Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Septembre 2009 > Jeannot Krecké au sujet du rapport de l'Observatoire sur la compétitivité

Interview
Jeannot Krecké au sujet du rapport de l'Observatoire sur la compétitivité
"RTL Télé Lëtzebuerg" du 28-09-2009

Vers le niveau supérieur

Frank Goetz: Ech ginn d’Fro vum Här Allegrezza, vum Direkter vum Statec direkt weider. Geet d’Kompetitivitéit op d’Käschte vun eisem sozialen Zesummenhalt?

Jeannot Krecké: Zu Lëtzebuerg probéiere mir ëmmer e Gläichgewiicht tëscht deenen 3 Pilieren déi do sinn, sozial Kohäsioun, wirtschaftlech Entwécklung an e Minimum vu Liewensqualitéit wat eis Ëmwelt ubelaangt ze schafen. Anescht geet et net, anescht gëtt et och net vun de Leit hei akzeptéiert. Mä mir mierken awer, datt mir amgaange sinn Terrain ze verléieren. Dat muss een einfach wëssen.

An deen Observatoire de la compétitivité, dat heescht, dee Grupp vu Leit, déi dee Rapport do gemaach hunn, déi sollen u sech Ustéiss ginn un d’Politik, mä awer och un d’Sozialpartner, fir datt mir zesumme kucken, wat fir eng Ännerunge mir virhuelen.

Ech hoffen, datt och déi Donnéen déi mir hei iwwer verschidden Indicateurë kritt hunn, vläicht deen een oder aneren zum Nodenken och ureegen.

Frank Goetz: 13 vu 27, dat ass wierklech net gutt. De Problem ass jo, datt esou e Ranking och am Ausland gelies gëtt. Schued eis dat?

Jeannot Krecké: Selbstverständlech gëtt dat do gelies, an och déi international Rankinge ginn och gelies. Vun deenen halen ech net vill, well se net richteg adaptéiert sinn op d’Situatioun vu Lëtzebuerg. Allerdéngs, deen hei ass adaptéiert op Lëtzebuerg. Et kann een eenzel Korrekturen ubréngen, mä et dierf een ni an déi Iddi verfalen, datt een d’Féiwer ewech kritt, wann een den Thermometer futti mécht.

Frank Goetz: Ass deen hei net besser wéi déi aner fir eis?

Jeannot Krecké: Deen hei ass konkordant mat deenen do baussen, och wann en op aner Punkten opbaut, an dofir mécht e mech awer op alle Fall bedenklech.

Frank Goetz: Den Observatoire stellt och fest, datt d’Léin an d’Präisser méi staark klamme wéi d’Produktivitéit, wat am Ausland net esou de Fall ass. Wéi kritt een do nees méi e gesonden Équiliber zesummen?

Jeannot Krecké: Mir wëlle jo net noutgedrongen un de Salairen elo eppes zréck schrauwen, also gëtt et nëmmen eng Léisung, dat ass, datt mir d’Produktivitéit steigeren. An dorop musse mir elo schaffen.

Ech mengen och, datt mir mussen d’Coûten, wat d’Salairen ubelaangt, probéieren awer am Gläichschrëtt ze hale mat deem wat an den Nopeschlänner ass. An datt mir net kënnen d’Saach fortlafe loossen, dat ass och sécher.

Frank Goetz: Dir hutt de Käschtepunkt ugeschwat. Eng Fro déi mir iwwer Internet gestallt kruten: Bréngt den Index eis Kompetitivitéit a Gefor?

Jeannot Krecké: Do gi jo d’Meenungen total auserneen, besonnesch bei eis am Land, am Ausland gëtt dat anescht gesinn.

Mir hunn eis décidéiert als Regierung, datt mir den Index erëm aféieren, mä ech verstoppen awer net, datt déi Indextranche vum 1. Mäerz dëst Jor, mëtten an der Kris, an der Wirtschaftskris, déi huet Nowéien. Déi huet Nowéien an der Industrie, do si Konzerner, déi do baussen décidéiert hunn, mir mussen elo erof goen an de Käschten, 10%, 15%. An zu deem Zäitpunkt fiert Lëtzebuerg da mat 2,5% an d’Lut.

Elo kann een dat gutt oder schlecht fannen. Ech mengen, wann et sech hei am Raum ofspillt, dann ass dat net schlëmm. Mä wann dat awer ganz grouss Konzerner sinn, déi do baussen esou eng Politik an alle Länner bedreiwen, an da gëtt et eent wat aus der Rei danzt – ech muss soen, ech hu ganz vill Kritik do missen astiechen, a wäert och [gëtt ënnerbrach]

Frank Goetz: Reagéiert Dir dann op déi Kritik?

Jeannot Krecké: Jo, ech fueren elo, an engem ganz kuerzen Zäitraum an Amerika, well et ass haaptsächlech bei deenen amerikanesche Firmen, wou dat de Fall ass. Déi si staark an de Käschten zréck gaangen, si hunn [gëtt ënnerbrach]

Frank Goetz: Et ass wéi d’Saach bei der Dupont?

Jeannot Krecké: Jo, déi hunn alles ofgebremst. An dann hu mir hei e Käschtepunkt an d’Lut gedriwwen, do ass ganz vill Erklärungsbedürfnis, well soss komme mir do net virun.

Frank Goetz: Den Observatoire reift Iech zum Beispill ënner d’Nues – et ass vläicht elo en Detail – mä datt zum Beispill d’Taxien hei am Land vill ze vill deier sinn. Fir wat ass et esou schwéier op esou engem konkrete Punkt eppes ze maachen?

Jeannot Krecké: Mir dinn eis schwéier am Moment, well et net esou einfach ass. Et gëtt kee Land, wat eng richteg Solutioun fonnt huet. Déi déi total liberaliséiert hunn, déi hunn och gesinn, datt direkt am Ufank d’Präisser an d’Lut gaange sinn. Dat wëll ech verhënneren. Dofir si mir amgaange mam Transportministère zesummen eng nei Struktur ze crééieren, wou een op där enger Säit d’Limousinen huet, déi ganz fräi sinn, ëffentlech Taxien, a privat Taxien. Déi eng hu méi Rechter, an doduerch musse se sech u Präisser halen, anerer hu manner Rechter, doduerch kënne s’eventuell hir Präisser dann opmaachen.

Mä ech muss soen, de Secteur deen ass virulent fir d’Präisser opzemaachen. An ech sinn am Moment absolut net där Meenung. Ech hätt dat gäre geuerdnet, a wa mir opmaachen, och geuerdnet opmaachen. Mä ech ginn dovun aus, datt mir do an nächster Zäit mam Transportministère eng ganz Rei Proposë kommen.

Frank Goetz: Zum Schluss eng Fro zu den däitsche Wahlen. An Europa ass et jo net onwichteg wie politesch an Däitschland regéiert. Wéi reagéiert Dir dann op schwaarz-giel?

Jeannot Krecké: Mir hunn eis jo oft beklot iwwer Steinbrück an ähnlech Leit, och zum Deel aus der SPD. Ech muss awer soen, datt ech awer op där anerer Säit och gemierkt hunn, datt deen Afloss vun der SPD awer grouss war fir eenzel Saachen ofzefiederen, an och déi sozial Komponent e bësse méi am A ze behalen.

Ech fäerten e bëssen, mat deem wat och ugekënnegt gëtt vun deene Liberalen, datt do eng staark Influence kënnt fir wiesentlech méi dran ze schloen, wéi dat virdrun de Fall war. Dat ass eng Gefor déi ech gesinn.

Ech stellen och fest, datt hei an där Koalitioun einfach ee Partner streng a staark gestrooft ginn ass. Et gesäit duerno aus wéi, wann een de Premier net huet, oder wann een de Kanzler net huet, datt een normalerweis da méi Schwieregkeeten huet sech duerchzesetzen. Mä dat hei ass wierklech mat 10%, 11% - ech weess net wat elo schlussendlech erauskomm ass – dat ass eng haart Noss ze knacken. An ech mengen, d’Kollege wäerten och do musse reagéieren.

Mä ech war net onfrou, muss ech soen, an der Zesummenaarbecht mat hinnen.

Et muss een elo kucke wat déi Nei bréngen, mä ech hoffen, datt se och dat noutwennegt Gefill hunn, an och vläicht d’CDU den Drock mécht, datt do net Kahlschlag geschitt an Europa.

Frank Goetz: Jeannot Krecké, villmools Merci fir de Besuch haut am Studio.

Jeannot Krecké: Merci och.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact