|
Jeannot Ries: De Gadafi muss fort. Jiddwer aner Décisioun ass ee faule Kompromëss. Domatt huet d'libesch Oppositioun de Friddensplang vun der afrikanescher Unioun mat engem Handschlag vum Dësch geworf. Ee vun de Punkte vun deem Friddensplang wor awer, d'Schafe vun humanitären Hëllefscorridoren. Vun Ägypten aus an de Süde vu Libyen, iwwert d'Mier an déi belagert Stad Misurata, an aus Tunesien an d'Biergregioun eran. Datt humanitär Hëllef batter néideg ass, doriwwer si sech och d'europäesch Ausseminister eens. Ma der Däiwel stécht nees am Detail. De franséischen Ausseminister Alain Juppé wëll, datt d'Nato sech méi um Terrain engagéiert, fir d'zivil Populatioun besser ze schützen. England an Däitschland sinn do vill mäi nuancéiert.
Guido Westerwelle (O-Toun):Deutschland wird sich an dem Krieg in Libyen nicht beteiligen, aber wir werden helfen die Folgen des Krieges für die Menschen zu lindern. Das heisst, dass wir uns auch humanitär engagieren, wenn es darum geht zum Beispiel medizinische Betreuung sicherzustellen oder auch die Betreuung von Flüchtlingen sicher zu stellen.
Jeannot Ries: Hei warnt de lëtzebuerger Ausseminister. Et däerf een an der EU elo net esou wäit kommen, datt et op eemol Béiser a Gudder ginn: déi, déi de Krich féieren an déi, déi humanitär hëllefen.
Jean Asselborn (O-Toun): Dat ass eng falsch Duerstellung, well ouni den Asaz op Grond vun der 1973, bräichte mir kee méi ze schützen, da wieren nëmme méi Doudeger a Libyen opzeweisen. An dofir muss een haut kucken, datt een déi Ausenanersetzung – déi mir jo hunn – an déi Net-Solidaritéit am UNO-Weltsëcherheetsrot, datt mir déi net nach amplifiéieren.
Jeannot Ries: fir datt d'Europäesch Unioun um Terrain intervenéiere kann, muss d’OCHA – de Büro vun de Vereenten Natioune fir d'Koordinatioun vum humanitäre Missiounen – esou een Asaz ufroen an dat ass bis elo nach net de Fall.
Déi europäesch Ausseminister hunn haut mol ee potentielle Militärasaz fir humanitär Hëllef ofzesécheren preparéiert, ënnert dem Numm EUFOR-Libyen. Keen anere wéi de President vum libesche Conseil national transitoire, de Mahmud Jibril huet dann och haut hei zu Lëtzebuerg erkläert, wéi d'Oppositioun déi politesch Zukunft vum Land um Mëttelmier gesäit.
Jean Asselborn: Si wëlle fir d'alleréischt Parlamentswahle maachen, ähnlech wéi an Ägypten. Firwat Parlamentswahlen? Mä well eigentlech eng Legitimitéit erëm am Land soll kommen. Aus deene Parlamentswahle soll da gekuckt gi fir eng Verfassungsreform anzeleeden. Iwwerhaapt, Libyen huet jo keng Verfassung, fir eng nei Verfassung ze schreiwen. Duerno wieren dann d'Exekutiv-, dat heescht d'Presidentschaftswahlen.
Jeannot Ries: Fir datt et esou wäit kënnt muss de Gadafi iwwerzeegt ginn zréck ze trieden an do kéint d'Afrikanesch Unioun, esou de Jean Asselborn, eng wichteg Roll behalen.
|