|
Daniel Neppgen: Den Tourismus, deen ass natierlech wichteg, net nëmme fir Lëtzebuerg, mä och allgemeng fir Europa. Ech hu gelies, et ass wirtschaftlech gesinn esouguer deen drëttwichtegste Secteur, dee mécht iwwer 5% vun der Wirtschaftsleeschtung aus. Dat bréngt natierlech net nëmme Suen, dat schaaft och Aarbecht, wat jo och ganz wichteg ass, och zu Lëtzebuerg. Wéi gutt geet et dem Secteur eigentlech hei am Land?
Françoise Hetto-Gaasch: Hei am Land musse mir soen, datt dat ganz kloer ze spiere war duerch d'Kris, et ass kee Réckgang, par rapport zum leschte Joer stagnéiert et. Mä wat mir awer wëssen dat ass, datt d'Leit manner laang op Lëtzebuerg kommen. Si bauen dat an am Kader vun enger anerer Rees déi se maachen, da komme se och puer Deeg heihinner. A wa se hei sinn, da gi se och net méi esou vill Suen aus wéi se dat vläicht soss gemaacht hunn.
Daniel Neppgen: Ech hunn elo grad gesot, den Tourismus ass wichteg, an an deem Kontext ass natierlech och esou en internationalen Dag wichteg. Wéi wichteg ass deen?
Françoise Hetto-Gaasch: Deen ass ganz wichteg. Et ass eng immens Chance fir den Tourismus fir iwwerhaapt esou eng Plattform ze hu fir sech duer ze stellen.
Fir einfach ze weisen a wéi enge Beräicher datt e wichteg ass, dat ass zum Beispill einfach fir de weltwäiten Austausch, dann awer och, wéi elo grad gesot ginn ass, deen ekonomeschen Aspekt: 5% vum PIB, 5% awer och vum Emploi. An et muss een och wëssen, datt an deem Emploi ganz vill Leit schaffen, also an deene Länner déi méi aarm sinn, déi e manner héije Bildungsniveau hunn. Fir déi ass et eng Chance iwwerhaapt den Tourismus ze hunn, net ze schwätzen awer och vun der ganzer Promotioun vun den eenzelne Länner hirem Image.
Daniel Neppgen: An dann natierlech déi grouss Fro: Wie kënnt op Lëtzebuerg? Wie kënnt kucke wie mir sinn, wat mir sinn? Wéi eng Leit zéie mir un? A firwat komme se?
Françoise Hetto-Gaasch: Wéi eng Leit zéie mir un ? Ech hunn elo hei d'Statistike vun deenen déi am meeschten heihinner kommen. Dat sinn am Fong geholl un éischter Stell d'Hollänner, d'Belsch, dann Däitschland, Frankräich an dann och nach ganz vill aner Länner.
Mir hunn och déi lescht Zäit festgestallt, datt mir méi asiatesch Visiteuren hunn déi op Besuch kommen. Dat huet domat ze dinn, datt mir speziell Visaen och kënnen ausstellen an eiser Ambassade, an dat bréngt natierlech vill Leit mat heihinner.
Ech wëll awer elo soen, fir wat datt se heihinner kommen. Dat ass vläicht net oninteressant. Erstaunlecherweis ginn déi Meescht un, datt se heihinner komme wéinst der Natur. Also spadséiere goen, 79%. Dann, richteg wanderen, do si mir bei 65% an dann déi kulturell Offer, respektiv Städtereisen 51%. An do musse mir dann usetzen.
Daniel Neppgen: Et gëtt jo déi Campagne "Is it true what they say about Luxembourg?" Mir waren de Weekend op der Sich no der Äntwert a mir hunn d'Touristen einfach emol gefrot, mat wéi engen Erwaardungen, datt se heihi komm sinn a wéi si Lëtzebuerg erlieft hunn. Do hu mir héieren, schéin, propper, gréng, d'Architektur ass och schéin. Sinn déi Äntwerten do iwwerraschend?
Françoise Hetto-Gaasch: Ech muss soen, ech si frou, datt et sou vill positiv Äntwerte waren.
D'Touristë vermëssen och Saache wann se heihinner kommen. Mir kënne vläicht herno drop agoen. Mä wat mir gefall huet, dat sinn am Fong geholl déi Saache wou se soen, Sécherheet, d'Entspanung, small is beautiful, déi grouss Diversitéit déi mir dach awer op engem ganz klenge Raum hunn, dat mécht mir Freed, datt se grad dat appreciéieren.
Daniel Neppgen: Den Tourismus lieft natierlech och duerch de Marketing. Doriwwer schwätze mir gläich. Kucke mir vläicht nach op dat wat mir ze bidden hunn. Si mir do eigentlech adaptéiert op dat wat vun eis gefrot gëtt wann d'Leit kommen. Zum Beispill bei der Infrastruktur?
Françoise Hetto-Gaasch: Bei den Infrastrukture si mir ganz gutt. Do leie mir souguer bei engem internationale Vergläich op Plaz 24 vun 120 Destinatiounen. Dat heescht, do si mir gutt. Mir mussen eis verbessere wat Indoor-Aktivitéite sinn. Dat ass och dat wat de Client seet, wat en e bësse vermësst. Wann da schlecht Wieder ass, datt mir eben effektiv hei zu Lëtzebuerg net esou vill Méiglechkeeten hu fir sech dann d'Zäit ze verdreiwen.
Daniel Neppgen: Reklamm muss och fir Lëtzebuerg gemaacht ginn dobaussen. Do gëtt jo och aktiv an anere Länner Publizitéit gemaach. Wat ass dann elo do am wichtegsten? Et ass ee jo och präsent op Vakanzefoiren, gesäit een emol och am Ausland. Am Internet gëtt villes gemaacht, elo d'Weltexpo zu Shanghai. Wat ass do déi wichtegst Visitekaart déi mir ginn. Wat huet dee gréissten Impakt?
Françoise Hetto-Gaasch: De gréissten Impakt, géif ech mengen, war dëst Joer d'Gastronomie, well mir och d'Expogast elo hunn. An d'nächst Joer wäert et ganz sécher den Aktivtourismus sinn. Do wäerte mir dann eis Cracen am Velo mathuelen, fir dat e bëssen an d'Fënster ze stellen, well d'Leit eis eben grad och gesot hunn, datt se sech méi wëllen an der Natur ophalen. Mir hu formidabel Velospisten, 600 km déi scho realiséiert sinn, vun 900 geplangtenen, a mir hunn e schéint Land. Mir musse wierklech d'nächst Joer verstäerkt dann dorop setzen.
Daniel Neppgen: Op alle Fall, den Image dobaussen, dee schéngt relativ gutt ze sinn. Françoise Hetto, merci fir de Besuch.
Françoise Hetto-Gaasch: Et ass gär geschitt.
|