Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2010 > Octobre 2010 > Jean Asselborn au sujet de la candidature du Luxembourg à un siège de membre non permanent au Conseil de sécurité

Interview
Jean Asselborn au sujet de la candidature du Luxembourg à un siège de membre non permanent au Conseil de sécurité
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 13-10-2010

Vers le niveau supérieur

Paul Konsbrück: Här Asselborn, déi éischt Fro ass einfach an evident, fir wat wëll Lëtzebuerg Member gi vum UNO-Weltsécherheetsrot?

Jean Asselborn: Ech kéint Iech jo soen, firwat net? Mir sinn eent vun deenen 51 Grënnungslänner vun der UNO.

Vun deene Grënnungslänner, fir dat emol direkt ze soen, sinn nëmme 6 Stéck déi nach ni am Sécherheetsrot waren, dat si Saudi Arabien, an daat aus, mengen ech, politesche Grënn, an da gëtt et d'Dominikanesch Republik, El Salvador, Guatemala, an dann och Lëtzebuerg.

Fir awer, loosse mir soen, méi direkt op Är Fro ze äntweren, wann Dir frot firwat. Dir wësst, datt Lëtzebuerg e Land ass wat staark engagéiert ass fir d'internationaalt Recht, ouni Hannergedanken, ouni en hidden Agenda ze verteidegen an ech mengen, datt e Land wéi Lëtzebuerg, dat Grënnungsmember ass, seng Plaz huet an deem héchste Gremium vun den Nations unies. Mir sinn e Land wat immens vill contribuéiert. Do komme mir nach vläicht drop zréck. Et ass schonn en Engagement. Eigentlech steet och an der Charta dran, datt all Land sech soll engagéieren op allen Niveauen an der UNO, dat maache mir och.

Dir wësst och, datt dat agedeelt ass. Et sinn 192 Länner an der UNO. Dës sinn agedeelt a verschidde Gruppen. A wann een eise Grupp elo hëllt, de esou genannte WEOG, et ass e wéineg komplizéiert, do sinn d'Neuseelänner dran, d'Australier sinn dran, d'Kanadier sinn dran, d'Amerikaner sinn och dran an da sinn et déi westeuropäesch Länner, an Israel ass och dran. Am WEOG, do sinn 29 Länner dran. Do gëtt et der nëmme ganz, ganz wéineg déi och nach ni dra waren: dat sinn Andorra, et ass San Marino, Monaco, et ass Island an et ass Lëtzebuerg. Also ech mengen awer, datt mir eis do keng Bléisst ginn, wa mir eis Kandidatur do stellen.

Paul Konsbrück: Mä ginn et dann net gutt Ursaachen, fir wat déi Länner déi mir elo opgezielt hunn net Member dovunner waren? Dat heescht, wat ass wierklech den direkte Benefice fir eist Land, wa mir do Member sinn?

Jean Asselborn: Ech si jo elo kee Prétentieuxen, mä ech mengen, datt mir awer als Grënnungsmember vun der Europäescher Unioun e wéineg méi zielen, géif ech mengen, wéi elo Monaco, San Marino a Liechtenstein um internationale Plang, ouni elo iergendwéi do prétentieux ze sinn an eppes géint déi Länner ze soen.

Gutt Ursaache mengen ech net, datt et der ginn. 2001 ass jo d'Kandidatur vun der deemooleger Regierung, dat war ënner der Madame Polfer déi zu där Zäit Ausseminister war, gestallt ginn. D'Regierung huet dat och ënnerstëtzt, och an deene Perioden duerno.

Ech muss och soen, datt mir eigentlech eréischt 2005 richteg ugefaangen hunn. Mir haten och déi Chance, fir déi lescht Presidence vun 2005, do hu mir richteg ugefaangen eis Kandidatur un de Mann oder un d'Fra ze bréngen. Dat heescht, mir hunn demarchéiert.

Mir haten am Ufank och e Clean slate wéi dat heescht. Dat heescht, et waren nëmmen 2 Länner do fir déi 2 Posten. 2001 ware mir alleng, dunn ass 2002 Finnland dobäi komm an du vill méi spéit, 2008, ass Australien dobäi komm.

Mä dat soll eis net stéieren. Mir hunn eis Qualitéiten déi mir hunn, eis Défautë selbstverständlech och. Dir hutt jo och gëschter gesi mam Vote, datt net nëmmen déi Grouss Gehéier kréien, mä datt och e Land wéi Portugal Gehéier kritt. Mir sinn apte, dat kann ech Iech garantéieren. Mir hunn 11 Presidencen an der Europäescher Unioun bewältegt, a wäerten och déi Aufgab do packen.

Paul Konsbrück: Mä et ass jo awer eppes ganz aneschters wéi eng Presidence vun der Europäescher Unioun, wou jo e grousse Staff och vun der EU zur Verfügung gestallt gëtt, fir dat ze bewältegen. Dat ass jo hei net de Fall. Mir sinn e bëssen op eis selwer gestallt. An Dir sot, Lëtzebuerg soll doranner kommen, een Argument ass well mir nach ni dra waren. Mä wa mir da bis an deem Gremium sinn, kënne mir da wierklech déi Aufgaben erfëllen déi do op eis duerkommen?

Jean Asselborn: Dir hutt, mengen ech, an der Logik e klenge Feeler do gemaach, deen ech wéilt korrigéieren. D'Presidence vun der Europäescher Unioun, esou wéi et op jiddwer Fall elo ëmmer war – mat Lissabon ass et e wéineg geännert – huet onheemlech vill Opwand erfuerdert. Et brauch ee vläicht den zéngten oder zwanzegsten Deel vun deem, wat et gefuerdert huet, fir d'Presidence vun der Europäescher Unioun am Conseil de sécurité.

Paul Konsbrück: Mä zum Beispill bei der leschter Presidence waren eng 200 Fonctionnairen nëmme just fir d'Presidence zoustänneg hei zu Lëtzebuerg, dat ass ongeféier déi Zuel vu Beamten déi Däitschland elo zur Verfügung wäert stelle fir dee Sëtz am UNO-Weltsécherheetsrot ze garantéieren.

Jean Asselborn: Mir stelle keng 200 zur Verfügung. Mir kréien do Leit, déi mir fir 2 Joer wäerten astellen, vläicht och fir 3 Joer astellen an déi Leit [gëtt ënnerbrach]

Paul Konsbrück: Wéi vill Leit?

Jean Asselborn: Ech mengen net, datt dat méi wéi eng gutt Dose wäert sinn. Et kënnen der och 20 sinn, ech mengen dat musse mir och kucke wéi mir eis elo do ariichten.

Mir wäerten 2015 d'Presidence vun der Europäescher Unioun erëm hunn. Déi Leit, déi mir dann zu New York haten, mir kënnen hir Erfahrung sammelen a mir kënnen déi dann iwwerdroen op déi nächst Presidence vun der Unioun 2015. Wéi gesot, déi Presidence ass jo haut duerch Lissabon anescht wéi si 2005 nach war. Mä ëmmerhin, och do brauch ee Leit déi engagéiert sinn, déi motivéiert sinn an déi natierlech och déi néideg Kompetenz hunn. Dat wier e gudden Iwwergang. 2013-14 wiere mir, wa mir gewielt ginn, am Sécherheetsrot, an 2015 hu mir d'Presidence vun der Europäescher Unioun, dat wier also e gudden Iwwergang fir do och déi Experienz mat kënnen eriwwer ze huelen.

Paul Konsbrück: Kann een dann ongeféier chiffréieren, wat eis dat kascht? Esouwuel déi Kandidatur wéi herno och?

Jean Asselborn: D'Kandidatur kascht näischt, dat ass en Engagement wat mir aginn.

Paul Konsbrück: Mä déi Kandidatur kascht jo an deem Sënn schonn eppes. Wann ee seet, eng Rei Reese vum lëtzebuerger Ausseminister kann een an der Vue dovunner kucken, datt mir do Kandidat sinn. Dat si jo Käschten déi sech awer chiffréiere loossen.

Jean Asselborn: Mir sinn elo op engem Punkt ukomm wou mir mussen oppassen.

D'Visibilitéit vun eisem Land, ass jo awer eppes anescht wéi wa mir nëmme reng just eis dohinner stellen a soen, mir wieren elo e feint Land. Mir gi jo dacks dohinner gestallt als e Parasit. Mä mir si wierklech net nëmmen e räicht Land.

Wat mir wëllen no baussen soen ass, datt mir e Land si wat sech engagéiert, wat deel hëllt, zum Beispill, un de Friddensmissiounen, wat deel hëllt un deenen UNO-Opträg, déi mir kréien, déi un eis erugedroe ginn, ob dat am Tschad ass, ob et am Libanon ass, ob et am Kongo ass, oder eis Präsenz am Kosovo zum Beispill.

All dat zielt jo awer zum Bild vun engem Land. Dofir, wa mir elo eng Epiciersrechnung maachen a soen, wat et kascht wann den Ausseminister eng Kéier vläicht méi an der Welt präsent ass – zum Beispill ëmfänken ech iwwermuer e Freideg iwwer 40 afrikanesch Ambassadeuren zu Mondorf. Dat ass natierlech an deem Kontext ze gesinn. Mä et ass awer och ze gesinn, datt Lëtzebuerg wëll onofhängeg vun där Demarche, déi de Sécherheetsrot ugeet, och eng méi grouss Präsenz hunn, och um politesche Plang an Afrika. Dat ass alles och ze gesinn an engem Kontext.

Mir mussen eis Visibilitéit erhéijen, och fir déi ekonomesch Interêten déi mir hunn, a weisen datt dat e Ganzt ass. Mir musse ganz gutt do oppassen, wa mir elo ufänken dat ze rechnen. Et gëtt jo grouss Länner, déi rechne wat et kascht wa si an der Europäescher Unioun sinn, nom genre I want my money back, Dir kennt dee berühmte Sproch. Op esou e Wee wëll ech net goen, well ech weess, op esou e Wee dierf och Lëtzebuerg net goen.

Paul Konsbrück: Dir sot, Visibilitéit ass en anert Argument wat sech erauskristalliséiert. Ass dat net och e Schwäert mat 2 Säiten? Wa Lëtzebuerg do esou visibel ass op politeschem Plang, si mir dann och ënner engem gewëssenen Drock? Gi mir dovun aus, datt, wa Lëtzebuerg duerno an deem UNO-Weltsécherheetsrot ass an et kéim eng Fro op Lëtzebuerg duer, wou mir musse kloer politesch Positioune bezéien – et kéint ee sech e Szenario virstellen, datt Russland wëll a Georgien intervenéieren an da freet den UNO UNO-Weltsécherheetsrot fir eng Legitimatioun dofir. Da muss Lëtzebuerg jo eng kloer politesch Positioun do anhuelen. Ass dat dann net och an där ganzer Visibilitéit zu eisem Nodeel, an deem Fall? Ëmmerhin ass Russland e groussen Handelspartner, Lëtzebuerg ass dee gréissten Investisseur a Russland. Kënne mir do net och dann eis an d'eegent Fleesch schneiden?

Jean Asselborn: Är Fro ass ganz interessant, mä et gëtt Prinzipien.

Et gëtt de Prinzip vun der Défense vum internationale Recht, vun der Charta vun den Nations unies. Lëtzebuerg huet keng hidden Agenda. Lëtzebuerg kann net eegen Interessien hunn op der grousser Bühn vun der Weltpolitik, ausser déi fir d'Défense vun de Wäerter, d'Défense vun de Mënscherechter an d'Défense vum internationale Recht, wéi ech gesot hunn.

Huelt d'Beispill vun Afghanistan. Et ass kloer, datt e Mandat do war vum Weltsécherheetsrot an dat war mat enger larger Majoritéit. Do hätt Lëtzebuerg ganz kloer gewosst op wat fir enger Säit datt ee wier.

Huelt d'Beispill vum Irak: hätt Lëtzebuerg sech doudsécher mat alle Mëttelen dogéint gewiert, fir do [gëtt ënnerbrach]

Paul Konsbrück: Bei deem leschten Irakkrich, mengt Dir?

Jean Asselborn: Jo selbstverständlech. Beim Irakkrich 2003 hätt Lëtzebuerg sech ganz kloer op d'Säit vun deene gestallt, wou der jo ganz vill waren, déi net d'accord ware fir en UNO-Mandat do ze ginn.

Paul Konsbrück: Mä dat ass zum Beispill och esou een Szenario wat jo d'Geschicht eis geléiert huet.

1990 huet Amerika och gefrot fir eng Legitimatioun ze kréie fir am Irak anzemarschéieren. Deemools war een net-permanente Member dogéint. De Jemen hat sech dogéint gestäipt an d'direkt Reaktioun vun den USA war, datt si dem Jemen gesot hunn, dat do war deen deiersten “Neen�?, deen Dir hei am UNO-Weltsécherheetsrot gesot hutt. Dat heescht, déi Finanzhëllefe vun den USA un de Jemen sinn direkt ënnerbrach ginn, et si keng Handelsbezéiunge méi mat deem Land gemaach gi vun den USA aus an do war ganz kloer déi Konsequenz déi een och sech ka froen, ob Lëtzebuerg net an déi selwecht Situatioun kéint geroden.

Jean Asselborn: Leet äre Kapp do a Rou.

Lëtzebuerg ass Member vun der Europäescher Unioun. Lëtzebuerg weess op wat fir enger Säit datt et ze stoen huet wann et ëm d'Mënscherechter geet a wann et ëm internationaalt Recht geet. Mir si jo net alleng. Mir sinn net an engem Vakuum. Mir sinn an der Europäescher Unioun. An ech mengen, datt Lëtzebuerg absolut kee Problem huet fir zum Beispill ze soen, wa Russland, wéi Dir dat gesot hutt, wëll a Georgien amarschéieren an do e Mandat kréie vun der UNO, datt do selbstverständlech virdrun alles muss gekuckt ginn.

Net well mir gutt Bezéiunge mat Russland hunn, oder mat Amerika, oder mat China um wirtschaftleche Plang. Hei geet et ëm d'internationaalt Recht. An e Land wéi Lëtzebuerg, gleeft mir dat, ass och esou ugesinn, bréngt et vill besser fäerdeg hei Prinzipien ze verdeedegen an och eng kloer Linn ze hunn, wéi vläicht aner Länner déi eng Agenda hunn, Interêten hunn, déi esou staark sinn, datt si domat Problemer kréien.

Paul Konsbrück: Lëtzebuerg ass e wichtege Member vun der Europäescher Unioun. Dat ass natierlech eng nächst Fro déi opkënnt: fir wat ass et net esou, datt ee sech staark mécht, ech weess datt dat an der Vergaangenheet geschitt ass, mä net nach méi staark mécht fir en europäesche Sëtz an deem UNO-Weltsécherheetsrot?

Elo waren et dann Däitschland a Portugal déi sech gestridden hunn. Mir streiden eis mat Finnland. Misst een net esouguer méi dofir sech nach asetzen, datt d'Europäesch Unioun e permanente Sëtz am UNO-Weltsécherheetsrot kritt?

Jean Asselborn: Mir musse jo kucken, déi 5 Vetomächten, déi hunn dat jo kritt, well si nom Krich d'Atombomm haten. Dat ass jo e Fait. Dat ass jo emol deen éischte Punkt, datt dat soll geännert ginn. Et setze Länner sech an, wann Dir gëschter héieren hutt wéi Däitschland gesot huet, Japan ass deen zweete Payeur, Däitschland den drëtten, datt déi e permanente Sëtz missten hu mat Vetorecht am Sécherheetsrot.

Mä do kënnt een net wäit domatter. Ech kann Iech just soen, aus menger klenger bescheidener Erfahrung, ech hunn 2005, wéi mir Presidence haten, um Dësch heiansdo probéiert fir ze kucken, ob mir e Konsens kéinte kréien an der Europäescher Unioun wat d'Reform vum Sécherheetsrot ugeet. Gleeft mir dat, déi Regioun déi ech elo am beschte kennen: wann Däitschland Member géif ginn, do mengt een, dat wier an der Rei. Mä da wieren nach aner Europäer och gär dran. Italien a Spuenien hunn déi Diskussiounen ni opkomme gelooss, zum Beispill.

Dat wat Dir awer nach musst kucken, dat ass datt d'Amerikaner, och an dëser Zäit esouguer an der Administratioun Obama, d'Chineesen, d'Russen, déi wëllen net gestéiert ginn. Déi wëllen, datt et esou bleift wéi et ass. An ouni hire Wëllen opzemaache geschitt och näischt. [gëtt ënnerbrach]

Paul Konsbrück: Dat heescht déi permanent Memberen hunn esou vill Muecht [gëtt ënnerbrach]

Jean Asselborn: Ma si hunn d'Vetorecht. Si hunn d'Vetorecht fir sech kënnen do dogéint ze stäipen a si hu virun allem een Intérêt, mengen ech, déi Welt wéi si nom Zweete Weltkrich gesi ginn ass ze behalen. Si hunn eng onheemlech Influenz doranner.

Et si jo elo Länner déi hunn och Atomwaffen, net nëmmen Nuklear-Energie, mä och nuklear militärstrategesch Moyenë kritt: zum Beispill den Pakistan, wéi och Indien. Brasilien dréckt ganz ganz staark fir an de Weltsécherheetsrot eranzekommen, aus aneren Ursaachen, Südafrika ebenfalls.

Ech kéint mir virstellen, dat ass och d'lëtzebuerger Positioun, datt wierklech d'Kontinenter ganz anescht representéiert wieren am Weltsécherheetsrot – bei deene 5 Permanenten ass keen aus Afrika dobäi. Et ass keen aus Latäinamerika dobäi. All dat, dat sinn och Positiounen déi mir als Lëtzebuerg verdeedege fir wierklech do Ouverturen ze maachen.

Dat eenzegt, wat d'Amerikaner gemaach hunn an der Administratioun Bush, war fir de Japaner ze soen, Dir kënnt kommen, mä Dir hutt kee Vetorecht. Dat war déi eenzeg Ouverture déi vun amerikanescher Säit gemaach ginn ass. Gleeft mir, op europäescher Säit ass net alles Gold wat blénkt. Et ass net esou datt jiddweree seet, Hurra, mir wëllen datt Däitschland erakënnt. Dir dierft net vergiessen, Europa huet 2 Memberen am Weltsécherheetsrot, déi d'Vetorecht hunn. Dat ass, wéi Dir wësst, England a Frankräich. A fir engem vun deenen 2 dat ewech ze huelen an ze soen, mir maachen elo en europäesche Sëtz, do, mengen ech, geet nach eng Generatioun eriwwer.

Paul Konsbrück: Dat huele mir esou zur Kenntnis. Lëtzebuerg hätt jo effektiv och nach vläicht aner Méiglechkeete gehat, mä wéi sinn d'Chancen?

Jean Asselborn: Wat mengt Dir, wat fir aner Méiglechkeeten?

Paul Konsbrück: Lëtzebuerg hätt sech, wéi gesot, awer kéinte méi staark dofir maache fir en europäesche Sëtz ze kréien. Well et ass jo esou, datt Lëtzebuerg awer, deemno wéi, de Kierzeren zitt, wann, a mir mussen e bësse virumaache wéinst der Zäit, mä wa Lëtzebuerg an d'Situatioun kënnt, datt Frankräich zum Beispill seet, si hätte mat hirem Satellit iwwer Nordkorea gekuckt, an do wär eng Atombomm, déi do géif positionéiert ginn, da muss Lëtzebuerg soen, mir kënnen dat net iwwerpréiwen, ausser mir hätten eng Synergie mat Astra, kënne mir kee Satellit dohinner schécken. Dat heescht, alleng wéinst eise Ressourcen hu mir do net déi richteg Méiglechkeeten.

Jean Asselborn: Ech hunn elo net alles verstanen, mä wat ech Iech wollt soen, Här Konsbrück: Lëtzebuerg huet sech agesat, fir datt mir an der Europäescher Unioun eng Diskussioun kréien, oder ob mir wëllen de Conseil de sécurité e wéineg méi opmaachen, fir datt en d'Realitéite vun haut reflektéiert. An eiser Presidence hu mir dat gemaach.

Mä wann 2 Länner vun der Europäescher Unioun, Frankräich an England, 2 Länner, déi Force de frappe hunn respektiv Atombommen hunn, wann déi net wëlle réckelen, dann ass et jo net Lëtzebuerg oder iergend een an Europa, och net de Solana déi Zäit, an och net d'Madame Ashton haut, déi do ee Yota dorunner kënnen änneren.

Dat heescht, esou laang wéi net e Konsens do ass, datt mir an der europäescher Aussepolitik dat maache wat mir an anere Politike maachen, nämlech datt mir se communautariséieren, datt mir vill méi eng grouss Synergie dran opbauen, kënnt déi Diskussioun op keen Enn. Da muss fir d'alleréischt emol England a Frankräich domat d'accord sinn.

Paul Konsbrück: Ech verstinn dat ganz gutt. Mir hunn eis Synergien an Europa. Eng Synergie déi Lëtzebuerg ganz staark huet ass déi Benelux-Synergie. An da liest een, datt awer zum Beispill e Land aus dem Benelux, nämlech Holland, zum Beispill déi lëtzebuergesch Kandidatur net ënnerstëtzen, mä Australien de Réck stäipen.

Jean Asselborn: Do sidd Dir falsch informéiert. Do sidd dir komplett falsch informéiert.

Paul Konsbrück: Holland huet sech geäussert a gesot, si géifen Australien ënnerstëtzen an hirer Kandidatur.

Jean Asselborn: Jo dat kënne si jo maachen

Paul Konsbrück: Eisen direkte Konkurrent.

Jean Asselborn: Neen, Här Konsbrück, et sinn 3 Länner fir 2 Plazen. A jiddwereen huet d'Recht 2 Länner ze stëmmen. A wann d'Hollänner soe, si géifen Australien ënnerstëtzen, soe si net si géife Lëtzebuerg net ënnerstëtzen.

Paul Konsbrück: Et ass awer schon e staarkt Zeechen a Richtung Lëtzebuerg, well si hu sech nach net geäussert iwwer Lëtzebuerg, si hu sech jo geäussert a Richtung Australien.

Jean Asselborn: Ech kann Iech awer soen, datt d'Hollänner sech geäussert hunn. Dat seet net all Land ëffentlech wat et mécht. Dat ass jo och eng Strategie. Et seet ee jo och ni, ech hunn elo esou vill Accords bilatéraux, dat seet kee Land. Gëschter zum Beispill hunn déi 3 Länner, déi do a Konkurrenz waren, Däitschland a Portugal a Kanada, do huet jiddweree virdrun uginn, si hätten 150 Accordë mat Länner. Do huet eppes geknirscht dran. Mä leet Äre Kapp a Rou fir Holland, dat ass unter Dach und Fach.

Paul Konsbrück: Da si mir berouegt.

Jean Asselborn: Do kënnt Dir Iech berouegen.

Paul Konsbrück: Dat heescht, d'Chancë si gutt. Här Asselborn, mir komme bestëmmt nach eng Kéier op dee Sujet zréck, et ass e spannenden. Mir hunn elo d'Zäit massiv iwwerzunn, den Här Sascha Georges wäert dat entschëllegen.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact