Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2010 > juillet 2010 > Mady Delvaux-Stehres au sujet des résultats des examens de fin d’études

Interview
Mady Delvaux-Stehres au sujet des résultats des examens de fin d’études
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 06-07-2010

Vers le niveau supérieur

Max Theis: Um Telefon ass elo d'Educatiounsministesch Mady Delvaux. Gudde Moien.

Mady Delvaux: Bonjour.

Max Theis: Madame Delvaux, wéi zefridde sidd Dir da mat de Resultater vun dësem Joer?

Mady Delvaux: Fir d'éischt wollt ech mol alleguerten deene felicitéieren, déi ronn 2200, déi den Examen gepackt hunn, besonnesch deene mat der Mention excellent. An da kann ech jo net soen ech wier immens zefridden, well am léifsten hätt ech jo, 100% hätten de Premièresexame gepackt. Elo hoffen ech, datt déi ronn 600 déi en Noexamen hunn, datt déi nach dobäi kommen an dann ass d'Statistik jo e bësse besser. Mä am allgemenge fannen ech, datt wann een esou laang, schliesslech 6 Joer Primaire, 7 Joer Secondaire bis op d'Première gepackt huet, da misste mir am Fong méi en héigen Taux de réussite hunn. Mir kënnen eis also nach verbesseren an den nächste Joeren.

Max Theis: Am Regime vum Techniker gouf et en Abroch vun iwwer 4 Prozentpunkten, wat d'Reussiten ubelaangt. Den zweetniddregsten Taux zanter 10 Joer. Gesidd Dir duefir e Grond?

Mady Delvaux: Den Technikerdiplom, dat ass souwisou eng ganz schwiereg Fro. Duefir hu mir dee jo reforméiert a vum nächste Joer hunn fänken déi eenzel nei Formatiounen un an dann déi aner. Well den Technikerdiplom dee gëtt engem jo den Accès zu enger Fachhéichschoul a gläichzäiteg zum Beruff. A mir wëllen am Fong dat e bëssen opdeele fir ze soen, wann ee wëllt an ee Beruff goen fir deen Technikerdiplom a wann ee wëllt den Accès zur Uni hunn, da mécht ee suplementar Modulen. An ech denken, datt mir dann deem Diplom do méi gerecht ginn an och de Schüler duerch eng modulär Formatioun d'Chancë ginn fir sech besser ze qualifizéieren. Dat ass sécher ee Punkt wou mir an den nächste Joren, hoffen ech, eng Verbesserung kréien.

Max Theis: Prinzipiell sinn d'Meedercher besser wéi d'Jongen, op mannst am Secondaire an am Technique. Wéi eng Conclusiounen zitt Dir dann do?

Mady Delvaux: Ma mir mussen dru schaffen, datt d'Jonge besser ginn. Laang hu mir jo Aktioune gemaach fir, datt d'Meedercher sech solle gläich gi mat de Jongen. A wa mir elo iwwert Gender schwätzen, da musse mir ech menge vun der Ecole fondamentale un e bësse besser oppassen wéi mir d'Jonge motivéieren. Well dat läit jo net un der Intelligenz, et läit mengen ech un der Motivatioun. Wéi bréngt een et fäerdeg, datt méi geschafft gëtt, datt méi konstant geschafft gëtt fir, datt d'Jongen déi Chance awer kréie fir sech och héich ze qualifizéieren?

Max Theis: Een anere Sujet deen ech och nach wollt uschwätzen, ass d'Gewalt an de Schoulen. Dat gëtt och ëmmer méi een Thema hei am Land. An enger rezenter Antwert op eng parlamentaresch Fro hudd Dir gesot, datt et all Joer méi Conseils de discipline ginn. Wéi erkläert Dir Iech dat dann a wat kann een eventuell dogéint ënnerhuelen?

Mady Delvaux: Éischtens hu mir ëmmer méi Schüler, dann ass et also och net anormal, datt mir méi Conseils de discipline hunn. Vill, d'Halschent géif ech soe vun de Conseils de dicsipline déi si wéinst dem Absenteismus, well d'Schüler einfach ze vill onentschëllegt an ëmmer erëm feelen. Mä am allgemengen, d'Schoul ass ëmmer nëmmen e Reflet vun der Gesellschaft. D'Ongedold, de Mangel u Respekt an un Toleranz deen hëllt jo och an der Gesellschaft zou. Mir sinn natierlech amgaang ganz vill Programmen ze maachen. Bal all Schoul huet e Programm fir Präventioun vu Gewalt, vu Mobbing duerch ze zéien. Ech gleewe wirklech do och un d'Präventiounsprogrammen. Awer nach muss een och kënne weisen, hei wann Dir Iech net un d'Regelen haalt, da gëtt et och Konsequenzen. Et geet net fir nëmme Präventioun ze maachen an dann ze soen, jo gutt et sinn aarem Kanner, mir mussen hinnen hëllefen, also ech mengen, datt een op deenen zwee Voleten muss weisen, an der Schoul ginn et Regelen a jiddweree muss sech un déi Regelen halen. An e Schoulklima ass nu wirklech en Element wou mir musse vill dru schaffen, well nëmme wann e gudde Schoulklima ass, kann och d'Aarbecht gutt an der Schoul gemaach ginn. Dat ass e wichtegt Element, datt an enger Schoul eng Atmosphär ass wou ee sech wuel fillt a wou ee Rou huet fir ze schaffen. Also och do wäerte mir weider fuere mat de Präventioune, mat de Programmer.

Max Theis: Elo ass jo mol Vakanz geschwënn, Mady Delvaux, merci, datt Dir Iech de Moien Zäit geholl hutt.

Mady Delvaux: Merci Iech.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact