|
Pierre Reyland: An um Telefon begréissen ech elo de lëtzebuerger Ausseminister, de Jean Asselborn. Gudde Moien, Här Asselborn.
Jean Asselborn: Gudde Moien, Här Reyland.
Pierre Reyland: D'Europäesch Unioun ass direkt betraff vum Krich a Libyen. EU-Länner hu joerelaang Geschäfter mam Gaddafi gemaach an trotzdem bréngt d'EU et net fäerdeg mat enger Stëmm ze schwätzen. Wéi handlungsfäeg ass d'EU dann an dëser Situatioun?
Jean Asselborn: Ech sinn och heiansdo kritesch vis-à-vis vun der EU, mä mir dierfen awer elo net alles iwwerdreiwen. D'EU huet elo op jiddwer Fall e gudd Stéck Aarbecht geleescht, an zwar dat wat mir bis elo gemaach hunn um Niveau vun den Ausseministeren. Mir hu seriös Aarbecht do gemaach.
Um humanitäre Plang si mir absolut un der Spëzt fir ze hëllefen déi vill auslännesch Aarbechter, déi a Libyen sinn, fir déi zréck ze bréngen an hir Länner. 120 Milliounen Euro sinn dofir deblockéiert. D'Europäech Unioun iwwerhëllt dovu 60 Milliounen, Lëtzebuerg iwwregens 1 Millioun Euro, esou vill wéi d'Belsch a wéi d'Hollänner.
Mir hunn och eng enk Zesummenaarbecht, grad an der Europäescher Unioun, bis elo wat d'Sanctiounen ugeet. Mir hunn dat jo och anstänneg a schnell iwwer d'Bühn kritt. Dat ass alles gutt.
Mir wëllen och weider enk zesummeschaffe mat der Arabescher Liga, mat der Afrikanescher Unioun a mat der UNO. All dat si positiv Punkten.
Ech hoffe wierklech haut, och op Grond vun Ärem Reportage, mä och wat mir gëschter Mëtteg héieren hunn, datt de Firlefanz elo net vum Äifeltuerm bis op Bréissel spréngt an datt d'Theatralik elo nees ugeet. Mir hunn hei mat engem ganz, ganz seriöse Problem ze dinn a mir wëllen eis Aktiounen am Respekt vum Vëlkerrecht cadréieren, mä awer virun allem awer och am Respekt vun där Obligatioun déi mir hunn, datt déi Massakeren – déi héchstwahrscheinlech nach net fäerdeg sinn, mä déi sech nach verstäerke kënnen – datt déi ophéieren.
Pierre Reyland: Här Asselborn, de Gaddafi schéngt un Terrain ze gewannen. Et gesäit bal esou aus, wéi wann d'Rebelle keng Chance hätte géint seng militäresch Muecht. Wat geschitt dann elo zum Beispill mat deem proposéierte Fluchverbuet, dee jo awer och eng militäresch Interventioun virgesäit vun der internationaler Kommunautéit. Ass dat net deen eenzege Moyen fir en ze stoppen?
Jean Asselborn: Mir hu 4 Länner aus der Europäescher Unioun, déi elo momentan am Conseil de sécurité vun der UNO sinn: England a Frankräich si permanent Memberen am Conseil de sécurité, an Däitschland a Portugal sinn elo am Conseil de sécurité fir 2 Joer.
Gëschter hu mir op jiddwer Fall zu puer probéiert, fir datt do eng gemeinsam Positioun kann eraus kommen. Dir wësst, et gëtt Nuancen tëscht der däitscher Optik an der franséischer Optik. Mä dat ass normal.
Kuckt: an Amerika ass och en Debat doriwwer. Mä mir hunn eis awer gëeenegt op enger seriöser Basis a Folgendes gesot: wann effektiv a leschter Instanz keen anere Moyen méi besteet a wann mir och gesinn, datt d'Länner aus Arabien wierklech och dohannert stinn, datt eng No-Fly-Zone muss ageriicht ginn, an datt och d'Länner aus der arabescher Welt dat net nëmme fuerderen, mä sech och dorunner bedeelege fir se anzehalen. A wann dann och en UNO-Mandat virläit – well ouni UNO-Mandat, deet et mir Leed, geet et net, soss rappe mir Wonnen op déi Joerzéngten net heelen – da kann een esou e Schrëtt maachen.
A wann effektiv, wéi Dir sot, de Risiko besteet, datt nach vill méi staark Massakeren duerch dem Gaddafi seng Aviatioun kann op d'Populatioun lass kommen, da muss d'Welt drop reagéieren. Da kann een net nokucken. Mä dat ass awer eng lescht Instanz.
An dat hu mir preparéiert, an ech mengen, do sinn och Frankräich an England hannendrun, an déi musse jo och dann déi 5 Länner déi e Vetorecht hunn, virun allem och d'Russen an d'Chinesen, dovunner iwwerzeegt kréien. Da gëtt seriös geschafft.
Eng Gefor ass natierlech erëm mat esou Sologäng ze operéieren, wéi een dat gëschter vu Paräis konnt héieren. Ech soen Iech ganz éierlech, den Alain Juppé, deen ech gëschter fir d'éischt als Ausseminister gesinn hunn, wat fir mech awer en immens kapabelen a kompetente Mënsch ass, deen huet dauernd gesot bei eis an der Reunioun, en huet mir et och nach eng Kéier no der Sitzung gesot, mir kënnen nëmme just déi No-Fly-Zone ariichte wa mir e Mandat vun der UNO hunn. An ech mengen, all militäresch Interventioun, all militäreschen Agrëff muss vun engem Mandat vun der UNO gedeckt sinn. Dat ass seng Positioun.
An ech sinn iwwerzeegt, datt dat eng Positioun ass vum Quai d'Orsay déi sech och duerchsetzt, anstatt datt den Élysée do, wéi ëmmer, Theatralik opbaut, déi awer absolut de Moment onnéideg ass, well et geet op Käschte vun der Kredibilitéit vun der Europäescher Unioun.
Pierre Reyland: Villmools merci, Jean Asselborn, fir den Interview de Moien.
Jean Asselborn: Merci.
|