser Regierung ass et kee Juniorpartner ginn.

Dat wat ech mir erwaarden, dat ass, datt mir déi Aenhéicht, déi mir an der Praxis haten an dëser Regierung, och esou wäit wéi méiglech erëmfannen, wa mir de 7. Juni wiele ginn. Wann ech feststellen, datt dës Regierung eng Zoustëmmung huet vu 74%, datt d’CSV eng Zoustëmmung huet vu 36%, vu 36% op 74% ass eng Differenz, do muss also nach en Anere Mériten drun hunn. Ech wëll elo net wëssenschaftlech Analysen dozou maachen, mä kommt mir deelen eis dat, da kritt d’CSV 1% bäi a läit op 37% Zoustëmmung, an der LSAP an der Regierung gi mir dann och 37% Zoustëmmung.

Marc Linster: Eise Gaascht dierf sech bekanntlech ëmmer e Lidd wënschen.

Ech fannen dat Lidd esou schéin, seet de Mars Di Bartolomeo, an dach hat hie mir fir d’éischt en anert uginn.

Mars Di Bartolomeo: Jo, ech sinn ëmmer gedeelt, wann ech gefrot gi wat ass mäi Lieblingslidd, ass et "Here comes the sun" vun de Beatles, oder "Those were the days of our lives" vu Queen?

Ech hat op een Hoer "Here comes the sun" geholl, well, wann et e bësse méi däischter dobaussen ass, da soll ee sech op déi Zäit freeë wann d’Sonn erëm kënnt. Et ass e Lidd dat mech ni lassgelooss huet, aus de 60er Joeren. Et ass e Lidd wou net vill Technik gebraucht gëtt, wat vun de Beatles bruecht gëtt, an a mengen Aen nach ëmmer dat Gréisst ass wat déi modern Musik erausbruecht huet.

An dann dat zweet, "Those were the days of our lives", ass och bal grad esou optimistesch wéi "Here comes the sun". Et ass eent vun deene ënnerschatene Lidder vu Queen, an de Freddy Mercury bléckt op déi schéin Zäiten zréck, wou ee jonk war, wou ee keng Problemer hat, wou alles schéi war. An op där anerer Säit weist et e Freddy Mercury, dee vun der Krankheet gezeechent war, dee wosst, datt e géing stierwen, mä deen duerchgehalen huet bis zum Schluss. Et ass e Lidd dat Courage ausdréckt, an och vun engem Groussen aus der Popmusek bruecht ginn ass.

Dofir also zwou optimistesch Noten zum Schluss, well wann een eppes Schlëmmes wëll ugoen, packt een et besser wann een dat mat Optimismus mécht, wann een dat mat Iwwerzeegungskraaft mécht, wann een dat mat Motivatioun mécht.

An ech soen ëmmer, wann eng Dampwalz kënnt an et bleift ee stoen, da fiert se iwwer een, an dann ass ee platt. Et ass awer och d’Méiglechkeet, datt een op déi Dampwalz do klëmmt, datt een de Schlëssel emdréint an da bleift se stoen. Voilà.

Marc Linster: D’Leit wäerten déi optimistesch Wierder do an dëse Krisenzäite sécherlech mat Freed héieren hunn. Domat si mir dann och um Enn vun eiser Emissioun ukomm. MDB, wéi Dir och aus Ärer journalistescher Zäit nach genannt gitt, Merci fir de Besuch am Studio.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact