|
Fränk Goetz: Wéi schlëmm ass d’Situatioun?
Jean-Claude Juncker: Si ass schlëmm.
Fränk Goetz: Méi schlëmm wéi Dir jee eng Kéier gefaart hat?
Jean-Claude Juncker: Ech muss soen, datt ech all Dag dobäi léieren, a jee méi ech mech informéieren, a jee méi Informatioune mir zougedroe ginn, och als President vun der Eurogrupp, ëmsou méi besuergt sinn ech.
Ech war gëschter op der Sëtzung vun der Europäescher Zentralbank zu Fränkfurt, an ech sinn do mat Zuele confrontéiert ginn, déi mech net total iwwerrascht hunn, mä déi mech awer besuergt gemaach hunn, well d’Europäesch Zentralbank dovun ausgeet, datt de lëtzebuerger Wirtschaftswuesstëm sech am Jor 2009 net nëmmen ëm 0,9% no ënne bewegt, wéi d’Europäesch Kommissioun gemengt huet, mä ëm 3%. Well d’Europäesch Zentralbank seet, mir géifen e Budgetsdefizit vun 1,8%, an net, wéi mir an d’Kommissioun gemengt hunn, vun 0,6% am Jor 2009 kréien.
All Noriicht déi ee kritt ass méi schlecht wéi déi virlescht Noriicht déi een hat, an dat mécht mech net nervös mä besuergt.
Fränk Goetz: Dir waart jo awer ni waarm, wann et ëm Prognosë gaangen ass. Gleeft Dir dann drun, datt déi 3% do méiglech sinn, déi d’Zentralbank virausseet?
Jean-Claude Juncker: Ech muss éierlech soen, ech hu Schwieregkeeten ze gleewen, datt d’lëtzebuergesch Wirtschaft sech ëm 3% géif zréck entwéckelen.
Ech hunn awer e puer Mol gesot, och an deene leschte Wochen, géint vill Bedenke vu villen déi nokucken, datt ech géif mengen, datt dee groussen Impakt vun der Wirtschaftskris, an d’Verlängerung vun der Finanzkris, eréischt an der zweeter Joreshalschent kënnt, op Lëtzebuergesch iwwersat, no de Wahlen, mä dat ass en Detail. An alles dat wat ech gesinn hu bestärkt mech an där Meenung, datt dat duerchaus kéint geschéien. Mä ech wëll net all Politik opbauen op déi schlechtesten Hypothesen, mä ech fannen et méi virsiichteg se op schlecht Hypothesen opzebauen. Dat ass dat wat mir haut gemaach hunn.
Fränk Goetz: Wéi dramatesch gesitt Dir dat do dann op, zum Beispill, eisem Aarbechtsmaart?
Jean-Claude Juncker: Ech maache mir grouss Suergen ëm eisen Aarbechtsmaart. Mir hu gemengt, mir géifen am Jor 2009 nach nei Aarbechtsplaze schafen. D’Europäesch Zentralbank mengt – ech menge si iwwerdreift dat e bëssen, mä ech kann dat awer net beweisen – datt mir Aarbechtsplaze géife verléieren an dësem Jor an och am nächste Jor. Mir hate gemengt, dëst Jor géife mir der nach schafen an d’nächst Jor géife mir bei 0% Expansioun vum Aarbechtsmaart bleiwen. D’Aarbechtslosegkeet wäert ouni all Zweiwel klammen, wahrscheinlech an der zweeter Halschent vum Jor méi wéi an der éischter Halschent vum Jor.
Fränk Goetz: Här Juncker, nach awer ass d’Kris net eriwwer, mä voll amgaangen. A fir eis Ekonomie ze stäipen huet d’Regierung also, wéi gesot, haut e Konjunkturprogramm décidéiert, an dat an Héicht vun insgesamt 1,2 Milliarden €. Par rapport zum Budget 2009 sinn dovunner 665 Milliounen € nei Mesuren, an dës emfaassen Erliichterunge fir privat Leit an och fir Betriber.
[Reportage vum Joëlle Hengen a Monique Kater]
Interview vum Frank Goetz
Fränk Goetz: Här Juncker, iwwer 600 Milliounen € méi wéi am Budget fir 2009 virgesi war. Déi berühmte Fro ëmmer: wou huele mir déi Suen hier?
Jean-Claude Juncker: Onofhängeg vum Detail vun de gewisene Chifferë muss ee soen, datt de Gesamtkonjunkturpak – wann ech zesummeleeë wat mir d’lescht Jor beim État de la Nation, wou mir jo scho lues a lues a Krisëgewässer komm sinn, beim Budget an elo décidéiert hunn – 1 Milliard 228 Milliounen € ausmécht, dat sinn 3,24% vun eisem Bruttoinlandprodukt. Dat ass also ongeféier dat Duebelt wéi dat, wat d’Europäesch Unioun all Memberstaat gefrot huet ze maachen, als Arsenalmoossname géint d’Wirtschaftskris. Vun deene Moossnamen, vun där 1 Milliard 228 Millioune, sinn der, wéi gewisen, 655 Milliounen nei. Dat ass nach eng Kéier 1,75% aus deenen 3,24% Bruttoinlandprodukt fir an d’Wirtschaft eran.
Mir mussen dat finanzéiere well soss kréie mir d’Wirtschaft net stabiliséiert. Mir kréien d’Konjunktur jo net relancéiert zu Lëtzebuerg, mir sinn ze kleng fir en eegestännegt, nationalt, heiheem gemaachent Wuesstëm z’organiséieren. D’lëtzebuergesch Wirtschaft fonctionnéiert net esou, si hänkt wesentlech of vun deem, wat vu bausse kënnt, a vun deem wat mir no bausse kënne ginn. An no bausse kënne mir nëmmen exportéiere wann d’Wirtschaft an der Welt fonctionnéiert. D’Weltwirtschaft brécht zesummen, Rezessioun ass iwwerall, eis Nopeschlänner sinn a relativ déiwer Rezessioun.
Also kënne mir net eege Wuesstëmskräfte mobiliséieren, mir musse kucken, wéi komme mir iwwer d’Joeren 2009, 2010, wahrscheinlech och déi éischt Halschent 2011 esou ewech, datt mir de Chômage am Grëff behalen? Am Grëff behalen heescht net, datt en net zouhëllt.
Wéi komme mir iwwer déi Period ewech? Andeem mir eis produktiv Kapazitéiten hei am Land halen, d’Leit an der Aarbecht bleiwen, d’Betriber net fréizäiteg zoumaachen.
Dorop hu mir eis konzentréiert, dofir hu mir supplementär Steiermoossname gemaach, supplementär Moossname fir de Wunnéngsbau, supplementär Investissementer vun der Post, supplementär Zukunftsinvestissementer am Beräich vun den Informatiounsautobunnen an d’Virzéie vu ville Chantieren an d’Jor 2009, déi mir eréischt fir 2010 an 2011 geplangt haten, oder an d’Jor 2010, déi mir 2011 an 2012 geplangt haten. Dat zesumme gëtt eise Betriber Aarbecht.
Méi kënne mir als lëtzebuerger Politik net leeschten. Mir kënnen Afloss huelen op dat wat am Eurogrupp geschwat gëtt. Mir kënnen Afloss huelen op dat wat an internationale Gremië geschwat gëtt, mä, wësst Dir, de lëtzebuergeschen Afloss an deene Gremien, deen ass jo trotz allem limitéiert.
Mir maachen eist Bescht, a mir maachen dat am Accord, esou hunn ech verstanen, mat de Fraktiounen aus der Chamber, an och am Accord mat de Sozialpartner, déi ganz d’accord sinn, datt mir elo kee sozialen Ofbau maachen – dat wier net gutt fir d’Konjunktur, dat wier net gutt fir d’Kafkraaft – an datt mir probéieren, datt de Staat, wéi soll ech soen, an déi „Nachfragelücke“, an déi Absence vu privater Demande, déi mir riskéieren ze kréien, aspréngt. De Staat spillt seng Roll.
Fränk Goetz: Et geet jo also drëm, gestäerkt aus där Kris och eraus ze kommen. Wéi gesäit et mat der Verschëldung aus, déi Joeren no der Kris?
Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt d’lëtzebuergesch Verschëldung dramatesch zouhëllt. Mir hu se quasi verduebelt, muss ee soen, duerch déi Interventiounen déi mir am Secteur vun de Banken hu misse maachen. Hei kënnt et elo nach eng Kéier zu enger Defizitausweidung, an et kënnt prévisiblement, zu engem, minimalen, Uklamme vun der ëffentlecher Verschëldung wéinst dësem Konjunkturpak.
Mir hunn déi aussergewéinlech Chance, d’Europäesch Kommissioun huet dat och bei der Kommentéierung vum lëtzebuerger Stabilitéitsprogramm dës Woch gesot, datt mir et fäerdeg bruecht hunn iwwer déi lescht 20 Joer d’ëffentlech Schold niddereg ze halen. Respektiv, wa s’an d’Lut gaangen ass, se méi séier a bestëmmte Perioden zréck ze bezuelen.
Mir hunn et fäerdeg bruecht, ech wëll dat soen, duerch déi Moossnamen déi mir 2006 an der Tripartite an an der Chamber, insofern wéi et Gesetzer gi waren, getraff hunn, eis Budgetsmargen ze ginn vun deene mir elo kënne profitéiere fir an der Kris dogéint ze halen. Mir wäerten haut an engem Jor eent vun deenen 3, 4 Länner aus der Eurozon sinn, déi net iwwer 3% Budgetsdefizit leien, während 12, 13 Länner wahrscheinlech wäerte sech musse mat Prozedure ronderëm hiren exzessivë Budgetsdefizit geheien.
Duerch déi Zréckhalung an der Vergaangenheet, duerch dat staarkt Intervenéieren am Jor 2006, wou mir Budgetsdérapagë fir d’Zukunft evitéiert hunn, hu mir eis Margë ginn, an hu mir eis ëffentlech Schold, mat Ausnam vun deem Bankenaspekt deen ech beschriwwen hunn, relativ niddereg gehalen.
Mir sinn dat Land an der Eurozon mat där nidderegster Schold, a mir wäerten dat Land bleiwen, op ee Jor gekuckt, mat deem zweet-nidderegste Budgetsdefizit. Ech wier awer léiwer dat Land mat deem nidderegste Budgetsdefizit. Ech sinn net frou iwwer déi Situatioun, mä wa mir verhënnere wëllen, datt vill Leit a Chômage kommen, wa mir vill Faillitë vu Betriber wëlle verhënneren, wa mir eigentlech Misère, soziale Misère an ekonomesche Misëre wëlle verhënneren, da musse mir e bësse méi Defizit maachen – fir mäi Gefill esouguer e bësse vill, mä dat muss sinn – fir datt d’Situatioun einegermoosse geuerdent bleift. Dat heescht, datt méiglechst wéineg Leit hir Aarbecht verléieren, an datt méiglechst wéineg Betriber an inexplikabel Problemer erakommen.
Fränk Goetz: A sech kann ee jo eng Parallel zu private Stéit hirstellen, andeem datt ee seet, datt d’Leit jo elo duerch Moossnamen, duerch méi niddereg Scholdzënsen, méi Suen hu wéi virdrun. Wat sollen d’Leit da maachen? Déi Reserven uleeën, oder déi méi Kafkraaft asetzen, Ärer Meenung no?
Jean-Claude Juncker: D’Leit hunn duerch déi Steiermoossnamen déi mir geholl hunn, am Budget an no dem Budget, duerch d’Erhéijung vum Mindestloun, duerch d’Erhéijung vum Ajustement vun de Renten a vun de Pensiounen, duerch d’Aféierung vu Rentnerfräibeträg, déi a Steierkreditter ëmgewandelt gi sinn, a vum Arbeitnehmerfräibetrag deen an e Steierkredit ëmgewandelt ginn ass – alleng déi déi e klengt Akommes bezéie kréien do duerch; Arbeitnehmerfräibetrag; Steierkredit; 55 Milliounen netto Kafkraaft bäi; kréien hir Kafkraaft en fait erhéicht, an d’Inflatioun ass niddereg. Dat heescht, och d’privat Stéit hunn, mä ech weess, datt der vill vun hinne schlecht dru sinn, Margë bäikritt.
Mäi Wonsch wier, mä Befehlsgewalt hunn ech an deem Beräich net, datt d’Leit net onnéidegerweis spueren, obscho se d’Angscht hunn, datt d’Zukunft méi schwéier gëtt – ech verstinn dat ganz gutt als Reflex – mä datt mir consomméieren.
Mä ech stelle fest zu Lëtzebuerg, och am Februar 2009, datt eis TVA-Recette grosso modo d’selwecht ass wéi am Februar 2008. Dat heescht, datt se zréckgeet, well mir hate mat méi gerechent. Mä si geet net esou zréck wéi am Ausland, well do sinn d’Niveauë vun de Recettë vun der TVA, also vun der Konsumsteier drastesch méi niddereg wéi d’lescht Jor, bei eis ass dat nach net esou. Ech mengen, datt d’Leit sollen, esou wéi d’Lëtzebuerger sinn, roueg bleiwen, e kille Kapp behalen, normal consomméieren, net onnéideg spueren, an, jo, sech wéi Lëtzebuerger behuelen.
Fränk Goetz: Här Staatsminister, villmools Merci fir de Besuch haut am Studio.
Jean-Claude Juncker: Ech soen Iech Merci.
|