|
Frank Kuffer: Ech hat virdru gesot, et gi vill Schantercher an Äre Ministèren, Schantercher wou Dir am gaange sidd drun ze schaffen. Mä virop emol eng Fro, mat där Dir u sech an Ärer Ministeschfonctiounen net vill oder bal näischt ze dinn hutt: d'Gesondheetsreform. Wéi gesäit dann de fréieren Apdikter dat? Ass de Mars Di Bartolomeo do um richtege Wee oder soll en nach eng Kéier e Stéck zréck goen a verschidde Korrekturen u sengem, un Ärem Text maachen, et ass jo elo e Regierungsprojet? Gëschter koume jo schonn e puer Ännerungen am Regierungsrot, wéi geet dat weider?
Jean-Marie Halsdorf: Genau dat do ass de Punkt. Ech si Member vun enger Regierung, ech sinn haut net méi Apdikter, an et geet drëm, datt deen Text deen duerch d'Regierung gaangen ass, datt mir deen ëmgesat kréien. Mir brauchen déi Reform, a wat mech erfreet, dat ass, datt hei am Fong dat geschitt wat och an der Reform vum Rettungswiesen notamment geschitt, datt also en Dialog stattfënnt an datt Kompromësser gesicht ginn. Dat ass dat war mir brauchen, a wat mir brauchen ass eng schnell Solutioun an deem Dossier.
Frank Kuffer: Waren d'Dokteren dann elo um richtege Wee mat hirem Streik, fir relativ stur do ze sinn?
Jean-Marie Halsdorf: Ech soen nach eng Kéier, wann ee versicht dat Beschtméiglecht fir seng Biergerinnen a Bierger ze maachen, da muss ee Kompromësser maachen. Da versicht jiddwereen op seng Aart a Weis sech anzeklinke fir sech mat deem Ganzen ze identifizéieren. Ech hätt gär, datt mir eng Solutioun fannen, esou séier wéi méiglech, an ech mengen, den Dialog wier hei dat Wuert wat mir brauchen.
Frank Kuffer: Awer nach eng Fro un den Ex-Apdikter dann. Si verschidde Medikamenter net einfach vill ze deier? Éischtens am Verglach mam Ausland, do héiert ee jo emol, datt et do grouss Ënnerscheeder gi fir dat selwecht Medikament, deemno vu wou datt si kommen an. Awer och déi esou genannt Generiquen – sinn do net vill Suen ze spueren? Dat misst Dir jo awer wëssen, als fréieren Apdikter.
Jean-Marie Halsdorf: Meng perséinlech Meenung dozou ass déi, datt d'Génériquen eng gutt Alternativ si fir Geld ze spueren, well et jo déi selwecht Principes actifs si wéi an deenen anere Medikamenter. Et gëtt jo och do kloer Spillregelen, wann déi Medikamenter eng gewëssen Zäit um Marché sinn, da kënnen et Générique ginn. Ech mengen, datt dat de richtege Wee ass, fir do an deem Beräich an déi Richtung ze goen.
Frank Kuffer: An d'Präisënnerscheeder, déi et alt emol ginn, deemno vu wou d'Medikamenter kommen, wësst Dir do Bescheed?
Jean-Marie Halsdorf: Zu menger Zäit weess ech net, datt esou eppes soll gewiescht si wat wichteg gewiescht wier oder wat grouss gewiescht wier, dofir kann ech Iech dorop keng Äntwert ginn.
Frank Kuffer: Aus dem Apdikter a Buergermeeschter gouf awer 2004 den Inneminister, esou ze soen de Chef vun de Gemengen, an déi wëllt Dir elo nei organiséieren. Si solle fusionéieren, et deet sech jo eppes déi lescht Joeren. Geet et Iech da séier genuch?
Jean-Marie Halsdorf: Ech maachen dat jo net fir d'Gemenge rosen ze maachen, datt ech proposéiere fir eben ze fusionéieren op Basis vun engem Modell, deen dann 3.000 Leit pro Gemeng virgesäit.
Zu Lëtzebuerg ass et nun emol esou, datt mir, contrairement zu eisen Nopeschlänner, nëmmen 2 Niveauen hu wou Décisiounë geholl ginn a wou Servicer prestéiert ginn. Dat wat de Staat net mécht, dat muss oder soll d'Gemeng maachen, nom Subsidiaritéitsprinzip, an da muss si och outilléiert sinn.
Esouguer d'Saarland, wat esou grouss ass wéi Lëtzebuerg, wou zwar 1 Millioun Leit wunnen, déi hunn nach Kreisen déi verschidde Saache kënne maachen, bei eis, wat de Staat net mécht muss d'Gemeng maachen. Also brauche mir staark Gemengen, déi à même sinn de Bierger déi Servicer ze ginn déi si gär hätten a brauchen. An all Mënsch, all Biergerin an all Bierger, huet e Recht dee selwechte Service ze kréien, egal wou en am Land wunnt, zu comparabele Conditiounen.
Wann ech déi Equatioun schreiwen, da sinn ech gefuerdert an da muss ech d'Gemengen dohinner kréien. Dat heescht also, deen Exercice dee mir hei maachen ass en Exercice dee sech opdrängt am 21. Jorhonnert, an dofir hu mir dann dee Wee gewielt fir d'Gemenge fakultativ dohinner ze bréngen. Dat heescht, hinnen ze proposéieren, ech hunn eng Kaart ausgeschafft, zesumme mam Syvicol an zesumme mat der Spezialkommissioun an der Chamber, dat war jo virun e puer Joer, an op Basis vun där Kaart, wat eng Propositioun ass, sollen d'Gemenge matenee schwätzen a kucke wéi si sech kënne méi no kommen, respektiv wéi si kënne fusionéieren.
Dat ass am Fong [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Et sinn der déi dat gemaach hunn, mä et huet een awer d'Gefill, wéi wann et lues geet, alt emol hei eng, emol do eng, mä [gëtt ënnerbrach]
Jean-Marie Halsdorf: Sécherlech hätt een ëmmer gär et soll méi séier goen, mä et ginn zwou Méiglechkeeten, entweder octroyéiert Dir de Gemengen eppes, oder Dir loosst si selwer gewäerden.
Ech kann Iech soen, wa géif déi Fusioun vu Käerjeng a vu Kënzeg eppes ginn, dann hunn ech a menger Period 8 Fusioune fäerdeg bruecht. An den 1970er Joere war jo och esou eng Initiativ geholl ginn, déi war zwar vun uewen erof, do war jo e Gesetzestext gemaach ginn, deen haut net méi méiglech wier, well mir hunn d'Charta ënnerschriwwe vun der Autonomie locale, an déi wëll, datt ee muss e Referendum maachen, dat maache mir jo och. Mir hunn elo 8 Fusioune fäerdeg bruecht.
Frank Kuffer: Wéi vill bleiwen der dann nach?
Jean-Marie Halsdorf: Et bleiwen der nach ganz vill, mä mir hunn der 8 fäerdeg bruecht. Et soll een emol ëmmer fir d'éischt kucke wat een huet, an da kucke wat nach muss kommen.
Et muss nach kommen. Et ass fir mech kloer, datt mir méi Fusioune kréien. De Bilan soll gemaach ginn um Enn vun dëser Legislatur, well mir hunn eis jo eng Deadline ginn, dat ass 2017. Dat heescht, déi Territorialreform, déi soll 2017 wa méiglech ofgeschloss sinn. Parallel dozou soll dann och ofgeschloss sinn déi ganz Reform vun de Gemengefinanzen, well dat ass e Ganzt, an och déi ganz Reform vun der Tutelle oder dem Contrôle vum Ministère op d'Gemengen.
Well wa mir kleng Gemenge behalen, dann ass de Contrôle anescht ze maache wéi wa mir grousser hunn. Wa mir kleng Gemengen behalen, da musse mir d'Perequatioun, dat heescht d'Ëmverdeelung vun de Gelder, anescht gestalte wéi wa mir grouss Gemengen hunn. Wa mir zum Beispill regional Gelder wëllen aféieren, mat engem Fonds régional, wat meng Iwwerzeegung ass, da gëtt deen och anescht organiséiert wann nees eng Kéier méi grouss Gemenge sinn wéi wa méi kleng Gemenge sinn.
Dat muss een alles kucken, ech hunn elo vill "wann" gesot, mä et ass nun emol esou, et muss een ee Schrëtt nom anere maachen.
Frank Kuffer: Wat kann dann eng Gemeng dovun hu fir net ze fusionéieren? Et ginn der jo déi net wëllen.
Jean-Marie Halsdorf: Dee leschte Fall wou mir haten, tëscht Simmer a Käerch, hunn ech net verstanen, fir wat datt déi Käercher Leit net wollte mat deene Simmer Leit fusionéieren. Ech akzeptéieren dat, mir sinn eng Demokratie, et muss en demokratesche Vote akzeptéieren, mä ech hunn en awer net verstanen.
Frank Kuffer: Geet et vläicht net ëm d'Saach?
Jean-Marie Halsdorf: Dat weess ech net, dat musst Dir d'Leit selwer froen.
Ech kann Iech just soen, datt ech weess, datt den Numm Käerch bestoe bliwwe wier, datt déi Käercher praktesch iwwer 3.000 Leit gehat hätten, mol 2.500 Euro pro Awunner, dat wiere 7,5 Millioune Bonbon gewiescht. Ech weess, datt de Budget vun deenen zwou Gemenge gekoppelt 80.000 Euro méi bruecht hätt an d'Gemengekeess wéi elo wa si eenzel weider fueren. Ech hunn dat net verstanen.
Et muss een da kucken, inwiefern ee mat deem Instrument do ka fueren. Dat do sinn d'Limitë vun enger Demokratie, an deem Sënn datt déi Simmer, déi si wierklech schlecht drun, déi si wierklech ze kleng, a si wëssen dat och. Dir hutt jo net fir näischt, datt do praktesch 80% vun de Leit d'accord si fir mat deene Käercher ze fusionéieren.
Dat si Froen déi muss een elo weiderkucken, wéi déi sech entwéckelen. Et muss een och elo kucke wéi et zu Käerjeng mat Kënzeg geet. Ech wënsche mir, datt mir do och e positive Vote kréien. Da muss een ee Schrëtt nom anere maachen. Mir hu jo de Wee gewielt vun der Facultativitéit, dat heescht, mir wëlle jo näischt octroyéieren, also muss een dee Wee och goen.
Frank Kuffer: Et gi jo och Gemengen déi soen, mir schaffe gutt esou zesummen an engem Syndikat, ech denken elo zum Beispill, well dat meng Géigend ass, un de Réidener Kanton, wou d'Gemengen alleguer dra sinn, déi och esou gutt zesumme schaffen.
Jean-Marie Halsdorf: Dat ass och e Modell deen ee kann duerchzéien, mä et muss ee kucke wou mir hierkommen. Ech hunn Iech jo gesot, mir hunn de Staat, an iwwer d'Verfassung gëtt de Staat dann un d'Gemengen dat of wat en net selwer wëll maachen, nom Subsidiaritéitsprinzip, fir datt d'Gemenge kënnen en toute Autonomie locale hir Aufgaben ophuelen.
Wann ech natierlech, wéi am Réidener Kanton, mat 9 anere Gemengen zesumme sinn, 10 Gemengen, da kann ech vill Servicer prestéieren. Mä déi Servicer prestéieren ech net méi en Autonomie locale, déi prestéieren ech mat 9 aneren zesummen. Dat heescht, déi Initiativ déi d'Verfassung de Gemenge gëtt fir op hirem Territoire Saachen z'organiséieren, déi ass fort. Et muss een ëmmer kucke wat déi 9 aner soen. An deem Sënn si mir net méi an der Logik wéi d'Verfassung eis dat am Fong geholl virschreift. Dofir gi ganz oft a Syndikater och Décisiounë geholl déi net onbedéngt ëmmer direkt duerchklénge bis op de lokalen Niveau.
Et ass also e System dee vläicht aus där Optik eraus manner transparent ass, et ass awer de Wëllen do, vun eben de Gemengepappen a -mammen dat erauszeginn. Et ass och e Modell deen an den 1970er Joeren entstanen ass, well jo dunn d'Aufgabestellung vun de Gemenge säitdeem anescht ginn ass. Well bis d'1970er Joeren hate mir wéineg Syndikater. Do sinn et vläicht 7, 8 Syndikater am Land ginn. D'Syndikater sinn agefouert ginn iwwer e Gesetz aus dem Joer 1900, a vun den 1970er Joeren un hu sech vill Syndikate gemaach, ebe fir déi Aufgabestellunge besser an de Grëff ze kréien, do hu sech Leit associéiert, wat och gutt ass an och sënnvoll ass.
Zum Beispill, an Zukunft wäerte mir weider Syndikater hunn am Ofwaasserberäich. An Zukunft wäerte mir weider Syndikater hunn am Waasserberäich. An Zukunft wäerte mir weider Syndikater hunn am Beräich vun der Gestioun vun den Décheten. Do mécht et Sënn fir dat esou ze maachen. Mä kleng Syndikater maache fir kleng Aufgabestellungen, dat ass opwenneg a bréngt net ëmmer dat Resultat.
Frank Kuffer: Wat huet de Staat dann iwwerhaapt dovu wa mir manner Gemengen hunn? De Staat léisst sech dat jo eppes kaschten a lackelt mat enger Prime pro Awunner. Dir maacht dat jo net, well de Staat Suen ze vill huet?
Jean-Marie Halsdorf: Ech muss nach eng Kéier dat soe wat ech virdru gesot hunn. Doduerch datt mir staark Gemengen hunn, kënne mir eis ganz anescht organiséieren. Mir kënnen d'Suen anescht verdeelen, mir kënnen de Contrôle vum Staat anescht maachen, mir kënnen d'Zesummenaarbecht vun der Regierung mat de Gemengen anescht gestalte wann de Partner anescht opgestallt ass.
Frank Kuffer: Bei Ärer Fusiounskaart bleift awer nach vill ze maachen. Do sinn der jo bestëmmt déi ni wëllen. Musse si dann? Dir hutt dat schonn ugeschwat, datt Dir elo um Wee sidd vun deene fräiwëllege Fusiounen. Mä kommen dann iergendwann vläicht déi obligatoresch?
Jean-Marie Halsdorf: Ech hu wëlles nach virun de Gemengewahlen an déi eenzel Regiounen ze goen, wou de Problem besteet, datt mir nach Communautéiten hunn déi manner wéi 3.000 Leit hunn. Ech wëll do gär lauschtere wat déi eenzel Gemengepappen a -mamme mir soen an deem Kontext. Da musse mir eng Décisioun huelen.
Fir mech ass et och kloer, datt déi eenzel Politikerinnen a Politiker sech positionéiere solle virun den nächste Gemengewahlen, datt ee weess no den nächste Gemengewahle wéi d'Situatiounen an de eenzelne Gemenge sinn.
Wa mir dat da wëssen, da muss een doraus am Konsens an an der Diskussioun mat deene lokale Leit kucke wéi mir dat da weider strécken.
Kloer ass et, datt mir musse weiderkommen, well wa mir géifen effektiv nach weider an Zukunft wierklech kleng Communautéiten hunn, dat géif et méi komplex maachen. Well wann Dir e Gesetz maacht, an Dir musst e Gesetz maachen dat fir eng Gemeng stëmmt vun 1.000 Leit an och fonctionnéiert fir eng Gemeng vun 80.000 oder 90.000 Leit, wéi d'Stad Lëtzebuerg, dat ass natierlech schwiereg. Well einfach den Apparatchik, wann ech dat dierf esou soen, vun deem enge vill méi performant ass wéi deen aneren. Doduerch komme mir jo elo un d'Limitë vum System. Zum Beispill am Beräich vun de Maisons relais, déi kleng Gemengen hu méi Problemer do sech z'organiséiere wéi déi méi grousser. Am Beräich vun der Sozialpolitik, mat den Offices socialen, do hu mir da Moyenë gesicht, d'Politik fënnt ëmmer Äntwerten, mä si si vill méi komplex a vill méi opwenneg heiansdo wéi wann ee selwer gutt opgestallt ass.
Frank Kuffer: Dat heescht, Dir mengt, Dir hofft vläicht datt dat e Wahlsujet gëtt fir d'Gemengewahlen, datt een an d'Gemengewahle geet an kloer seet, mat menger Majoritéit gëtt et déi Fusioun, oder och net?
Jean-Marie Halsdorf: Ech géif mir wënschen, datt an deene Gebitter déi Gemenge wou esou Fusioune géifen, aus där Optik eraus wéi ech dat elo beschriwwen hunn, Sënn maachen, dat heescht, fir op déi 3.000 Leit zouzesteieren, datt dat do kéint e Wahlthema ginn, dat wier schonn interessant.
Frank Kuffer: Här Halsdorf, Dir kënnt jo net all all Dag mat all Buergermeeschter schwätzen. Ären Uspriechpartner ass dacks de Syvicol, de Syndikat vun de Gemengen. A well dee bestëmmt Problemer um Terrain besser kennt wéi de Journalist, loossen ech deen déi nächst Fro selwer stellen, an zwar vum Syvicol-President Dan Kersch.
Dan Kersch (O-Toun): Fir d'éischt emol wollt ech dem Minister vun hei aus bonne chance a sengem Background wënschen, wuelwëssend datt mir eis e Méinden op enger laanger Aarbechtssitzung wäerte begéinen. An ech wollt him 2 kleng Froe stellen.
Déi éischt betrëfft de Waasserpräis, wou de Minister weess, datt grouss Opreegung ass an de Gemengen, well dat neit Gesetz dozou gefouert huet, datt wierklech considerabel Präiserhéijunge musse gefrot gi vis-à-vis vum Bierger. Dat mécht eis d'Saach net einfach an hie kennt och déi Opreegung a verschiddene Gemengen, wou grouss Härtefäll opgetruede sinn. Dofir froen ech hien, ob e bereet ass seng politesch Verantwortung z'iwwerhuelen an d'Méiglechkeeten déi d'Gesetz him iwwer den Artikel 12.4 gëtt, fir déi wouer ze huelen an déi Härtefäll aus der Welt ze schafen.
Déi zweet Fro ass méi eng allgemeng. De Syvicol huet am Juni e Pabeier virgestallt wou mir ganz kloer Propositiounë gemaach hu fir eng Réforme administrative. Mir sinn der Meenung, datt dat heiten e Pabeier ass wou den Inneminister eng gutt Basis huet fir als éischte Ministère ganz konkret Mesuren ze huele fir d'Réforme administrative weiderzefueren. Mir wollten ebe froen, ob hien och an engem kuerzen Zäitraum, do schwätze mir vu 6 Méint, bereet ass, eenzel Saachen aus deem Pabeier z'iwwerhuelen?
Frank Kuffer: Déi éischt Fro, Här Halsdorf, war déi iwwer de Waasserpräis. Do gëtt jo éiweg driwwer diskutéiert, gestridden. Fir wat maacht Dir näischt fir déi esou genannten Häertefäll? Sinn dat haaptsächlech Baueren an och verschidde Gemengen déi extrem héich Präisser elo musse froen. Dir waart bis elo awer zimlech stur, datt Dir do net wëllt eppes maachen, oder
Jean-Marie Halsdorf: Et muss ee mol wësse firwat mir déi Situatioun hunn déi mir elo hunn.
Bis den Dezember 2008, wou dat neit Waassergesetz hei zu Lëtzebuerg a Kraaft getrueden ass, war et méiglech hei zu Lëtzebuerg, an et war och de Fall, 116 Waasserpolitiken ze hunn. All Gemeng huet d'Waaserproblematik op seng Aart a Weis geléist. An de Waasserpräis, dat ass jo dat wat d'Biergerinnen an d'Bierger interesséiert, dee war am Fong geholl en Element vun där Politik déi gemaach ginn ass, déi war net ëmmer käschtendeckend. Or, déi Direktiv déi mir kritt hunn, déi nei Direktiv, déi hätt scho vun 2000 u missen ëmgesat ginn, déi gesäit vir, datt ee muss käschtendeckend fueren.
Frank Kuffer: Mä et ginn awer och déi Méiglechkeete fir Ausnamen ze maachen, neen?
Jean-Marie Halsdorf: Voilà, käschtendeckend fueren, dat heescht also, datt all Gemengepapp an all Gemengemamm muss an hirer Gemeng kucken, wéi ee Käschtepunkt hunn ech, a wéi ee Waasserpräis kënnt eraus? Dat sinn d'Gemengen elo emol amgaang ze maachen.
Mir hunn e groussen Deel vun deene Käschtepunkten, doduerch entsti Waasserpräisser. A mir stelle fest, dat konnte mir eréischt elo feststellen – well virdru wousste mir jo net, wéi vill subventionéiert déi Gemeng hire Präis, dat wousste mir jo net – datt am ländleche Raum d'Präisser vill méi héich gi wéi am städtesche Raum.
Zweetens kënnt eraus, datt am Beräich vun der Horesca, och wou déi eenzel Betriber am Land sinn, datt do och grouss Diskrepanze sinn.
Drëttens kënnt eraus, am industrielle Beräich, do si schonn 2 Industrien déi eis ugeschriwwen hunn, hir Präisser och vum Waasser dat si brauche fir ze produzéieren immens héich an d'Lut ginn.
Véiertens komme Fuerderunge vun de verschiddene Gruppen, zum Beispill am Beräich Landwirtschaft, wou gefuerdert gëtt e Prix unique anzeféieren. Dir gesitt also, dat Ganzt beweegt sech an [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Mä maacht Dir dat dann?
Jean-Marie Halsdorf: Ech si gefuerdert, an ech sinn och sensibel, an ech sinn och amgaangen ze kucke wéi ka méi Gerechtegkeet an dee ganze System erakommen. Well et ass wichteg, datt mir och do eng gewësse Kohäsioun am Land behalen. Do muss ee kucke wéi dat soll ausgesinn.
Den Artikel 12, alinéa 4, deen Dir uschwätzt, deen d'Méiglechkeet gëtt deenen eenzelne Gemengen op Basis vun hirer geographescher Struktur a vun de wirtschaftleche Gegebenheeten, fir do Suen aus dem Präis erauszerechnen, dat ass een Instrument, mä et muss ee kucke wéi vill Spillraum dat gëtt a wéi vill do méiglech ass. Dat si mir alles amgaangen auszeloten.
Ech ginn dovun aus, datt ech an den nächste Woche ka verschidde Propositiounë maachen, well d'Situatioun wéi mir se elo hunn déi art aus an déi musse mir an de Grëff kréien.
Frank Kuffer: An der Vergaangenheet hutt Dir awer éischter gesot, Dir géift do näischt maachen. Dat heescht, Dir gitt awer op dee Wee?
Jean-Marie Halsdorf: Ma ech muss kucken. Ech kommen net dolaanscht, ech ka bal soen, mir kommen net dolaanscht, wann Dir am ländleche Raum reell Präisser kritt vun engem m3 Waasser déi ëm 12 Euro leien, an an de städtesche Raim hutt Dir Präisser déi ëm 5 oder 6 Euro leien, da muss ee froen ob dat an engem Land wéi Lëtzebuerg, mat 500.000 Awunner, wat jo awer wierklech net hallef esou grouss ass wéi Däitschland, ob een do wierklech net ka sech méi no beienee kommen.
Well et ass schwéier ze soen, du do uewen oder du do, oder du do, du bezils elo 12 Euro als Waasserpräis, Ofwaasser an Drénkwaasser zesummen, an deen aneren nëmme 5 Euro. Well hannendrun ass jo och nach de Mënsch als solche mat sengem sozialen Ëmfeld. Do hunn d'Gemengen och Méiglechkeeten an deem Beräich ze subsidiéieren. Zum Beispill d'Gemeng Mamer weess ech, datt déi agefouert hu fir Leit déi méi nécessiteux sinn, datt déi kënne Geld dogéint kréien.
Mä et muss ee kucken déi Situatioun an de Grëff ze kréien. Mir hu Beispiller wou, fir eng Famill déi 2 Kanner huet, wou sech zum Beispill de Waasserpräis verduebelt par rapport zu deem Präis dee mir elo hunn. Dat muss gekuckt gi geléist ze ginn.
Et muss een awer och eppes wëssen, dat ass, datt de Waasserpräis zu Lëtzebuerg wierklech chronesch vill ze déif ass par rapport zu eisen Nopeschlänner. Well Präisser vu 6 Euro oder 7 de m3, déi gëtt et scho laang a Frankräich. Ech si jo aus dem Eck Péiteng, do ass Lonkech niewendrun, do huet d'Waasser scho virun 10 Joer scho 5-6 Euro kascht. Dat selwecht gëllt fir den däitsche Raum hei op där anerer Säit.
Also et muss ee wëssen, datt d'Waasser säi Präis huet, et wäert och ni méi esou bëlleg gi wéi et jee war, an et soll och méi deier ginn, well mir wëlle jo eng nohalteg Politik maachen. An nohalteg Politik, dat heescht, datt ee mam Waasser spuersam ëmgeet. Et ass zwar e Recht vu jiddwerengem, d'Waasser, et ass e Basisrecht, et ass e Bien commun, mä doriwwer eraus muss een awer kucken, datt et e Wäert huet. A ganz oft ass d'Waasser ënnerschat ginn, also wäerte mir an Zukunft eng Landschaft kréie wou de Präis vum Waasser méi héich ass wéi elo, et muss ee just kucke wéi een dat ventiléiert.
Frank Kuffer: Ech huelen un, datt elo verschidde Gemengen, an Industrien an d'Baueren Iech gutt nogelauschtert hunn a sech Hoffnunge maachen.
Dat zweet war déi administrativ Vereinfachung. Do ass de Syvicol viru 5 Méint un Iech erugetruede mat Proposen. Da wier et jo einfach déi einfach ëmzesetzen, oder?
Jean-Marie Halsdorf: Do ass et och d'selwecht. Do komme mir och aus enger Logik an eng aner Logik.
Et ass ganz kloer, datt ech gewëllt si mam Syvicol am Beräich vun der Simplification administrative eppes ze maachen. Ech hunn Iech jo scho Beispiller ginn, datt mir elo an enger éischter Phas alleguerten d'Zesummenaarbecht mat de Gemengen esou iwwer eng Circulaire beschriwwen hunn, datt se vill Saachen net méi brauchen eranzeschécken.
Et mussen awer och gesetzlech Ännerunge gemaach gi fir verschidden aner Saachen hinzekréien. Ech ginn Iech ee Beispill: all Règlement de la circulation deen am Land geholl gëtt vun enger Gemeng, dee muss duerch den Intérieur goen als Bréifboîte, an da geet en an den Transportministère, da gëtt do eng Décisioun geholl, da kënnt en zréck an den Intérieur an da geet en zréck op d'Gemeng. Dat ass natierlech opwenneg. Ech hu mam Minister Wiseler geschwat, mir wäerten och do eng Gesetzesännerung maachen.
Vill vun deene Saachen déi si gär hätten, déi verlaange Gesetzesännerungen, an déi maache sech, an déi sinn amgaangen. Wann ech huelen, déi ganz Prozedure vun de PAPen, vun de PAGen, déi esou genannte Bebauungspläng an Teilbebauungspläng, do si mir jo och amgaangen d'Gesetz méi reng ze maachen, an där Hisicht fir d’Prozedure méi kuerz ze maachen. Mir hunn elo e System fonnt, wou ee kann iwwer ee Joer spueren an de Prozeduren. Also ech mengen, datt mir do um richtege Wee sinn.
Frank Kuffer: Alles huet mat Suen ze dinn, bal alles. De Rettungsdéngscht och. Och wann déi Leit dat bestëmmt net maache fir räich ze ginn, si wëlle respektéiert ginn an op d’mannst eng kleng Unerkennung kréien. Och do schafft Dir jo drun. Et mierkt een, datt eppes sech deet, mä esou richteg erauskomm ass nach näischt. Wéi séier mierken d'Leit datt Hëllef fir d'Hëllefsdéngschter um Terrain ukënnt?
Jean-Marie Halsdorf: Dir sot, dobäi erauskomm ass nach näischt, do soen ech kloer, datt dat falsch ass, well mir sinn esou wäit an deem Rettungswiese wéi mir nach ni waren.
Frank Kuffer: Jo, mä elo viru kuerzem hutt Dir ugekënnegt wat kënnt, mä [gëtt ënnerbrach]
Jean-Marie Halsdorf: Fréier hate mir op där enger Säit d'Protection civile an op där anerer Säit d'Pompjeeën [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Hu mir och elo nach.
Jean-Marie Halsdorf: Dat ass richteg, an déi 2 hu mir och elo nach.
Mä déi 2 sinn d'accord an engem System ze fusionéieren, wou da jiddwereen alles ka maachen. Dat ass e wichtege Punkt, well bis dato war e grousst Gestreids wie wat dierf maachen. Do hu mir e grousse Konsens an dat ass fir mech awer e Punkt dee ganz wichteg ass.
Grad esou wichteg ass, datt et e Konsens gëtt doriwwer, datt mir an Zukunft wäerte Volontairen a Professioneller hunn. Déi Professionell, do hu mir jo bis elo 13 Leit agestallt. Do wäerten deemnächst nach eng Kéier 12 Leit agestallt ginn. Do hu mir also da 25 Leit déi mir iwwer d'Land verdeelen, fir op deene Plaze wou e Problem ass – de Problem an dësem Fall ass d'Disponibilitéit, besonnesch am Beräich vun den Ambulanzen – an déi Leit sollen herno déi aner Leit, déi Bénévole encadréieren. Dat ass d'Iddi déi mir hunn.
Deen Encadrage geschitt duerch Formatiounen déi déi Leit kréien, an da mussen déi eng an déi aner e Beruffsbild kréien, e Beruffsbild fir déi Professionell, wat sech um Modell vun der Stad Lëtzebuerg wäert orientéieren, vun de professionelle Pompjeeën, an och e Beruffsbild fir déi Bénévole, déi dann eben och musse Formatioune maachen, an dann doduerch och eng Unerkennung kréien.
Dat ass am Fong geholl dat wéi mir do wëlle virgoen.
Mir hunn Experten op den Terrain geschéckt fir eng Bestandsopnam ze maachen a Propositiounen ze maachen. Déi si ganz konkret an do ass hannendrun och en Échéancier. Bis 2012 am Summer wëll ech e Gesetzesprojet deposéieren. Bis 2011 hätt ech gär, datt déi Kaart soll fäerdeg sinn déi zu Lëtzebuerg weist wou wéi eng Risikopotentialer sinn. Dir wësst jo, eise System kënnt aus enger Zäit wou eis Welt nach ganz anescht war. Do huet keen iwwer Seveso geschwat, an de 1950er oder an de 1940er Joeren.
Mir hunn och do an deem Beräich, grad wéi beim Waasser 116, Pompjeespolitiken, kann ech bal soen, am Land. An do geet et och drëm déi ënner een Hutt ze kréien, an dat ass dat wat mir amgaange sinn ze maachen.
Frank Kuffer: Dann hu mir och do nach eng Fro vum Terrain, eng Fro vum Roland Disiviscour aus dem Weiserot.
Roland Disiviscour (O-Toun): Gudde Mëtteg, Här Minister. Dir wësst, datt mir als Comité des sages de Projet vun de Reforme vun de Rettungsdéngschter a senge groussen Zich begréissen, dee jo hoffentlech am Hannergrond weidergedriwwe gëtt.
Ma mir sinn awer och gespaant op den Detail, wou jo bekanntlech den Däiwel dra läit. An och ob Dir, Här Minister, Ären Zäitplang mat Ärer kompletter Revisioun vum System kënnt anhalen.
No Ärer Ausso, Här Minister, ass et jo och an där neier Struktur esou, datt déi Haaptlaascht op de Volontairë wäert leien. Dofir wollte mir Iech froen, wéi et da mat eiser interner an externer Kommunikatioun ausgesäit. Dëst eventuell, esou wéi mir et schonn emol proposéiert hunn, mat der Hëllef vun engem Profi an de Relations humaines, oder mat engem Pressespriecher, fir datt mir e bësse Reklamm fir eise Rettungsdéngscht gemaach kréien.
Dësen hätt als Aufgab, éischtens emol eis Patronë vun de Volontairë richteg z'informéieren, eis Volontairen an de Servicer selwer richteg z'informéieren, awer och eng permanent national Campagne fir de Recrutement vun eise Fräiwëllegen duerchzeféieren, déi mir esou onbedéngt bräichten, fir datt se System an deem Sënn kéint weiderlafen.
Des weidere misste mir och kucken, datt iwwer déi Persoun dann eng Propaganda géif gemaach ginn, fir datt mir e bessert Liicht op eise lëtzebuerger Rettungsdéngscht kéinte wäerfen. Dat beschte Beispill wou mir momentan erliewen an där doter Form, dat sinn eis Kollege vun de Beruffspompjeeën aus der Stad. Déi si jo amgaangen nei ze recrutéieren a profitéieren, als Reklamm fir hire Betrib, net nëmme fir nei Leit ze kréien, mä och fir eng Mise en valeur ze maachen.
Ech soen Iech Merci.
Frank Kuffer: Här Halsdorf, d'Beruffspompjeeën déi haut Reklamm maache fir sech fir nei Leit ze fannen. Wéi ass et da bei de Rettungsdéngschter soss? E Pressespriecher gëtt hei gefrot, ass esou eppes virgesinn? Kéint Dir Iech dat virstellen?
Jean-Marie Halsdorf: Ech muss fir d'éischt mol soen, datt ech déi positiv Astellung begréissen, déi all d'Acteuren um Terrain hu par rapport zu där Initiativ fir dee System ze reforméieren.
Déi Reform déi mir ustriewen ass zesumme mat de Leit vum Terrain gemaach ginn. An all Suggestiounen déi vun deene Leit komme ginn och eescht geholl an och iwwerpréift.
Ech wëll och dovu profitéiere fir justement de Comité des sages, dat sinn déi Leit aus der Protection civile, respektiv och der Federatioun mat hire Leit Merci ze soen, och de Gemengen, fir déi positiv, proaktiv Astellung déi si haten an den Diskussiounen iwwer dës Reform.
Dës Suggestioun, déi elo hei proposéiert ginn ass vum Här Disiviscour, gëtt sécherlech elo an den nächste Wochen a Méint gepréift, wou mir déi Diskussioune féiere fir déi ganz Reform anzeleeden.
Dir wësst jo, ech hunn Iech gesot, ech widderhuelen dat nach eng Kéier kuerz, mir hunn e Rapport kritt vun Experten, déi hunn eng Bestandsopnam gemaach a Propositiounë gemaach wéi esou e Rettungssystem kéint ausgesinn. Si hu verschidde Froen opgeworf. Déi Froe ginn diskutéiert an den nächste Wochen a Méint an Aarbechtsgruppen, mat den eenzelne Leit vum Terrain. Mam Syvicol hu mir deemnächst och eng Reunioun, fir ze kucken, wéi soll déi Struktur ausgesinn.
A wann dat fäerdeg ass, da si mir op engem nächste Punkt, an da musse mir déi nächst Conclusiounen zéien. An do kënnen déi Elementer déi den Här Disiviscour do ugeschwat huet mat afléissen, wäerten do mat afléissen. Ech sinn drop beduecht, datt mir sachlech matenee fonctionnéieren, datt mir net polemesch sinn, well hei geet et ëm ganz vill. Lëtzebuerg huet e Recht op e performante System am Beräich vun der Éischthëllef. An dee Modell dee mir ausgeschafft hunn, dee kann deem Usproch gerecht ginn.
Frank Kuffer: Här Halsdorf, villmools Merci elo mol dem Inneminister. Mam Verdeedegungsminister schwätze mir elo gläich, fir d'éischt awer nach de Journal.
[Noriichteniwwerbléck vum Robi Sinner]
Frank Kuffer: Suite vun "Background – am Gespréich", haut mam Jean-Marie Halsdorf.
Dem Inneminister hu mir esou gutt wéi Äddi gesot, schwätze mir nach e bësse mam Verdeedegungsminister Jean-Marie Halsdorf. Police an Arméi also.
Wat d'Arméi ugeet, do hu vill Leit am Land sech op de Militärfliger ageschoss, fir et emol méi militäresch ze soen. D'Fro gouf dacks gestallt, mä nach eng Kéier: brauche mir dee Fliger, dee jo vill, vill méi deier ginn ass wéi geduecht? Wësst Dir dann iwwerhaapt genee wat e kascht, Här Halsdorf?
Jean-Marie Halsdorf: Dir wësst jo, déi Geschicht vum Fliger, wéi Dir se elo presentéiert hutt, den A400M, dat ass keng rezent Geschicht. Déi ass schonn ugaangen ënner dem Minister Goerens. An dee Fliger soll jo dann an internationale Friddensmissiounen an an humanitären Asätz gebraucht ginn, wann e Mandat do ass vun der UNO oder vun der EU.
Et ass och esou wéi mir eis Verdeedegungspolitik hei zu Lëtzebuerg gesinn, datt wann do Oplage kommen, datt mir déi da maachen, zesumme mat eisen traditionelle Partner, déi an éischter Linn eis belsch Frënn an och d‘Fransouse sinn. Well Dir wësst jo, datt mir am Kosovo an engem franséische Contingent sinn. Am Afghanistan an am Libanon si mir mat de Belsch zesummen.
Wann een déi Problematik kuckt, muss een déi an dee Kontext setzen. Well do gi jo da vun de Belsch 8 Fligere kaaft. 7 déi d'Belsch huelen, an 1 Fliger wat eise Fliger ass. Do ginn et dann och lëtzebuerger Piloten, déi elo an der Formatioun sinn, déi dann herno déi Fligere fléien.
Dat ass also e Ganzt, an dat Ganzt muss een dann och gesinn am Kontext vun eisem Effort de défense. Well et ass esou, am Verdeedegungsberäich an Europa, an och an der NATO am speziellen, muss een en Effort de défense maachen. Lëtzebuerg gëtt do 0,5% vu sengem PIB als Effort de défense aus. Mir sinn do awer de loin d'Schlussliicht vun all deene Länner déi an der NATO sinn, well all eis Nopere gi vill méi aus, a bis 2% vum PIB gëtt preconiséiert. Mir leien also bei 0,5%. Wa mir dee Fliger net géife kafen, da misste mir déi Dépensen anescht tätegen.
Frank Kuffer: Kéint een déi net besser uleeën, vläicht?
Jean-Marie Halsdorf: Justement, dëse Projet huet jo schonn e puer Joer um Bockel. Ech mengen, well déi Obligatioun do ass fir déi Dépensen ze tätegen, wier et gutt se am Beräich vun deem Fliger ze tätegen, dee jo dann herno kann agesat ginn am humanitäre Beräich, wou och e grousse Bedarf ass, d'ailleurs, well et gëtt de Moment op der ganzer Welt, kee Fliger deen an deem Beräich esou ka fonctionnéieren. Stellt Iech emol vir, dee Fliger hätt existéiert wéi mir elo déi Katastrof haten op Haiti. Deen hätt do kéinte gutt Aarbecht maachen an d'Hëllef nach besser a méi séier brénge wéi bis elo.
Frank Kuffer: Wier dat net mat engem méi bëllege Fliger gaang?
Jean-Marie Halsdorf: Zum Präis kommen ech nach.
Wat ech Iech wëll soen ass; mir hunn dee Fliger jo net alleng kaaft, mir hunn e mat der Belsch zesumme kaaft. An et si 7 Natiounen nach, déi am Ganzen nach un deem Projet hänken. Dat ass Frankräich, Däitschland, England, Spuenien an d'Tierkei. Dir gesitt also, do si mir mat groussen Natiounen zesummen. Dat gëtt eis och eng ganz aner Visibilitéit, als klengt Land, um gläichen Niveau mat groussen Natiounen, an engem wierklech ambitiéise Projet weider ze kommen, well dat ass [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Ass dat dann e Prestigeobjet, oder wéi?
Jean-Marie Halsdorf: Et ass en ambitiéise Projet an deem Sënn, datt mir hei versichen, Héichtechnologie an Europa ze produzéieren. Et gëtt en europäesche Produit. Dat ass fir mech och en Element.
An et ass eng Kooperatioun vun all deene Staaten, esou datt ech mengen, well jo eng Necessitéit do ass, hätte mir mat dësem Projet en nëtzleche Projet deen eis eng Valeur ajoutée bréngt, an der EU an doriwwer eraus. An dofir ass meng intimst Iwwerzeegung, datt déi Suen do gutt investéiert sinn [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Wéivill Suen dann?
Jean-Marie Halsdorf: Déi Suen déi investéiert sinn, do hate mir jo e Gesetz dat 120 Milliounen op d'Joer 2001 veranschlagt huet. An déi Suen déi de Fliger wahrscheinlech wäert kaschten, mir ginn dovun aus, datt dat ëm 160 Millioune wäerte sinn. Dat ass largement dat wat an där Enveloppe war, déi an der Chamber gestëmmt ginn ass. Mir komme gutt aus mat där Enveloppe déi mir hunn.
Frank Kuffer: Mä 120 an 160?
Jean-Marie Halsdorf: Ech hunn Iech jo gesot 120 Milliounen op d'Joer 2001. An haut si mir gläich am Joer 2011. Dee Fliger gëtt eréischt 2019 geliwwert. Et gëtt e kloeren Échéancier wéini déi Sue rembourséiert ginn, also sinn d'Spillregelen hei och ganz kloer.
Deen Engagement deen d'Chamber ginn huet, ech mengen et war am Joer 2005, dee geet duer fir déi Ambitioun déi mir eis hei ginn hunn, fir mat eise belsche Frënn zesummen esou e Fliger dann eben ze maachen, wou mir och lëtzebuerger Pilote kréien, déi kënnen dee Fliger fléien.
Frank Kuffer: Och den Entretien, dee soll anscheinend ganz vill kaschten. E géif nach eng Kéier esou vill kaschte wéi de Fliger?
Jean-Marie Halsdorf: Déi selwecht Remarquë wéi dat doten, déi héiert een och iwwer déi gepanzert Ween déi mir kaaft hunn, d'Dingoen.
Frank Kuffer: Do komme mir och nach drop.
Jean-Marie Halsdorf: Voilà. Do soll ee waarde bis mir elo an där ganzer Problematik esou wäit sinn, datt se konkret gëtt, an da kënne mir doriwwer diskutéieren.
Frank Kuffer: Dat kuckt ee jo awer virdrun, wat den Entretien kascht?
Jean-Marie Halsdorf: Den Entretien, wat dee kascht, dat gëtt a Verträg, déi mir zesumme mat der Belsch gemaach hunn, festgeluecht, an et kann een elo nach net wësse vun engem Fliger, deen et nach net gëtt, wat e kascht. Wann Dir dat wësst da sot mir wéi ech dat soll rechnen?
Frank Kuffer: Ma neen, wann ech mir en Auto kafen an ech weess virdrun, datt ee Pneu 3.000 Euro kascht, da kafen ech mir e vläicht net.
Jean-Marie Halsdorf: Et ginn de Moment 2 oder 3 Fligeren, déi bis elo produzéiert goufen. De richtegen Ulaf vun deenen A400M, dee geet eréischt d'nächst Joer un, da rufft mech nach eng Kéier an 2 Joer heihinner, da soen ech Iech da genau wat dat heescht. Well dann hu mir konkret Chifferen. Fir elo Saachen an Zuelen an de Raum ze setzen ouni ze wëssen, wat dat genau heescht, dat maachen ech net. Dat war nach ni mäi Stil an dat wäert och ni mäi Stil ginn.
Frank Kuffer: Dir hat et selwer ugeschwat, déi Dingoen. D'Arméi kritt där 48. D'Leit hunn een dovunner kënne gesinn op der Parad fir Nationalfeierdag. Ech hu mir soe gelooss – Dir verbessert mech elo wann dat net richteg ass – déi kéinte bis 2 Milliounen Euro d'Stéck kaschten, deemno wéi eng Versioun datt et ass, wat dann do alles dran ass. Brauche mir där dann esou vill?
Jean-Marie Halsdorf: D'Problematik Dingo – oder protegéiert Reconnaissance-Véhiculen, esou heescht dat – déi muss een nees eng Kéier gesinn am Kader vun enger moderner Arméi am 21. Joerhonnert.
Bis elo hate mir déi esou genannten Hummeren. Dat ware Ween déi e gudden Déngscht gemaach hunn, déi awer alleguerten obsolète sinn. Déi si vill ze vill al schonn, déi kënnen net méi mathalen. Well, wat soll mat deene protegéierten Reconnaissance-Véhiculen hei geschéien? Déi sollen agesat ginn an deenen esou genanntenen NATO Response Forces, NRFen. Dat ass, wa Staate sech zesummen di wa Problemer sinn, fir zesummen an Asätz ze goen, respektiv an deen esou genanntene Groupement tactique. Dat ass dann am EU-Beräich och wou d'Natiounen zesumme versiche fir Problemer, wa se sech maachen, dann do Léisungen ze fannen oder Interventiounen ze maachen.
Mir maachen esou Groupements tactiques mat de Fransousen a mat de Belsch, an déi hunn dann och dat Material. A mir mussen dat selwecht Material huele wéi eis Nopeschlänner. Dat heescht, d‘Belsch hunn och Dingoen. Dat heescht, déi hunn déi selwecht Ween déi mir elo kaaft hunn. Well déi Ween hu sech bewäert. Et sinn elo scho 7 oder 8 Staaten an Europa, ech mengen d'Norweeger sinn elo déi lescht, déi hunn där och kaaft. Eis däitsch Noperen hunn natierlech och déi selwecht.
Dir gesitt also, et ass en Artikel dee bekannt ass. Mir wësse wat mir kafen, wéi eng Qualitéit mir hei kafen. Mir hate bis elo 110 där Hummeren am Schapp. Déi gi jo elo ofgeschaaft. Elo huele mir 48 där Dingoen amplaz. Do gesitt dach awer, datt mir op d‘mannst zueleméisseg wäit erof gaange sinn.
Frank Kuffer: Dat ass eng Saach vum Präis.
Jean-Marie Halsdorf: Neen, dat ass net nëmmen eng Saach vum Präis, dat ass eng Saach vu Strategie.
Déi Apparate ginn dann agesat an internationelen Asätz, zum Beispill zu Kabul. Zu Kabul si mir jo an engem Contingent mat de Belsch. Déi Belsch déi hunn där Dingoen zu Kabul an et sinn och Lëtzebuerger déi op deene Maschinne fueren.
An dat selwecht wäert herno geschéien. Et ka jo net sinn, datt d'Belsch dann där dohinner bréngen a mir bréngen eppes anescht dohinner. Mir sollen dat selwecht dohinner bréngen, da kann och gewiesselt ginn. Da kann e belesche Militär emol bei engem Asaz op engem lëtzebuerger fueren an e Lëtzebuerger bei engem Asaz op engem belschen.
Et ass jo dorëm wou et geet, fir eben och do eng Strategie ze hunn am Beräich vun der Ausrüstung an Europa. De Choix vun deem Artikel ass wierklech diskutéiert ginn, ass evaluéiert ginn, an an der Klass vun de protegéierte Reconnaissance-Véhicelen ass den Dingo dee Choix deen am meeschte Sënn mécht, well mir an deene Beräicher mat deene Länner zesumme schaffen.
Frank Kuffer: Reconnaissance – déi Ween sollen agesat ginn an der Observatioun, oder Reconnaissance. Dat heescht, ech stelle mir do vir, déi sinn da mat vir bäi, oder wéi? Wou et geféierlech ass.
Jean-Marie Halsdorf: Neen, justement net. Zum Beispill ginn déi gefuer, wann ech elo nees Kabul als Beispill huelen, um Fluchhafen. Déi fueren dann eraus an déi kucken dann effektiv wéi d'Situatioune sinn, dat ass richteg. Dat si Ween déi kënnen agesat ginn, wa muss gekuckt gi wéi den Terrain ass, dat ass richteg.
Frank Kuffer: Et bleiwen eis just nach 9 Minutten, dofir schwätze mir nach séier e bëssen iwwer d'Iwwerwaachungskameraen. Dat war jo dës Woch en Thema. Do gouf décidéiert fir de Pilotprojet Iwwerwaachungskameraen ëm 1 Joer ze verlängeren. D'Chamberkommissioun wollt awer net mat de Kriminologe schwätzen, déi jo verschidde Remarquen haten. D'Kamerae wieren net efficace, zum Beispill. Verstidd Dir, datt d'Kommissioun refuséiert déi Kriminologen ze gesinn?
Jean-Marie Halsdorf: Ob d'Kommissioun d'Kriminologe wëll gesinn oder net gesinn, d'Kommissioun muss hir Responsabilitéit huelen. Et ass net um Minister enger Chamber ze soe wat si ze maachen oder net ze maachen huet.
Wat ech ka soen ass, déi ganz Diskussioun iwwer d'Videosurveillance gëtt an e Kontext gesat, do gëtt villes matenee vermëscht. Well op där enger Säit hu mir effektiv d'Videosurveillance, déi mécht sech no klore Regelen, no engem Règlement grand-ducal deen 2007 geholl ginn ass, wou da 70 Kameraen op 3 Plazen, plus dem Futtballstadion limitéiert agesat ginn, an anescht agesat gi wéi an anere Länner, wéi zum Beispill an England, wou da Vergläicher gemaach ginn. Well eis Kameraen, zum Beispill, huele keen Toun op. Wann Dir op London gitt an dir schwätzt, da gitt Dir mat gefilmt. Wann Dir zu London sidd an Dir fuert mat engem Auto laanscht eng Kamera, da kënne si d'Schëld vum Auto kucken an direkt gesinn, wien an deem Auto fiert, respektiv ob deen Auto gesicht gëtt. Dat ass eng aktiv Recherche, géif ech soen, oder eng aktiv Videosurveillance, déi gëtt et an deene Länner.
Zu Lëtzebuerg maache mir eng passiv Videosurveillance. Dat heescht, d'Spillregele si kloer. Mir kucken Zonen déi erausgesicht gi sinn no Critèren. Éischtens wou vill jonk Leit sech beweegen, wou Plattforme sinn déi modal sinn, dat heescht, wou Zuch a Bus ass a wou Schoulweeër sinn.
An ech kann Iech just soen, et si 500 Fäll säit November 2007 traitéiert ginn, an do hu mir 340 Täter identifizéiert. Déi eng en flagrant délit, déi mir erwëscht hunn – well een dee gutt gedronk huet an déi kréien eng Kläpperei an do gëtt ee gepickt mam Messer, deenen ass dat egal ob eng Kamera do ass oder net, déi gesinn dat emol net. Oder een deen en Joint fëmmt, wann deen op eng Kéier an engem Zoustand ass, dann ass dat deem egal ob eng Kamera do ass oder net. Dat heescht, esou Saache mierkt een.
An et sinn awer och Anerer, déi sinn iwwer Retraçage fonnt ginn. Dat heescht, da gëtt gekuckt, do ass en Accident geschitt oder do ass ee gepickt ginn, oder ech weess net wat, oder et huet een eppes geklaut kritt, an da gëtt gekuckt, ass do net den Täter duerch d'Kamera gelaf.
Sou konnte mir 340 Täter identifizéiert, wat also kloer weist, datt déi Kameraen och an deem Sënn Efficacitéit weisen.
Frank Kuffer: Mä ass et net, wéi den Här Bausch, mengen ech, och dës Woch gesot huet, et geet jo am Fong geholl drëm, datt d'Fra d'Posch net soll geklaut kréien, an net, datt den Täter herno soll fonnt ginn, dee se geklaut huet.
Jean-Marie Halsdorf: Dir hutt mech ënnerbrach, fir nach 2 Saachen ze soen – dat ass dat wat dat do komplementéiert.
Hutt Dir schonn eng Kéier gesinn, datt eng Kamera haut ee verhaft huet? Ech hunn nach ni eng Kamera gesinn déi e Mënsch verhaft huet. Also, fir eppes kënnen ze maachen, muss een dat als Ganzt gesinn. Déi Kamerae sinn een Element vun enger globaler Strategie, vun engem Package. An an deem Package si Polizeikontrollen, Polizeivisibilitéit; do si Streetworkeren déi op d'Strooss ginn a mat de Leit schwätzen; do sinn urbanistesch Moossnamen déi ganz wichteg sinn. Zum Beispill, d'Stad Lëtzebuerg huet do eng virbildlech Aufgab gemaach: am Park hu se d'Hecken anescht geschnidde fir eng besser Visibilitéit ze kréien; si hunn d'Luten anescht gemaach op deenen eenzelne Plazen. All déi Elementer muss ee global kucken, an déi Kameraen, dat ass eng Komplementaritéit par rapport zu enger Présence policière.
Dofir mengen ech, wat dat déi ganz Problematik ugeet, sinn d'Spillregele kloer. D'Resultater si kloer. An d'Aart a Weis wéi et iwwer d'Bühn geet ass och kloer.
Mä wat net esou kloer ass, an dat gëtt ëmmer vermëscht, dat sinn all déi Kameraen déi et dobaussen am private Secteur gëtt, an déi dann och, d'selwecht wéi déi heiten, vum Conseil national vun der Protection des données, kontrolléiert ginn, oder ofgeholl ginn.
Den Här Lommel kéint wann e wéilt, all Moment an dee Raum goe wou déi Kamerae sinn an iwwerwaachen. Dee ganze System ass vun deem Gremium ofgeholl ginn, an do ass alles ganz kloer wat geschitt. Do gëtt all Schrëtt dee gemaach festgehalen.
Wann dobausse gefilmt gëtt, déi Zonen déi privat sinn, do gëtt e Private-Masking gemaach. Dat heescht, do ass iwwerhaapt kee Problem. Dat gëtt ebe vermëscht – am generelle Beräich vun de Kameraen opstellen am private Beräich, do ass et vill méi komplex a ganz oft gëtt dat heite mat deem verwiesselt.
Ech fannen dat ass net ze verwiesselen, dat heiten ass eng kloer Aufgab déi mir eis ginn hunn iwwer e gesetzleche Kader vun engem Règlement grand-ducal, wou d'Spillregele bis an de leschten Detail kannt sinn, an dat anert, dat sinn och Moyenen déi ee sech gëtt fir en Duerchbléck ze kréie par rapport zu de Leit déi sech dann do beweegen.
Frank Kuffer: Här Halsdorf, ech mengen Dir hutt ze vill Aarbecht. Dat ass elo kee Reproche, mä mir hätten nach ganz vill ze diskutéieren. Mä leider si mir geschwënn um Enn vun der Emissioun ukomm. Jean-Marie Halsdorf, villmools merci, datt Dir Iech Zäit geholl hutt fir de Mëtteg bei eis ze kommen. Esou wäit fir de "Background – am Gespréich" mam Inneminister.
|