Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Mars 2009 > Jean-Louis Schiltz au sujet de la politique de coopération et de l'aide au développement

Interview
Jean-Louis Schiltz au sujet de la politique de coopération et de l'aide au développement
"RTL Télé Lëtzebuerg" du 24-03-2009

Vers le niveau supérieur

Mariette Zenners: Muer maacht Dir Är Declaratioun an der Chamber iwwer d'lëtzebuerger Kooperatioun. Ass et eigentlech schwéier, a Krisenzäiten d'Leit z’iwwerzeegen, datt et Aneren nach vill méi schlecht geet wéi eis?

Jean-Louis Schiltz: D'Kooperatioun ass a Krisenzäiten eppes wat méi néideg ass wéi je. Mir sinn hei an enger schwéierer Kris. Et trefft der ganz vill. Et trefft eis alleguer. Mä mir hu Fileten wou d'Leit opgefaange ginn, wou mir kënne Saache maachen, d'Regierung steiert dogéint. An Entwécklungslänner ass dat net esou. Do ginn et keng Sozialsystemer, do ass d'Kris also nach vill méi séier wéi se sech breet mécht.

Mariette Zenners: Dat hescht, d'lëtzebuerger Regierung wäert op kee Fall Efforten a punkto Kooperatioun no ënne revidéieren.

Jean-Louis Schiltz: D'Kooperatioun ass en Investissement an d'Zukunft. Et kann net sinn, datt mir a Krisenzäiten elo op eemol géife soen, mir vergiessen déi déi scho joerelaang näischt hunn, déi Honger leiden, déi keen Daach iwwer dem Kapp hunn. Et ass am iwweregen enger afrikanescher Mamm, déi 3 kleng Kanner huet, déi 5 Deeg laang näischt z'iesse kritt hunn, net ze vermëttelen, datt mir Geld hu fir hei eis Ekonomie ze stabiliséieren, mä datt, wann et ëm si geet, déi joerelaang näischt huet, datt dann op eemol näischt méi do wier.

Ech wëll hei net falsch verstane ginn. Natierlech ass et wichteg, datt mir hei eis Ekonomië stabiliséieren, mä et muss awer och eppes do si fir no deenen Äermste vun deenen Aarmen ze kucken. D'Proportioun ass jo ëmmer déi, datt wa mir 100 Euro Räichtum erwirtschaften, ass 1 do fir déi déi näischt ze räissen an ze bäissen hunn. Dat schéngt mir och a Krisenzäiten adäquat ze sinn, net nëmmen hei zu Lëtzebuerg, mä doriwwer eraus och an Europa.

Mariette Zenners: Mir hunn et grad virdrun am Reportage héieren, d'LSAP reecht muer eng Gesetzespropositioun eran, mat där d'Gesetz iwwer d'Kooperatioun vun 1982, wat 1996 wuel erneiert gouf, soll nach méi de moderne Gegebenheiten ugepasst ginn. An d'Sozialiste géifen och, wa si an Ärem Ministère d'Responsabilitéit hätten, déi 1% vum Revenu national brut, wou Dir virdrun ugeschwat hutt, an d'Gesetz aschreiwen, fir datt d'Regierunge sech wierklech dozou verflichten. Géintg Dir dat och maachen?

Jean-Louis Schiltz: Déi lescht Joeren, wou d'CSV an der Verantwortung war, wou mir de Kooperatiounsministère haten, mä och an de Regierunge wou mir en net haten, weise mir datt mir lues a lues op dat Zil eru ginn. Mir wäerten [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Mir sinn elo bei 0,92.

Jean-Louis Schiltz: Bei 0,92, mir wäerten dat och weider maachen. Ech si frou, datt déi Gesetzespropositioun op den Dësch kënnt. Ech hunn dat eigentlech selwer suscitéiert, well ech op den Assisen d'lescht Jor gesot hunn, d'Parteien an déi aner Akteure solle mir Propositiounen era ginn. Ech hu mir déi Propositioune séier ugekuckt. Ech gesinn eigentlech do millimetergenau, wat d'Substanz ubelaangt, meng Politik erëm dran. Also kann ech nëmmen doriwwer zefridde sinn.

Wat d'Formen ubelaangt an d'Formalitéite muss een nach driwwer diskutéieren. Ech hätt mir zum Beispill gewënscht, datt déi Propositioun sech méi géif mam traité vu Lissabon ausernaner setzen. Dat schéngt se net gemaach ze hunn. Mä ech mengen, datt den Här Fayot deen Traité gutt genuch kennt fir och seng Kollegen aus der LSAP dat z'erklären.

Mariette Zenners: Eist zweet Thema dann, Dir hutt e Buch erausginn, Här Minister: 1 + 1 = 3. Et geet ëm d'Relatiounen tëscht dem räichen Norden an dem aarme Süden. Fir d'éischt emol den Titel, erklärt eis deen.

Jean-Louis Schiltz: 1 + 1 = 3, dat heescht, datt wa mir d'Saachen zesumme bréngen, dat heescht, Entwécklungszesummenaarbecht, alles iwwer dat wat mir bis elo geschwat hunn, d'Commerceméiglechkeeten, d'Entwécklung vum Artisanat, vun der Landwirtschaft an den Entwécklungslänner, wann d'Regierungsféierung sech verbessert, wa mir d'Klimafro méi no mat der Kooperatiounsfro vernetzen, da kënne mir Resultater bréngen. Resultater déi iwwer den traditionellen 1 + 1 = 2 eraus ginn.

An dofir 1 + 1 = 3. Et ass eigentlech e Buch wat aus enger Iwwerzeegung eraus gebuer ass, d'Iwwerzeegung, datt mir et packe kënnen. Datt d'Aarmutt keng Fatalitéit ass, datt mir zwar zu vill mussen un engem Strang zéien, mä datt et awer méiglech ass, an datt et machbar ass. Mä wéi gesot, d'Erausfuerderung ass grouss. Et ass duerch d'Kris net méi einfach ginn, mä et ass awer ze packen an dat ass de Message.

Mariette Zenners: Dir kommt och op de Klimawandel ze schwätzen an deem Buch. Mä och do ass et jo e bëssen esou, dat gëtt zanter Joere gesot, et ass elo scho bal ze spéit wa mir elo näischt ënnerhuelen. An awer ass et elo jo grad a Krisenzäiten och net eng vun de Prioritéite vun de Regierungen.

Jean-Louis Schiltz: De Rapprochement vu Klimapolitik an Entwécklungspolitik ass vläicht méi e rezente Phänomen. Et erkennt entretemps all Mënsch un, datt déi Mënschen déi an den Entwécklungslänner wunnen am meeschten affectéiert si vum Klimawiessel. Dofir musse mir déi Politiken och matenee vernetzen. Et geet net, datt mir iwwer d'Kooperatioun eppes maache wat duerch de Klimawiessel erëm a Fro gestallt gëtt, respektiv zerstéiert gëtt.

Mä mäi positive Message, dat wëll ech vläicht och nach soen, ass net e Message, datt mir et muer packen. Neen, mir packen et och net 2015.

Mariette Zenners: Esou wei et am Fong festgesat ginn ass.

Jean-Louis Schiltz: Dach, mir packen et a verschiddene Beräicher. Haut ginn 83% vun de Kanner weltwäit an d'Schoul. Do feele 17%, dat kënne mir packe bis 2015. Dat anert packe mir um Horizont [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Esou wéi d’Senkung vun der Aarmutt ëm 50%.

Jean-Louis Schiltz: 2020, 2030. Mä et ass meng Iwwerzeegung, fielsefest Iwwerzeegung, datt dat méiglech ass.

Mariette Zenners: Nach ganz kuerz: mat all deenen Iwwerzeegungen a Pläng, kann een dovun ausgoen, datt Dir dann erëm an der nächster Regierung och Kooperatiounsminister sidd?

Jean-Louis Schiltz: Ech krut d'Kooperatioun 2004 proposéiert. Ech hu keng zéngtel Sekonn gebraucht fir Jo ze soen. Ob ech nach eng Kéier an d'Situatioun komme wou ech se proposéiert kréie weess ech net. Mä sollt ech se proposéiert kréien, wäert ech net méi laang brauche wéi 2004 fir eng positiv Äntwert ze ginn. Sollt ech net an déi Situatioun kommen, wäert mäin Engagement fir d'Entwécklung an am Kampf géint d'Aarmutt awer net ophalen.

Mariette Zenners: Ech soen Iech merci, Här Minister.

Jean-Louis Schiltz: Merci och.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact