Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2010 > Avril 2010 > "TVA zu Lëtzebuerg op elektroneschem Handel". Le ministre de l'Economie et du Commerce extérieur au sujet de la TVA sur le commerce électronique (midi)

Interview
"TVA zu Lëtzebuerg op elektroneschem Handel". Le ministre de l'Economie et du Commerce extérieur au sujet de la TVA sur le commerce électronique (midi)
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 08-04-2010

Vers le niveau supérieur
Lëtzebuerg géing absolut keen dumping fiscal maachen, wéi et am franséische Rapport steet, ma EU-Recht applizéieren, ënnersträicht de Wirtschaftsminister. D’EU-Direktiv gesäit vir, datt ëmmer den TVA-Saz aus dem Land vun der Facturatioun applizéiert gëtt, an deen ass hei zu Lëtzebuerg mat 15% ebe relativ déif. Awer net just mat deem Argument krut ee vill Sociétéiten aus dem e-Secteur op Lëtzebuerg, seet de Jeannot Krecké.

Jeannot Krecké (O-Toun): Duerno hu mir probéiert, aner Avantagë fir Lëtzebuerg an de Virdergrond ze bréngen, wéi e besseren Uschloss un déi aner Länner, wéi notamment och de Breetband hei bei eis, an do hu mir eng exzellent Zesummenaarbecht, och mat de Servicer vum Här Biltgen, well mir maachen dat a Kooperatioun mam Service des médias.

François Benoît: Amazon, Ebay, iTunes, Real Networks a Pay Pal sinn nëmmen e puer Entreprisen aus dem e-Secteur, déi eng Partie vun hirer Facturatioun zu Lëtzebuerg maachen. Duerch déi TVA-Recettë kommen all Joer tëscht 300 a 400 Milliounen Euro an de Staatsbeidel.

Jeannot Krecké (O-Toun): Dobäi kënnt dann, datt déi Gesellschafte selbstverständlech och Steiere bezuelen, an datt déi Leit déi fir si schaffen – Amazon huet ëmmerhin 150 Leit hei beschäftegt, datt déi och um Loun hir Steieren an hir Cotisatioune bezuelen, dat heescht, do ginn et och Recettë fir de lëtzebuerger Staat an d’lëtzebuerger Ekonomie déi net anzeschätze sinn.

François Benoît: An e puer Joer gëtt d’TVA awer am Land vum Client verrechent. E groussen Avantage vum Standuert Lëtzebuerg gëtt et da fir d’Entreprisen aus dem elektroneschen Handel net méi.

Jeannot Krecké (O-Toun): Elo kënnt natierlech iergendwann e Stéchdatum, dat ass dee vun 2015, a bis dohi musse mir esou vill Betriber hei zu Lëtzebuerg implantéiert hu mat esou engem gudden Entourage, dat heescht, et muss ee kucken, d’Ëmfeld fir si esou gutt ze maachen, datt si hei bleiwe wann 2015 déi Ëmännerungen an der TVA kommen.

François Benoît: De Wirtschaftsminister Jeannot Krecké kuckt awer positiv an d’Zukunft. Net zulescht hätt SIGNA Interessi um Site Lëtzebuerg gewissen. Déi amerikanesch Sociétéit mécht Spiller fir Facebook.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact