|
Max Theis: Här Krecké, wat sot Dir dann dozou? War mat esou enger Nouvelle ze rechnen?
Jeannot Krecké: Mir si jo – den Nicolas Schmit, Aarbechtsminister, an ech selwer – a permenentem Gespréich mat sämtleche Management-Strukture vun eisen Entreprisen a besonnesch déi auslännesch. An esou wousste mir, datt eppes géing op eis zoukommen. Mir wousste vun de Problemer an Amerika. Mir woussten, datt a Frankräich, Däitschland an Italien tëscht 20% a 24% bei Delphi ofgebaut gëtt a mir woussten, datt 40% vun der Aktivitéit agebrach ass an am Moment net ze gesinn ass, datt dat elo kuerzfristeg besser gëtt. Dofir ware mir schonn drop gefaasst, datt eppes géing aus Amerika entscheed ginn.
Max Theis: Wësst Dir scho wat mat deene Leit ka geschéien?
Jeannot Krecké: Et sinn eng Rei Leit déi si schonn op aner Plaze komm. Mä et sinn der nach vill déi elo – an d’Gespréicher fänke jo eréischt mat de Gewerkschaften un – erëm mussen enzwousch anescht placéiert ginn. Mir wëssen dat do scho säit enger Zäit an dofir sinn och scho lénks a riets Gespréicher gefouert ginn, wéi een deene Leit kann entgéint kommen. Mä et ass natierlech ganz schwéier wann een an enger Zäit ass wou, wann een d’Création d’emplois kuckt, dat heescht, wéi vill netto Aarbechtsplazen am Moment zu dësem Zäitpunkt geschaf ginn, da si mir quasi op Null, esou datt et schwéier ass déi Leit awer ze placéieren.
Max Theis: Dir flitt an 2 Wochen an d’USA fir eng Aarbechtsrees an Dir wëllt do exklusiv mat de Responsable vun den Entreprisë schwätzen déi och zu Lëtzebuerg e Standbeen hunn. Riskéiert déi Hiobsbotschaft vun Delphi net déi lescht aus enger Entreprise mat amerikanesche Wuerzelen ze sinn?
Jeannot Krecké: Ech hoffen nach ëmmer, datt mir et fäerdeg bréngen, datt keng weider kommen, mä ech muss Iech awer soen, et ass net fir näischt, datt ech esou schnell dohinner ginn an et ass och net fir näischt, datt ech keng nei Entreprisë kucke ginn, mä nëmmen déi déi schonn hei implantéiert sinn.
Iwwerall, esoubal se eppes mat der Automobilbranche ze dinn hunn, bréckelt et. A weltwäit si Problemer wéi bei den amerikanesche Firmen a si sinn amgaang iwwerall e Schrumpfungsprozess anzeleeden.
Meng Missioun ass éischtens ze kucken, datt de Schued bei Lëtzebuerg esou kleng wéi méiglech gehale gëtt, mä virun allem datt mir e Signal kréie wat mir mussen änneren, datt mir fir si nach weiderhin attraktiv bleiwen a virun allem, wat fir eng aner Aktivitéite se eventuell kënnen iwwer Lëtzebuerg ofwéckelen, fir déi Palette vun den Aktivitéiten déi mir maachen ze verbreeden. An och bei Delphi geet et drëms ze kucken, mir si schonn a Verhandlunge mat hinnen, fir aner Aktivitéiten elo vun hinnen ze kréien.
Max Theis: Jeannot Krecké, ech soen Iech Merci fir d’Explikatiounen.
Jeannot Krecké: Jo, Merci och.
|