Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Juin 2009 > Le ministre de la Santé, Mars Di Bartolomeo, au sujet du premier cas de grippe A (H1N1) au Luxembourg

Interview
Le ministre de la Santé, Mars Di Bartolomeo, au sujet du premier cas de grippe A (H1N1) au Luxembourg
"RTL Radio Lëtzebuerg, Moiesjournal" du 02-06-2009

Vers le niveau supérieur

Corinne Folscheid: Betraff ass e Mann aus dem Norde vum Land. Wéi de Gesondheetsministère an engem Communiqué präziséiert, géif et där betraffener Persoun awer gutt goen. De Mann koum virun e puer Deeg zréck vun New York.

D’Land gouf net onvirbereet getraff an déi zoustänneg Autoritéite ware gutt preparéiert fir adequat ze reagéieren, esou de Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo de Moien am Interview.

Mars Di Bartolomeo: Et huet eis erlaabt eis opzestellen, esouwuel an der Santé wéi och am Gesondheetssystem.

Et ass ganz gutt reagéiert ginn. Wéi de Mann bei den Dokter komm ass, den Dokter huet Analysë gemaach, déi sinn un den LNS weider gaangen, an den LNS konnt innerhalb vun e puer Stonnen - leider - mä awer ëmmerhin zouverlässeg konfirméieren, datt et deen neie Grippentyp ass.

De Mann ass doheem an Isolatioun. Dat weist drop hin, datt en net schwéier krank ass, well soss wier en am Spidol, respektiv am Zentrum fir ustiechend Krankheete geland. Mä en ass an Isolatioun, fir datt hien net aner Leit kann infizéieren. En ass ënner Traitement, wat och bestätegt, wat ech ëmmer gesot hunn, datt wann d’Medikamenter gebraucht sinn, datt se do sinn, a genügender Quantitéit, fir datt een net brauch ze horten. Also Conclusioun, dem Mann geet et gutt.

Corinne Folscheid: Wéi ass et mam Entourage? Do si jo anscheinend nach aner Persoune betraff, déi och an direktem Kontakt mat deem Mann stoungen, och si goufe präventiv behandelt.

Mars Di Bartolomeo: Do ass déi selwecht Situatioun wéi beim Mann. Si gi beobacht, si sinn an enger ähnlecher Isolatioun wéi de Mann.

Wat jo gewosst ass, dat ass, datt déi Gripp während enger gewëssener Period ustiechend ass. An där Period bleiwe se a Beobachtung, respektiv Isolatioun, kréien den Traitement, well se riskéieren direkt betraff ze sinn, prophylaktesch. Innerhalb vun e puer Deeg kann een da soen, ob eng Gefor ass oder net. Si bleiwen och a Beobachtung, an Analysen an déi do Richtung gi gemaach.

Corinne Folscheid: Et war jo am Fong eng Fro vun der Zäit, bis deen éischte Fall vun der Schwéngsgripp och hei zu Lëtzebuerg géif optrieden. Besteet dann elo nach de Risque, datt et eventuell nach zu weidere Fäll kéint kommen?

Mars Di Bartolomeo: Dir hutt ganz Recht, mir sinn eigentlech agekesselt vu Länner, déi de Virus hunn. Frankräich, Däitschland, d’Belsch hunn zënter enger gewëssener Zäit de Virus.

Bei eis wäert et ähnlech verlafe wéi bei hinnen. Et ass net sécher, vu datt mir esou kleng sinn, datt nach Fäll nokommen. Dat kann awer sinn, mä awer net explosiounsaarteg. Dat gesäit een och an den Nopeschlänner, do sinn eng Rei vu Fäll opgetaucht, awer net elo honnerten oder dausende Fäll, wat beleet, datt een dat awer mat Rou soll ugoen, a jiddwerfalls net panikéieren. Dat ëmsou méi, well an eisen Nopeschlänner déi Krankheet ähnlech verlaf ass wéi elo an deem bekannte Fall wou mir zu Lëtzebuerg hunn: keng virulent Attacke vu Krankheetssymptomer, mä éischter e Verlaf wéi eng liicht, mëttel Gripp. Esou datt mir dat ganz seriös huelen, awer mat rouegem Kapp, mat kalem Kapp dat uginn, an d’Leit invitéieren dat selwecht ze maachen.

Mir hu virgesuergt, esouwuel wat d’Medikamenter wéi wat och eis Dispositiounen ugeet, wéi mir reagéiere wa Verdachtsfäll optauchen.

Just à titre indicatif: och an deene leschte Woche sinn Tester gemaach ginn, wann een Symptomer hat, déi hätte kënnen an déi do Richtung goen. Déi sinn alleguer negativ verlaf.

A wann ee mech elo freet, wéi ee sech soll verhalen an där Situatioun wou mir den éischte Fall hunn: Éischtens, wann een aus engem Land kënnt wou d’Gripp méi staark vertrueden ass, soll ee besonnesch op säi Kierper lauschteren. Dat heescht, op déi Symptomer déi och eng normal Gripp entwéckelt - Féiwer, Kappwéi, Glidderwéi, Gelenkerwéi oder och Duerchfall oder den Drang fir sech ze iwwerginn.

An doriwwer eraus, an dat gëllt fir ëmmer, déi normal Hygiènesregelen respektéieren, wéi zum Beispill Hänn wäschen.

Corinne Folscheid: Mars Di Bartolomeo, Merci fir dës Explikatiounen iwwer de Fall vun der Schwéngsgripp zu Lëtzebuerg.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact