Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Mars 2011 > Jean Asselborn et Jean-Marie Halsdorf au sujet de la situation en Libye

Interview
Jean Asselborn et Jean-Marie Halsdorf au sujet de la situation en Libye
"RTL Télé" du 10-03-2011

Vers le niveau supérieur

Jeannot Ries: Gaddafi dégage! Dës Manifestanten hunn iwwer Mëtteg kloer ze verstoe ginn, ëm wat et den Ament geet. Sief et wéi hei op där Strooss virum Europäesche Conseil, oder e puer Stäck méi héich am Sëtzungssall, wou déi 27 europäesch Ausseministeren ëm een Dësch souzen.

Just eng Äntwert feelt den Owend. Wéi, op wellech Manéier deen Diktator verschwanne soll, deen den Ament säin eegent Vollek massakréiert?

Déi militäresch Piste, mat enger Fluchverbuetszon, steet den Owend net méi op der Prioritéitelëscht. Dat huet ënner anerem den däitschen Ausseminister Guido Westerwelle kloer zum Ausdrock bruecht. An esou goufen elo emol weider Finanzmëttel vum Gaddafi-Clan vun der Europäescher Unioun agefruer.

An da soll de 6,5 Millioune Mënschen a Libyen selwer gehollef ginn. Ma wéi? Eng weider Fro, op déi déi politesch Responsabel den Ament no Äntwerten rudderen.

Jean Asselborn: A Libyen dierf een net mengen, et wier eriwwer. Au contraire, de Clan Gaddafi kann dat do nach Deeg, an esouguer nach Wochen aushalen. Et weess een och net, wéi et à la fin du compte dréint. Humanitär ass et immens, immens schwéier fir um Terrain ze operéieren. An do ginn all d’Effortë gemaach, déi kënne gemaach ginn. Mä Dir wësst, Dir kommt net an dat Land eran.

Jeannot Ries: An och d’Verdeedegungsminister vun den Nato-Staaten hu sech de Mëtteg hei zu Bréissel, virun allem mam humanitäre Volet vum grausame Biergerkrich a Libyen befaasst.

Et geet een dovun aus, datt tëscht 6.000 an 10.000 Mënsche bis elo ëm d’Liewe koumen, datt iwwer 200.000 Flüchtlingen d’Land an Tëschenzäit, sief et iwwer d’Grenz vun Tunesien oder vun Egypten, verlooss hunn, an datt sech am Land selwer, a Libyen selwer, ronn 400.000 weider Flüchtlingen ophalen, Mënschen déi onbedéngt humanitär Assistenz brauchen.

Jean-Marie Halsdorf: Iwwerwaachen heescht net nëmmen alleng kucken, wat den Här Gaddafi mécht a Fonctioun mat senge Leit, ob hie wierklech déi zivil Leit attackéiert oder net. Dat heescht och, e bësse kucke wéi d’Situatioun eskaléiert, wou Problemer sinn, wou Schwéierpunkte sinn, wou ee muss en Asaz hunn.

An déi Materialien déi do sinn, oder déi Potenzialer déi do sinn, déi Schëffer, all déi Elementer, déi hunn och eng humanitär Missioun, oder eng humanitär Vocatioun. A wann et muss sinn, da gi se och esou agesat. Et ass also kee Krichsmaterial, wat elo dohi befördert gëtt, mä éischter Material fir prett ze sinn de Leit, am Interêt vun de Bierger, eng Hand mat unzepaken.

Jeannot Ries: Bei der Nato ass ee sech eens. Näischt iwwerstierzen, an op kee Fall d’Impressioun ginn, datt de Weste liichtfankeg en arabescht Land militäresch attackéiert.

Zesumme mat alle Partner, de Vereenten Natiounen, der Europäescher Unioun, der Afrikanescher Unioun, an natierlech der Arabescher Liga wëllen déi Responsabel vun der Nato d’Libyen-Kris entschäerfen, am Respekt vum internationale Recht.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact