|
Monique Pütz: Bei eis am Studio begréissen ech elo de Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo. Gudden Owend, Här Minister.
Mars Di Bartolomeo: Gudden Owend.
Monique Pütz: Denkustéiss vun der UEL, et misst direkt gehandelt ginn; an de Koalitiounsverhandlunge war den Dossier Pensioune jo schonn en Thema - Ginn dann elo direkt Neel mat Käpp gemaach?
Mars Di Bartolomeo: Jo, mir si schonn an deem leschten annerhalwe Jor amgaang gewiescht. Mir hunn den État des lieux gemaach, mir hunn deen op den Dësch geluecht an an der neier Period wäerten déi Diskussiounen nahtlos weider goen. Ech erwaarden och vun der Union des entreprises luxembourgeoises, datt si eis eng Hand mat upake fir datt d’Leit méiglechst laang an de Betriber kënne bleiwen. Amplaz wéi bis elo, datt eeler Mataarbechter heiansdo fréizäiteg ausscheeden oder ausgescheed ginn, well si soi-disant ze deier sinn oder well si soi-disant net méi dat bréngen, sollte brénge wat e Jonke bréngt. Dat heescht also, ech si ganz frou datt d’UEL wäert mat hëllefe fir deenen eelere Mataarbechter den Openthalt am Betrib esou agreabel wéi méiglech ze maachen.
Monique Pütz: Virun allem wollte mir haut den Owend awer iwwer d’Entwécklung vun der neier Gripp hei zu Lëtzebuerg schwätzen. Bis elo ginn et 18 bekannte Fäll hei am Land. Fir unzefänken emol, wéi geet et deenen 18 betraffene Leit haut?
Mars Di Bartolomeo: Laut deenen Nouvellen déi ech hu geet et hinnen alleguer gutt. Se si relativ kuerzzäitkrank, esou ongeféier wéi bei enger normaler Gripp, éischter manner, an da geet et hinnen tiptop. Dir hutt gesot, mir hunn 18 Fäll bis elo - haut am Laf vum Dag sinn erëm 18 Tester gemaach ginn, déi 18 Tester waren alleguer negativ.
Monique Pütz: Elo gëtt sech awer erwart, datt, zumools elo mat der Vakanzenzäit, d’Zuel vun de Fäll hei zu Lëtzebuerg klëmmt. Geschwat gëtt och scho vun enger Pandemie, mä, sot Dir, et gëtt et awer kee Grond fir ze panikéieren.
Mars Di Bartolomeo: Pandemie gëtt heiansdo falsch verstanen. Pandemie heescht, datt déi Gripp quesch iwwer d’Welt verbreet ass. Eng normal Gripp ass gewéinlech ëmmer nëmmen an enger Halschent vun der Welt vertrueden, do wou just Wanter ass, do wou Summer ass ass se net, an ëmgedréint.
Hei ass d’Gripp iwwer d’Welt verspreet, mä mir kommen ëmmer méi zur Conclusioun, datt se verleeft wéi eng normal saisonal Gripp. Net méi schlëmm, éischter manner agressiv. Dat wat een natierlech ëmmer muss maachen, dat ass déi Gripp am A behalen.
Wann ech de Leit ka soe wéi se solle mat där Gripp ëmgoen, majo, ähnlech wéi bei enger saisonaler Gripp.
Monique Pütz: Dat heescht, fir ze resuméieren, et gëtt vläicht méi Fäll mä déi Gripp ass net grad esou virulent. Wann déi normal saisonal Gripp dobäi kënnt am Hierscht, wat wier da vläicht den Extremfall? Fäert Dir deen?
Mars Di Bartolomeo: Fäerten ass dat falscht Wuert. Mir stellen eis op all Eventualitéiten an. Am Moment, an iwwer déi lescht Wochen, net nëmmen zu Lëtzebuerg mä och ronderëm, ass dat ganz gutt verlaf. D’Zuel ass net explodéiert.
Wann een de Verglach hëllt mat enger normaler Gripp, do sinn hei zu Lëtzebuerg 1.000en, 10.000e Leit erkrankt, hei sinn 18 bekannte Fäll. Wann et elo an deenen nächste Wochen zu enger Explosioun géif kommen vun deene Krankheeten, dann, ech hunn dat schonn eng Kéier gesot, dann ass dat net Pescht a Cholera mä et sinn dann ebe méi Leit déi eng - Gott-sei-Dank - kleng Gripp hunn. An deene seltenste Fäll si Komplikatiounen opgetaucht, da wann een eng Rei vun anere Pathologien huet.
Mä och fir déi Eventualitéit, datt et der ganz vill gëtt muss ee sech rüsten. Dat si mir am Moment amgaang ze maachen, doduerch datt mir dee Vaccin definitiv bestallt hunn deen am Moment nach net do ass an deen am Hierscht wäert disponibel sinn. Wann dann déi aner Gripp sollt dobäi kommen, déi Vaccinen hu mir och bestallt, dat ass en aneren Typ vu Vaccin, an da kann eis am schlëmmste Fall virkommen, datt een 2 Mol muss geimpft ginn an da muss och déi noutwenneg Impfkapazitéit do sinn, an dat si mir amgaang z’organiséieren.
Monique Pütz: Elo huet d’Weltgesondheetsorganisatioun awer matgedeelt, datt et dee Vaccin éischtens nach net gëtt a wann en zweetens op de Maart kéim, am August, bréicht et nach 2 bis 3 Méint, dat wier dann November, ier en dann och fäerdeg getest wier. Wéini kréich Lëtzebuerg dee Vaccin? Si mir domat déi éischt?
Mars Di Bartolomeo: Mir sinn an der gudder Linn, mir hate Verträg schonn 2006 ofgeschloss, deemools ass nach iwwer d’Vullegripp diskutéiert ginn, mä do hu mir eis déi Lieferverträg geséchert a mir waren och elo erëm mat déi éischt déi bestallt hunn, esou datt mir op enger gudder Positioun sinn.
Monique Pütz: Ass et dann net e wéineg spéit fir sech nach impfen ze loossen? A wat recommandéiert Dir, gëtt et do esou eng Population à risques? Soll ee sech egal wéi impfe loossen? Muss ee vläicht esouguer?
Mars Di Bartolomeo: Bei der normaler Saisonsgripp si jo d’Populations à risques definéiert: eeler Leit, och Professionnels de santé. Dat gëtt och gréisstendeels applizéiert. Bei dëser Gripp stinn déi definitiv Ëmpfehlungen nach net. Wat ee festgestallt huet ass, datt eeler Leit net esou vill betraff sinn, datt Leit am beschten Alter a Jonker éischter betraff sinn. Zesumme mat den Experte ginn elo Direktiven ausgeschafft wéi geimpft soll ginn.
Mir hunn awer an där beschter Optik déi méiglech ass, virsiichtshalber fir d’Gesamtpopulatioun Impfstoff reservéiert a bestallt, esou datt mir fir all Eventualitéit a fir all Ëmpfehlungen dee Moment gerüst sinn.
Monique Pütz: Dir sot, et soll een net Panik maachen, d’Santé wëll och elo an Zukunft méi gezilt kommunizéieren an net dann all eenzel Fäll matdeelen. Déi nächste Pressekonferenzen, halt Dir déi dann awer nach als Gesondheetsminister?
Mars Di Bartolomeo: Ech schaffen am Moment normal weider an dat wäerte mir an deenen nächsten Deeg gesinn. Jiddwerfalls, deen nächste Gesondheetsminister wäert ganz gutt Preparatioune fannen. Mir hu gutt geschafft an ech wëll vläicht eng Kéier vun der Geleeënheet profitéiere fir deene Leit déi um Terrain an deene leschte Woche waren, d’Inspection sanitaire an och d’Directioun vun der Santé, e ganz grousse Merci ze soen. Ech ginn dat erëm wat ech vu betraffene Leit gesot kritt hunn: do ass mat vill Kompetenz a mat vill Engagement vun enger klenger Équipe geschafft ginn an et sinn och si déi hir Erfahrung eriwwer bruecht hunn an déi mech soe loossen, d’Leit brauche sech u sech keng gréisser Suergen ze maache vis-à-vis vun där doter Gripp. Mir maachen alles wat mir kënne fir datt, wa méi Fäll kommen, datt déi grad esou gutt traitéiert gi wéi elo déi éischt Fäll, déi ganz gutt verlaf sinn.
Monique Pütz: Ob Dir dann elo Gesondheetsminister bleiwt, wëllt oder kënnt Dir eis nach net verroden. D’Koalitiounsverhandlunge lafen op héijen Touren, mä, lescht Fro, fir wat di sech dann CSV an LSAP sou schwéier fir mat der Press ze kommunizéieren? Viru 5 Joer war quasi all Dag e Point de presse no de Verhandlungen.
Mars Di Bartolomeo: Ech mengen, et ass dës Kéier sech drop konzentréiert gi fir intensiv ze schaffen. Déi konstruktiv Aarbechte loosse mech och soen, datt hei kee versicht huet deen aneren iwwer den Dësch ze zéien, mä datt argumentativ, intensiv geschafft ginn ass. Esou hallef Informatiounen, déi sinn - ech war selwer Journalist - zwar ëmmer wëllkomm mä t’ass awer drop an drun, datt elo definitiv Informatioune komme wou mir dann och d’Leit dobausse kënnen iwwerzeegen, datt een hei op Aenhéicht verhandelt huet an datt net versicht ginn ass fir een deen aneren iwwer den Dësch ze zéien.
Monique Pütz: Mir gedëllegen eis nach e wéineg, vläicht gi mir jo muer dann endlech e wéineg méi gewuer. Ech soen Iech villmools Merci fir Är Explicatiounen.
Mars Di Bartolomeo: Merci och.
|