|
De President vum Eurogroupe Jean-Claude Juncker war haut am Europaparlament zu Bréissel. Hie war invitéiert fir dem President an de Fraktiounschefe vum EU-Parlament ee Rapport ze maachen iwwert d'Situatioun am Euroraum. Wat koum dann do eraus, Pierre Reyland?
Pierre Reyland: Et gëtt jo zanter enger Zäit vill Onsécherheet iwwer d'Länner an der Eurozon an dat net nëmme wéinst der Scholdekris a wéinst der Baisse vum Euro, dee sech haut iwwregens nees e bëssen erkritt huet. Och déi politesch Situatioun, seet den Här Juncker, mécht him an dem Parlament Suergen. Déi communautaire europäesch Method wär am gaangen ofzerëtschen an eng méi intergouvernemental.
Jean-Claude Juncker: D'Parlament ass besuergt driwwer, datt déi grouss Staaten, notamment Däitschland a Frankräich ënnertenee fir sech selwer decidéieren an da probéieren déi aner op déi Linn ze kréien, ouni datt d'Parlament, wat ëmmerhi gewielt ginn ass vun allen Europäer, ee Matsproocherecht huet. Där parlamentarescher Äusserung vun enger aler an neier an och noutwenneger Befindlechkeet kann ech mech nëmmen uschléissen.
Pierre Reyland: Och bei de Spuerprogrammer vun e puer Eurozonlänner, notamment Griichenland, bedauert den Här Juncker, datt senger Meenung no deen nationale Gedanken zevill virun deem solidaresche gespillt huet, dat hätt Zäit a Sue kascht. An a punkto Solidaritéit a Gerechtegkeet, eng global Steier op Finanztransaktiounen, dat wor ee weidere Sujet haut an de Jean-Claude Juncker ass do dofir, bekanntlech. Hien huet dem Europaparlament dat kloer an däitlech nach emol gesot, allerdéngs wär et schwéier, wann net esouguer onméiglech, esou eng Steier weltwäit anzeféieren.
Jean-Claude Juncker: Ech hale se weltwäit fir bal net ze maachen, well besonnesch am opstriewenden asiateschen Deel vun der Welt, a Kanada, och an Australien, deenen hir Banken net a Gefor waren, aus enger Rei vu Grënn, och keng Interventiounen hu musse gemaach gi fir d'Banken an dofir wëllen déi Länner och keng extra Steier op de Banken aféieren, well si d'Ursaache dovun net kënnen erkennen. An Europa ass dat och schwiereg. Um Niveau vun der Eurozon ass dat schwiereg, mä scho virun zwou Wochen hunn ech an der Eurozon feststelle gelooss, datt déi 16 Finanzminister vun der Eurozon prinzipiell der Meenung sinn, datt mir esou eng Steier brauchen a mir schaffen och ganz aktiv dorun.
|