Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2010 > Avril 2010 > "TVA zu Lëtzebuerg op elektroneschem Handel". Le ministre de l'Economie et du Commerce extérieur au sujet de la TVA sur le commerce électronique (soirée)

Interview
"TVA zu Lëtzebuerg op elektroneschem Handel". Le ministre de l'Economie et du Commerce extérieur au sujet de la TVA sur le commerce électronique (soirée)
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 08-04-2010

Vers le niveau supérieur

Der Zeitung La Tribune sot de franséische Sénateur Jean Arthuis, datt Lëtzebuerg dumping fiscal maache géing. Vill Entreprisen aus dem elektroneschen Handel facturéieren eng Rei Servicer vu Lëtzebuerg aus, an dowéint géifen dem franséische Fisc all Joer vill Sue verluer goen. Zu Lëtzebuerg ass den TVA-Saz mat 15% méi attraktiv wéi a Frankräich, do läit e bei bal 20%. De Wirtschaftsminister Jeannot Krecké léisst déi Kritik awer net gëllen.

Jeannot Krecké (O-Toun): Et mécht mech wierklech stutzeg, datt si elo op eemol domat kommen, dobäi gëtt et déi Regel scho laang, dobäi applizéiere mir just dat wat eng Direktiv virgesäit. Dobäi hu mir, no ganz kamësse Verhandlungen, ebe just eng nei Regelung fir 2015 fonnt. Ech gesinn also guer net fir wat zu dësem Zäitpunkt elo dee Problem do vun hinnen opgebauscht gëtt. Mir applizéieren dat wat un Direktivë vu Bréissel komm ass.

François Benoît: Vun 2015 u gëtt d’TVA nämlech am Land vum Client verrechent. E grousse Pluspunkt vum Standuert Lëtzebuerg, mat dem niddegeren TVA-Taux, gëtt et da fir déi international Entreprisen aus dem elektroneschen Handel net méi. De Jeannot Krecké ënnersträicht awer, datt Lëtzebuerg och dann nach gutt opgestallt ass. Séier Internetleitungen, déi zentral Lag an Europa an déi héich Liewensqualitéit sinn nëmmen e puer Stéchwierder. Och d’Kris huet den e-Secteur net grouss getraff.

Jeannot Krecké (O-Toun): Den Internethandel ass jo nach net esou al, deen ass nach net op déi Plaz ukomm wou ufänken Aschränkungen ze kommen. Ech gesinn en nach ëmmer an der Expansioun. Et brauch een och nëmmen ze kucken, et gi jo ëmmer méi Leit iwwer den Internet akafen, dat wäert wahrscheinlech och an den nächste Joeren esou weider goen, esou datt si dat deem entspriechend guer net gespuert hunn, wat déi Kris hei un Afloss hat. Ech ginn dovun aus, datt den Internethandel an den nächste Joere weider wiisst. Ëmmer méi Leit maachen dat, an dofir sinn déi Aktivitéiten do, gutt Aktivitéite wann een doran investéiert.

François Benoît: De Wirtschaftsminister Jeannot Krecké kuckt also positiv an d’Zukunft vum elektroneschen Handel. Viru Kuerzem haten zum Beispill d’Amerikaner vu SINGA Interessi um Site Lëtzebuerg gewissen; déi Entrepris mécht Spiller fir Facebook.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact