|
ZOOM : Wéi hutt Dir d'ACEL kenne geléiert?
Octavie Modert: Eng Zäitche virun der éischter REEL, op där ech derbäi war, well ech am Comité vun éiser Studentenorganisatioun, der ALUS, war; deemools ass et d'ACEL nach net esou ganz laang ginn.
François Biltgen: Ech sinn ze "al", dat heescht ze laang fort vun der Uni, fîr d'ACEL nach als Student kenne geléiert ze hunn. Allerdéngs hunn ech d'ACEL schonns kenne geléiert, ier datt ech selwer Héichschoulminister gouf, virun allem als Aarbechtsminister Gutt kennen ech d'ACEL allerdéngs virun allem zënter 2004, wou ech Héichschoulminister gouf.
ZOOM: Wéi gesitt Dir d'ACEL an d'Zesummenaarbecht mat hir?
Octavie Modert:Ganz positiv, well d'ACEL e gudden Uspriechpartner ass an hir Aarbecht seriö hëlt. A well se hir Missiounen erféllt am Intressi vum Student, Aufgaben iwwerhëlt, déi nëmmen op engem iwwergeuerdnete Plang gemaach kënne ginn, also am Zesummeschloss vun der Daachorganisatioun.déi d'ACEL ass. Nach ni ass sech esou gutt ëm d'lnformatioun vum Student an d'Organisatioun vun zentrale Froe gekëmmert ginn, vun de Studente selwer fir de Student: De Student am Mëttelpunkt!
François Biltgen: Ech kann des Zesummenaarbecht nëmmen als gutt bewäerten. Si ass net nëmme gutt, ma och flott. Besonnesch frou sinn ech, datt d'ACEL zënter eiser Zesummenaarbecht ganz staark op meng Soucisen agaangen ass, d'Problemer vum Aarbechtsmaart méi ze beliichten. D'ACEL ass esou e ganz wichtege Partner an der Beruffsorientéierung ginn!
ZOOM: Wat fir eng Erënnerungen hutt Dir un är éischt REEL? U wat denkt Dir besonnesch am Kontext vun de REELen?
Octavie Modert: Meng éischt REEL war déi zu Innsbruck; als Studentin. Am Fong de Kick-Off vun de richtege grousse REELen, déi hautdesdaags Traditioun sinn. An et war an ass ëmmer flott op de REELen, dofir ass haut den Undrang vu ministère bei der REEL beandrockend, do kommen ech scho bal net méi bai ... Mà.wien erënnert sech net gâr un d'Studentenzàit? An dat geet am beschten, wann een op der REEL ass. Mat engem Ënnerscheed: op der REEL gëtt net nëmme gefeiert, ma och geschafft! Néirens ginn d'Studenten esou ëmfaassend an zu esou vill iwwert wichteg Themen an iwwer aktuell Politiken informéiert ewéi op der REEL, si kënnen d'Politik op Froen oprmierksam maachen, déi sech d'Studente stellen; a si kënne sech ënnerenee mat ville Kollegen iwwer Problemer a Froen austauschen - a feieren. Ech sinn also en ale REELaner; a wuel deen éischten aus enger Regierung, deen d'REEL als Student an als Minister matgemaach huet.
François Biltgen: Et war mer wuel e bësse mulmeg 2004. Sollt ech gutt ukomme bei de Studenten? Alles ass awer gutt gaangen. Besonnesch flott war d'Formel, déi sech nach haut bewäert huet, net de minister e laangen Exposé halen ze loossen, ma him "à bâtons rompus" Froen ze stellen. Ech hat duerno d'Gefill, den "Examen" bestanen ze hunn. An ech hu mech deemools als Pinguin-Liebhaber bekannt gemaach (haut kenne mech d'Studenten och als Judoka). Wat mer op der REEL gutt gefâlt: et gëtt haart geschafft, flott diskutéiert, ma esou seriö d'Studente si kënnen, esou ausgeloosse kënne se owes feieren a laachen (béides maachen ech gäre mat, och wann ech mer schonns de klenge Fanger dobäi gebrach hunn!). Eng lescht Erënnerung un déi éischte Kéier: Ech wollt mech salopp kleeden, an hemo waren d'Studente méi schmock ewéi ech (zu menger Studentenzäit wär dat anescht gewiescht).
ZOOM: Wéi gesitt Dir d'Zukunft vun der ACELT
Octavie Modert: Esou systematesch ewéi d'ACEL geschafft huet an ni d'Làppen hànke gelooss huet, ass et mir fir hir Zukunft net baang: D'ACEL huet nach méi wéi 25 Joer Liewe viru sech!
François Biltgen: Gutt, well mer brauche se; dat soen ech net nëmmen als Héichschoul-, awer och als Aarbechtsminister.
|