|
Eric Ewald: De Professer fir international Politik vun der Uni Passau a Balkanexpert Bernhard Stahl sot de Moien an eisen Noriichten, datt d'Immigratiounspolitik an der EU total falsch wär. D'Europäer misste sech dru gewinnen, datt ëmmer méi Leit bei eis Asyl froen. De Bernhard Stahl huet och erkläert, firwat.
Bernhard Stahl (O-Toun): Da muss man auch fairerweise sagen, Europa war 2000 Jahre lang ein Auswandererkontinent. Jetzt sind wir zum ersten Mal ein Einwanderungskontinent geworden, viele Menschen verstehen das nicht und haben damit Probleme. Ich finde aber, dass unsere politische Klasse viel mehr tun müsste, diesen grundsätzlichen Wandel den Menschen näher zu bringen und damit zu leben.
Eric Ewald: Madame Jacobs, huet d'Politik do e bëssen an hirer Aufgab versot a mussen d'Leit eben och bei eis sech ëmstellen? Am Zweete Weltkrich ware jo vill Lëtzebuerger zum Beispill frou, a Frankräich Refuge ze fannen.
Marie-Josée Jacobs: Ech denke well, datt et e wichtegt Element ass fir ze gesinn, datt ëmmer méi Leit, och vu méi wäit ewech, hei bei eis kommen.
Wann déi Kris, déi mir elo kannt hunn eriwwer ass, a mir héieren haut well dacks vun Entreprisen, mir hätten net genuch ausgebilte Leit, da wësse mir, datt mir déi dann och net méi, wann déi Babyboom-Joeren alleguerten an d'Pensioun ginn, datt mir weder zu Lëtzebuerg, nach an dem Grenzgebitt nach Leit fannen. Also ass et ganz evident, datt mir da mussen d'Leit méi wäit siche goe wéi mir dat bis elo gewinnt waren.
Datt dat och dozou féiert, datt da Leit kommen, déi mir vläicht net méi verstinn oder net esou gutt verstinn, déi och aner Kulturen hunn, ass eppes wat ganz kloer ass. An ech denken, datt et wichteg ass, ze weisen, och wa Leit bei eis kommen déi eng aner Hautfaarf hunn, déi vläicht eng aner Kultur hunn, déi eng aner Relioun hunn, dann ass et wichteg fir déi Leit kennen ze léieren.
Wann ee se bis kenne léiert a weess wien et ass, dann huet een och keng Angscht méi virdrun a meeschtens halen dann och déi Prejugéen an déi Ängschten, déi mir héieren hunn an deene leschten Deeg, och op.
Ech wëll Iech just ee Beispill nennen, dat war viru Joeren, wéi mir op Useldeng relativ vill Flüchtlingen dohi geluecht hunn. Do waren d'Leit och net frou doriwwer. Mä ech muss awer elo soen, déi Useldenger Leit, dat waren déi beschten Affekoten déi déi Leit konnten hunn, well si sech ebe kennegeléiert hunn a well si gesinn hunn, datt wann déi Leit och e bëssen aneschters waren, ënner dem Stréch si awer d'selwecht ware an domat och gutt a mënschlech Relatiounen do entstane sinn.
An et ass dat wou ech denken, datt et wichteg ass, datt mir ëmmer mussen drop hiweisen. Och déi Leit déi kommen, egal vu wou datt si kommen, et si Mënschen. Et si Mënschen déi och d'Recht hunn, datt mir och mënschlech mat hinnen ëmginn. A wann een d'Eltere vläicht nach net esou gesäit, da muss een awer wéinstens soen, vis-à-vis vu Kanner, déi kengem Mënsch eppes zu Leeds gedoen hunn, geet et awer net, fir datt een da mécht, wéi wann déi néierens dierfen ënnerdaach kommen.
Eric Ewald: Dir hutt d’Versteesdemech géintiwwer deene Leit schonn e bëssen ugeschwat. Verstitt Dir als Ministesch op där anerer Säit d'Opreegung vun de Leit zu Bollendorf-Bréck doriwwer, datt d'Demandeurs d'asile sollen elo dohikommen, well et an der Gemeng schonn e Pak géif ginn? Och wann de Proprietaire vum Hotel sech jo bei Iech selwer gemellt hat?
Marie-Josée Jacobs: Dee Moment hu sech bei eis selwer 3 Hotelierë gemellt. Do war deen doten och dobäi. An esou wéi alles, wann een an der Nout ass, hu mir dat dote selbstverständlech nogepréift a fonnt, datt dat eng vun deene Méiglechkeete wier.
Ech verstinn, datt Leit an enger klenger Gemeng, wann een dat dierf soen, dat natierlech awer eng grouss, méi eng staark Belaaschtung gëtt. Och wann een op där anerer Säit weess, datt zum Beispill d'Kanner an der Weilerbaach ni an d'Schoul gaange sinn an der Gemeng. D'Kanner waren ëmmer an enger Schoul déi zu der Weilerbaach selwer gehéiert.
Dofir hu mir och elo deen neie Wee gesicht, fir ze soen, ma da kucke mir, datt mir Kanner, Leit eraushuelen an der Weilerbaach, fir datt eben d'Kanner kënne virun do an d'Schoul goen, fir domat déi Gemeng net ze belaaschten.
Fir awer op d'Fro ze äntwerten, datt dat fir déi Leit do villes ass. Et gesäit een déi Leit jo, och wa si net an deenen Dierfer do sinn, well normalerweis huelen déi Leit moies de Bus an da fuere si an d'Stad oder si fueren op Iechternach, mä déi bleiwen traditionell net onbedéngt do an deenen Dierfer wou si do zirkuléieren. Vun do denken ech, ass dat eppes, wou een net méi Angscht muss hu virdrun.
Mir hunn awer, an ech wëll dat och hei soen, décidéiert, datt d'Zuel vun 300 net dierf iwwerschratt ginn op deenen 2 Plazen. Domat denken ech, datt ech och de Leit kann awer eng Berouegung gi fir ze soen, et ass net datt nach ëmmer zousätzlech Leit dohinner kommen. Mä doduerch, datt mir eng Partie Leit konnten eraushuelen aus der Weilerbaach, Dir hutt gesinn, och bei RTL, Temoignagen a Fotoen vun dem Don Bosco, wéi d'Leit do openee leien. An do ass et, mengen ech, wierklech wichteg, datt och déi Foyeren entlaascht ginn.
Haut kann ech mech hei bei Iech engagéieren an ech mengen, datt dat dann och e Wuert ass, wat ech dem Buergermeeschter an der Gemeng ginn, fir ze soen, iwwer 300 op deenen zwee Sitë wëlle mir net, datt Leit dohinner kommen.
Eric Ewald: Kënnt Dir d'Zuel vu 60 Demandeurs d'asile déi de Ministère all Woch misst ënnerbrénge confirméieren, déi d'Direktesch vum Office luxembourgeois d'accueil et de l'immigration dem Lëtzebuerger Wort genannt hat? Dee Moment schéngt eist Land jo vu vir eran debordéiert ze sinn an där Fro.
Marie-Josée Jacobs: Normalerweis kommen d'Leit Méindes, well dann hire Bus aus deene Géigenden do hei zu Lëtzebuerg ukomm ass. Gëschter war éischtmoleg wou keng Demandeurs d'asile do waren. Elo weess ech awer net, ob dat war, well vläicht de Bus net gefuer ass, oder ob d'Leit héieren hunn, datt dat awer alles och zu Lëtzebuerg net esou einfach géing goe wéi si sech dat vläicht virgestallt hunn.
Mä mir haten an der Moyenne an deene leschte Méint effektiv 60 Leit an der Woch déi komm sinn. A wann Dir esou vill Leit matenee kritt, da kënnt Dir maache wat Dir wëllt, da sidd Dir selbstverständlech depasséiert. An all déi, déi haut besser wësse wéi een dat aneschters sollt maachen, déi solle mir dann emol soe wéi si dat besser géife maachen. Do sinn der jo och vill dobäi, déi d'Méiglechkeet hätten, och fir et ze maachen, da géing een dat jo emol kënnen an Ugrëff huelen.
Mä op där anerer Säit muss een einfach och gesinn, datt ni eng Well d'selwecht ass, vun Demandeurs d'asile, wéi eng aner. Dat hei ass eppes wou déi Leit ouni Visa kënne kommen. Also Leit déi relativ liicht a mat Geneemegungen iwwer d'Grenz kommen, dat si keng méi mussen iwwer Mënschenhändler an iwwer Schieber do kommen, mä déi kommen einfach direkt selwer heihinner.
An et läit mir awer och dru fir ze soen, déi Leit déi sinn enorm schlecht dohanne bei sech. Dofir war ech frou de Moie bei Iech dee Professer ze héieren, dee jo net verdächteg ass dat ze soe fir mir eng Freed ze maachen. Déi Leit déi sinn immens aarm. Do sinn der vill dobäi, déi komme mat Kanner déi si 7-8 Joer al, déi waren nach ni bei engem Dokter. No deene gëtt net gekuckt an deem Land. Kanner vun 12 Joer, déi kommen, déi waren nach ni an enger Schoul.
An dofir mengen ech, datt et wichteg ass, mir hunn zesumme mat der Croix rouge, déi an der Vergaangenheet och do mat der Croix rouge aus Serbien geschafft huet, mat aneren Organisatioune gekuckt, wat kënne mir op der Plaz selwer maachen, fir datt déi Kanner kënnen an d'Schoul goen, datt d'Leit och kënne medezinesch betreit ginn, wéinstens hinnen e Minimum kënnen z'assuréieren a fir domat ze verhënneren, datt si musse fortgoen.
Eric Ewald: Wa mir beim Ënnerbrénge sinn: stëmmt et, datt Dir als Regierung bei der LuxExpo nogefrot hat, fir ënner Ëmstänn Demandeurs d'asile an Halen um Kierchbierg ënnerzebréngen, an datt Dir vun de Responsabelen do Nee gesot krut?
Marie-Josée Jacobs: Et stëmmt, datt mir gefrot haten, a mir hu vun de Responsabele gesot kritt, dat géing ëmmer nëmme goen an deene Momenter wou natierlech keng Ausstellung ass.
Mir kënne jo eis net virstellen, datt mir elo zu de Leit soen, elo ass geschwënn d'Fréijoersfoire, déi ass dann net.
Wann een dann awer weess, wéi vill Logistik och gebraucht gëtt, och fir temporär esou eppes anzeriichten, mir haten dat jo eng Kéier gemaach, et ass jo net wéi wa mir net Erfahrung doran hätten, da musst Dir jo kucken, datt Dir Better dohinnersetzt, Dir musst kucken, datt Douchen do sinn, datt Toiletten do sinn, datt dat alles fonctionnéiert. Esou datt mir an deem Moment gesot hunn, dat huet elo kee Sënn fir dat ze gebrauchen, well mir spéitstens a 6 Wochen oder an 2 Méint musse fortgoen.
Dat wou mir de Moment krampfhaft am Siche sinn, dat ass zum Beispill wou mir Hale fannen, respektiv datt ech an engem Moment esou wäit war fir ze soen, mir mussen Zelter opriichten. Zelter opriichten, vläicht och, fir datt d'Leit sech wierklech Rechenschaft ofleeën, datt mir an enger Situatioun sinn déi net ass wéi se schonn eng Kéier do war.
Wat dann natierlech awer och den Nodeel huet, wann déi Leit méi laang hei bleiwen, da musse mir den Hierscht erëm eng Kéier ufänken an da musse mir déi selwecht Prozedur maachen. Well mir kënne jo wierklech décemment net iwwer de Wanter Leit an Zelter leie loossen.
Eric Ewald: Dir hutt elo vun Zelter geschwat. De Syvicol-President Dan Kersch fuerdert op senger Säit méi kleng, méi dezentral Unitéiten. Stitt Dir an dëser Fro iwwerhaapt genuch a Kontakt mat de Gemengen? Dat gëtt Iech jo vu verschiddene Gemengesäite virgehäit. Et gesäit esou aus, wéi wann Dir muer eng Reunioun mam Syvicol eben doriwwer hätt,
Marie-Josée Jacobs: Mir hu muer effektiv eng Reunioun mam Syvicol. Well ech denken, datt et wichteg ass, datt mir eis bewosst sinn, och wann dat heiten eng national Responsabilitéit ass, muss een awer wëssen, datt et ëmmer Gemenge sinn.
De lëtzebuerger Staat huet néierens en Terrain deen net an enger Gemeng läit, esou datt ech an deene leschte Wochen enorm vill mat ville Buergermeeschtere geschwat hunn. An ech wëll all deenen, déi bereet waren ze kucke wou mir wat kéinte maachen och Merci soe fir hiert Entgéintkommen. Anere vläicht och soen, dat si sech dat emol nach eng Kéier nei sollten iwwerleeën, ier si Nee soen. Well et, wéi gesot, et net eng Aufgab ass nëmmen alleng vun der Regierung, mä datt mir wierklech musse kucken zesumme wat fir eng Äntwerte mir fannen.
Ech si ganz oppe fir muer an déi Reunioun fir mat dem Syvicol ze kucken, wat kann ee maachen a méi klenge Strukturen.
Alles huet Virdeeler an alles huet Nodeeler. Wann Dir kleng Strukturen hutt, wou nëmme 5 Leit kommen, dann hu mir et méi schwiereg fir ze kucken, datt mir selwer Schoulen organiséieren. Da mussen déi Kanner do an deene Schoule wou si eben hikommen integréiert ginn.
An deem heite, Fall an et gëtt keng Flüchtlingswell déi d'selwecht ass wéi eng aner, ech soen dat nach eng Kéier, wann Dir déi hei Leit huelt, wou mir dovun ausginn, egal wéi aarm datt si sinn an egal wéi schlecht datt si gestallt sinn, dat alles ass kee Grond fir Asyl zu Lëtzebuerg ze froen, oder soss éierens ze froen. Och wa si diskriminéiert ginn, wat si manifestement ginn an hirem Land, wësse mir, datt si net kënnen hei bleiwen.
Da fannen ech, datt et besser ass wa mir dann och kucken, datt mir iergendwou eng Schoul kënnen organiséiere fir si, déi vläicht och deem méi entsprécht wat si bis haut gemaach hunn, respektiv deem kann entsprieche wa se erëm maachen, wa si dann heemkommen. An net se hei elo fir ee Joer oder fir e puer Méint an eng Schoul schécken, wat fir si kee Sënn huet, wat awer d'lëtzebuerger Schoulen a Gemenge vill géing belaaschten.
Dofir mengen ech, ass dat eppes, wann Dir méi grouss Infrastrukturen hutt, kënnt Dir dat selbstverständlech besser organiséieren. Dir kënnt och besser organiséieren, datt Personal do ass fir déi Leit ze encadréieren, wat jo net méiglech ass, wann Dir an all Gemeng 5 oder 2 Leit hutt, dat ass jo eppes wat Dir net kënnt hannert jiddwereen eng Assistante sociale stellen.
Dofir soen ech, Dir kënnt net all Flüchtlingswell matenee vergläichen, Dir kënnt och net all Situatioun matenee vergläichen an net ëmmer soen, dat eent ass dat wat gutt ass.
Da muss jiddweree wëssen, datt mir elo e Problem hunn, dee mir direkt musse léisen, dat heescht, déi Leit elo ze logéieren. Méi laangfristeg hu mir awer och an der Regierung décidéiert, datt mir an deenen nächste Joere wëlle wéinstens 4-5 méi grouss Zentren opriichten, déi dann zur Verfügung bleiwen, wann nei Flüchtlingswelle kommen, déi, esou wéi een d'Welt gesäit, net kënnen ausbleiwen. An datt een déi eben definitiv fir déi Zwecker dann zur Verfügung huet.
Well ech ka mir jo net virstellen, datt mir net iergend eng Kéier och Leit kréien, déi aus Libyen kommen. An deenen, mengen ech, kéinte mir dann definitiv awer net soen, datt si hei zu Lëtzebuerg net dierfte kommen, datt si och keen Asyl zegutt hätten.
Eric Ewald: Et schéngt jo och net esou ze sinn, wéi wann d'Asylprozeduren elo mat engem Wonnermëttel géingen iwwer Nuecht acceleréiert ginn?
Marie-Josée Jacobs: Et ass eng Propositioun vum Minister Schmit e Freideg gemaach ginn am Regierungsrot, fir dat och unzehuelen, fir eben och kënnen d'Prozeduren ze verkierzen. Da weess een awer, datt déi Leit nach ëmmer d'Méiglechkeet hu fir Recours ze maachen. A wéi gesot, wéi laang datt dat herno dauert, dat ass eppes wat ech net ka soen.
Ech wëll vläicht just awer, well dat ëmmer erëm gesot gouf och, mir hätten eréischt d'lescht Woch der Gemeng Berdorf Bescheed gesot, dat wëll ech awer soen, datt dat och net richteg ass. De 7. Mäerz, hu meng Mataarbechter, 2 Deeg duerno datt mir Kontakt hate mam Hotel, der Gemeng Bescheed gesot, datt Leit géife kommen. D'selwecht och wéi gesot gëtt, et wieren nëmmen Leit déi am Osten wiere. Ech wëll soen, datt am Norden 397 Leit logéiert sinn, am Osten der 336, am Süden 233 an am Zentrum 645. Domat wëssen déi, déi der manner hunn, datt si nach an der Bréngschold sinn an Anerer awer och ze weisen, besonnesch deene Leit am Osten, datt mir net eppes do géint si géife maachen, an datt mir net eppes nëmme just géifen organiséieren, datt si dohinner sollte kommen, mä datt mir probéieren awer iwwer d'Land ze kucken, dat e bëssen equitabel opgedeelt ze kréien.
Eric Ewald: Marie-Josée Jacobs, Merci fir dës Explikatiounen. D'Zäit ass séier, ze séier fortgelaf.
Marie-Josée Jacobs: Merci och.
|