Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2010 > Novembre 2010 > Jeannot Krecké au sujet de la lenteur de certaines démarches administratives au Luxembourg

Interview
Jeannot Krecké au sujet de la lenteur de certaines démarches administratives au Luxembourg
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 13-11-2010

Vers le niveau supérieur

Jeannot Krecké: Et ass kee Geheimnis, datt ech en onrouege Personnage sinn, an datt ech mech och oft bekloen, datt et zu Lëtzebuerg net schnell genuch geet, datt d’Welt ebe schnell dréint an ech d’Impressioun hunn, datt mir eis net op déi do Conditiounen, nei Conditiounen astellen.

Ech hu 65 verschidde Moossname proposéiert, och dat schleeft alles e bëssen. An dunn hunn ech op eng berechtegt Fro, vun engem aus dem Publikum, dee gesot huet, Dir kënnt dat jo änneren, e bësse spontan a frustréiert geäntwert, datt een als Wirtschaftsminister wierklech d’Hänn e bësse gebonnen huet, an datt een e Coordinatiounsministère huet, mä net genuch Instrumenter an der Hand huet, fir dat ze änneren. An datt, wann een dat zu Enn géing denken, datt een da misst soen, datt ee mat senger Fonctioun wëll ophalen.

Mä ech huele mir d’Recht, och heiansdo frustréiert ze sinn a mënschlech Reaktiounen ze weisen.

Spéitstens muer fueren ech fort, a wann Dir wësst, datt ech dee Problem un der Schëller hunn, ass dat meng drëtt Rees an d’Ausland. Ech fuere muer a Schweden fir d’Kooperatioun mat schwedesche Biotechfirme weiderzedreiwen. Wësst Dir, een deen amtsmüde ass, dee géing dat do net op sech huelen. A wann ech kucken, déi Manifestatioun gëschter an der Chambre des métiers, do ass keen eraus gaangen, deen d’Impressioun hat, ech wier amtsmüde.

Datt ech heiansdo e bësse frustréiert sinn, dat gestinn ech gär an. Dofir sinn ech awer nach net midd.

Frank Kuffer: Jo, mä Dir schwätzt awer trotzdem vu frustréiert, an datt Saachen heiansdo net séier genuch ginn. Kënnt Dir dat dann net änneren?

Jeannot Krecké: Elo stellt Dir mir déi selwecht Fro, wéi dat mir aus dem Publikum gestallt ginn ass. Ech hunn déi Instrumenter net all.

Wann ech fannen, datt et ze laang dauert, fir beispillsweis eng Autorisatioun an der Gemeng ze kréien, well do de PAG muss ëmgeännert ginn, da kann ech dat net maachen. An da sinn ech der Meenung, datt een dat misst halbéieren, déi Prozeduren.

Wann de Kommodo fir d’Firmen, wann dee ganz laang brauch, Méint a Méint, da kréien ech domat keen Investisseur begeeschtert. An da sinn ech frustréiert. Mä ech ginn d’Kommodo-Erlaabnis net eraus, dat [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Dir sidd jo awer an der Regierung, Dir kéint jo awer do Drock maachen.

Jeannot Krecké: Bis elo sinn ech net alleng an der Regierung, mir sinn zu vill, an Dir hutt hannendru Verwaltungen déi d’Gesetzer applizéieren, Gesetzer déi leider déi sinn, déi se sinn, déi ee misst zu engem gudden Deel ëmänneren, wou mir nach an den 1990er an Ufank 2000 e ganze Koup all Kéiers drop gemaach hunn, wa mir eng Direktiv ëmgesat hunn. Erënnert Iech un déi Zäit, mir hu jo all Kéiers gemengt, mir missten nach méi maachen. An haut stelle mir fest, datt mir eis iwwerall blockéieren.

Datt een dann och emol frustréiert ass, dat ass awer e Recht wat ech mir huelen.

Frank Kuffer: Jo, mä nach eng Kéier. Dir sidd jo awer och mat an der Regierung, kéint Dir net do eng Kéier mat der Fauscht op den Dësch schloen?

Jeannot Krecké: Wat heescht dat, mat der Fauscht op den Dësch? Mir si gläichberechtegt Ministeren ënnereneen, an ech hu mech schonn oft opgereegt doriwwer. Mä do ginn et dann allméiglech Blockaden op all méiglechen Niveauen, wou een dann awer net esou virukënnt, wéi ech mir dat virstellen. Wann ech alleng eppes ze soen hätt, dat wier jo eppes Schreckleches fir dat Land hei, da géinge mir anescht virukommen.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact