|
"Wat ech net kann akzeptéieren ass, datt Länner wéi Guernsey, Jersey, Isle of Man hei wäiss gewäsch ginn", seet de Jean Asselborn, "an datt par contre mir, sérieux Länner", wéi hie seet, „wéi och d’Belsch, Éisterräich an d’Schwäiz op enger sou genannter groer Lëscht sinn“. De Jean Asselborn weider:
Jean Asselborn (O-Toun): Et ass wierklech och inakzeptabel, datt Leit wéi de President Sarkozy – ech hu vill Respekt viru Frankräich – mä esou e President Sarkozy, deen zënter Méint wierklech an Europa eng Gei spillt, wou nëmme just nach no deene Grousse gekuckt gëtt, datt deen et fäerdeg bréngt fir China ze protegéieren. Dat heescht, et gëtt net vu Macao geschwat, et gëtt net vu Hong Kong geschwat, fir och Brasilien ze protegéieren, an eis europäesch Länner, déi 3 déi ech Iech genannt hu plus d’Schwäiz, einfach fale léisst. Dat ass inakzeptabel, dat ass eng Desolidarisatioun.
Sophie Morang: Hei gouf sech EU-intern desolidariséiert. D’Strippenzieher an der EU, hunn d’Visionärë vum Hocker gehäit, esou de Jean Asselborn.
Jean Asselborn (O-Toun): Dee Mechanismus deen elo de Moment sech do breet gemach huet, e Mechanismus dee ganz, ganz no un den Directoire eru kënnt, datt nëmme méi déi Grouss décidéieren an déi aner alleguerten hannendrunner watschele mussen oder sollen. Dat kënne mir eis net bidde loossen.
Sophie Morang: Dat huet awer näischt mat der Institutioun EU ze doen, esou de Jean Asselborn weider, mä mat deem wéi et den Ament leeft, dem Spill vu grousse Länner géint déi kleng. D’lëtzebuerger Regierung wäert op jiddwer Fall an engem nächste Conseil driwwer beroden, wat par rapport zu der OECD ze maachen ass.
Jean Asselborn (O-Toun): Op jiddwer Fall hunn ech wëlles, an ech sinn och iwwerzeegt, datt och de Premier dat mécht, datt mir aus der europäescher Wacht eraus, net einfach do op den Ordre du jour ginn. Wéi mir dat maachen, mir kënnen dat net alles op der Place publique maachen, mä wéi mir dat maachen, do wäerte mir scho wëssen eis unzeleeën.
Sophie Morang: De Jean Asselborn verdeedegt dann awer d’Roll vun Däitschland am Dossier. Vun do koum de Problem net, seet hien, et misst een einfach dovunner ausgoen, datt et ouni Däitschland nach schlëmmer fir eis komm wier.
|