|
Max Theis: An d’Propose 49 vun deene Pisten an deem Pabeier befaasst sech mat der Indexfro. Et geet ëm eng Ännerung vum Wuerekuerf, respektiv en Décalage vun Indextranchen an inflationären Zäiten.
Den Auteur vum Pabeier ass elo am Studio, de Jeannot Krecké. Gudde Mëtteg.
Jeannot Krecké: Gudde Mëtteg.
Max Theis: Här Krecké, Dir krut gëschter den Optrag Parameteren auszeschaffe fir d’Kompetitivitéit ze moossen. Huet de Premier Iech elo indirekt zum "Mister Index" declaréiert?
Jeannot Krecké: Ech mengen dat guer net. Dat do war scho Bestanddeel vum Regierungsprogramm a mir hunn och schonn dorop geschafft, a mir hunn eis och dorop virbereet. Ech si wuel responsabel fir d’Indexberechnung, fir all déi Berechnungen déi dozou féieren, mä dat do ass eng kollektiv Responsabilitéit, wat mir eis operluegt hunn iwwer de Programm.
Max Theis: De Premier seet, hie wier d’accord mat Ärem Programm, mat deene 65 Punkten, also och mat enger Ännerung vum Index, Är Partei ass dat net. Wéi kënnt dat, soen ech emol?
Jeannot Krecké: Ech hunn déi 65 Punkten eraginn, well ech der Meenung sinn, datt dat de Minimum ass dee mir musse maachen. Ech hunn elo grad gesot, et misst een am Fong geholl iwwer 100 där Punkten hunn, dat heescht, et ginn der och nach anerer déi ee muss dobäi fügen.
An ech widerhuelen nach eng Kéier, et soll kee mengen, den Index wier eisen eenzege Problem. Wann dat Land hei wierklech gär eng Zukunft hätt, an dat gesäit een och, wann ee vergläicht mam Ausland, da musse mir vill Saache maachen, u ganz ville Schrauwen an da musse mir eis op ville Plazen verbesseren.
A wa mir och um Index iergend eppes géingen änneren, domat ass fir d’Land nach net d’Solutioun um Dësch. D’Solutioun ass eng déi villfälteg ass. Ech hunn der emol 65 opgezielt, an dat ass nëmmen eng eenzeg Zeil ënner deene 65.
Max Theis: Mä dem Premier no wier eng Indexmanipulatioun, also eng Ännerung am Indexsystem duergaangen, dann hätt een net déi aner Spuermesurë gebraucht. U sech wier et jo awer da keen onwichtege Facteur?
Jeannot Krecké: Op déi Diskussioun ginn ech net méi an, déi sinn elo déi lescht Woche gefouert ginn. Et si Kongresser ofgehale ginn, et sinn Décisiounë vun der Regierung, ech brauch mech do net elo nach weider doriwwer ze äusseren. Ech stinn zu deem wat d’Regierung décidéiert huet.
Et ass am Moment kee Punkt, an dee Punkt kënnt vläicht erëm eng Kéier op, wa mir ufänken ze diskutéieren, wat dann elo d’Parametere sinn,déi ausléise kéinten datt mir e Problem hunn, a wou mir da missten un e puer Saachen erugoen. Net ze vergiessen, datt mir jo schonn e Gesetz vun 1977, an och eent vun 1984 hunn, dat esou Saache virgesäit.
Max Theis: Dir hutt elo déi Parameteren an d’Spill bruecht, wou Dir jo elo opgeruff sidd, déi auszeschaffen, respektiv ze ännere wat et gëtt. Wann déi Parameteren aus dem Rudder lafen, da muss eppes gemaach ginn. Wéi gidd Dir dann do vir, fir dat ze reforméieren?
Jeannot Krecké: Am Regierungsprogramm steet, datt dat bestehend Gesetz, plus säi Reglement, wat eng Rei Saache virgesäit, einfach net méi passen. Do geet nach vu Frangen Rieds, mä et geet virun allem och Rieds, datt ee vun de wichtegen Seuilen de Chômage ass, an do gëtt et eng Zuel, 2.500 Chômeuren. Da ginn eng ganz Rei Saachen en marge gesat, da kënne Präisser, Loyerë blockéiert ginn, da kann den Index ausgesat ginn an esou weider.
Dat Gesetz ass och nach an Applicatioun. Dat gëtt awer net applizéiert, an dofir muss een dat moderniséieren. Dat heescht, et muss ee kucken, an ech mengen, dat ass de Message dee jo gëschter eriwwer komm ass, wa mir e gréissere Problem kréien, da musse mir eng Rei Mesuren huelen, a mir sollen eis dorop virbereeden.
Déi Critèrë solle festhalen ab wéini mir mengen, datt wierklech Handlungsbedarf elo op deem do Feld wier.
Max Theis: Mä gesidd Dir dann do och e Besoin, soen ech emol, fir déi Indexfro do mat ze traitéieren, zu den aktuelle Gegebenheeten?
Jeannot Krecké: Jo, dat ass jo festgehale ginn, datt mir nach eng Kéier dorop zréck kommen. An ech mengen, et ass keen hei am Land, dee jo gesot huet, et dierft näischt geschéien, wann net gréisser Problemer op eis kommen. Et ass méi am Moment d’Suerg, datt ee sech eens gëtt, wéini hu mir wierklech e Krisenzoustand ? An der Tripartite hu mir emol keng Eenegung fonnt an der Appréciatioun tëscht Patronat, Regierung a Gewerkschafte wat dann elo d’Gravitéit vun der Situatioun ass.
Dat bedaueren ech e bëssen, well awer d’Indicateuren zumindest vun deem Observatoire, deen eng Kéier d’Tripartite en Place gesat hat, weisen, datt mir lues a lues u Kompetitivitéit verléieren, dat heescht, datt mir net méi esou attraktiv ginn, an datt mir dorops hi musse reagéieren.
De Rescht vun der Welt mécht dat am Moment. Elo zu Shanghai konnt ech feststellen, datt jiddwereen amgaangen ass e bëssen ze weisen, wéi e seng Zukunft gesäit, op wat e seng Zukunft opbaut. An dat muss Lëtzebuerg och maachen.
Max Theis: Dir sot, den Index ass net d’Haaptfro fir kompetitiv ze bleiwen. Wat muss dann Ärer Meenung no gemaach gi fir effektiv erëm besser do ze stoen?
Jeannot Krecké: Majo, wann a mengem Pabeier den Index – wéi gesot, "a gravéierende Situatioune" steet do – a Fro kënnt, da ginn et also aus deene 65 Punkten mindestens der 63 déi näischt mam Index ze dinn hunn. A mir sollen déi emol ëmsetzen.
Dat geet vun der Aart a Weis wéi mir eis ëm d’Betriber bekëmmeren, wéi mir se encadréieren, wéi mir probéieren hir Finanzéierungsproblemer unzegoen. Mir musse kucke wéi mir dat steierlecht Ëmfeld kënne gegebenenfalls moderniséieren, wéi mir um Niveau vun den Infrastrukture Verbesserungen erbäiféieren, wéi mir eis Aktivitéitszonen opbauen iwwer de Plan sectoriel, wéi mir eis Promotiounen am Ausland maachen, wéi mir kucken de Marché intérieur an Europa besser ze gebrauchen, wéi mir eis Prozeduren, déi mir alleguer hu, verbesseren, an esou kann ech weider fueren.
Dir gesidd, et si ganz vill Iddien do hannendrun a mir musse just op eppes oppassen. Mir dierfen net op eemol dobaussen am Ausland Promotioun fir Lëtzebuerg maachen, an d’Promotioun huet näischt méi mat der Realitéit ze dinn. Da gëtt et blöd Propaganda an dat kréien och d’Auslänner relativ schnell spatz.
Max Theis: Net dat Blot vum Himmel verspriechen.
Jeannot Krecké: Jo, mir mussen oppassen, mir fänken un en Discours dobaussen ze hunn, deen net méi en Ligne ass mat deem wat hei leeft.
An dofir soen ech, ënner deene Punkte sinn der mindestens 63 déi näischt mam Index ze dinn hunn. Mir sollen emol op deene schaffen, well ech hunn d’Impressioun, datt mir do vill Verbesserungsméiglechkeeten hunn. Den Index ass an den Diskussiounen, déi ech mat den auslänneschen Investisseuren zumindest féieren, meeschtendeels kee Sujet. Et ass méi e Sujet heiheem bei deene Betriber, vläicht och well déi selwer ëmmer méi an déi Diskussioun eragezu ginn.
Mä mir hu vill aner Punkte wou mir eis köinte verbesseren. Mir sollen einfach elo emol ufänken dorunner ze dréinen. Mir sollen ophalen eis ze fokusséieren, wéi wa mir mat enger Solutioun all Problemer géinge léisen. Mir hu vill Problemer a mir musse vill Solutiounë fannen.
Max Theis: De Sujet Kompetitivitéit begleet d’Politik zanter Joeren. Ech wëll just un de Rapport Fontagné vun 2004 erënneren. Grouss Reformë goufen et duerno awer net. Wéini ginn dann Neel mat Käpp gemaacht?
Jeannot Krecké: Ech mengen, wa mir eis eens sinn iwwer déi Indicateuren, mir hunn der elo 85 déi mir ee Mol am Joer kucken a se mam Ausland vergläichen. Do gesi mir da wéi mir do stinn. A mir sinn amgaangen eis eben ze verschlechteren. Mir si vun der Positioun 7 an der Europäescher Unioun, laut deem Index deen den Observatoir de la compétitivité mécht, op d’Positioun 13 am Joer 2008 no hanne gerutscht, an dat gëtt mir ze bedenken. Dat hunn ech och duergeluegt, an dat huet de Premier jo och verlaude gelooss. Dat musse mir einfach zur Kenntnis huelen, datt mir a gaange sinn eis ze verschlechteren.
Dofir musse mir da kucken, op deene Punkte wou mir eis verschlechtert hunn, Verbesserungen erbäizeféieren. A wéi gesot, dat geet net esou einfach. Dee Rapport Fontagné, dee jo vill diskutéiert ginn ass a wou vill Leit net domat d’accord waren, huet awer dozou gefouert, datt mir ebe just zesumme mat de Sozialpartner déi Indicateuren opgesat hunn, dat sinn Indicateuren à long terme, dat heescht, déi ginn nëmmen ee Mol am Joer gekuckt.
Wat mir elo musse maachen, dat ass der vläicht 5, 6, 7, vläicht 8 Stéck eraushuelen, déi ee pro Mount, oder mindestens all dräi Méint ka kucken, an da vläicht éischter reagéieren, och an der Hoffnung, datt mir eis bewosst sinn, datt dat Land net esou ka viru fueren. Dat heescht, mir haten elo eng Period wou mir eis sollen driwwer freeën, datt Munches relativ liicht hei zu Lëtzebuerg gelaf ass, an datt déi Zäiten eriwwer sinn.
All déi aner Länner stelle sech op, all déi aner Länner si staark Konkurrenz zu eis. An deen dee mengt, datt mir dat nach just aus dem Aarm géinge rësselen, deen iert sech. Ech hunn dat schonn des Ëftere gesot, et ass deemools oft de Kapp gerësselt ginn, mä mir kommen an déi Situatioun elo.
Ech wëll nach eng Kéier ënnersträichen, mir mussen u ville Schrauwen dréinen. Et soll kee mengen, et wier einfach a mir kéinte mat enger Solutioun all Problemer léisen. Dat gëtt et net.
Max Theis: Äre Pabeier befaasst sech jo och vill mat der Simplification administrative. Ass da méi Beweegung am Dossier nodeems de Premier de Ressort iwwerholl huet?
Jeannot Krecké: Et ass emol net alleng, well de Premier de Ressort iwwerholl huet. Ech hunn hien nach net erlieft an enger Sitzung. Mä et ass awer esou, datt eng Aschätzung mëttelerweil ass an der Regierung selwer, datt mir anescht muss virgoen. Dofir hu mir säit Kuerzem e Gremium wou mir eis treffen, d’Ministeren déi concernéiert si plus hir Beamten – ech hoffen och, datt deen éischten Äifer esou weider geet, well ech mengen dat ass dee richtege Wee – wou mir eis treffen an op konkreten Dossierë kucken, wou et hänkt et dann. Wou mir probéieren d’Dossierë weiderzeginn, dat heescht wou mir et net op der Beamtenebene loossen, mä wou de politesch Responsabele mat um Dësch sëtzt, an op eemol seet, dat do kann net sinn, also musse mir virufueren, a wann d’Gesetz eis et net erlaabt, musse mir eben d’Gesetz änneren.
Dofir ass d’Madame Modert zoustänneg, déi jo d’Simplification administrative soll weider féieren, dat heescht, aus deene praktesche Beispiller och soll Conclusiounen zéien.
Well et geet net duer, datt een op eemol feststellt, d’Gesetz léisst dat net zou. Wann een da Saache fënnt an engem Gesetz déi net passen, da muss een dat Gesetz änneren. Mir hu während Joeren eis do laanscht gedréckt, déi Saachen ze änneren, ënner gudden a schlechten Argumenter, mä schlussendlech si mir net weider komm. An ech mengen, elo an deene leschte Méint wiere mir awer weider komm.
Max Theis: Jeannot Krecké, ech soen Iech Merci, datt Dir haut hei waart. D’Kompetitivitéit wäert eis weider beschäftegen déi nächst Wochen a Méint, a mir kommen och bestëmmt dann op déi Parameteren zréck. Fir haut emol Merci.
Jeannot Krecké: Merci och.
|