Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Mars 2009 > Le Premier ministre, Jean-Claude Juncker au sujet des conclusions du Conseil européen, les 19 et 20 mars à Bruxelles

Interview
Le Premier ministre, Jean-Claude Juncker au sujet des conclusions du Conseil européen, les 19 et 20 mars à Bruxelles
"RTL Télé Lëtzebuerg" du 23-03-2009

Vers le niveau supérieur

Jean-Claude Juncker: Mir hu jo zanter Wochen däitlech gemaach, datt e Land wat d’europäesch Regele respektéiert an e Land wat och elo bereet ass, no grëndlecher Préifung vun de Gesamtzesummenhäng, d’OECD Standarden a Saachen Duebelbesteierungsofkommes z’applizéieren, net op esou eng Lëscht gehéiert. An ech hu mech zanter Wochen, zesumme mat menge Kollegen, beméit, jiddwereen dovun z’iwwerzeegen an an deene leschten Deeg staark insistéiert, bei eisen éischten Noperen, Däitschland a Fränkräich, datt mir dat als e séier onfrëndlechen Akt géife begräifen.

Fränk Goetz : Wann dann elo an de Verhandlungen iwwer d’Zënsbesteierungsdirektiv d’Unioun eventuell méi wäit wëll goe wéi déi OECD-Regelen, wéi reagéiere mir dann doropper?

Jean-Claude Juncker: Dat ass eng Debatt déi jo eréischt kënnt. Mir hunn elo e Schrëtt gemaach. Mir mengen aus heiteger Siicht net, datt een e Schrëtt méi wäit kéint goen. Mir hu vill Elementer an där Verhandlungsronn déi do kënnt – an der zweeter Halschent vun dësem Jor gesinn ech déi kommen – op den Dësch ze leeën, wou och aner sech Länner wäerten a schwiereg Gewässer erabewegen.

Mir sinn der Meenung, datt déi britesch Trusts, beispillsweis, mussen an den Uwendungsberäich vun der europäescher Zënsdirektiv kommen. Ech sinn der Meenung, datt een eng Kéier muss iwwer de System schwätzen, deen doranner besteet fir verméigend Auslänner op säin Territoire unzezéien, andeem ee si net besteiert. All déi Froe mussen an deenen nächste Méint diskutéiert ginn.

Fränk Goetz: De Sträit ass och geléist ginn, datt ee 5 Milliarden aus dem EU-Budget hëllt fir d’Ekonomie nees unzekuerbelen. Dir hutt virdru gesot, all Land kann dovu profitéieren. Wéi ass et do mat Lëtzebuerg?

Jean-Claude Juncker: Fir d’éischt muss een emol soen, datt déi Décisioun iwwer déi 5 Milliarden EU-Budgetshëllef am Kader vun den europäesche Konjunkturpäck, an déi huet sech jo laang higezunn, eng relativ bescheiden Affaire ass. Mir hu Konjunkturpäck fir 400 Milliarden Euro lafen, fir 3,5% vun dem europäesche Bruttoinlandprodukt. An deene 400 Milliarde sinn déi 5 Milliarden, iwwer deenen hir Verdeelung mir eis net eens gi waren an iwwer deenen hire Finanzéierungsopbau sech net konnt geeenegt ginn. Déi Eenegunge sinn elo fonnt ginn. Déi 27 Länner vun der Europäescher Unioun kënne vun deem Programm profitéieren, och Lëtzebuerg.

Fränk Goetz: D’Kris gëtt jo ëmmer méi zu enger sozialer Kris, och wa mir gesi wat den Ament bei Villeroy & Boch geschitt. Wat mengt Dir, wéi kann een an der Unioun, och vun de Strategien, zesumme besser nach reagéieren op déi sozial Säit?

Jean-Claude Juncker: Ech halen et emol fir wesentlech, datt ee begräift, datt déi Konjunkturpäck vu 400 Milliarden Euro, plus déi enorm héich Sommen déi mir ënner Form vun direkter Geldzuwendung, respektiv vu Garantien iwwerhuelen, an de Bankesecteur investéiert hunn, der Beschäftegung dingen.

Dat geschitt jo, fir datt d’Ekonomie erëm dréint, a fir datt d’Beschäftegung sech erkritt. Dofir ass dat wat mir bis elo gemaach hunn, a virun allem déi Konjunkturpäck, een Elan deen tatsächlech och sozialpoliteschen Ustréch dréit.

Et geet elo drëm, fir an der eigentlecher Beschäftegungspolitik selwer ze gesinn, wéi een europäesch Beispiller déi Succès hate kéint an aner Länner iwwerhuelen. Mir mussen ënnertenee kucken, wéi eis Systemer vu Chômage partiel fonctonéieren, wéi se remuneréiert ginn. Mir mussen däitlech maachen, datt déi Leit déi a Kuerzaarbecht si mussen d’Méiglechkeet offréiert kréien, iwwerall an Europa Formatiounsprogramme ze hunn, fir hir Qualifikatioun ze verbesseren a fir besser Chancen um Aarbechtsmaart ze hu wann d’Reprise enges Daags erëm do ass. Dat ass een Ensembel.

Fränk Goetz: Här Staatsminister, villmools Merci.

Jean-Claude Juncker: Merci och.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact