Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Avril 2009 > Jean-Claude Juncker au sujet du sommet UE/US

Interview
Jean-Claude Juncker au sujet du sommet UE/US
"RTL Télé Lëtzebuerg" du 05-04-2009

Vers le niveau supérieur

Monique Kater: Fir d’Europäesch Unioun war dës Entrevue mam President Obama eng ganz positiv, well den Tounfall am Ëmgang mat der EU an den Inhalt sech geännert hätten, seet de Jean-Claude Juncker. Begréisst gëtt virun allem déi komplett Politikëmkéier a Saache Klimaschutz, e grousst Uleies vun eis Europäer. D’USA wëllen, datt gemeinsam géint de Klimawandel gekämpft gëtt, grad wéi e puer Deeg virdrun um G-20 de Jo koum vum President Obama, a Saache streng Reguléierung vun de Finanzmäert. Och hei fiert hien eng nei Politik.

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Dat alles weist mir, datt en Ofstand hëllt vun där unilateraler Approche déi d’Administratioun Bush dem Rescht vun der Welt géintiwwer hat, mir soen an dir musst maachen, mä datt e seet, komm, mir diskutéieren, da kucke mir wat mir kënne maachen. Also eng staark ausgeprägten Tendenz zum Dialog, zum Mateneeschwätzen, zum sech-Concertéieren an zur multilateraler Approche a ville Saachen.

Monique Kater: Wichteg wier et och, datt d’USA a Russland zesummen a Richtung nuklear Ofrüstung wéilte goen, esou de lëtzebuerger Staatsminister. D’EU hätt den USA hirersäits de Message mat op de Wee ginn, datt ee wéilt als Alliéierten, als Partner ugesi ginn an net als déi, déi just dat maache wat se gesot kréien. Esou war een dann och net allzevill impressionéiert, wéi och dëse President gefuerdert huet, d’Tierkei an d’Europäesch Unioun opzehuelen.

Jean-Claude Juncker (O-Toun): D’Amerikaner maachen Drock. Dat ass en Drock dee mir zur Kenntnis huelen, mä deem mir net dierfen noginn. Mir musse roueg a sérieux verhandelen an um Enn vun deene Verhandlunge gesi mir, ob d’Konditiounen erfëllt sinn. An déi laang tierkesch Weigerung dëser Deeg fir den dänesche Premier zum neie Generalsekretär ze maachen, well deen et zougelooss huet, datt an däneschen Zeitunge Karikaturen iwwer de Prophet publizéiert gi sinn, a well deen net wëll e Radio an Dänemark zoumaachen, dee Sendunge mécht déi der Tierkei net gefalen, weist, datt d’Tierkei a Saachen demokratesch Wëllensbildung, Kompromissbereetschaft, a Sich vum Konsens nach Munches muss bäiléieren, ier se bäitrëttsfäeg ass.

Monique Kater: Och Prag stoung am Zauber vum Visionär Obama, Hoffnung a Wandel fir d’ganz Welt sinn d’Schlagwierder an de Medien. 30.000 Mënschen hu sech matrappe gelooss an de Jean-Claude Juncker nennt den neie President e léiwen, einfache Mënsch.

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Ech beschäftege mech net esou séier mat där Aura déi den Här Obama ëmgëtt, déi ass grouss an dat ass eben d’Aura vum neien Ufank. Si ass awer esou, datt ee sech hir net ka ganz entzéien, well en och am perséinleche Kontakt ganz léif ass, gentil ass, keen Ënnerscheed mécht tëscht Länner déi grouss sinn an déi kleng sinn, well en eng offe Sprooch huet a well en d’Gefill gëtt, et éierlech ze mengen. Ech mengen och, datt en et éierlech mengt, a wann dat esou ass a wann ech mech doranner net ieren, dann hätt ech gären, datt mir Europäer dat matmaachen, jiddwereen ënner Wahrung vu sengen Interessen.

Monique Kater: Wat dee Sommetsmarathon am Endeffekt bréngt, weist sech eréischt dann, wann d’Décisiounen déi geholl goufen no an no an d’Realitéit ëmgesat ginn. De Grondsteen fir eng nei Relatioun EU-USA ass op alle Fall geluecht.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact