|
Marie-Josée Jacobs: Gudde Mëtteg.
Eric Ewald: Dir hutt elo grad an deenen Iwwerschrëfte vun der Aktualitéit héiere vun där Kritik déi et vun der Deputéiert Vera Spautz un hirer Partei gouf. Et gouf och Kritik an de leschten Deeg vum OGB-L un där LSAP. D'Froen déi sech do stellen, respektiv d'Thematik déi sech stellt, ass natierlech engersäits den Index anerersäits d'Kannergeldgesetz. Bleift déi Situatioun fir d'Regierung virum annoncéierte waarmen Hierscht weider schwiereg?
Marie-Josée Jacobs: Ech denken, datt et ëmmer schwiereg ass wann ee muss spueren. Et ass och ëmmer schwiereg – a fir jiddweree schwiereg, net nëmme fir d'LSAP, et ass och schwiereg fir d'CSV an och fir d'CSV-Ministeren, egal wéi si heeschen – wann een de Leit eppes muss ewech huelen.
Ech denken awer, datt een ni dierf dat grousst Zil vergiessen ëm dat et eigentlech geet. A wann ech dann héieren, datt gesot gëtt, et ass keng Kris, wann ech awer d'Noriichte kucken a lauschteren, all Dag erëm nei Betriber déi zouginn, Leit déi méi an de Chômage kommen, ob dat Banke sinn, ob dat aner Betriber sinn. Gëschter Owend e Betrib wou d'Majoritéit vun de Leit iwwer 45 Joer al ass.
Da muss een awer wëssen, datt dat och Konsequenzen am Budget huet. Et huet virun allem, selbstverständlech, mënschlech Konsequenzen.
An dann op där anerer Säit awer ze soen, et geet jo besser – a wann een awer weess, datt mir nach 1,5 Milliard Schold behalen, da muss ee sech awer froen, hu mir d'Recht all déi Suen déi elo do sinn, alles dat wat mir haten, wat mir gären haten a wat och jiddwerengem léif war, ob mir dat alles kënnen halen oder ob mir net awer vläicht bereet sinn op e bësselchen ze verzichten, fir datt eis Kanner an eis Enkelkanner net eng Kéier d'Rechnung musse bezuelen. Well dorëm geet et jo. An et ass am Fong schued, datt doriwwer net méi geschwat gëtt, datt dat awer esou eppes wat jo och de Gewerkschaften net kann egal sinn, well dat ass jo awer och d'Zukunft vum Land déi soss joerelaang hypothekéiert bleift.
Eric Ewald: Dir sidd nieft Ärem Posten als Kooperatiounsministesch och Familljeministesch nach ëmmer.
Hat Dir d'lescht Woch Versteesdemech fir d'Manifestatioun vun de Frontalieren op der Clairefontainesplaz, déi jo relativ grouss ausgefall ass? Obwuel de Premier Jean-Claude Juncker jo am Briefing fir d'Press den aneren Dag nom Ministerrot déi Kritik gekontert huet, datt virun allem um Bockel vun de Frontalieren eben verschidden Ännerungen, wat d'Studiëbäihëllefen ugeet respektiv wat d'Kannergeld ugeet, géifen duerchgezu ginn.
Marie-Josée Jacobs: Ech mengen, datt do villes net richteg gesot gouf. Ech wëll net soen, datt dat mat Absicht war, mä ech denken awer, datt eng ganz Partie vu Kritiken an eng ganz Partie vu Leit – de Minister Biltgen an ech haten eng Rei vun deene belsche Buergermeeschteren duerno ëmfaangen a mir hunn deenen erkläert, datt net jiddweree mat 18 Joer géing d'Kannergeld ewech geholl kréien, weder zu Lëtzebuerg nach am Ausland, mä datt, wann ee géing virufuere mat deenen anere Studien déi een amgaang ass, ob dat professioneller sinn, ob dat am Secondaire ass, datt do de Leit näischt géing ewechgeholl ginn.
Bis elo ware mir op 18 Joer a jiddwereen deen e Kand hat wat iwwer 18 Joer al ass weess, datt een da muss op der Kannergeldkeess e Certificat vun der Schoul eraschécken, datt een eben nach schoulflichteg ass, oder datt een nach an d'Schoul geet. Vun dohier mengen ech, datt eng ganz Partie Kritike gemaacht goufen, déi net berechtegt waren.
Elo kann een ëmmer verstoen, datt Leit déi eppes haten an et net méi hunn oder net méi an deem Ausmooss hunn, datt een doriwwer net frou ass. Dat ass eppes wou ech Verständnis dofir hunn, an ech denken och jiddwereen es dofir huet. Mä dat wat wichteg ass, ass awer ze soen, mir hunn domat net deenen enge wollte schueden.
Op där anerer Säit muss een och gesinn, datt mir eng ganz Partie Kanner zu Lëtzebuerg haten, wann ee vu Kanner ka schwätzen, vun deenen déi op d'Universitéite ginn, déi dat net konnte maachen, well hir Elteren entweder dat net wollte maachen, well och dat gëtt et. Mir musse jo och gesinn, datt mir an enger Zäit liewe wou d'Solidaritéit tëscht den Elteren an de Kanner net méi ëmmer do ass, vun de Kanner och net zu den Elteren, mä wat awer dozou gefouert huet, datt eng Partie Kanner a Jugendlecher wierklech schlecht dru ware fir kënne Studien ze maachen. A vun do also och déi Changementer déi gemaacht goufen, fir jiddwerengem d'Méiglechkeet ze ginn, well mir zu Lëtzebuerg wierklech schlecht gestallt sinn, wat Unisdiplomer sinn.
Mir gesinn, datt mir schrecklech vill Leit am Lëtzebuerger Land schaffen hunn, wou mir selwer keng Leit hunn déi kënnen déi Aarbechte maachen. Vun dohier ass et also wichteg ze kucken, als Land, datt een och an der Zukunft méi Leit huet, déi selwer Unisdiplomer hunn an domat kënnen eng ganz Partie vun Aarbechten iwwerhuelen, wat elo eben net méiglech wor.
Eric Ewald:Eriwwer da bei eisen Haaptplat. Dir waart vun e Méindeg bis e Mëttwoch fir de Sommet iwwer déi esou genannt Millenniumsziler fir d'Entwécklung bei der UNO zu New-York. An Ärer Ried en Dënschden sot Dir, et misst een en Tëschebilan sans complaisance vun de Progrèsen zéien, déi zanter 2000 gemaacht goufen an hutt selwer vun engem bilan mitigé geschwat. Wa mir an der aler Schoul wären, wat fir eng Note vun 1 bis 6 géift Dir dann dësem zweeten New-Yorker Sommet ginn?
Marie-Josée Jacobs: Ech sinn net esou negativ wéi vill aner Leit et sinn. Ech wëll awer net soen, datt alles gutt um Sommet war, ech wëll och net soen, datt alles gutt mat de Millenniumsziler ass.
Dofir denken ech, wann een eng Note géif gi vun 1 bis 6, datt et 4 wor an datt ee selbstverständlech ëmmer alles nach besser ka maachen.
Op där anerer Säit muss een awer och gesinn, datt an deenen 10 Joer esou vill geschitt ass wéi ni virdrun. Dofir soen ech, et ass richteg, an et muss een dat och mat Realismus kucken, wat gutt gaangen ass a wat schlecht gaangen ass. An da gesitt Dir, datt et ganz ënnerschiddlech ass. Mir hunn haut esou vill Kanner déi an d'Schoul ginn, wat nach ni de Fall war. Dat ass jo awer eppes wat äusserst positiv ass a wou jiddweree sech soll driwwer freeën. Well wann Dir wëllt aus der Aarmut laangfristeg erauskommen ass jo eng vun de Conditiounen, datt Dir musst kënnen an d'Schoul goen, datt Dir musst kënne liesen a schreiwen.
Da kommen natierlech ëmmer aner Saachen dobäi. Wann Dir kee Waasser hutt an enger Uertschaft oder an engem Duerf, oder wéi et och ëmmer ass, da sinn et jo ganz dacks d'Kanner déi dat musse siche goen, virun allem d'Meedercher. Da kënne si net déi Zäit wou si stonnelaang ënnerwee si mat Waasser net an d'Schoul goen. Dofir, et gëtt do esou wéi iwweral, esou villes wat zesummespillt, an dofir ass et also wichteg ze kucken, wat ass an der Rei, wat ass gutt, wat ass net gutt, ganz ënnerschiddlech, jee no Regiounen, wou et besser gaangen ass a wou et méi schlecht gaangen ass.
Eric Ewald: De Bilan op den Noriichtenagencë goung vu skepteschem Optimismus iwwer virsiichtegen Optimismus bis bei “keng konkret Zousoen�? – Dir selwer hutt elo grad dem Sommet eng kleng Datz ginn. Huet also zu New-York dee politesche Wëllen an deen Engagement gefeelt deen Dir an Ärer Interventioun gefuerdert hat, fir ënner anerem eben d'Missioun op en Enn ze bréngen, bis 2015 d'Aarmut an den Honger uechter d'Welt ëm d'Halschent ze reduzéieren?
Marie-Josée Jacobs: Op eenzelne Plaze feelt engem sécher eng Partie vun Engagement.
Op där aneree Säit muss ech awer soen, datt am Fong jiddwereen, an dat huet mech awer méi positiv gestëmmt, gesot huet, mir kënnen déi Aarbecht déi mir amgaang sinn ze maachen, net ophalen, et muss virugoen, et muss nach méi geschéien an den nächste Joeren.
An och ze soen, dat politescht Engagement – wou ech net richteg weess wat domat gemengt ass, well et ass net nëmme mat Suen alleng wou een dat do fäerdeg kritt. Et brauch selbstverständlech Suen do dofir, mä wa mir gären hätten, datt déi Länner sech entwéckelen, da musse si dat och virun allem selwer maachen.
An och dat hunn ech a menger Ried gesot, et ass wichteg, datt virun allem d'Länner selwer sech engagéieren a kucken, datt si op en Niveau kommen, datt si kënnen hir eege Leit ernähren. Do dozou gehéiert selbstverständlech och, datt si eng gutt Gouvernance hunn, dat heescht, datt si Administratiounen hunn déi fonctionnéieren, datt si Schoulen hunn déi fonctionnéieren, datt si e sozialt Netz hu wat fonctionnéiert, gesondheetlech Infrastrukturen, alles dat do ass, dat ass wéi gesot eppes wou een op där enger Säit muss hëllefen, datt si dat kréien, op där anerer Säit awer och de Wëlle vun de Länner selwer muss do si fir dat eben och ze maachen.
Eric Ewald:D'Millenniumsziler bleiwe pertinent, hutt Dir zu New York declaréiert, an an engems d'Ongedold bedauert déi schlecht zu esou engem laangfristegen Engagement passe géif. Verstitt Dir awer d'Kritik vun den ONGen un deem wat zu New York geschitt ass, respektiv net geschitt ass? Keng konkret Resultater bedeite jo weider Aarmut fir déi Betraffen an ëmmerhi lieft 2010 bal ee Véierel vun der Weltpopulatioun nach ëmmer ënner der Aarmutsgrenz.
Marie-Josée Jacobs: Ech denken, datt d'ONGen an hirer Roll si fir ze soen, datt si sech méi erwaart hättenm an datt si léiwer gehat hätte wa méi Konkretes do erauskomm wier.
Op där anerer Säit hat Mënsch 2000, wéi et ugaangen ass, domat gerechent, datt mir esou eng finanziell Kris iwwer d'Welt géinge kréien, wat selbstverständlech Auswierkungen och huet an den Entwécklungslänner. Zu engen Deel, an dat ass e Reproche deen ech de Länner maachen déi sech net un hir Verspriechen halen, versprieche si datt si méi géifen investéieren, verspriechen datt si sech méi géingen engagéieren an et dann net maachen. Do si mir als Lëtzebuerger e faire Partner, dee sech un déi Verspriechen déi e mécht dann och hält.
Op där anerer Säit muss ee gesinn, datt déi Länner enorm drënner leiden, datt hir Leit déi eigentlech am Ausland sinn, an Europa sinn, an Amerika sinn, déi enorm vill Geld heemgeschéckt hunn, quitte datt hir Familljen et kruten zu engem groussen Deel, mä awer op där anerer Säit dat och Geld ass wat de Familljen do feelt wou d'Staaten an d'Länner mussen dran investéieren. Dat ass eppes wat an eenzelne Länner bis zu 20% ausmécht. Dat ass jo gewalteg.
An dann, alleguerten déi Naturkatastrofen déi kommen, do gesitt Dir, datt esou villes wat an deene leschten 10 Joer un Negativem geschitt ass, wat selbstverständlech eng gewalteg Auswierkung och op d'Entwécklungshëllef huet. Vun dohier kann et net aneschters sinn, wéi datt déi Efforten déi mir maachen, datt mir och domat virufueren.
Eric Ewald: Dir hutt elo ënnert anerem déi Länner kritiséiert déi hir Verspriechen net halen. Dozou gehéiere jo leider och ganz vill grouss Länner, déi eben ent deene Verflichtungen nokommen, zum Beispill déi 0,7% vum PIB ofzeginn. Ee Beispill, ouni alleng mam Fanger op si ze weisen, ass eisen Noper Däitschland, deen op 0,4% kënnt, ech ginn awer dovun aus, datt Dir och nach aner Länner mengt.
Marie-Josée Jacobs:Selbstverständlech. Et gëtt der nach méi an der Europäescher Unioun déi net op hir 0,7% kommen. Wéinstens huet d'Kanzlerin zu New York versprach, datt si sech géife besseren, an datt si géife mat hirer Entwécklungshëllef eropgoen. Aner Länner déi nach ënner deenen 0,4% an Europa sinn, hunn dat emol net gemaacht, an ech denken do zum Beispill un Italien, déi wäit dovun ewech sinn. Also ech denken, datt dat och kee gutt Zeeche fir Europa selwer ass, wa mir eis net un déi Verspriechen halen, déi mir deenen Äermsten ginn.
Eric Ewald: Am Zesummenhang mam Sommet vun New-York stellt Iech d'Christine Dahm, déi nei Generalsekretärin vum Cercle de coopération des ONG elo eng Fro.
Christine Dahm (O-Toun):Mir hu jo héieren, datt elo no dem Sommet Länner wéi Frankräich, d'Belsch an och Spuenien déi Steier op Finanztransaktiounen ënnerstëtzen. Déi Steier gouf jo scho joerelaang vun den Entwécklungsacteurë proposéiert. Ech wollt do froen, ob Lëtzebuerg do och eng Taxe op déi finanziell Transaktioune géif ënnerstëtzen, a wat do den Avis wier vum Ministère? Well et ass jo geschat ginn, datt esou eng Taxe bis zu 400 Milliarden Dollar am Joer kéint bréngen an dat wier jo eng Hëllef fir d'Objectifs du millénaire pour le développement méi séier z'erreechen.
Eric Ewald: Madame Jacobs, wéi ass Är Positioun zu esou enger Steier op Finanztransaktiounen?
Marie-Josée Jacobs: Ech denken, datt dat eppes ass, wa mir eis an Europa op esou eppes gëeenegt géinge kréien, da wier Lëtzebuerg sécher net deen dee sech do géing dogéint stäipen. Et ass also eng Fro, an dat gëtt jo och vill diskutéiert an de Finanzconseillen, wou ee muss eng Eenegung fannen. Dat kënnen et 2 oder 3 Länner maachen, dat ass also eng Démarche déi eng europäesch muss sinn. Wann déi aner 26 Länner do domat d'accord sinn, da wäerte mir dat selbstverständlech och maachen.
Eric Ewald: Fäert Dir net, datt d'Banken do direkt Raute wénken a soen Njet?
Marie-Josée Jacobs: Dofir soen ech, muss et eng europäesch Démarche sinn, well wa fir jiddwereen d'Conditiounen d'selwecht sinn, dann ass dat jo an der Rei esou. Mä wann natierlech nëmmen eenzel Länner dat wëlle maachen, da wier et fir Lëtzebuerg, wou mir awer eng Finanzplaz sinn där et an dësem Moment jo net esou extra gutt geet, muss ee jo och oppassen, datt een net nach zousätzlech Chargë mécht wann aner Länner dat dann net géife maachen.
Eric Ewald: Ass, fir op New York zréckzekommen, a wéi e Commentateur et gesot huet, d'Drëtt Welt an de leschten 10 Joer effektiv méi kleng ginn, mä deen, deen nach en Deel dovun ass, deen huet schlecht Kaarten? A gesäit et net wierklech duerno aus, wéi wann net onwahrscheinlech ass, datt Afrika bis 2015 all d'Millenniumsziler erreecht, wéi de Programm vun de Vereenten Natioune fir d'Entwécklung, de PNUT, mengt?
Marie-Josée Jacobs: Et ass kloer, datt eng ganz Partie vun Aarmut net méi besteet. Mä dat wat een ëmmer erëm gesäit, dat ass, datt et eigentlech egal ass wou d'Leit aarm sinn, ob dat zu Lëtzebuerg ass oder ob dat an Afrika ass, all Persoun, all Mënsch deen aarm ass ass ëmmer een zevill.
Vun dohier ass et richteg fir ze soen, déi ginn u sech nach méi aarm, well mir gesinn, datt awer eng Entwécklung och an eise Länner amgaang ass, wou een éischter gesäit, datt eng ganz Partie Leit ëmmer méi räich ginn an eng aner Partie méi aarm gëtt. Dofir mengen ech, datt dat eppes ass, wou een och muss konsequent virufueren.
Schlëmm ass et jo eigentlech, datt mir bis 2015 nach nëmmen d'Halschent vun der Aarmut a vun dem Honger bekämpft wollte kréien a musse kréien. Da bleift also nach ëmmer eng ganz Halschent. Ze mengen, 2015, esouguer wa mir et an deem wonnerbarste Szenario géinge fäerdeg kréien d'Ziler all z'erreechen, hu mir nach nëmmen d'Halschent vun der Aarmut a vum Honger bekämpft.
Et ass also net méiglech fir ze soen, mir kréien dat alles fäerdeg an da si mir um Zil ukomm. Mir mussen also och driwwer nodenken, wat maache mir no 2015. Et hält net op. Wa mir gesinn, wat all Dag op en Neits geschitt, da gëtt et ëmmer méi wichteg datt och déi Plaze wou et gutt geet een och muss konsolidéieren.
Eppes wat eng ganz wichteg Roll spillt, dat ass och de Fridden an deenen eenzelne Länner. Wann Dir elo zum Beispill kuckt, a Westafrika, wou mir jo 4 Länner hu wou mir aktiv dra sinn, wann zum Beispill op der Côte d'Ivoire Krich ass, an déi maachen zu Abidjan hiren Hafen zou, da kréien déi Länner aus der ganzer Subsahara weder eppes wat si kënnen exportéieren nach eppes wat si kënnen importéieren. Dat huet also enorm Auswierkungen un déi mir normalerweis iwwerhaapt net géifen denken.
Dat selwecht ass, datt mir ganz dacks gesinn an deene Länner, besonnesch wou Kricher sinn, datt do d'Millenniumsziler am mannsten erreecht ginn, respektiv datt, wann do net dofir gesuergt gëtt, datt eng Entwécklung duerno kënnt, no 5 Joer ganz dacks en neie Konflikt lassgeet, wat erëm zu neien Affer féiert, zu Zerstéierung vum Land a vun den Nahrungsmëttelen. Dat alles spillt jo eng Roll mat.
Dofir ass et wichteg, datt een och eng Kohärenz an der Politik huet, datt et net nëmmen een Element ass wou een ebe Sue gëtt, mä datt een och villes doniewent muss maachen, fir eben och z'erméiglechen, datt iwwerhaapt déi Länner sech selwer kënnen entwéckelen.
Eric Ewald: D'ONG Action Aid International huet de Sommet esou op de Punkt bruecht: den UNO Sommet war en deiere Spektakel dee jiddwerengem alles versprach huet, mä kengem eppes konkret. De chineesesche Premier Wen Jiabao sot fir säin Deel, Brout unzebidde wier méi nëtzlech wéi en eidelt Verspriechen. Déi eidel Verspriechen, déi hutt Dir elo grad jo och ugeschwat. Lëtzebuerg plädéiert iwwerdeems fir méi grouss Efforten an deene Beräicher wou et am meeschte Retardë gëtt. Ass dat exklusiv d'Stierflechkeet bei Mammen a Kanner?
Marie-Josée Jacobs: Dat ass eent vun deenen Ziler wat jo och speziell ass, wann ee gesäit, datt mir, datt d'ganz Welt esouvill fäerdeg kritt huet an der Educatioun, dann ass et jo verwonnerlech, datt mir esou versot hu bei der Kannerstierflechkeet, respektiv bei der Mammestierflechkeet. Do huet jo de Generalsekretär Ban Ki-Moon eng nei Initiativ gestart, déi mir och wäerten ënnerstëtzen, fir eben do verstäerkt aktiv ze ginn.
Mä déi aner 5 Ziler bleiwen nach grad esou wichteg an do muss och virun drop geschafft ginn, well et ass esou bësselche wéi wann ee seet, mir halen elo an engem Land op. Mir kënnen do fortgoen, dat huet sech elo esou entwéckelt. Do muss een oppassen, datt een dat net ze fréi mécht, datt een dat och mat anere Moossname begleet, fir datt net erëm eng Kéier déi Aarmut déi ee gemengt huet, datt se eriwwer wier, an déi Selbstännegkeet déi dat Land erreecht huet, datt op eemol dat erëm alles fleete geet, an datt een och domat erëm eng Kéier déi nei Aarmut oder eng nei Aarmut provozéiert.
Dofir, et si vill Elementer déi ee muss consideréieren, mä déi Milleniumsziler musse respektéiert ginn a mussen erfëllt ginn, well wann een een op der Säit léisst, da gëtt dat anert och näischt.
Eric Ewald: Den UNO-Generalsekretär Ban Ki-Moon huet also an deem Kontext, Dir hutt et ugeschnidden, vun der Stierflechkeet bei de Kanner a Mammen eng Initiativ ugekënnegt. An den US-President Barrack Obama huet en Appell un déi räich Länner geriicht, och aus eegenem Interessi hir Hëllef fir déi aarm Länner eopzesetzen. Leider ass eben awer och nach d'Kris a ville Länner präsent, respektiv gëtt vläicht als Virwand geholl, fir net méi mussen an d'Entwécklungshëllef ze stiechen. Hutt Dir dat dacks zu New York héieren?
Marie-Josée Jacobs: Besonnesch Länner déi op d'Hëllef ugewise sinn, déi sinn natierlech net frou doriwwer, si komme sech zu engem Deel alleng gelooss vir, wat ee jo och kann novollzéien.
Et geet ëm hiren eegenen Engagement, datt d'Korruptioun muss bekämpft ginn an deene Länner, datt muss uerdentlech regéiert ginn, datt d'Leit sech och dorunner halen. A vläicht erënnert Dir Iech drun, datt mir d'lescht Joer mat engem vun eise Partnerlänner d'Kooperatiounshëllef suspendéiert hunn, am Niger, well de President sech iwwer all demokratesch Regelen ewechgesat huet.
Et muss een awer och wëssen, datt dat dozou féiert, datt mir am Fong déi aarm Leit domat strofen. Ech mengen net, datt et dem President vill ausgemaacht huet. Perséinlech ganz bestëmmt net, mä awer déi aarm Leit, déi sinn zweemol gestrooft. Si hu Regierungen a Presidenten déi net si wéi si solle sinn, en plus dann nach mir déi soen, elo kritt dir keng Hëllef méi oder keng nei Hëllef méi. Mir hunn déi Saachen déi amgaange ware selbstverständlech virugefouert, mir hunn ONGen déi do engagéiert sinn, viru Sue ginn, mir hunn Hëllef fir Nahrungsmëttele ginn, well si wierklech enorm Hongerkrisen haten. Dat hu mir virugefouert, mä dat huet dat Land wéinstens ee Joer hannendra gehäit. Dat muss een einfach gesinn. Dat ass eppes wat engem dann och déck deet, well ee weess, datt een erëm eng Kéier déi aarm Leit strooft domat.
Eric Ewald: Wéi stitt Dir dann der Fuerderung vun, ënner anerem, den USA an Däitschland géinentiwwer, déi soen, datt aarm Länner méi eege Responsabilitéit misste weisen? Ass dat net an engem gewëssene Sënn dat wat Dir elo ugeschnidden hutt a wat d'Lëtzebuerger Entwécklungshëllef och mat Succès virlieft?
Marie-Josée Jacobs:Absolut, Entwécklungshëllef ass jo kee Selbstzweck. Mir vum Ausseministère an der Kooperatioun, eist Zil ass jo net fir méiglechst laang a méiglechst intensiv Entwécklungshëllef ze maachen. Eist Zil ass ze hëllefen, datt déi Länner eegestänneg ginn, datt si selwer kënnen op hire Féiss stoen, datt si selwer fir hir Leit kënne suergen.
An ech denken, datt mir dat och maachen. An der Zäit hu mir vun Zillänner geschwat, haut soe mir et wiere Partnerlänner, well mir och wëssen, datt an deene Länner ganz dichteg Leit sinn. Och dat ass eppes wat een heiansdo vergësst. Do si wierklech ganz gescheit, ganz fläisseg Leit, ganz uerdentlech Leit an déi engagéiert si fir hir Länner. Et ass net, datt déi alleguerten nëmme just kucke fir an hir Täsch ze schaffen. Et muss een deenen erméiglechen, doduerch datt ee Formatiounen ubitt, oder doduerch datt een op vill Niveauen Austausch huet – eng vun eise Kompetenzen déi mir hunn ass jo d'Formation professionelle, wou mir e groussen Erfolleg domat hunn, eng Formatioun déi de Leit hëlleft.
Mir sinn an enger ganzer Partie vu Länner, justement wou den Tourismus gefördert gëtt, ob dat um Cap Vert ass, ob dat am Nicaragua ass ob dat am Vietnam ass, ob dat am Laos ass, fir eben de Leit eng Méiglechkeet ze ginn, no hirer Schoul dann awer och eng Plaz ze fannen. Dat ass jo dat wat hëlleft fir eben aus där Aarmut do erauszekommen.
Eric Ewald:Lëtzebuerg géif keng eidel Verspriechen maachen, hutt Dir zu New York nach ervirgestrach, an elo grad och. Am Kontext vun de Millenniumsziler misst awer och schonn un d'Zäit no 2015 geduecht ginn. Wat kënnt dann an Ären Aen op d'Kooperatiounspolitik duer?
Marie-Josée Jacobs: Wa mir all déi aner Ziler géifen erreechen, da bleift jo nach ëmmer déi vum Honger a vun der Aarmut. Do ass et fir mech och kloer, datt dann och déi Elementer vun anere Politike mat eng Roll musse spillen, fir och ze soen – a mir hunn dat dëst Joer bei der Geleeënheet vun den Assisen och gemaacht, doduerch, datt de Wirtschaftsministère do war, de Minister do war vum Développement durable an och den Arméiminister do waren – wat sinn aner Politiken déi mat eng Roll spillen.
Et hätt ee selbstverständlech och nach kënnen den Ausseminister dobäi hunn, well mir soe jo ëmmer, eis Kooperatiounspolitik ass déi vun den 3 D, vun der Diplomatie, vun der Défense a vum Développement, alles dat muss jo zesummespillen.
Eent vun deene Beispiller wat wierklech jo gutt reusséiert ass, ass jo d'Arméi déi am Pakistan ukomm ass fir de Leit ze hëllefen an der enormer Iwwerschwemmungskatastrof, wat fir déi Leit esou schrecklech ass, mir kënnen eis dat jo iwwerhaapt net virstellen.
Ech denken, datt et wichteg ass, datt een do Kohärenz dran huet an datt een och do net op där enger Plaz zwar Sue gëtt an op där anerer duerch aner Décisiounen déi geholl gi just de Contraire fäerdeg bréngt.
Eric Ewald: Domatt sinn et 2 Minutte bis halwer, den éischten Deel vum Background hätte mir domat gepackt. Viru geet et nom Journal vum Frank Kuffer.
[Noriichteniwwerbléck vum Fran Kuffer]
Eric Ewald: Mir sinn zréck an der Emissioun “Background am Gespréich�?, haut mat der Kooperatiounsministesch Marie-Josée Jacobs.
Dir sot dës Woch beim Sommet iwwer d’Milleniumsziler op der UNO-Tribune zu New York, d’Zäit wier eriwwer, wou all Land a sengem Eck Kooperatiounspolitik kéint a wéilt maachen. Heescht dat, datt Dir an Zukunft d’Lëtzebuerger Entwécklungshëllef, déi jo quasi duerch d’Bänk an der Chamber gelueft gëtt, wëllt opmaachen a mat anere Länner, zum Beispill aus der EU, zesumme schaffen?
Marie-Josée Jacobs: Mir maachen dat, well et wichteg ass. Ech hat elo grad geschwat iwwer eis Kompetenzen an der Formation professionnelle. Zum Beispill haten d’Belsch eis gefrot an engem Projet am Senegal, datt si eis d’Suen, déi si fir dee Projet virgesinn haten, ëmmerhin 2,5 Milliounen Euro, datt si eis déi géife ginn, well mir dat besser kéinte wéi si.
An dat ass och eng international Propositioun eigentlech vum Comité fir d’Aide au développement, vun der OECD, fir ze soen, et soll ee sech eng Kéier beschränken op d’Länner an deenen een aktiv ass. An zweetens awer och kucken, datt een net an alle Beräicher schafft, well et kann ee jo net an alles gutt sinn. Dofir, wéi gesot, ass et wichteg, datt een och do kuckt, wat kann deen ee besser, wat kann deen anere besser, an da soll een deen dat maache loossen, deen et am beschte kann. Dat ass eng vun deene wichtegen Erfahrungen.
En anert, neit Beispill, wat ech awer och gäre géif hei soen, ass, datt mir jo elo mam Cap Vert, wat joee Land ass, wat eraus ass aus deenen äermste Länner, wat net méi ënner deene gefouert gëtt, wat jo en enorme Succès ass a wou ee sech jo enorm doriwwer freet, wou mir elo wäerten eng gemeinsam Kooperatioun maachen tëscht dem Cap Vert, São Tomé-et-Principe a Lëtzebuerg.
De Cap Vert, déi keng Drëps Waasser hunn, a São Tomé-et-Principe, e Land wat mir net vill kennen, mä wat enorm vill Waasser huet, mä awer kee proppert Waasser huet, wou mir wëlle probéiere mat hinnen ze kucken, datt se wéinstens an all Duerf ee Pëtz oder eng Méiglechkeet hu fir proppert Waasser ze hunn.
An op där anerer Säit elo eng Formation professionnelle, datt ebe just och jonk Leit vu São Tomé net op Lëtzebuerg, mä op de Cap Vert kommen, fir do Formation professionnelle ze maachen.
An dat fannen ech wierklech eppes wat jo Sënn mécht, wat och dem Cap Vert d’Méiglechkeet gëtt, si hu vill vun hire Leit, déi sinn an der Zäit dohinner gaange fir am Kakao ze schaffen, wou haut leider näischt méi dovunner do ass, an déi Leit enorm aarm sinn, dofir kënnen ze suerge fir op enger anerer Plaz Entwécklungshëllef matzemaachen.
Eric Ewald: Donieft hutt Dir ënnerstrach, datt Lëtzebuerg mat 1% Entwécklungshëllef vum PIB säin Deel géif bäisteieren, och an Zukunft. Et misst een awer och un nei Partenariater denken, beispillsweis zesumme mat der Zivilgesellschaft a mam Privatsecteur. Wat schwieft Iech do konkret vir?
Marie-Josée Jacobs: Et muss een nach eng Kéier gesinn, datt mir net alles an der Entwécklungshëllef kënne maachen.
Dofir ass et also wichteg ze kucken, zum Beispill kréie mir heiansdo reprochéiert, op där enger Säit, datt een net dierft mat Entreprisen aus dem eegene Land, datt ee keng Aide liée dierft maachen. Op där anerer Säit kréie mir awer och gesot, mir géifen net genuch Rücksicht dorop huelen. Dofir war et eis also wichteg ze kucken, wat kann ee maache fir datt een an der Philosophie vun enger richteger Entwécklungshëllef bleift, ouni awer dofir mussen ze soen, et dierf ni eng Lëtzebuerger Entreprise eppes kënne maachen.
Dat wat ee muss kucken, dat ass, ob et op dem Terrain selwer méiglech ass, datt do Partner sinn, déi dat kënne maachen. Zum Beispill Entreprisen, déi selwer kënnen eng Schoul bauen. Dann ass et kloer, datt een deenen eng Prioritéit gëtt, well dat en duebelen Effekt huet, éischtens datt d’Schoul gebaut gëtt, an zweetens datt och déi Leit eng Aarbecht do hunn. Et ass jo dat, wat mir och wëlle promovéieren. Wann dat awer aner Projetë sinn, déi d’Leit net selwer kënne maachen, dann ass et kloer, da gëtt international ausgeschriwwen, an da kënnen d’Lëtzebuerger Entreprise selbstverständlech grad esou gutt matmaachen, wéi all aner Entreprisen.
Zum Beispill hat e Minister vun Nicaragua gefrot, si wiere ganz interesséiert darun, datt och Lëtzebuerger Entreprisë bei si an den Nicaragua kéimen, e Land wou Villes fonctionnéiert, a wat an deem Streech sech relativ gutt entwéckelt, besonnesch wat zum Beispill déi nei Technologien ugeet.
Dofir ass dat och wichteg, besonnesch wann d’Fro un eis erugedroe gëtt, datt mir dann och kucken, datt do Kontakter entstinn. Well et wier jo och schued wa mir net géifen déi Kenntnisser déi mir hunn, an och déi Kontakter déi mir hunn, datt een déi net géing gebrauchen, besonnesch wann een drun denkt, datt eng Kéier d’Entwécklungshëllef awer ophält, wéi zum Beispill um Cap Vert ass et kloer, datt mir an en etlech Joer net méi wäerten do Entwécklungshëllef maachen, mä datt dann awer déi Méiglechkeeten och do bestinn, datt Entreprisen dohinner kommen, Lëtzebuerger Entreprisen, an domat dozou bäidroen, datt dann d’Leit eng Aarbecht hunn.
Eppes wat ech zum Beispill jo ganz flott fannen, dat ass datt elo d’Luxair op de Cap Vert flitt, dee jo fir vill Lëtzebuerger awer e Begrëff ass, well mir och eng grouss Communauté vu kapverdianesche Leit hei zu Lëtzebuerg hunn, an et op där anerer Säit eent vun eisen Zillänner ass. Do gesäit een och, datt dat jo awer eppes ass, wat och Sënn mécht op där enger Säit fir déi Leit déi hei sinn, mä awer och op där anerer Säit fir dohannen eben ze erméiglechen, datt d’Leit doduerch Aarbecht kréien.
Eric Ewald: Äre Virgänger als Kooperatiounsminister an Europadeputéierten Charel Goerens huet sech och esou seng Gedanken iwwer de Sommet zu New York gemaach, an och hien huet eng Fro un Iech geriicht.
Charel Goerens (O-Toun): D’Anhale vun de Millenniumsentwécklungsziler beweise sech als vill méi schwiereg wéi ufanks geduecht. Dat huet e puer Ursaachen. Ech mengen emol engersäits de Réckschlag bedéngt duerch d’Kris: mir sinn net an enger Phas vu grousser Erhuelung, mä mir sinn nach ëmmer am Joer dräi vun der Kris.
Zweetens mengen ech, datt och d’Halschent vun den industrialiséierte Länner hiren Engagementer net nokommen, an nach meilewäit ewech si vun deenen 0,7% ëffentlechen Zouwendungen fir d’Entwécklungshëllef.
An drëttens, et muss een och eng ganz kloer Responsabilitéit ausmaache bei eenzelnen Entwécklungslänner selwer, déi mat der Korruptioun doheem net fäerdeg ginn, déi doduerch och d’wirtschaftlech Entwécklung erschwéieren. Wann déi meescht Länner 7% bis 8% Croissance hätten, wat duerchaus méiglech wier, da kéint een à terme esouguer d’Entwécklungshëllef un den Nol hänken.
Meng Meenung ass déi hei, datt jiddweree sech sollt zu senge Responsabilitéite stellen. Mir sollen eis Engagementer virun ausféieren, an ech menge Lëtzebuerg ass exemplaresch doranner.
Mä wier et net un der Zäit, wollt ech d’Madame Jacobs froen, fir esou eng Aart Davos ze maachen, wou ee géing sämtlech Stakeholder, wéi et haut heescht, un en Dësch bréngen a kucken, wat méchst du fir d’Korruptioun ze bekämpfen? Wat maachen d’Sociétéiten, déi an Afrika schaffe ginn, fir datt een Deel vun deene Richessen, déi se aus dem Buedem exploitéieren, och bei de Leit do op der Plaz bleift? Wat maachen déi Leit, déi responsabel sinn do fir de Budget, éischtens fir d’Steieren anzedreiwen, an zweetens se dann och op déi Plazen ze verdeele wou se gebraucht ginn? An drëttens, wéi kënne mir dat alles begleeden? Ech mengen, et wier un der Zäit, datt mir am Kader vun der Kohärenz vun de Politiken géifen op dee Wee goen.
Eric Ewald: Madame Jacobs, wéi stitt Dir zu där Iddi vum fréiere Minister fir esouzesoen e Weltentwécklungsforum ze organiséieren, esou wéi et zu Davos an der Schwäiz ee fir d’Wirtschaft gëtt?
Marie-Josée Jacobs: Ech denken, datt dat sécher eng wichteg Konferenz an e wichtege Moyen kéint sinn, fir eben och eng ganz Rei vu Leit mat hiren eegene Verhalen och ze konfrontéieren, espu gutt déi an Europa an an der entwéckelter Welt, wéi och an den Entwécklungslänner.
Op där anerer Säit denken ech, datt et esou fonctionnéiert mat eben eise Länner, wou mir all Joer Commissions de partenariat hunn, wou entweder si hei op Lëtzebuerg kommen, oder mir an hir Länner ginn, a wou dann och jiddweree muss soe wat hie mécht, wou d’Projeten dru sinn, wat sech gutt entwéckelt a wat sech manner gutt entwéckelt.
Dat ass fir mech eigentlech eppes, wat enorm wichteg ass, a selbstverständlech och datt ee gesäit wat mat de Sue geschitt. Mir hu jo eng Responsabilitéit, eng Kéier vis-à-vis vun der Chamber, mä vis-à-vis och vun de Lëtzebuerger a vun all deene Leit déi hei Steiere bezuelen. Well et si jo déi Suen, déi mir huele fir Entwécklungshëllef ze maachen, et ass jo net aus menger Täsch der alleng, mä dat sinn der vu jiddwerengem. A vun do ass et also och wichteg, datt ee wierklech gesäit, wat geschitt mat deene Gelder, an och hinnen ze soen, dir kënnt net hei egal wat do domat maachen.
Dat ass ee vun deene Grënn och gewiescht, firwat datt Lëtzebuerg bis elo keng direkt Budgetshëllefen ginn huet. Mir mir wäerten dat an der Zukunft maachen an dem Cap Vert, awer just och fir d’Formation professionnelle, an do muss een dann och net mengen, datt déi einfach d’Sue kréien, mä datt dat och gekuckt gëtt mat deenen anere Länner, déi ewell op dee Wee gaange sinn, datt dat awer och gutt verwalt gëtt.
Ech denken, datt et ëmmer erëm wichteg ass, datt jiddweree viru seng Reponsabilitéit gestallt gëtt, datt een dat och ëffentlech mécht, an datt dann do och gewosst gëtt, hei dat ass eppes wat seriös ass.
Do géing ech och wëlle vun der Geleeënheet profitéiere fir de Leit enorm Merci ze soen, der grousser Bereetschaft vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung, fir ëmmer erëm ze spenden. Ech soen Iech just e Beispill. D’Lëtzebuerger Regierung huet bei der Katastrof op Haiti, beim Äerdbiewen, ronn 5 Milliounen geschéckt an a Projetë ginn, an et sinn nach eng Kéier 5 Millioune vun der Bevëlkerung hei vu Lëtzebuerg gespend ginn. Dat ass enorm.
Ech si ganz stolz an houfreg dorop, och datt d’Leit spieren, datt dat net eppes ass wou e puer Leit an der Regierung sinn, déi déi Suen géingen dohinner droen an zur Fënster erausgeheien, mä datt et eppes ass, wat jiddwereen awer och selwer betrëfft, a wou jiddweree sech och solidaresch domat erkläert.
An ech denken och, datt et wichteg ass, datt ee seet, wa mir déi Entwécklungshëllef net maachen, wa mir se net maachen aus Solidaritéit, da solle mir se maachen aus eisem eegenen Egoismus. Well mir mussen net mengen, datt wann eppes am Süden geschitt, datt dat keng Auswierkunge bei eis am Norden hat.
A wa mir gesinn, datt all déi Naturkatastrofen, all aneren Aarmut deen ass – firwat maachen déi Leit sech op de Wee? Déi kommen net hei an Europa an an Amerika well se frou si fir doheem fortzegoen. Mä se kommen, well se hoffen domat eng Méiglechkeet ze kréien hiert eege Liewe besser ze maachen, mä virun allem awer och dat vun hire Familljen. An ech denken, datt dat eppes ass fir déi, déi méi skeptesch si vis-à-vis vun der Entwécklungshëllef, datt se da wéinstens solle wëssen, datt dat Auswierkungen huet.
A wann a grousser Mooss hei Flüchtlinge kommen, wou mir net drop virbereet sinn, wou mir net wësse wat deenen hire Background ass, dann ass dat och fir eis als Länner net einfach.
Eric Ewald: Verbesserunge fir d’Entwécklungslänner hänken och, wéi Dir bei der UNO ugedeit hat, vum gudde Wëllen of. Dozou gehéiert zum Beispill och, datt d’EU-Agrarexportsubventiounë gestrach ginn, an de Maart méi fir Produiten aus der Drëtter Welt opgemaacht gëtt, esou wéi den däitsche Minister et verlaangt hat zu New York. Déi Bataille gëtt awer wuel bei der EU an der Welthandelsorganisatioun gekämpft. Mengt Dir, datt do an Zukunft méi u Kooperatioun a méi u Gerechtegkeet tëscht Nord a Süd geduecht gëtt, a manner un Eegeninteressen?
Marie-Josée Jacobs: Wa mir dat net fäerdeg kréien, da musse mir nach vill a laang Entwécklungshëllef maachen.
Wichteg ass fir eis, an dat ass och eppes wat mir an enger ganzer Partie vu Länner maachen, wéi zum Beispill eben och am Nicaragua esou e Projet mat de klenge Baueren, net mat deene grousse Firmen, fir eben, zum Beispill heescht dat la route du café, wou ebe Kaffi ugeplanzt gëtt, a wou dann och d’Leit ënnerstëtzt gi fir all ronderëm dat ze maachen. Dat ass e schéine Projet, mä wéi gesot, dat geet bäi wäitem net duer.
An och ëmmer erëm ass och zu New York gesot ginn, mir musse virukommen an de Welthandelsmarché muss organiséiert ginn. A wou d’Afrikaner e ganz grousse Fortschrëtt gemaacht hunn, doduerch datt se gesot hunn, mir si bereet op 75% oder op 70% ze goe vun den Exporter, mä awer op 20 Joer. D’Europäer soen, 60% a 15 Joer. Ech denken, datt do an deenen nächste Méint Bewegung dra kënnt. An datt et och wichteg ass, datt mir e gemeinsamt Ofkommes do kréien, net datt nëmme mat eenzelne Länner verhandelt gëtt, mä datt dat wierklech dann awer och fir ganz Kontinenter vu Wichtegkeet ass.
Eric Ewald: Gëtt an Ärem Ministère, wéi et ëmmer emol nees gefuerdert gëtt, och driwwer nogeduecht, ob d’Lëscht vun de Pays cible iwwerschafft gëtt? Wann ee verschidde Länner kuckt, dann hunn déi sech an de leschte Joere jo gutt entwéckelt, Dir hutt et ënnerstrach, esou datt si vläicht duerch anerer kéinten ersat ginn?
Marie-Josée Jacobs: Am Moment, besonnesch och op Grond vun der Kris, déi komm ass, mierkt een, datt et, fir mech jiddwerfalls, net de Moment ass fir ze soen, mir ginn elo op enger Plaz fort, och wa mir Länner dobäi hunn déi sech gutt entwéckelt hunn. Dat ass zum Beispill jo de Vietnam, wat e Land ass wou et dat boomt, a wat éischter zu deenen neie Länner zielt, déi eben Entwécklung- an Industrielänner ginn. Da mierkt Dir awer, datt do op ganz ville Plazen, besonnesch och a méi ländleche Géigenden, awer nach ëmmer eng gewalteg Aarmut ass.
A wéi gesot, och déi Regierungen hunn net ëmmer nach d’Kapazitéiten, loosst mech dat emol esou soen, fir der aarmer Bevëlkerung ze hëllefen. An da gesinn ech et net gutt fir ze soen, gutt zu Hanoi hu se Villes wat se net bräichten, mä awer wat hëlleft dat deem, deen iergendwou am Urwald sëtzt an deen näischt huet.
Eric Ewald: Wéi zefridde sidd Dir domat, datt et an der Chamber, awer och an der Populatioun e gréissere Konsens doriwwer gëtt, datt déi Entwécklungshëllef eppes ass, wat dem Land am Endeffekt eppes bréngt, an datt et net fir grouss negativ Kommentare suergt?
Marie-Josée Jacobs: Doriwwer sinn ech natierlech äusserst frou, an ech hoffen och, datt, an Zäite wou et e bësse manner gutt geet, a wou vun de Leit och hei dat eent oder dat anert gefrot gëtt, datt dat net dozou féiert, datt et dann heescht, ma haalt d’Suen hei zu Lëtzebuerg, amplaz datt dir se an d’Ausland drot.
An ech denken, datt mir ëmmer eis mussen bewosst sinn, datt wa mir 100 Euro hunn, da gi mir een Euro an d’Entwécklungshëllef a mir behalen der nach 99 zu Lëtzebuerg. Ech mengen net, datt dat dozou dierft féieren, datt mir domat eis Solidaritéit géingen erofsetzen. An dofir war et mir och wichteg fir ze soen, wa mir et net maachen aus Solidaritéit, da solle mir et aus Egoismus maachen.
Eric Ewald: Dat war et also fir de Background vun haut. Madame Jacobs, ech soen Iech Merci, datt Dir komm sidd.
Marie-Josée Jacobs: An ech soen Iech Merci. Ech si frou, datt ech eng Kéier d’Geleeënheet hat fir esou vill kënnen iwwer Entwécklungspolitik ze schwätzen. Ech mengen, et ass och wichteg, datt een de Leit seet, wat datt dat alles bedeit.
|