Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Septembre 2009 > "Modellcharakter an Europa", Romain Schneider au sujet du ressort de l'économie solidaire

Interview
"Modellcharakter an Europa", Romain Schneider au sujet du ressort de l'économie solidaire
"Tageblatt" du 09-09-2009

Vers le niveau supérieur

Abilio Machado: An de Koalitiounsgespréicher tëschent der LSAP an der CSV, aus wat huet de Konsens bestane fir d'Schafung vum "Economie solidaire-Ressort"?

Romain Schneider: Dir hutt gesinn, datt meng Partei ee ganze Volet vum Wahlprogramm der Economie solidaire gewidmet huet. Mir hunn op eng Rei vun Erfahrungen zréckgegraff, déi mer aus der Economie an dem soziale Beräich kennen. Dat war den Ophänker, fir wat mer konkret iwwert d'Economie solidaire geschwat hunn.

Ech muss awer och ganz kloer soen, datt de François Biltgen, fréieren Aarbechtsminister, sech an der vergaangener Legislaturperiod mat de Beschäftegungsinitiativen, verbonne mat der Solidarwirtschaft, auserneegesat huet. Et ass him haaptsächlech dorëms gaangen, fir de Beschäftegungsinitiativen, a reng deenen, ee legale Kader ze schafen, wat awer leider bis dato net geschéie konnt.

Wat d'Economie solidaire spezifesch ugeet, si mer eis an Regierung eens, datt dee sozio-okonomesche Secteur als solchen unerkannt a verstäerkt muss ginn. De Statut fir solidarokonomesch Betriber spillt hei eng wichteg Roll, besonnesch wa mer wëllen aus der Solidarwirtschaft den drëtte Pilier vun eiser Economie man.

Abilio Machado: De Koalitiounsprogramm gesäit Folgendes fir d'Solidarwirtschaft vir: e Statut fir d'Betriber aus der Solidarwirtschaft; e geregelt Finanzement iwwert ee spezifesche Fonds; d'Aktivitéite vun der Solidarwirtschaft reglementéieren. Wéi wëllt Dir virgoen?

Romain Schneider: Do betriede mer Neiland, well mer jo, wéi scho gesot, innerhalb vun eiser Economie eng drët Komponent unerkennen. D'Economie solidaire soll awer als en Deel vun der ganzer Economie betruecht ginn an net onofhängeg vun de privaten an öffentleche Sekteure fonktionéieren. Also ass et nëmme logesch, datt se am Wirtschaftsministére ënnerbruecht ass. De Wee wäert sëcherlech iwwer Gespréicher um Terrain mat de betraffenen Akteuren féieren. Et geet mir drëms, datt mer zesumme Léisunge fannen a virschloen.

OPE huet en interessant Dokument, am Optrag vum Francois Biltgen, opgestallt, de Projet AIC (association d'intérét collectif), deen als Basis fir d'Ausschaffe vun enger juristischer Form benotzt wäert ginn.

Et muss och ee Budget gestëmmt ginn, fir d'Aktivitéite vun der Economie solidaire ze ënnerstëtzen.

An ech hu Wëlles, transversal mat anere Ministeren ze schaffen, am Senn datt och do Budgete fräiginn, fir Aktivitéiten aus der Economie solidaire ze ënnerstëtzen, wéi zum Beispill an der Educatioun, am Environnement an och an der Famill, fir nëmmen déi ze nennen.

Abilio Machado: Wat de Statut ugeet, ass d'Kärfro net éischter "Wéi gëtt solidarwirtschaftlech gehandelt a produzéiert" an net nëmmen "Wat fir Aktivitéite gehéieren zu der Solidarwirtschaft"?

Romain Schneider: D'Äntwert op déi Fro ass béidsäiteg. D'Economie solidaire kann net ausschliesslech mat öffentleche Gelder finanzéiert ginn. Mir mussen also an d'Richtung vu Mëschfinanzéierungen öffentlech/privat schaffen, déi transparent sinn. Awer dat bedeit och, datt d'Economie solidaire Recettë produzéiere soll. Déi nei juristesch Form muss et méiglech maachen, datt d'Solidarwirtschaft kommerziell Einnahmen mat de sougenannte "valeurs socio-économiques" verbënnt. Sou kënnen d'Betriber aus der Solidarwirtschaft an der Economie matmëschen, wéi zum Beispill bei de Marchés publics. Iwwert dee Wee kënne mer dann och d'Problematik vun der "concurrence déloyale" regelen, wéi schon am Kader vum Gesetzestext 5144, andeems et d'Finanzementer fir d'Beschäftigung och fir privat Betriber opmëcht. Am Endeffekt geet et dréms, eng juristesch Form ze fannen, déi souzesoen "semi-commercielle" war, andeem se déi "valeurs socio-économiques" och an hirem Gewënnzweck unerkennt.

Abilio Machado: D'Solidarwirtschaft muss deemno nohalteg implantéiert ginn. Féiert ee vun de Weeër net iwwert eng konsequent Fuerschungspolitik, z.B. iwwert d'Schafung vun engem Centre de recherche fir d'Solidarwirtschaft?

Romain Schneider: Wa mer d'Fro vun der Verankerung vun der Solidarwirtschaft stellen, da musse mer och vun de Mëttele schwätzen, déi mer eis musse ginn. Recherche ass sëcherlech ee vu deene Mëttelen. Als generellt Zil misst d'Fuerschung sech d'Erhalung an d'Verstäerkung vun der "cohésion sociale" ginn. Dat geet iwwert nei Weeër a wirtschaftlech Formen, iwwert ee Modell vun der Strukturéierung vun der Solidarwirtschaft, mä och iwwert eng Bildungspolitik fir d'Bierger, wat d'Bedeitung vun der Solidarwirtschaft an der sozialer Kohesioun ugeet.

D'Solidarwirtschaft soll och hiren transversale Charakter verstäerkt kréien.

Abilio Machado: Dir sidd och zoustänneg fir d'Ressorte Sport a Landwirtschaft. Kann de "Know-how" vun der Solidarwirtschaft déi zwee wichteg Beräicher effizient beaflossen?

Romain Schneider: Mat Sécherheet. An der Agrikultur iwwert differenzéiert a qualitativ héichwäerteg Produkter. Mais awer och iwwert den Développement rural, wat eng Zesummenaarbecht mat de Gemenge viraussetzt. Eng Rei vu solidarwirtschaftleche Servicer kennen hei agesat ginn, am Sënn vun enger Verbesserung vun der Liewensqualitéit.

A selbstverständlech och am Sport, besonnesch iwwert de biergerlechen Encadrement, also de Bénévolat, vu Sportsaktiviteiten.

Abilio Machado: Elo, wou Lëtzebuerg e Ressort Solidarwirtschaft um Niveau vun der Regierung huet, ass dat net eng Chance, fir an deem Beräich eng Virreiderroll ze spillen, besonnesch um Niveau vun der Europäescher Unioun?

Romain Schneider: De Fait, datt mer d'Solidarwirtschaft am Economie-Ministère verankert hunn an och en delegéierte Minister ernannt hunn, ass eng immens Unerkennung vun den Akteuren um Terrain, dei sech oft als Bénévolen engagéiert hunn. Well et sinn déi, déi dee Wirtschaftssekteur opgebaut hunn.

Wat den europäesche Niveau ugeet, muss ee soen, datt Lëtzebuerg am Ament dat eenzegt Land ass, wat e ministerielle Programm fir d'Solidarwirtschaft huet. Esou gesinn huet Lëtzebuerg Modellcharakter an Europa. Sëcherlech muss dat, wat zu Létzebuerg gemaach waert ginn, an den europäeschen Instanzen a Programmer e Stellewäert kréien. Mir sollen eis net mam aktuelle "Stand der Dinge" zefridde ginn, mais d'Akteuren vun der Solidarwirtschaft och um europäeschen Niveau ënnerstëtzen. Ech wënsche mir, datt mer seier konkret Resultater a Virschléi opzeweisen hunn, an dofir zielen ech op d'Zesummenaarbecht vun all den Akteuren.

[L'interview complète est disponible sur le site ecosol-online.lu]



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact