Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Avril 2009 > Mars Di Bartolomeo au sujet der la grippe A (H1N1)

Interview
Mars Di Bartolomeo au sujet der la grippe A (H1N1)
"RTL Télé Lëtzebuerg" du 30-04-2009

Vers le niveau supérieur

Fränk Goetz: Mir hunn et héieren, et gëtt also kee Stopp, kee Verbuet fir Mexiko-Volen. Fir wat eigentlech net?

Mars Di Bartolomeo: D'OMS huet dat net recommandéiert, nodeem déi Stuf 5 ausgeruff ginn ass, wou net nëmme Fäll a Mexiko sinn, an Amerika, mä zanter de Mëtten an enger Dose Länner vertruede sinn. Et weess een net, wou een ufänkt mat dem Reesstopp a wou een ophält. Da misst een eigentlech mat abegräifen, Amerika. Et misst een och ufänken europäesch Länner mat anzebezéien – ech mengen, de Stadium ass depasséiert wou ee kéint soen, wann een eng Mesure hëllt, dann ass et eriwwer.

Fränk Goetz: Waren do déi 27 sech enger Meenung oder gouf et Länner déi awer esou e Stopp, esou e Verbuet wollten hunn?

Mars Di Bartolomeo: Et ass vu franséischer Säit proposéiert ginn, datt een an déi Richtung géif goen. Et ass diskutéiert ginn an et ass sech eens gesat ginn, datt een all déi Mesurë soll huelen déi noutwenneg si fir dat Bescht aus der Situatioun ze maachen, an do kënnen iergendwann da staark Reesrestriktioune kommen. Mä dat ass awer am Moment nach net ubruecht – dat seet d'OMS, dat seet och den Europäeschen Zentrum fir ustiechend Krankheeten. Mir hu jo och gesot, datt een net elo soll maache wéi wann näischt wier, mä datt ee mam gesonde Mënscheverstand dat soll maachen. Dat heescht am Kloertext, wann ech de Choix elo hätt a Mexiko ze fléien oder net, da géif ech net fléien. A moins, datt ech onbedéngt misst, an dat ass eng allgemeng Regel déi ee vläicht soll applizéiere wann een net muss reesen.

Fränk Goetz: Mä à propos d'Geféierlechkeet: d'Informatiounen doriwwer sinn zimlech kontradiktoresch. Déi eng soen, et dierf een et net ënnerschätzen, et wier zimlech geféierlech. Déi aner soen, et ass manner geféierlech. Et wier natierlech elo gutt wann ee wéisst, wéi geféierlech dee Virus iwwerhaapt ass.

Mars Di Bartolomeo: Do ginn et 2 Messagen. Deen een: wéi ass de Krankheetsverlaf a Mexiko? Do ware jo am Ufank ganz widderspréchlech Informatiounen. Et ass vun honnerten Doudesfäll geschwat ginn, et ass vun dausenden Infektioune geschwat ginn; an de leschten Deeg ass dat awer ofgesenkt ginn. Et sinn 8 confirméiert Doudesfäll. Dat heescht, si ass méi schwéier verlaf a Mexiko an an deenen anere Länner ass et méi wéi eng normal Gripp verlaf. Dat sinn déi widderspréchlech Informatiounen. Do sinn d'Experten elo op der Plaz fir Informatiounen ze ginn, esou datt et normal ass, datt am Moment keng verlässlech Äntwert dorop ass. Et kann ee just soen, an eise Länner verleeft et bis elo wéi eng normal Gripp. An et reagéiert och op déi antiviral Mëttelen déi do sinn, esou datt wirklech kee Grond zur Panik do ass. D'Unzeeche weisen an eise Länner éischter a Richtung méi oder manner normal Gripp.

Fränk Goetz: Mir schwätzen elo gläich weider, dann och méi konkret iwwer Froen déi sech d'Leit do bausse stellen. Eng hellewull Froe sinn nämlech déi lescht Deeg iwwer Telefon bei der zoustänneger Santésdirektioun gestallt ginn. An och d'Apdikten an d'Dokteren hei am Land goufe verstäerkt mat Froen a Suerge vun de Leit ronderëm déi nei Gripp konfrontéiert. Den Dan Hardy huet nogefrot.

[Reportage vum Dan Hardy]

Interview vum Fränk Goetz:

Riets geet immens vill vun deem Mëttel Tamiflu. Ass et eigentlech normal, datt en Dokter elo prophylaktesch higeet an Tamiflu verschreiwt?

Mars Di Bartolomeo: Et kann eenzel Situatioune gi wou den Dokter se verschreiwt. Wann elo zum Beispill ee géif an e Land misse reesen, wou d'Gripp awer méi verbreet ass, da géif ech mengen, datt do kee Problem ass.

Fränk Goetz: Mä einfach elo präventiv?

Mars Di Bartolomeo: Präventiv huet et kee Sënn. E ganz klore Message: souwuel d'OMS wéi den Europäeschen Zentrum soen, et huet kee Wäert fir elo präventiv Tamiflu ze schlécken oder Relenza, wéi dat anert Mëttel heescht. Et ass esouguer kontraproduktiv. Wann een elo géif dat Medikament schlécken, dann entsti Resistenzen da wann de Virus géif entstoen. Dat ass e gutt Medikament dat hëllefräich ass wann de Virus do wier fir de Virus an de Grëff ze kréien, fir en ze packen, fir en ze blockéieren. Mä en huet awer iwwerhaapt keng präventiv Wierkung. Jiddwerfalls dann net, wann ee ganz gesond ass.

Dofir e klore Message. Et huet wierklech kee Wäert, fir elo an d'Apdikten ze goe fir onbedéngt eng Reserve doheem ze hunn. Mir kënnen de Leit soen, datt mir hei zu Lëtzebuerg zu deene Länner gehéiere mat deenen héchste Reservë vun Tamiflu a Relenza fir de Fall wou d'Infektioun géif kommen. An ech ka garantéieren, datt jiddwereen dee krank géif ginn dat Mëttel kritt. Mir haten nach ni, an der ganzer Geschicht vun der Mënschheet, eng Epidemie déi esou staark gewiescht wier, datt dee Stock dee mir ugeluecht hunn, sécher gelagert hunn – en ass do, mir brauchen en net ze bestellen, en ass hei zu Lëtzebuerg – net géif duergoe fir deene Kranken zur Säit ze stoen.

Fränk Goetz: Dat heescht, wann eng Apdikt elo kee Stock méi huet, heescht dat natierlech nach laang net, datt mir landeswäit kee méi hunn.

Mars Di Bartolomeo: Mir hu bei de Grossisten nogefrot, et kënnt normal no fir déi Fäll wou et eng Indikatioun gëtt. Et kéint jo elo nach eng saisonal Gripp optrieden wou Tamiflu och heiansdo geholl gëtt.

Dat heescht, den normalen Approvisionnement ass garantéiert. En ass elo net garantéiert wa jiddweree sech géif drop stierzen. Wat och kontraproduktiv ass, well mir als Staat, als Gesondheetsministère mat de budgetäre Mëttelen déi mir dofir kritt hunn, massiv Stocken ugeluegt hunn. Déi stinn direkt zur Verfügung, wann déi éischt Symptomer do wieren, datt Lëtzebuerg getraff wier. Déi sinn direkt, direkt disponibel, grad esou séier wéi en normalt Medikament aus engem Lager. Also géif ech wäermstens ëmpfehlen déi Medikamenter ze reservéiere fir de Fall wou déi nei Gripp géif kommen. Déi ass am Moment net zu Lëtzebuerg, esou datt et kee Grond gëtt fir déi Medikamenter am Moment ze huelen oder si ze horten. Well mir der genuch hunn, kritt jiddweree se. Et gëtt och kee Grond fir de Moment mat Masken do bausse virum Gesiicht ze goen: esou laang wéi de Virus net do ass, bréngt dat näischt [gëtt ënnerbrach]

Fränk Goetz: Gouf et eigentlech nach keng suspekt Fäll zu Lëtzebuerg, wou ee vläicht? [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Et huet vläicht deen een oder anere sech Suerge gemaach. Ech hunn dat elo héiere vu Leit déi a Mexiko waren, deenen ech och géif roden op d'Signaler déi vum Kierper ausginn ze reagéieren. Wann een a Géigende war wou d'Gripp gemellt ginn ass, da soll een op déi Signaler oppassen. Dat sinn déi normal Signaler wéi ee bei enger Gripp huet: Kapp wéi, liicht Féiwer, Houscht, Schnapp, Gelenkschmäerzen oder esou, datt een dann direkt soll reagéieren [gëtt ënnerbrach]

Fränk Goetz: Well effektiv, huele mir un, haut géif elo de Weekend een aus Mexiko erëm kommen. En hätt keng Symptomer, e géif e Méindeg dann normal schaffe goen. Op wat soll deen oppassen? Wéi soll dee sech verhalen?

Mars Di Bartolomeo: Dee soll op säi Kierper lauschteren. Wann déi geréngst Signaler do sinn, soll e bei säin Dokter goen, oder wann et außerhalb vun der Zäit ass an d'Maisons médicales. Eise Laboratoire national de la santé, de Gesondheetslabo, deen ass prett fir déi Diagnos ze stellen, fir Tester ze maachen. Dat heescht, d'Doktere sinn alleguer informéiert vun der Santé. D'Spideeler sinn informéiert, den Zentrum fir infektiös Krankheeten, mir hunn all Dispositioune geholl.

Et ass e wichtege Message deen esouwuel um europäesche Plang wéi um nationale Plang eriwwer soll bruecht ginn. Déi Gripp hei, déi trëfft eis net onvirbereet. Mir hunn déi noutwenneg Reflexer kritt an den Übungen, de Programmer, de Pläng déi mir opgestallt hu fir d'Vullegripp. Do hu mir se net gebraucht bis elo, mä alleguer déi Koordinatioun um nationale Plang, dee Comité deen all Ministèren, all Institutiounen zesumme féiert, deen elo am Moment och nach tagt, déi Konferenzen déi mir all Dag mat der OMS, mam Zentrum fir ustiechend Krankheeten, mat deene 27, mat der Kommissioun, mat den Experten hunn – dat ass a Fleesch a Blutt iwwergaangen.

An de Mëtten och de Conseil, do si ganz kloer Froe gestallt ginn: huet den Informatiounsaustausch geklappt? Jo. Huet d'Koordinatioun geklappt? Jo. Sinn déi Dispositiounen an d'Praxis ëmgesat ginn, déi mir zesummen opgestallt hunn? Jo. Brauche mir elo a Panik nei Dispositiounen? Neen. Dat heescht also, mir si prett, mir stellen eis op eppes a wat ka kommen a mir maachen alles, fir datt et net kënnt [gëtt ënnerbrach]

Fränk Goetz: Ech wëll just do anhaken, well vill Leit stelle sech jo nach déi Fro vun deem Impfstoff. Wéini mengt Dir, datt mir dee kéinten hunn? A wat geschitt eigentlech dann? Gi mir dann all geimpft?

Mars Di Bartolomeo: Dat ka méiglech sinn, datt, je nodeem wéi dee Virus sech entwéckelt huet, eng Empfehlung ka gemaach ginn. Eenzel Länner denken drun, ob een dat net obligatoresch géif maachen.

Mä de Vaccin, deen ass am Moment net do. Dat heescht, et sinn elo grouss Laboen amgaangen ze kucke wat fir eng Souche, wat fir eng Aart genee dee Virus ass. A wa se dat hunn, da gëtt d'Impfstoffproduktioun ulafe gelooss, insgesamt kann dat e puer Méint daueren. Dat ass iwweregens eng vun den Ursaachen, fir wat datt d'OMS déi dote Stuf vun der Bereetschaft ausgeléist huet. Den éischten Element dofir ass, datt déi éischte Kéier elo an deene leschten Deeg sech eraus gestallt huet, datt d'Gripp och iwwermëttelt ginn ass, net vu Mexiko aus, wou d'Source war, mä tëscht Leit aus engem Land wou se net alleguer a Mexiko waren. Dat Zweet ass, datt aneschters wéi bei der Saisonsgripp – do besteet jo ëmmer e Vaccin – bei där heiter Gripp nach kee Vaccin besteet.

Mä fir awer elo nach eng Kéier d'Relatioun hirzestellen: bei der normaler Gripp stierwe weltwäit all Jor zéngdausende vu Leit. Bei där heiter Gripp sinn et elo Alarmzeechen, déi mir awer fréi erkannt hunn, dat am Extremfall och zu méi schlëmme Situatioune ka féieren. Mä doduerch, datt mir zesumme schaffen, doduerch, datt mir all déi Dispositiounen elo maachen, déi mir virgesinn hu fir déi dote Situatioun, besteet eng ganz reell Chance, datt déi heite Gripp och glimpflech bei eis ka verlafen. Wéi gesot, net bagatelliséieren, net dramatiséieren, zum richtegen Zäitpunkt dat Richtegt maachen an net duerch dat Falscht eis Problemer schafen, déi mir duerch eng gutt a responsabel Reaktioun kënne verhënneren.

Fränk Goetz: Mars Di Bartolomeo, villmools merci fir de Besuch haut am Studio.

Mars Di Bartolomeo: Merci och.

Fränk Goetz: Déi ganz Informatioun aus de 27 EU-Memberstaate ronderëm d'Schwéngsgripp lafen iwweregens hei zu Lëtzebuerg zesummen. An engem Gebai vun der EU-Kommissioun zu Gaasperech ass nämlech de Sëtz vum sou genannte Centre opérationnel de gestion des crises. D'Monique Kater iwwer e ganz wichtege Büro hei zu Lëtzebuerg.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact