|
RTL Radio: Den éischte Januar d'nächst Joer soll de Marché vun der Post komplett liberaliséiert sinn, esou gesäit et eng EU-Direktiv op mannst vir. Zu Lëtzebuerg gouf de Gesetzprojet am leschte Regierungsrot och ugeholl. En huet awer eng Partie Exceptioune fir Lëtzebuerg. François Benoît :
François Benoît: Hei am Land trëtt d'Direktiv eréischt 2 Joer méi spéit a Kraaft, nämlech den 1. Januar 2013. Dann ass also och de Marché vum Courrier ënner 50 gr liberaliséiert. Zu Lëtzebuerg krut d'Post de sougenannten universelle Post-Service awer nach fir 7 Joer zougeséchert, ma duefir muss d'Qualitéit assuréiert sinn. Och an den entleeëne Géigenden mussen d'Bréiwer dann zum Beispill ofgeholl a verdeelt ginn. De Wirtschaftsminister Jeannot Krecké.
Jeannot Krecké: D'Post huet elo mol fir 7 Joer, wann dat Gesetz esou duerch geet, fir 7 Joer de Service universel garantéiert, mä awer och z'assuréieren. Duerno muss ee kucken ob een de Service universel nach brauch, ob de Marché sech net esou agependelt huet, datt een dat net méi brauch, datt am Fong geholl d'ganzt Land ofgedeckt ass zur Zefriddenheet. Ass dat net de Fall, da gëtt de Service universel weider gefouert. Mä vun deem Moment aus un ass en net méi der Post zougeuerdnet, mä da kann iergendeen aneren och froe fir dat z'assuréieren, e brauch just d'Critèren anzehalen.
François Benoît: Well d'Post den universelle Post-Service iwwerhëllt, kritt se eng finanziell Ënnerstëtzung aus engem spezielle Fong wou de ganze Secteur dran abezuelt. Den aktuellen Text gesäit vir, datt d'Post d'Bréiwer an Zukunft och Samsdes géif ausdeelen.
Jeannot Krecké: Dat ass d'Propose déi am Moment vum Minister, deen en charge ass vun der Regulatioun, gemaach ass. Ech sinn net en faveur dovunner. Dat heescht et ass deen eenzege Punkt op deem mir eis net esou eens sinn. Am Moment gesäit een, datt de Volumen vun der Post zeréck geet. Et kann een dat alles maachen. Et muss ee just wëssen, datt dat dat ganzt ëm 10 bis 14 Millioune wäert verdeieren, ouni, loosse mir soen, datt elo zousätzlech Aktivitéiten op d'Post zoukommen. Dat heescht, et ass dat selwecht wéi dat wat haut verdeelt géing ginn, géing da verdeelt ginn anstatt op 5 op 6 Deeg. Dat heescht, datt dann awer méi Leit missten agebonne ginn, dat heescht méi Tournéeën virgesi ginn.
François Benoît: Géif d'Post och Samsdes verdeelt ginn, da missten 20% méi Touren organiséiert ginn. D'Chamber soll elo kucken ob dat net just kascht an eigentlech net néideg ass, esou de Jeannot Krecké.
|