Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Mars 2011 > Jeannot Krecké au sujet de la politique énergétique du gouvernement.

Interview
Jeannot Krecké au sujet de la politique énergétique du gouvernement.
"RTL Télé Lëtzebuerg" du 16-03-2011

Vers le niveau supérieur

Mariette Zenners: Wat sot Dir dann zum Virworf vun deene Gréngen, Dir hätt en Tabu gebrach?

Jeannot Krecké: Wat de Claude Turmes do seet, dat kléngt jo einfach gutt, entsprécht null der Realitéit. Mir hu souwisou Stroum aus Frankräich bezunn iwwer d’Belsch. Dat ass souwisou am Moment gelaf dofir ass dat scho ganz falsch wat hien erzielt.

Dat Zweet ass, mir hunn en Engagement op europäeschem Plang, an och mat eisen Noperen, fir datt mir Infrastrukture bauen, fir datt mir besser ënnerenaner connectéiert sinn, fir datt bei Engpäss mir och kënnen dofir suergen, datt een deem anere kann hëllefen.

Dorëms geet et bei der Leitung vun där hie schwätzt, dat ass eng Leitung déi geet iwwerhaapt net op Cattenom [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Et geet jo awer och drëms, bëllegen Atomstroum ze kréien, fir zum Beispill d’Elektro-Stolwierker ze bedreiwen.

Jeannot Krecké: Neen, et geet drëm, mir hunn en Engagement geholl. Mir maachen einfach, wéi wann et dat net géing ginn. Mir hunn en Engagement geholl fir eng besser Ubannung tëscht de Länner. An dat selwecht gëllt am Gas. T’ass net nëmmen am Elektreschen, mir wäerten och am Gas a Richtung Frankräich mussen eng ganz aner Leitung leeë wéi dat haut de Fall ass.

T’ass en Engagement wat mir geholl hunn, fir datt een deem anere ka besser hëllefen. Mir hu festgestallt, datt d’Interconnectioune schlecht sinn, also muss een déi verbesseren. T’ass also grondfalsch ze soen, dat wier eng Ubannung u Cattenom.

Deen dee wëll kann haut schonn aus Frankräich Atomstroum kréien, e kritt een et nämlech just iwwer d’Belsch, dat ass alles.

Mariette Zenners: Mä, et ass jo awer esou, datt Dir als Regierung sot, Dir hutt dat haut och nach an engem Communiqué geschriwwen, datt Dir un Ärer kritescher Astellung géintiwwer der Atomenergie festhaalt. Dat stoung och schonn am Koalitiounsaccord. Mä an engems kafe mir jo awer trotzdem Atomstroum an, ass dat net awer widerspréchlech?

Jeannot Krecké: Majo, mir kafen en an, wou solle mir en da soss hirhuelen? Mir huelen en entweder aus Däitschland, do ass es och dran, mir huelen es aus der Belsch. Mir huelen es ganz vill aus der Belsch, an der Belsch ass iwwer 50% Atomstroum.

Dofir, et ass e bësse gemaach wéi wa mir elo op eemol géingen Atomstroum kafen, mä mir hunn es scho längst, mir hunn es an der Steckdous.

Iwwregens wäerte mir an nächster Zäit, dat ass eppes wat ech an d’Wee geluecht hunn, op eise Facturë stoen hunn, wéi vill Atomstroum mir hunn, wéi vill aus erneierbaren Energien, wéi vill vu Gas kënnt, da ka jiddweree sech e Bild maachen an da ka jiddwereen [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Do ass d’Offer jo den Ament zimlech kleng fir grénge Stroum ze kréien.

Jeannot Krecké: Haut gëtt et schonn d’Méiglechkeet hei zu Lëtzebuerg, datt de Konsument ganz einfach Naturstroum bei Enovos hëllt. Dat dierf hie maachen. Ech stelle just fest, datt mir vun 160.000 Konsumenten, do wäerte bei de Privatleit ronn 4.000 Leit déi Optioun geholl hunn. An de Surplus ass jo awer net vill. Mir probéieren eng Campagne ze maachen, mat Enovos, awer och bei am Ministère, fir eng aner Consommatioun.

Mariette Zenners: Dat heescht, mengt Dir den Drock misst iergendwou vum Konsument kommen, datt méi eng grouss Nofro kënnt?

Jeannot Krecké: Jo. Ech mengen och, datt mir missten déi Diskussioun déi de José Bové ugefaangen huet, dat ass net falsch. Mir mussen emol kucken, datt mir effektiv eis Gewunnechten änneren. Mir musse kucken, datt d’Consommatioun anescht geet.

Wa gefrot gëtt fir Elektresch, wier ech gespaant ze wësse wat geschitt, wa mir einfach emol géingen 1-2 Stonnen keen Elektresch liwweren. Dofir, mir mussen eng ganz Educatioun maachen, fir datt d’Leit och en anert Behuele kréien.

An dozou gehéieren och Saache wéi déi déi mir am Bau haut maachen. Mir mussen einfach Energie aspueren, mir dierfen net méi esou vill Energie verbrauchen.

Mariette Zenners: Dat heescht, als lëtzebuerger Regierung, huet elo déi Katastrof a Japan keen Afloss, datt Dir sot, mir änneren elo iergend eppes un eiser Energiepolitik? An Däitschland ass jo zum Beispill e groussen Aktivismus. Fannt Dir dat méi Wahlpropaganda oder Populismus, wéi der Kanzlerin virgehäit gëtt? Ännert d’lëtzebuerger Regierung näischt un hirer Positioun?

Jeannot Krecké: Mir hunn eng kritesch Haltung gehat, mir hunn och weiderhin eng kritesch.

Dat wat de Claude Turmes och gesot huet, wat d’Gelder aus Europa ubelaangt an der Fuerschung ass och richteg. Mir hätte besser, mir géinge kucken op erneierbar Energien ze setzen. Am Moment ass déi Technologie nämlech net ausgeräift, se ass net effizient genuch, se ass net maartgerecht doduerch, well et net effizient ass. An et wier besser mir géingen effektiv en Deel vun deene Suen déi am Moment nach a verschidde Reakterfuerschungen eraginn, géinge mir an déi do och eranhuelen.

Mariette Zenners: Haalt Dir dann de Szenario vun de Gréngen fir realistesch? En Deel Erdgas, vill Wandenergie, Solarenergie, Biogas.

Jeannot Krecké: Mir wäerten am Joer 2015 eng ganz aner Energielandschaft hunn. Awer bis dohinner musse mir iwwerbrécken.

An et ass richteg, datt ee kann iwwerbrécken, mä et muss ee wëssen, datt awer och do CO2-Emissioune wäerte kommen, well Gas wäert CO2-Emissioune provozéieren. Mir wëlle jo e Maximum vun eise Méiglechkeeten an den Energies renouvelables ausschöpfen, mä mir kommen awer nëmmen op 5%, wann et gutt geet. Ugeholl [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Bis 2020 sinn 11% geplangt!?

Jeannot Krecké: Jo, mä déi packe mir jo net. Wa mir net bei de Bensin an haaptsächlech den Diesel eppes bäimëschen, da komme mir jo guer net drop.

Biomass hu mir der net genuch. Déi Projeten déi mir am Moment lafen hunn, musse mir geschwë Biomass importéieren. Mir musse jo awer wëssen, datt mir e klengt Land sinn. Mir probéiere wierklech alles erauszehuele wat erauszehuelen ass, mä et muss ee wëssen, datt mir dann awer nach 90% bis 94% vun eiser Energie haut, datt mir déi nach enzwousch anescht hirhuelen.

A vu datt mir net produzéieren, si mir forcéiert anzekafen. Da muss een akafe wat méiglech ass.

Mariette Zenners: Eng lescht Fro nach, wat d’Sécherheet vu Cattenom ugeet. Do war jo och eng Pressekonferenz gëschter vun der Direktioun. D’ADR fuerdert d’Regierung carrément op, datt Dir sollt zu Paräis intervenéieren, datt Cattenom soll zougemaach ginn. Wéi glafwierdeg fannt Dir dann d’Aussoe vun der Direktioun vu Cattenom, datt do alles méi sécher ass wéi a Japan?

Jeannot Krecké: Éierlech gesot, ech kann dat net novollzéien ob dat richteg oder ob dat falsch ass. Déi successiv lëtzebuerger Regierungen hu permanent probéiert, datt Cattenom géing zougemaach ginn. Mir hu probéiert, datt et net gebaut ginn ass, mir hunn dat alles net verhënnert krut. Dat wat mir nach mussen dofir suergen ass, datt mir e Maximum vu Schutz a vun Informatioune kënne kréien. An ech mengen, et ass an deene leschte Joeren all Kéiers geschitt.

Mä mir kënnen de Fransousen och do de Krich net erklären. An d’Fransouse si ganz hartnäckeg op däer doter Fro, leider muss ee soen. Et ass net just spaasseg. Vu mengem Büro weisen ech nämlech den Auslänner ëmmer, wa se bei mir sinn, datt een e Bléck direkt op Cattenom huet, an datt dat eng frëndschaftlech Aktioun war deemools vun de Fransousen, fir eis dat virun d’Nues ze setzen. Et ass impressionant wann Dir aus Ärem Büro bis dohinner gesitt, da gesitt Dir, datt et nobäi ass. Dofir, ech si scho sensibel dodrop an déi successiv lëtzebuerger Regierungen hu wierklech do awer eng [inaudible] Haltung vis-à-vis vun de Fransousen ageholl, mä et huet bei de Fransouse leider iwwerhaapt näischt genotzt.

Mariette Zenners: Ech soen Merci fir dës Explikatiounen, Här Krecké.

Jeannot Krecké: Merci och.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact