|
Corinne Folscheid: Et sinn also ganz vill Suen zesumme komm. Allerdéngs ka mat Suen alleng de Friddensprozess am Noen Osten net relancéiert ginn. Sidd Dir zefridde mam Resultat?
Jean Asselborn: Jo, Dir hutt ganz Recht. Mat Suen alleng ass dat do net ze bewältegen, soss wier et scho laang geschitt. Mä gëschter war de Geescht wéinstens ze spieren, zu Sharm el Sheikh, datt d'international Communautéit – et waren iwwer 70 Länner do, Dir wësst den UNO-Generalsekretär war do, d'Weltbank war do an esou wieder – e ganz kloert Signal gesend huet un, mengen ech, 3 Acteuren.
Dat éischt dat sinn d'Palästinenser, wou ganz kloer de Wonsch ausgedréckt ginn ass, datt se ganz vill Efforte misste maache fir sech ze reconciliéieren, net nëmmen eng Regierung fäerdeg ze bréngen, dat wier jo d'Zil bis den 30. Mäerz, mä datt d'Palästinenser och an d'Déift eran erëm musse kucken, datt se wierklech ee Vollek wëlle sinn, an datt och do net déi Spaltung déi do ass, déi Doudfeindlechkeet, déi heiansdo besteet, datt déi ofgebaut gëtt.
An dat zweet, dat ass un d'Araber selwer, do ass och ganz kloer gesot ginn, datt d'Araber net kënnen op 2 Schinne fueren, datt se sech mussen entscheede fir wierklech de Friddensprozess z'ënnerstëtzen.
An drëttens und d'Israelien. Et war keng Konferenz géint Israel, doudsécher net, mä et huet mir och gefall, déi nei Ausseministesch vun Amerika, déi ganz kloer de Message ginn huet un Israel, wéi vill Länner, wéi praktesch alleguerten d'Länner, datt militäresch Optioune keng gutt Optioune si fir eng Léisung ze fannen a fir d'Sécherheet vun Israel ze garantéieren. An deem Sënn war et eng gutt Konferenz. Natierlech muss een déi Hoffnung déi jiddwereen do hat a jiddwereen och huet, mat der Realitéit vergläichen an déi ass net einfach mat Optimismus carrément ze definéieren.
Corinne Folscheid: Dir sot, et ass e wichtegt Signal gesat ginn, mä mengt Dir dann och, datt dat Signal op der richteger Plaz ukomm ass? Oder iwwerhaapt je wäert ukommen?
Jean Asselborn: Also, ech mengen et as kloer un d’Palästinenser ukomm, do sinn ech iwwerzeegt dovunner. Natierlech, den Haaptacteur, zum Beispill a Gaza, dee war net vertrueden: d’Hamas war net vertrueden.
Mä wann ee mat de Palästinenser schwätzt dann ass dach e gewëssent Mooss vun Optimismus do, datt déi déif, déif Spaltung tëscht de Palästinenser selwer, datt déi kann iergendwéi an d'Hand geholl ginn a gekuckt ginn zu enger zougefouert ze ginn. Dat ass mengen ech, eng Affär déi net an engem Mount geschitt, dat geet och net duer, datt eng Iwwergangsregierung oder eng Reconciliatiounsregierung opgebaut gëtt, mä et muss een do kucken, an der Déift, wéi d'Wonnen do kënne geheelt ginn.
Corinne Folscheid: Iwwer 4 Milliarden Euro sinn also zesumme komm. Lëtzebuerg bedeelegt sech mat 22 Milliounen. Dat ass jo och elo net grad näischt. Et ass och liicht méi wéi Lëtzebuerg nach am Dezember 2007 op der Donateurskonferenz zu Paräis annoncéiert hat. Wat geschitt dann elo konkret mat deene Suen?
Jean Asselborn: Déi meescht Gelder ginn un international, virun allem och UNO-Organisatiounen. D'UNO war et zum Beispill déi sech ëm d'Flüchtlinge bekëmmert, mä och aner international Organisatiounen. Ech mengen, déi bilateral Kooperatioun a Gaza ass onméiglech gi fir vill Länner. Déi meescht Länner setzen elo just op eben déi international Organisatiounen, virun allem d'UNO.
Et gëtt een Instrument mat deem d'Europäesch Unioun schafft, dat ass PEGASE. Dat ass e komplizéierten Terme, mä dat ass och en Instrument wou ee wierklech efficace ka Garantien hunn, datt déi Suen op déi Plaz komme wou se gebraucht ginn, nämlech deem ville Misère, deem ville Leed vun de Leit a Gaza ze hëllefen.
Natierlech, wa Gaza an där Situatioun bleift wou et elo ass an net opgemaach gëtt; wann d'Leit keng Zillen era kréien a keen Zement era kréie fir hir Haiser erëm opzebauen ass et eng onméiglech Situatioun. A just dat ass och ee Punkt, wann de Status quo, wat wierklech keng Optioun ass, wann deen nach bleift, nach Wochen a Méint bleift, dann ass eng negativ Dynamik a Gaza net ausgeschloss an da weess een net, ob dann net erëm eng Kéier en neie Konflikt ka kommen.
Dofir ass et wichteg, datt e Signal un Israel och gaangen ass fir wierklech ze kucken, datt déi Leit déi a Gaza liewen, datt déi aus deem Prisong do eraus kommen, datt se sech kënne bewegen, datt Rafah opgemaach gëtt, datt aner Punkten opgemaach ginn. Well anerefalls sinn ech net gudder Hoffnung, datt dat doten dann déi leschte Kéier war, datt Gewalt huet missten ugewend ginn, oder Gewalt ugewend ginn ass géint all Regele vum internationale Recht.
Corinne Folscheid: Bleift deemno ofzewaarden. Här Asselborn, villmools merci fir d'Explikatiounen.
Jean Asselborn: Merci, Madame Folscheid.
|