Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2010 > Juin 2010 > Le Premier ministre Jean-Claude Juncker au sujet des élections aux Pays-Bas

Interview
Le Premier ministre Jean-Claude Juncker au sujet des élections aux Pays-Bas
"Radio 100,7" du 10-06-2010

Vers le niveau supérieur

Jean-Claude Juncker: Holland war iwwer Joerzéngten ee Land, wou de Konsens tëscht Lénks a Riets iergendwou an der Mëtt zesummegelaf ass. Zënter gëschter, mä dat huet sech ofgezeechent duerch e schläichende Prozess iwwer e puer Joer, huet Holland seng Mëtt verluer, well d’Hollänner sech eigentlech an hir Eegenaartë verléift hunn, an doduerch zu enger Zersplitterung vun der hollännescher Gesellschaft, an an hirem politesche Reflet, gefouert hunn.

Et gëtt weder eng däitlech Lénks Majoritéit, nach eng däitlech Mëtt-Riets Majoritéit. D’Chrëschtdemokraten hu séier considérabel, voire dramatesch Verloschter mussen hinhuelen. D’PvdA, d’sozialistesch Partei, huet och verluer. Déi Liberal Partei huet gewonnen, mä ass op enger Héicht ukomm, wou se schonn emol eng Kéier war.

Et gëtt keng dominant Kräfte méi an der hollännescher Politik, well keng Partei huet eigentlech méi wéi 21%, 22%, 23% vun de Sëtz – dat soen ech mat engem kleng Säitebléck op Lëtzebuerg, wou jo awer ëmmerhin eng Partei 38,5% huet.

Dat gëtt ganz schwiereg Koalitiounsverhandlungen. Holland ass awer ee wichtegen Acteur an der europäescher Politik, besonnesch am Beneluxraum. An dofir ass ze hoffen, an ze wënschen, datt déi Koalitiounsverhandlunge séier op en Enn gefouert ginn. Dat ass awer keng hollännesch Traditioun, dat dauert do heiansdo ganz laang, 100 Deeg ass den Duerchschnëtt vun der Regierungsbildungszäit déi se brauchen. Dat ass natierlech an der Kris net gutt, wann een esou laang zappelt an zéckt.

Ech hu mat enger Rei vu Kollengen do geschwat, sinn awer gudder Hoffnung, datt sech do eppes mécht, wat séier Bestand kritt.

Serge Kesseler: Ee Gewënner bei den hollännesche Wahlen ass den islam-kritesche Rietspopulist Geert Wilders. Seng Partei huet 15 Sëtz dobäi gewonnen, an ass elo drëttstäerkste Kraaft. Sinn d’Kris an hir Konsequenzen d’Ursaach fir säi Succès, oder gesidd Dir nach aner Ursaachen?

Jean-Claude Juncker: D’Ursaach ass d’Verléiftheet vun den Hollänner an unisingulär Segmenter vum Denken.

Et gëtt an Holland eng ganz Tranche vun der Bevëlkerung, déi Euro-skeptesch ass, fir d’éischt. Zweetens Auslänner-skeptesch ass, wat d’Hollänner ni waren, well et ass jo ee Land, wat duerch seng Toleranz, an duerch säin toleranten Ëmgang mat auslännesche Communautéite bekannt ass.

Alles dat huet sech, fir emol lëtzebuergesch ze schwätzen, évaporéiert, dat ass scho virun 7, 8 Joer däitlech ginn, wéi den Här Fortuyn och Extraes gezielt huet. Dee Mann ass virun de Wahlen, dat ass ze regrettéieren, an awer typesch fir d’Verhärdung vun der politescher Konfrontatioun an Holland, erschoss ginn.

De Wilders ass een net sympatesche Mënsch, an eng net sympatesch Partei. A menge Gespréicher mat den hollännesche Kollegen soen ech awer, si missten déi mat an d’Regierung huelen, well Radikalismen déi ronne sech eréischt of, wa se eng Kéier mat der Realitéit vum Pouvoir konfrontéiert sinn. Déi eenzeg Methode déi een huet, fir mat extreme Kräften, extreme Gedanken ëmzegoen ass fir se un der Wierklechkeet ze préiwen.

Ech géif also staark recommandéieren – obschonn dat mech näischt ugeet, mä ech si gefrot ginn – datt déi Regierungsgewalt emol während enger Zäit sollen ausüben, fir emol ze gesi wéi komplizéiert datt d’Regéieren ass. Tëscht regéieren a parléiere besteet e groussen Ënnerscheed.

Serge Kesseler: Dat heescht, Dir baut op eng Entzauberung vum Rietspopulist, doduerch datt hie mat regéiere misst?

Jean-Claude Juncker: Jo entweder setzt hie sech mat senge radikalen Iddien duerch, wat awer net bei d’Majoritéit vun den Hollänner passt, oder awer e gëtt ofgerënnt, an e verschwënnt an der Versenkung, an där déi gutt versenkt kënne ginn, déi am Iwwergang an deem se ee Gedanken, deen et am Vollek gëtt, staark bestueden, un der Realitéit scheiteren. Ech sinn der Meenung, datt een esou Kräfte muss abannen an d’Regierungsgeschäft. Ech géif dat heiheem ni maachen, niewebäi bemierkt, mä ech fannen, do wou se esou staark gi si wéi do an Holland, soll een dat maachen.

Serge Kesseler: Als wahrscheinlech neie Premier an Holland gëllt et de Mark Rutte, de Chef vun der Rietsliberaler Vollekspartei. Rechent Dir fir d’Zukunft mat Changementer an der Zesummenaarbecht tëschent de Benelux Staaten?

Jean-Claude Juncker: Neen, d’Soliditéit vum Beneluxverband déi ass grouss. Ech bedreiwen dat Geschäft zënter laange Joeren, besonnesch vun un datt ech Premier sinn, zënter 15 a 16 Joer, mat wiesselnde Partner. Mir sinn drop ugewisen, bal existentiell, datt mir eng gutt Entente am Benelux hunn, an ech gesi keng Ursaach fir deem an Zukunft eng aner Orientatioun ze ginn.

Serge Kesseler: An dräi Deeg sinn och an der Belsch virgezunnen Neiwahlen. Wéi ee Resultat erwaart Dir Iech an eisem Nopeschland?

Jean-Claude Juncker: Ech ginn dovun aus, datt ech no dëser Woch deen eenzeg iwwerliewende chrëschtdemokratesche Premier am Beneluxraum sinn.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact