|
Jean Asselborn (O-Toun): Dir wësst, datt zum Beispill am Afghanistan, an op anere Plazen op der Welt, d'NATO präsent ass, an dat ëmmer ënner Mandat vun der UNO selbstverständlech. Mä d’NATO kann och zum Beispill d’Cyber-Kriminalitéit an Energiesweeër protegéieren, Terrorismus bekämpfen an esou virun.
Do ass en Equiliber ze fannen tëscht deenen ale Staaten, wann ech esou dierf soen, dat heescht, deene westleche Staaten, déi wëllen de l'avant goen, an dann déi nei Länner an der NATO, déi, ähnlech wéi an der Europäescher Unioun, nach ëmmer den Artikel 5, dat heescht, d‘Défense territoriale op Lëtzebuergesch gesot, gesinn. Dës Länner mengen nach ëmmer, datt d'Gefor aus Russland géing kommen. Do muss een en Equiliber fannen.
Michel Delage: E weidere Volet an deem en Equiliber misst fonnt gi wier déi nuklear Ofschreckung.
Jean Asselborn (O-Toun): Do geet et ëm dat, wat de President Obama zu Prag gesot huet. Hie kéint sech eng Welt ouni Atomwaffe virstellen.
Mä wann et konkret gëtt, da blockéieren 2 Länner vun der NATO. Frankräich an England, fir déi 2 elo ze nennen, si Member vum UNO-Sécherheetsrot an hunn d'Vetorecht, an hunn eben d‘Atombomm. Si sinn a sech am Sécherheetsrot well se Atombommen hunn. Déi 2 Länner wëllen net réckelen. Dat ass op jiddwer Fall schwiereg. Während aner Länner, wéi zum Beispill déi aus dem Benelux, wéi och Däitschland, wéi Norwegen, Slowenien an och Polen, déi wëllen eben, datt ee probéiert dee Saz eescht ze huelen an unzefänken d’Nukleararsenalen erof ze schrauwen a méiglechst eng Kéier op Null ze kommen.
Michel Delage: Ënner de weidere Punkten déi am strategeschen Dokument behandelt ginn, sträicht de lëtzebuerger Ausseminister d'Bezéiungen tëscht der Europäescher Unioun an der NATO ervir. Schlëssel vun deenen net ganz reibungslose Relatioune wier den NATO-Member Tierkei, an deem seng Haltung géigeniwwer Zypern. E weidere wichtegen Equiliber wier dann a Bezuch op Russland ze fannen, esou de Jean Asselborn. Zumools déi osteuropäesch NATO-Memberen net grad op Kooperatioun aus sinn.
Jean Asselborn (O-Toun): Et ass vill méi eng grouss Crispatioun par rapport zu Russland nach do, fir dat emol fein ze soen. Dat ass eben duerch d'Geschicht bedéngt. Während Länner wéi déi am Benelux, Däitschland, Frankräich, Spuenien, Norwegen, Italien an esou wieder, wireklech wëllen a Russland e strategesche Partner gesinn.
Michel Delage: Dat esou genannte "strategescht Konzept" soll um NATO-Sommet den 19. an 20. November zu Lissabon vun de Memberstaate gutt geheescht ginn.
|