|
Nicolas Schmit: Et ass net u mir, Uerteeler ze kommentéieren, oder en Uerteel iwwer en Uerteel fällen. Ech war natierlech e bëssen iwwerrascht iwwer déi Interpretatioun, a mir wäerten och Appell géint deen Arrêt do maachen.
Claude Zeimetz: Et ass jo elo net esou, datt dat Uerteel do iwwerraschend kënnt. Deen Ultimatum vum 1. Oktober 2010 dee war jo u sech och bekannt.
Nicolas Schmit: Deen Datum war effektiv bekannt, do ass gesot ginn, datt bis dohin eigentlech kee méi sollt zu Schraasseg en détention gesat ginn, oder en rétention gesat ginn, well dovun ausgaange ginn ass, datt bis dohin de Centre de rétention fäerdeg wier.
Mir wëssen awer, datt esou Projeten ëmmer méi laang dauere wéi dat a priori geplangt ass, an dat ass och beim Centre de rétention de Fall. Dee gëtt eréischt wahrscheinlech iergendwann an der Mëtt vum nächste Joer fäerdeg. Ech hunn also dach e bësse Schwieregkeeten dovun auszegoen, datt mir vun elo u bis dohi kee méi kënnen en rétention setzen.
Claude Zeimetz: Déi Fro stellt sech jo. Dee chineesesche Mann dee geklot hat, do gouf jo elo décidéiert, datt dee muss direkt fräigelooss ginn. Et riskéiert jo elo, deemno wéi, eng Well vu Plaintë jo awer elo ze kommen?
Nicolas Schmit: Mir sinn dat amgaangen ze préiwen. Mä ech ginn dovun aus, datt, vu datt mir Appell maachen, elo net d’Kosequenz muss sinn, datt déi Leit fräigesat ginn, an datt och aner Leit net méi dierfen en rétention gesat ginn. Deen Appell muss also elo schnell gemaach ginn, an deenen nächsten dräi Deeg.
Claude Zeimetz: Wat fir eng Argumentatioun wäert de Staat dann do fueren?
Nicolas Schmit: Ech muss soen, datt, esou wéi dee Centre de rétention elo fonctionnéiert zu Schraasseg, si mir en conformité och mat der Direktiv. An zwar ass dat net e klassesche Prisong, déi Leit si separéiert vun den Détenus de droit commun. Si hunn och en anere Suivi.
Mir hu jo elo schonn eng Équipe, déi och herno wäert de Centre de rétention geréieren, an déi sinn och elo schonn zu Schraasseg an deem Centre de rétention. Esou datt d’Conditiounen ënner deenen déi Leit zu Schraasseg sinn, verschidde si vun deenen, déi par ailleurs am Prisong sinn.
Claude Zeimetz: Dat heescht, et kann een elo als Conclusioun soen, datt Dir awer dovunner ausgitt, datt sech elo trotz dem Uerteel näischt un der Situatioun wäert änneren?
Nicolas Schmit: En attendant datt mir den Appell da gesprach kritt hunn, ginn ech dovun aus.
Claude Zeimetz: Här Schmit, ech soen Iech villmools Merci.
|