Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Avril 2009 > François Biltgen au sujet de la réduction de la production d’Arcelor-Mittal sur les sites d’Esch-Belval et de Differdange

Interview
François Biltgen au sujet de la réduction de la production d’Arcelor-Mittal sur les sites d’Esch-Belval et de Differdange
"Radio 100,7" du 09-04-2009

Vers le niveau supérieur

Umoderatioun: Arcelor Mittal Lëtzebuerg huet op déi nach ëmmer schwaach Demande am Stolsecteur reagéiert. Ugekënnegt gouf jo gëschter eng weider Reduktioun vun der Produktioun, virun allem op Esch-Belval an zu Déifferdeng. Fir 310 weider Mataarbechter muss elo eng nei Beschäftegung gesicht ginn. D’Reaktioun dorop am Radio 100,7-Interview vum Aarbechtsminister François Biltgen.

Interview vum Serge Kesseler:

François Biltgen: Et ass natierlech keng gutt Noriicht, wa mir héieren, datt d’Reprise net do ass. Anerersäits wësse mir, datt d’Reprise net do ass. Wat ech zefridde sinn, dat ass, datt eist Kriseninstrumentarium nach ëmmer gräift. Et gëtt näischt geännert um Accord Lux2011, dee mir den 19. Dezember ënnerschriwwen hunn. Et mussen natierlech elo méi Leit duerch d’CDR beschäftegt ginn. Op där anerer Säit ass fir mech ëmmer wichteg, wa Leit a Beschäftegung bleiwen, an net Aarbechtsplazen ofgebaut ginn.

Serge Kesseler: Wat bedeit dës nei Annonce vum Stolkonzern fir de Beschäftegungsfong? Ëmmerhi si jo elo ronn 10% vun deene Beschäftegten aus der Stolindustrie an der Cellule de reclassement, also an der Kuerzaarbecht? Wéi e finanziellen Impakt huet dat fir de Staat?

François Biltgen: Dat ass elo schwiereg ze berechnen, well mir dat ëmmer am Nachhinein ofrechnen. Et ass jo net esou, datt mir déi ganz CDR bezuelen, mä mir bedeelegen eis un der CDR, ähnlech wéi mir eis un anere Betriber mat Kuerzaarbecht bedeelegen. Och do ass et erëm eng Kéier méi bëlleg fir de Staat, wann d’Leit a Beschäftegung bleiwen. Si bezuelen hir Steieren, si bezuelen hir Cotisatioune wéi wa se am Chômage wieren.

Serge Kesseler: Wéi geet et elo virun? Bei Arcelor Mittal gëtt jo esou bal nach net mat enger Reprise gerechent, fréistens am Hierscht, heescht et. Wou mat rechent Dir, wat d’Konsequenzen dovu si fir déi Beschäftegt?

François Biltgen: Fir déi Beschäftegt sinn emol d’Konsequenzen an deem Sënn duebeler Natur. Éischtens, si musse kucke wéi se schaffen, wat se maache während där Zäit, wou bäi mir jo och da wäerten an deem nächste Comité de suivi des effectifs de la sidérurgie mat de Leit schwätzen, ob se net och kéinte méi Formatioun maachen, da géif och de Staat sech kënne méi bedeelegen. Op där anerer Säit ass et natierlech ëmmer wichteg, datt déi Leit wëssen, datt se eng Beschäftegungsgarantie hunn. Wann ech kucken, wat a Stolindustrië soss an Europa geschitt, wou d’Leit entloos ginn, sinn ech frou, datt mir hei de lëtzebuerger Modell hunn.

Serge Kesseler: Bei der Signature vum Accord Lux2011 am Dezember gouf sech drop geeenegt, datt an den nächste Joere keen Arcelor Mittal Wierk seng Diere wäert zou maachen. Wat geschitt, wann dat Verspriechen net méi ze halen ass?

François Biltgen: Mir halen eis un e Verspriechen. Arcelor huet och nach gëschter eng Kéier bestätegt, datt se sech un dat Verspriechen hält. Et ass jo och esou, datt keng eenzeg Produktioun zougemaach gëtt. Op verschiddene gëtt esouguer méi gefuer, op aneren natierlech, an dat ass Belval, virun allem, déi dës Kéier betraff sinn, gëtt manner gefuer. Mä et gëtt gefuer. Och dat ass emol e positivt Zeechen.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact