|
Françoise Hetto-Gaasch: Et ass e Sonndeg, an d’Gesetz iwwer d’Fermeture des magasins de détail seet, datt theoretesch vu Moies 6 bis Mëttes 13 Auer d’Geschäfter kënnen opbleiwen.
Dat heescht, dat hu mir jo och de Moment, et gëtt awer net iwwer d’ganz Land, datt all d’Geschäfter all Sonndes vum Moies 6 bis Mëttes 13 Auer ophunn, esou datt ech mir d’Fro stellen, ob dann elo hei een op d’Iddi kënnt fir dat de 26. wëllen ze maachen.
Wann elo sollt e Geschäft de Wëllen hunn iwwer déi 13 Auer eraus ze goen, da musse si bei eis eng Derogatioun ufroen um Ministère, an dee Moment gëtt déi Demande da gepréift. Do kucke mir dann, ob dat wierklech esou noutwenneg ass, datt dee Moment de 26. iwwer déi 13 Auer eraus dann do d’Geschäfter sollen op sinn.
Guy Kaiser: Déi doten Demande ass bei Iech, wéi gesot, bis den Ament nach net era komm. Et ass och wahrscheinlech net domat ze rechnen, datt vill Geschäfter dat wäerte maachen. Mä de Spektakel kënnt dohier, datt eben den 2. Chrëschtdag eventuell misst geschafft ginn.
Françoise Hetto-Gaasch: Jo, den 2. Chrëschtdag, well en op de Sonndeg fält. Wéi gesot, well et eben e Sonndeg ass, ass et erlaabt vu Moies 6 bis Mëttes 13 Auer ze schaffen. Dat ass de Moment theoretesch méiglech, jo.
|